YvesCruchten.lu

D’Lëtzebuerger Sprooch ass immens wichteg, eis Méisproochegkeet och!

 

An de läschten Deeg gouf vill diskutéiert iwwert eis – iwwert d’Lëtzebuerger –Sprooch, iwwert hire Stellewäert, hire Gebrauch an iwwer hier Wichtegkeet.

Virwegeholl: Jo, d’Lëtzebuerger Sprooch ass immens wichteg. Mir sollten alleguerten eist allerbescht maachen fir se héich ze halen, se ze versuergen an och wann et eis heiansdo schwéier fält, ze probéieren se am Alldag sou dacks ewéi méiglech ze gebrauchen.

Vill Leit maachen sech Suergen iwwert eis Sprooch an déi Suergen solle vun der Politik och Eescht geholl ginn.

Et ass gutt datt mer iwwert eis Sprooch nodenken, doriwwer diskutéieren. Allerdéngs sollte mer probéieren dat net ze vill emotional maachen. Et ass falsch, all déi an de brongen Eck ze drécken déi sech fir d’Erhale vum Lëtzebuergeschen staark maachen. Grad esou falsch ass et awer och déi di eng méi nuancéiert Meenung zum Sproochegebrauch hunn als Verréider um Lëtzebuerger Vollek, als Deel vun enger Minoritéit, vun enger Elite oder vun enger ondifferenzéierter Ideologie ofzestempelen.

Vill méi sollte mer pragmatesch un déi Fro erugoen. Pragmatesch heescht, dass een d’Aen net virun de Realitéiten verschléisst. An zu dësen gehéiert, dass nach ni esouvill Lëtzebuergesch gelies a geschriwwen gouf wéi am Ablack. Dëst ass engersäits op d’Digitaliséierung zeréckzeféieren, anerersäits fënnt awer och d’Lëtzebuerger Literatur an deene leschte Joeren ëmmer méi Unhänger. Och sinn d’Lëtzebuerger Sproochecoursen dacks ausgebucht.

Et stëmmt awer och datt et och Problemer gëtt. Vill Leit hei am Land dinn sech z.B. a verschiddenen Alldagssituatiounen schwéier, sech op Franséisch auszedrécken. Woubäi et allerdéngs och nach zweeërlee Puer Schong sinn, ob een an engem Geschäft schlecht verstane gëtt oder op een eng komplizéiert Diskussioun mat sengem Dokter muss op Franséisch féieren!

Virun allem am läschten oder an ähnleche Fäll kann, jo soll d’Politik och agräifen. Vill Effort’en goufe scho gemaach z.B. mat Lëtzebuergesch Coursen an de Spideeler, villäicht geet dat awer nach net duer. Speziell am Gesondheets- a Pfleegesecteur, wou vill eeler Patienten betraff sinn gëllt et politesch Initiativen ze huelen fir derfir ze suergen datt jidderee verstane gëtt a jiddereen alles versteet.

D’Chamber diskutéiert den Ament och iwwert eng nei Verfassung. Am Kader vun dëser Reform gëtt d’Lëtzebuerger Sprooch och als national Sprooch an den Texter verankert. Domatt soll eis Sprooch déi Wichtegkeet kréien déi se och verdéngt. Lëtzebuergesch ass, an den Aen vun der LSAP, d’Sprooch vun de Lëtzebuerger an e wichtegt Element vun eiser nationaler Identitéit a vun eiser Kultur.

Sproochen sinn awer prinzipiell do fir datt d’Mënsche kënne mateneen schwätzen, si bréngen d’Leit beieneen. Si sollten net dofir gebraucht ginn fir d’Mënschen oder d’Gesellschaft ze splécken oder fir sech no baussen ofzegrenzen. Mir sollen also net eng Sprooch géint di aner ausspillen. Lëtzebuerg ass e méisproochegt Land. Och dat ass e wichtegen Deel vun eiser nationaler Identitéit. Vill Leit op der Welt beneiden eis heidrëms a mir kënnen houfreg sinn dorop. Genee ewéi d’Lëtzebuerger Sprooch sollte mir dës Partikularitéit onbedéngt versuergen an héich halen.

(Radio RTL- d’Parteien hunn d’Wuert)

Have your say