Yves Cruchten (LSAP).- Merci, Här President. D’Zäit leeft. Ech muss e bësse kierzen.
(Hilarité)
Ech ka mech haut awer – well och scho villes gesot ginn ass, an och scho villes gesot ginn ass, wat ganz richteg ass – op een Aspekt konzentréieren, dee mech perséinlech an och a menger Aarbecht am Europarot dëst Joer vill beschäftegt huet: den Zouwuess vun extremisteschen a rietsnationale Bewegungen a Parteien.
2016 hu mer e stännegen Zouwuess zu dëse Bewegunge gesinn. D’Pegida ass an Däitschland marschéiert. D’AfD huet an de Sondagen ëmmer weider zougeluecht, genee wéi d’Marine Le Pen a Frankräich an de Geert Wilders an Holland. Am Juni hunn d’Populisten déi éischte Kéier gewonnen: beim Brexit-Vott.
Bei den US-Wahle ware méi Ligen, Falschmeldungen a Fake News op de sozialen Netzwierker ze liese wéi richteg Noriichten.
Et sinn iwwerall déiselwecht honnert Joer al Rezepter, mat deenen operéiert gëtt: géint de sougenannten „Establishment“, géint d’Elitten, géint déi traditionell Parteien, géint d’Flüchtlingen, géint d’Auslänner, géint d’Press a géint d’Medien am Allgemengen. E gemeinsamen Nenner fanne se och an hirem „zréck zu deem Nationalen“, „ewech vun der Vëlkergemeinschaft“ an „géint Europa“.
Et wär e Feeler, déi doten Tendenzen ze ënnerschätzen. An dat ass haut schonn e puermol gesot ginn. Ganz geschéckt ginn näämlech déi negativ Konsequenze vun der Globaliséierung ausgenotzt, fir Angscht ze maachen.
Mme Viviane Loschetter (déi gréng).- Très bien!
Dass Europa seng sozial Dimensioun nach ëmmer net fonnt huet, mécht eis et net méi liicht, fir dorobber ze äntwerten. Et ass dofir essenziell, dass dat soziaalt Europa iwwert d’Sonndesrieden eraus endlech zur Realitéit gëtt, dass mer sozial Standarde kréien, e soziale Mindestloun, gerecht Léin an eng gutt Ofsécherung vun eise Bierger. Dat sinn déi bescht Rezepter géint d’Extrême droite, déi hire Fonds de commerce op dem Misär vun de Leit opbaut.
Meng Partei, d’LSAP, huet dem Opruff vun der EU-Kommissioun gefollegt an huet hir Virstellunge vun engem sozialen Europa op Bréissel geschéckt. Et ass ze hoffen, dass vill Leit sech un dësem Debat bedeelegen a mir Europa esou dat Gesiicht kënne ginn, wat mer eis all erwënschen.
Mir vergiessen ze dacks, dass haut schonns déi Rietsnational a verschiddene Memberstate vun der Europäescher Unioun d’Regierung stellen. A mir erkennen ëmmer deeselwechte Modus Operandi: Als Éischt muss déi fräi Press ënner staatlech Kontroll gesat ginn, déi politesch Oppositioun an d’Zivillgesellschaft gi kalgestallt an da gëtt de Rechtsstat Stéck fir Stéck ofgebaut. Ouni eng fräi Press, ouni politesch Oppositioun an ouni Rechtsstat gëtt et keng Demokratie. Déi parlamentaresch Versammlung vum Europarot beschäftegt sech genee mat dëse Sujeten, mä och hei ginn d’Debatten torpedéiert vu riets an extrem riets.
Wa mir haut der Tierkei, berechtegterweis, de béise Fanger maachen, da musse mer eis awer och selwer de Spigel virhalen. Wat fir e Beispill gëtt d’Europäesch Unioun, wann ee vun hire Statscheffe verlaangt, dass d’Fro vun der Doudesstrof nees op den Ordre du jour muss kommen? Wat fir e Beispill gi mer, wann an engem anere Memberstat vun der EU d’Verfassungsgeriicht ënnert d’Kontroll vun der Regierung fält? Wat fir e Beispill gi mer, wa mer e pickegen Drot ronderëm eis Grenzen zéien? An d’Äntwert ass kloer: Et ass kee gutt Beispill. An dofir grad ass et esou wichteg, dass mer eisen europäesche Frënn soen, wou de Schong dréckt. Dass mer si drun erënneren, dass si ferm Engagementer geholl hunn, wéi si der Europäescher Unioun bäigetruede sinn. Dass si déi europäesch Mënscherechtskonventioun respektéiere mussen an d’Uerteeler vu Stroossbuerg och mussen ëmsetzen.
An dofir mécht et mech esou houfreg, dass eisen Ausseminister net zéckt, fir dat ze soen, wat ze soen ass. Jo, Här Mosar, natierlech gefält dat net jiddwerengem. Dat soll et och net. Hei zu Lëtzebuerg awer sollte mer him net an de Réck falen, mä mir sollten him de Réck stäipen. Alleguer. Ech géif mer wënschen, et géife méi Asselborns Jangen an Europa.
Une voix.- Ah!
Méi Politiker, déi de Courage hunn, sech staarkzemaache fir d’Rechtsstaatlechkeet, fir d’Mënscherechter an d’Demokratie…
…a manner där Politiker, déi de Kapp anzéien a léiwer näischt soen.
Une voix.- Bravo!
Et gëtt och an deene Länner, vläicht souguer grad an deene Länner, Leit, déi esou e politescht Sproochrouer brauchen. Eisen Ausseminister mécht deene Courage, déi net averstane si mam Ofbau vun der Rechtsstaatlechkeet an hire Länner. Bierger, déi op hir Mënscherechter bestinn an derfir kämpfen. A Polen wollt d’PiS, op Initiativ vun enger extrem konservativer kathoulescher Organisatioun, d’Ofdreiwung a sämtleche Fäll verbidden an de Fraen domat e ganz fundamentaalt a laang erkämpftend Recht nees ewechhuelen. D’Black protests, Protester vun Dausende Fraen a Männer ganz a schwaarz, hunn esou laang gedauert, bis d’PiS hir Propos nees zréckgezunn huet.
An Ungarn wollt de Viktor Orbán seng onmënschlech Politik géint d’Flüchtlingen duerch e Referendum legitiméieren. Mä en huet Gott sei Dank dëse Referendum verluer.
A Rumänien wollt déi nei Regierung d’Bestrofung vun der Korruptioun massiv ofschwächen an domat d’Fortschrëtter aus de leschte Joren a Gefor bréngen. Am Januar an am Februar dëst Joer sinn dofir iwwer eng hallef Millioun Mënschen op d’Strooss gaangen, fir de Rechtsstat a Rumänien ze verdeedegen, a si hunn dobäi EU-Fändelen an d’Luucht gehalen.
Dobäi huet ee gesinn, dass d’EU nach ëmmer Mënsche ka begeeschteren, dass d’EU nach ëmmer als positivt Bollwierk géint Nationalismus, jo, souguer als Garant vun Demokratie a Rechtsstaatlechkeet och géint eng national Regierung empfonnt gëtt.
Lues a lues fänke méi Leit un, sech géint de Rietsruck an den Nationalismus ze positionéieren an nees aktiv fir Europa op d’Strooss ze goen. Leit, déi net bereet sinn, den Nationaliste kampflos d’Feld ze iwwerloossen, déi net bereet sinn, d’EU einfach opzeginn, déi net bereet sinn, d’Grondwäerter vun eiser Gemeinschaft iwwer Bord ze werfen.
An och decidéiert proeuropäesch Positioune gewannen nees un Zoulaf. A Frankräich steet de Macron zwar fir Erneierung, mä definitiv fir Europa. An Däitschland gewënnt de fréieren Europaparlamentspresident massiv un Ënnerstëtzung. An hei zu Lëtzebuerg ass a bleift en zudéifst iwwerzeegten Europäer dee mat Ofstand beléifste Politiker am Land. Hei zu Lëtzebuerg gleewe mer un d’Europäesch Unioun, och wann net alles perfekt ass. Si garantéiert eis zanter Jorzéngte Fridden a Wuelstand.
Mir däerfen dofir net dauernd op d’Unioun klappen. Mir däerfen dem Discours vun den Nationalisten net noginn, mä mir mussen dës Unioun verbesseren an erëm kloermaachen, dass se méi ass ewéi e gemeinsame Wirtschaftsraum, näämlech eng Unioun vun de Staten a vun de Bierger.
Dësen Optrag geet un d’Politik, selbstverständlech, mä e geet och doriwwer eraus. Et ass en Opruff un all d’Bierger hei am Land an an Europa, sech haut ze engagéieren, ob an ONGen, an der Politik oder soss an der Zivillgesellschaft. Kommt, mer waarden net, bis d’Kar am Dreck läit! Kommt, mer verdeedegen dat, wat mir Europäer an de leschte 60 Joer opgebaut hunn, well et brauch net vill, fir dat nees alles futti ze maachen!
Merci.