Nodeems ech via Facebook dem Marco Bülow (SPD-Bundestagsabgeordneter) seng Erfahrungen mat dem TTIP-Lieseraum gesinn hunn, hunn ech mech entscheet selwer och meng eegen Erfahrungen hei néier ze schreiwen.
Ech hunn di viirescht Woch um Radio gesot datt di ganz Prozedur déi eis Deputéierten do vun den Amerikaner ofverlaangt gëtt demütegend ass. Ech bleiwen bei däer Ausso, och wann d’Mataarbechter aus dem Ministère hiert Bescht maachen fir den Deputéierten d’Consultéieren vun den Dokumenter sou einfach an agréabel wéi méiglech ze maachen.
Fakt ass a bleift awer, datt ech als Deputéierten muss e Rendezvous huelen bei engem Beamten an och am Viraus ukënnegen wat fir eng Deeler ech da lo genee wéilt studéiere kommen.(et fillt een sech ewéi e Schoulbouf deen den Här Lehrer eppes freet). Dat Ganzt ass schonn e bësse komesch, well wat ass da wann ech op eemol beim liese vum Kapitel 11 géif mierken hei gëtt eng Referenz op d’Kapitel 14 gemeet fir dat ech mech awer nun emol net ugemellt hat…
Ech hunn dofir kuerzer hand gesot ech wéilt gären d’Kapitelen 1 bis 16 kucke kommen, wat esou vill heescht ewéi: ech wëll alles gesinn.
Mëttwoch moien 10 Auer 30.
Ech kommen am Ministère un, an den zoustännege Beamten waart schonn op mech. Ech schreiwe mech an a mierken datt ech deen éischten Deputéierte sinn deen den TTIP kucke kënnt. Ech hu mer eng Stonn gefrot a ginn an de Liesraum eragelooss wou all 16 Kapitelen um Dësch prett leien an och Schreifgeschir fir Notizen ze maachen an en engleschen Dictionnaire. Ech hu mäin Handy ausgemeet, esou wéi ech et versprach hat. De Beamten huet mech gefrot op ech hien giff brauchen an ech hu geäntwert, “Nee, ech ruffen iech wann ech eng Fro hunn.“
Ech kucken den engleschen Dictionnaire: “Dee brauch ech nët” hunn ech mer geduecht, well ech nach ëmmer fonnt hunn datt ech esou gutt englesch giff schwätzen… Ech agebilte Fuerz! No genee 2 Minutte liesen hunn ech den Dictionnaire missen opschloen… “Wat heescht scho méi procurement?” … Merde! Ah jo… hei geet et ëm d’Marchés publics… An sou goung et weider. Ech hu séier gemierkt datt mäin Englescht bei wäitem net gutt genuch ass fir di technesch a juristesch Matière do ze verstoen. “Eng franséisch Iwwersetzung wär vläit awer besser gewiescht… “. “Allez allez, den Asselborns Jang huet sech deemools och missen an dat Englescht knéien wéi e Minister gouf. Du kanns dat och” an hunn dru geduecht wéi de Jang mech 2004 gefrot huet op ech him kéint meng englesch Schoulbicher aus dem Lycée léinen.
Ech hu weider gebliedert an deenen knapps 400 Säiten (ech hu se net gezielt) a mer gesot, ech sollt mech dann op dat konzentréieren wat mech am TTIP am meeschte stéiert: d’Schiedgeriichter, de faméisen ISDS. D’Kapitel “Dispute settlement” ass mol net sou grouss, “dat kriss du de moien nach duerch” sot ech mer an hunn ugefaangen… Och hei loung ech rëm falsch, well den Text ass voll mat Referenzen op aner Vertreeg, op Bestëmmungen vun der Welthandelsorganisatioun asw… Domm gaangen, ech hat déi natierlech net derbäi (ech mengen ech hätt déi och net alleguerten kéinte schleefen sou vill sinn dat der). “Ok. Ech ginn et op fir haut, muss mech do fir d’éischt aschaffen” sot ech mer an hunn dat Kapitel op d’Säit geluecht fir dann duerch de Rescht vun de Kapitelen ze bliederen. An do fällt mer op datt den Text voll ass mat Ofkierzungen. “Wat sinn oder heescht GI, EPA, RPS, iMDRF, UNECE, MRA… asw?” Keng Ahnung! Ok ganz um Wupp loung eng Lëscht wou eng Partie vun den Ofkierzungen ausgeschriwwe sinn, mee Erklärungen wat et genee ass si keng derbäi… “Soll ech elo dee Beamten ploen, mam Risiko datt ech mech lächerlech maachen wann ech net weess wat en GI ass?” Ech hu kuerz iwwerluecht a mech décidéiert den TTIP fir haut sinn ze loossen a mech um Büro besser drop virzebereeden. Beim erausgoen hunn ech de Beamten awer nach gefrot wat GI heescht. “Geographical indications!” Hien huet frëndlech gelaacht an zouginn, datt fir Sie déi all Dag dra schaffen di Ofkierzunge geleefeg sinn mee ee vu Baussen hätt et do ganz schwéier… Wéi Recht huet dee Mann!
Fazit:
Meng éischt Visite am TTIP-Liesraum huet eng knapps Stonn gedauert. Weder gouf ech kujenéiert, nach stänneg iwwerwaacht oder gedirängelt. Grad de Contraire war de Fall: ganz léiw a kompetent gouf ech emfaangen an hëllefsbereet Mataarbechter am Ministère maachen hei hiert Bescht.
Ech ginn e bësse frustréiert eraus a soe mer datt ech dat dote net wäert bewältege kënnen… Hei sinn ech mam Marco Bülow averstanen, och ech hunn dat beklemment Gefill datt ech hei meng Aarbecht als Deputéierten net anstänneg ka maachen. Fir richteg eens ze ginn misst ech d’Méiglechkeet hunn di Texter zesumme mat Experten, Juristen, Gewerkschaftler an Economisten ze consultéieren fir datt déi mech kéinte beroden, mer erklären wou d’Schwieregkeeten sinn, och d’Fäinheeten vun de Formulatiounen. Dat duerf ech net. Mol net e Fraktiounsmataarbechter duerf mat an de Liessall. Esou kann ee net schaffen.
Perséinlech Iwwerleeung:
Ech ginn awer nach dohin di aner Woch, och wann ech villes net wäert a ka verstoen. Ech fillen datt ech et muss maachen, et gëtt vun eis Deputéierten erwaart. Ech wäert mech da konzentréieren op den Impakt fir d’Gemengen an d’Regiounen. Ech fäerten awer datt dat ganzt meng Meenung iwwert den TTIP net grondleeënd wäert änneren: Obwuel ech ëmmer fir Handelsvertreeg mat Nordamerika war a sinn, sou fäerten ech dach datt den TTIP an och CETA wäert ganz staark Implikatiounen op eist Land hunn, d’Konsequenzen dovunner kann ech haut iwwerhaapt net aschätzen. Natierlech ass nach näischt fäerdeg verhandelt a keen kann haut soen den TTIP gëtt esou oder esou. Mee ech fäerten datt herno de Pak zou ass an datt mer wéineg bis guer näischt méi kënnen drun änneren. Ech klappen awer lo net just op di béis EU-Kommissioun oder op d’Verhandlungspartner. U sech hätt d’Politik, di national ewéi di europäesch sech missen vill méi mam Verhandlungsmandat un d’Kommissioun beschäftegen, de Kader vill méi kloer definéieren. Dat ass elo ze spéit an dat ass net gutt. Dofir kann ech den TTIP den Ament net ënnerstëtzen.
3 comments
Pingback: Premier contact avec le TTIP: « On ne peut pas faire son travail de député correctement » | Le Jeudi