(Ried zu de PdL 7046 a 7053)
Här President,
Dir Damen an Dir Hären,
Meng Kollegin, d’Taina Bofferding huet virdru kloer gemeet, dass et sech bei dësem Gesetzespak NËT ëm sozial Mesuren handelt an et och NËT virrangeg drëms geet, de Bestand vun de Wunnengen drastesch an d’Luucht ze schrauwen. Allerdéngs sollte mer NËT vergiessen, dass vill vun de méi schlecht gestallte Ménagen nët nëmmen deier an op klengem Wunnraum mussen wunnen mee leider all ze dacks och a kaltiative schlechten, jo heiansdo esouguer ongesonde Wunnengen liewen. D’Sanéierung vun de Wunnengen duerf deemno net just eppes fir déi Räich sinn déi sech et kënne leeschten. Dofier ass et wichteg z’ënnersträichen, dass sech dës nei Gesetzer och un d’Propriétaire riichten déi hier Wunnenge weiderverlounen an deenen et villäicht bis elo nët sou wichteg war wéi hir Locatairen wunne mussen.
Am Kader vum Paquet « Klimabank an nohaltegt Wunnen » ginn déi finanziell Hëllefen ugepasst, déi am Moment ennert dem Numm „Prime House“ bekannt sinn. Dat betrëfft dräi Voleten: Bäihëllefen fir ëmweltfrëmdlecht Bauen, Subsiden fir den Assainissement énergétique a Subsiden fir d’Installatioun vun Anlagen, déi op eng nohalteg Manéier, Energie produzéieren.
Et gëtt am Projet de loi 7046 zwou wichteg Ännerungen, déi hoffentlech dozou féieren, dass nach méi staark wéi bis elo op des Hëllefen zréckgegraff gëtt. Zum engen gëtt geklärt, wéi des Hëllefen opgedeelt ginn, wann se vu Copropriétairen ugefrot ginn an zum aneren kënnen an Zukunft och Personnes morales dovu profitéieren.
Dës finanziell Ennerstëtzung ass deemno gréisstendeels nët nei, mä et ass awer derwäert, dass ee vun Zäit zu Zäit iwwerpréift, op se an däer Form nach Sënn mecht oder awer misst iwwerschafft ginn.
Als LSAP si mer der Meenung, dass des Hëllefe Sënn maachen. Wa mer zu Lëtzebuerg wëllen eis Ofhängegkeet vu fossiler Energie a vum Import vun Energie reduzéieren, da musse mer insgesamt eis Energieeffizienz verbesseren a selwer méi erneierbar Energie produzéieren. All Etuden, déi mer iwwert déi lescht Joeren gemach hunn, weisen eis, dass de Logement ee vun deene Beräicher ass, wou mer e grousst Verbesserungspotenzial hunn. D’Rifkin-Etude gräift dat nach emol op, mä dat bestätegt just am Fong, wat mer schon zanter enger Rei Joere wëssen an hei an der Chamber schon dacks gesot hunn. Dofir hu mer jo schrëttweis d’Normen, deenen nei gebauten Haiser mussen entspriechen, méi streng gemaach. Et gëtt awer och Grenzen, bei deem wat de Staat de Leit als Obligatioun zoumudde kann. Wann een nei baut no den aktuell beschtméiglechen Energiestandarden, an et wëll een och nach méiglechst ëmweltfrëndlech Materialien verwenden, dann huet dat säi Präiss. An dat an enger Situatioun, wou e ganz groussen Deel vun de Leit grouss Schwieregkeeten huet, iwwerhaapt un eng Wunneng ze kommen.
Bei der Aalbausanéierung ass de Problem ganz ähnlech. Mir hunn e grousse Bestand un Haiser, déi vun der Isolatioun hir alles anescht wéi Passivhaiser sinn. Si gi meeschtens kaf vu Leit, déi sech en Aalbau sou just leeschte kënnen a keng Suen hunn, fir e konsequenten Assainissement énergétique inclusive Photovoltaik-Anlag.
Als Staat hu mir awer en Intressi dorunn, de Bestand vun eisen Haiser no an no op e Niveau ze bréngen, deen och méi laangfristeg gutt ass. Iwwer déi nächst Joerzéngte gekuckt wärten d’Energiepräisser mat grousser Wahrscheinlechkeet zolitt an d’Luucht goen, an déi Haiser, déi mer haut bauen a renovéieren wärten dann zu engem gudden Deel ëmmer nach stoen. De Staat versicht mat sou Mesuren wéi deene Projeten, déi mer haut stëmmen, Privatleit eng Stäip ze ginn, fir Investitiounen ze maachen, déi éischter laangfristeg e positiven Effet wäerten hunn.
Ech begréissen d’Verlängerung an zum Deel d’Ausdehnung vun de Bäihëllefen, déi mer mam Projet de loi 7046 machen. Fir datt dës Bäihëllefen hieren Zweck erfëllen, ass et extrem wichteg, dass d’Ëmsetzung an der Praxis och gutt fonctionnéiert. Dofir ass de Projet de loi 7053 iwwert eng nei Form vun Zertifizéierung e wichtege Complément zu dem Projet de loi 7046. Dëse Lëtzebuerger Nohaltegkeets-Zertifikat fir Wunngebaier, kuerz LENOZ ersetzt déi sou genannt „Gréng Hausnummer“. Et geet enner anerem dorëms, während dem Bau e besseren Iwwerbléck ze behalen, wéi sech eenzel baulech Moossnahmen op d’Energieeffizienz auswierken an dierften domat insgesamt zu méi zefriddestellende Resultater féieren.
D’LSAP fënnt et an deem Kontext ganz gutt, datt vum 1 Januar uns elo och Wäert geluecht gëtt op d’Energiebilanz vum Material wat um Bau verschafft gëtt. Dat ass och e wichtegen Aspekt vum nohaltege Bauen. Vill ze laang gouf eleng op den Energieverbrauch vum Haus gekuckt ouni Rücksicht ze huelen op d’Material wéi zB d’Isolatiounsmaterial.
D’LENOZ-Zertifizéierung gëtt just op fräiwëlleger Basis gemaach a finanziell vum Staat ennerstëtzt. Dat ass ganz gutt esou, well et eis erméiglecht, Erfahrungen ze sammelen a spéider eventuell dës Zertifizéierung unzepassen. Et gëllt jo hei, en Equiliber ze fannen tëschent dem Opwand an de Käschten, déi sou eng Zertifizéierung mat sech bréngt an dem tatsächlechen Notzen. Et bleiwt ofzewaarden, wéi gutt sech dat Instrument an der Praxis uwende léisst an op et déi erwaarte Plus-value bréngt.
Méiglecherweis ergi sech dobäi och nei Erkenntnisser, wéi mer besser garantéiere kënnen, dass am Resultat déi gewënschten Energieeffizienz effektiv erreecht gëtt. Et ass weiderhinn keen zouverlässege Kontrollmechanismus virgesinn fir ze iwwerpréifen op beim Oflaf vum Bau all technesch Detailer wéi z.B d’Vermeiden vu Kältebrécken uerdentlech ausgefouert goufen.
Do beschränkt sech de Staat weiderhinn op den Dossier „As Built“, deen ee fir d‘Subsiden muss zesummestellen. Dësen Dossier garantéiert awer a kenger Weis d’Kalitéit vun der Executioun um Chantgen. Och wann z.B. all Material den Donnéen vum Energiepass entspriechen, kann eng falsch „mise en oeuvre“ déi gesamt Efforten op de Koup geheien an dem Bauhär seriöe Schued bereeden. En Haus bauen ass emmer ërem eng Prototypaarbecht. Do ass d’Kontroll um Chantier immens wichteg well et si schliesslech Mënschen a keng Roboter déi eis Haiser opriichten. E Fehler ass do séier geschitt a leider huet deen haut vill méi Konsequenzen wéi nach viru 15 Joer.
Wa nët no de règles de l’art gebaut gëtt, dann huet natierlech de Bauhär dee gréisste Schued, mä och de Staat gëtt geschruptt wëll e villäit Subsidien ausbezillt déi nët geschëllt sinn. Zulescht ginn och eis Klimazieler déi mer eis gesat hunn, nët erreecht. D‘Kontroll ass dofier immens wichteg. Nët vergiessen sollt een och dass eng falsch oder schlecht Isoléierung an eenzelne Fäll och kënnen en Impakt op d’Gesondheet vun de Mënschen hunn déi an deenen Haiser liewen.
Ech wëll domatt NËT den Entreprisen ënnerstellen, dass si generell hier Aarbecht net gutt géife maachen, grad de Conträr ass de Fall!. Et gëtt awer am Bausecteur wéi iwwerall soss och, schwaarz Schof, déi all deenen aneren déloyal Konkurrenz machen well se mat onqualifizéierte Leit an ouni déi néideg Suergfalt schaffen. E bessere Konsumenteschutz ass an desem Beräich souwuel am Interessi vun deene ville Betrieber déi an d’Formatioun vun hire Leit investéieren an eng kalitativ héichwärteg Aarbecht bidden, wéi och am Sënn vum Bauhär, deen e Recht drop huet, eng fair Leeschtung ze kréien, fir déi Suen déi en investéiert huet.
Wann de Staat Kalitéitsstandarden, déi e selwer setzt, nët konsequent iwwerwaacht, da riskéiert et ze goen wéi bei der Automobilindustrie, wou mer zanter Joeren „vermeintlech“ emissiounsaarm Autoen subsidiéieren, nëmme fir herno festzestellen, dass d‘Constructeuren et duerch Manipulatiounen färdeg bruecht hunn, d’Emissiounen virun allem um Pabeier ze drécken. Der Ëmwelt an de Clienten ass domadder keen Déngscht geleescht!
Et ass kloer, dass dee Problem nët sou einfach ze léisen ass. Kontrollen verlaangen e grousst Fachwëssen an alle Beräicher vum Bau. Am Reihbau, an der Technik, an der Enveloppe vum Bau asw. Et muss een och déi néideg Zäit a Präsenz um Chantgen opbréngen fir esou eppes ze kontrolléieren. An dat veruersacht natierlech erëm Käschten, déi mer als Staat nët onnéideg wëllen an d’Luucht dreiwen. Duerch eng besser Kontroll, wou Fehler vermidde ginn, kann een allerdengs och Sue spueren. D’Erfahrungen mat der LENOZ-Zertifizéierung kennen eis villäicht eng Indicatioun ginn, ob et sënnvoll wir, méi eng systematesch Kontroll während der Bauzäit virzegesinn.
Dës Kontroll dem Staat oder de Gemengen ze iwwerloossen ass absolut net virstellbar.
D’Implantatioun, d’Mitoyennetéit, d‘Alignementer an de Gabarit solle weider vun dem Gemengenarchitekt resp vum Service Technique iwwerpréift ginn. Mee och nach de Bau u sech ze kontrolléieren ass onméiglech.
An der Belsch iwwerwaacht z.B den Architekt dee gesamte Bau. Dat ass hei zu Lëtzebuerg nët virgesinn. Dem Architekt séng Missioun ass bei äis obligatoresch bis d’Baugenehmegung. Duerno ass de Constructeur eleng gelooss. Et sollt een awer mol driwwer nodenken op de belsche Modell nët och eng Piste wier fir d’Kalitéit bei eis um Bau ze garantéieren.
De Staat huet e grondsätzlechen Interessi dorunner, dass déi Subsiden, déi e gëtt nët ouni reellen Impakt bleiwen an et misst um Fong och méiglech sinn, e Subside zréckzefroen, wann duerch eng schlecht Ëmsetzung um Bau Effizienzzieler nët erreecht ginn. Allerdéngs wir dat onfair vis-à-vis vum Bauhär, dee jo selwer dee gréisste Schued huet. Hei misst een driwwer nodenken, ob een net Weeër fënnt, de Bauhär besser ofzesécheren an et him méi einfach ze maachen, gegebenenfalls indemniséiert ze ginn.
Et geet mer awer nët nemmen drëms, dass Baufirmen, déi net korrekt schaffen, fir dëse Schued mussen opkommen. E systematesche Realitéitstest gëtt eis als Politiker och eng besser Aschätzung, wéi gutt déi Zieler an Obligatiounen, déi mer per Gesetz afuederen, ëmgesat kënne ginn. Et mecht eis villäicht och bewosst, wa mer bei der enger oder anerer Bestëmmung einfach zevill verlaangen an eis Normen nët mat der Realitéit um Terrain iwwerenee stëmmen.
Dat bréngt mech zu méngem läschte Punkt dee mer awer och wichteg schéngt. Et geet hei ëm d’Planungssécherheet an d’administrativ Vereinfachnung vun der Prozeduren. Et muss een dofir suergen datt eis Kritären a Normen nët dauernd änneren. Dat ass fir de Bausecteur e grousse Problem well si sech permanent mussen un déi Saachen upassen mat Schulungen an zousätzlechen administrative Paperassen. Dat kann op Käschte vun der Kalitéit um Bau goen.
Mir mussen en Equiliber fannen tëschent enger positiver Evolutioun, wou mer nei technesch Méiglechkeeten systematesch notzen an dem zousätzlechen Opwand an de Käschten, déi doduerch entstinn. Haiser sollen och an Zukunft nët un éischter Stell Energiekraaftwierker sinn, mä virun allem Wunnraum, deen de Bedierfnësser vun de Leit entsprécht an deen se sech nach iergendwéi leeschte kënnen, ouni zwee Drëttel vun hirem Akommes dofir mussen auszeginn.
Dëst sinn déi puer Iwwerleeungen déi ech mat iech wollt deelen a ginn den Accord vu menger Partei zu dëse 4 Projet’en.
Ech soen iech merci fir d’Nolauschteren