YvesCruchten.lu

Ried an der CHD Logement (Debat Landesplanung)

house19.3.2015 – Am meeschten Diskussioune gouf et sécher iwwert de Plan sectoriel «Logement». Et ass gläichzäiteg dee Sujet, deen de Leit dobaussen am meeschte Suerge mécht. D’Präisser fir en Haus oder eng Wunneng klammen onënnerbrach. D’Dépensë fir d’Wunne belaaschten d’Lëtzebuerger Haushalter finanziell ganz staark. Gläichzäiteg sinn d’Méiglechkeete vum Stat, fir géigenzesteieren, ganz limitéiert.

De Präis vum Wunne schéngt mir dee wichtegsten ze sinn, wa mer iwwer sozial Problemer schwätzen. Et ass net esou, wéi wann eise Mindestloun ze niddreg wier oder eis Sozialtransferten net géifen duergoen. Et ass d’Wunnen, wat deene meeschte Bierger hir Keess plëmmt a si riskéieren deet, an den Aarmutsrisiko ofzedriften. Fakt ass awer och, dass d’Leit sech hir Wunneng esou eraussichen, wéi et hinne gefält respektiv – a vläicht nach am meeschten – entspriechend deem, wat se kënne bezuelen.

Esou wier et aus ekologesche Grënn wichteg, wann esou vill wéi méiglech Leit no bei hirer Aarbechtsplaz géife wunnen, well dat sech positiv ënner anerem op de Verkéier géif auswierken. Allerdéngs sinn déi meeschten Aarbechtsplazen am Zentrum, wou nëmmen e klengen Deel vun de Leit sech et ka leeschten ze wunnen. Och wann ee méi Wunnraum an a ronderëm d’Stad schaaft, ass d’Nofro esou grouss, dass d’Präisser dowéinst nach ëmmer net erofginn.

Aus ekologescher Siicht ass et och gutt, wann d’Leit méi dicht beieneewunnen, am beschten an Appartementshaiser. Dat spuert Energie an och Terrain. Dat ass allerdéngs och eng Wunnform, déi vill Leit als manner agréabel empfannen, wéi an engem eegenen Haus ze wunnen, am beschte mat e bëssen Distanz zum Noper.

D’Tatsaach, dass een als Copropriétaire an enger Residenz ofhängeg ass vun aneren, fir Entretiens- a Verschéinerungsaarbechte kënnen ze maachen, dass ee gezwongen ass, Käschte vun aneren ze iwwerhuelen, wann déi hir Obligatiounen net erfëllen, an dass ee wéineg dergéint ka maachen, wann en Noper sech net un d’Hausreglement hält, vill Kaméidi mécht an esou weider, dat alles mécht d’Wunnen am Appartement net vill méi attraktiv.

Am Resultat kafen déi, déi sech et leeschte kënnen, meeschtens léiwer en Haus. Allerdéngs, et sinn awer net déi, déi am meeschte Plaz brauchen, déi finanziell am beschten dostinn. E ganz groussen Deel vun de Leit am Pensiounsalter si Propriétaire vun hirem Haus oder hirer Wunneng a si hu meeschtens och keng Hypothéik méi do drop. Dat ass gutt esou, well dat eng gewësse Garantie gëtt géint d’Altersaarmut.

Statistiken, déi drop hiweisen, dass zu Lëtzebuerg Wunnengen iwwerduerchschnëttlech grouss sinn, täuschen driwwer ewech, dass vill Stéit a ganz bëengte Verhältnisser liewe mussen. Esou wunnen eeler Leit, déi nach net op Hëllef am Alldag ugewise sinn, dacks eleng oder zu zwee an engem Haus, wougéint jonk Famillje mat Kanner sech heefeg nëmmen e klengt Appartement kënne leeschten. Chancen hunn déi Jonk, déi kënne vun hiren Eltere gehollef kréie bei hirer éischter Acquisitioun. Mä fir déi aner ass et bal onméiglech, gläichzäiteg Loyer ze bezuelen a sech genuch unzespueren, fir iergendwann e Prêt opzehuelen.

Un deenen Tatsaachen ännert awer och e Plan sectoriel näischt.

Wann e Plan directeur sectoriel «Logement» all dës Problemer net léist, firwat brauche mer en dann? Un éischter Plaz musse mer definéieren, wou an Zukunft nach Wunnraum kann entstoen a wou net, wou méi dicht soll gebaut ginn a wou net. Déi lescht Joren hu gewisen, dass ouni esou Reglementéierungen d’Zersiedlung vun eisem Land ëmmer méi grouss gëtt.

Entgéint deem, wat den IVL virgesinn hat, sinn et net déi bestehend urban Zentren, mä et ass de ländleche Raum, dee sech staark entwéckelt huet. Zum engen huet dat mam Pacte Logement ze dinn, deen all d’Gemengen encouragéiert huet, nei Lotissementer an hir PAGen eranzehuelen. Anerersäits ass et fir eng ländlech Gemeng méi einfach, de Bauperimeter opzemaachen. Am méi dicht bewunnten urbane Raum gëtt et héchstens nach Lächer, déi ee kann ausfëllen, mä dacks bleift nach just Sputt fir een oder zwee nei Projeten, an dann ass de Potenzial un Neibaugebidder och schonn ausgenotzt.

Wann dann nach méi Wunnraum muss geschafe ginn, geet dat virun allem nach an d’Héicht, andeems een a bestehende Wunnquartieren et erlaabt, nach een oder vläicht zwee Stäck oder méi dropzesetzen. Éischtens léisst sech dat nëmme stéckerchersweis iwwer eng laang Zäit realiséieren an zweetens ass d’Akzeptanz vun esou Mesurë vu Leit, déi an deem betraffene Quartier wunnen, net ëmmer ganz grouss.

Et kënnt nach derbäi, dass all Gemeng beméit ass, eng gewëss sozial Mixitéit ze behalen, wat net esou gutt geléngt, wann een een Héichhaus un dat anert knäppt. Den Dialog mat deenen eenzelne Gemengen ass dofir immens wichteg, fir vu Fall zu Fall ze klären, wéi vill Potenzial do ass, wou et Limitatioune gëtt, déi musse respektéiert ginn. Dobäi muss de Wunnengsbau och d’Capacitéite vun de Gemenge berücksichtegen, fir hir Infrastruktur un déi méi héich Awunnerzuelen unzepassen.

Et si jo dacks jonk Famillje mat Kanner, déi bäikommen. Dat heescht fir d’Gemeng, dass nei Crèchë musse gebaut ginn a Schoulraum muss geschafe ginn. Mä och manner visibel Infrastrukture mussen ugepasst ginn. Ech denken do zum Beispill un d’Waasserversuergung, un de Kanal, un d’Kläranlagen, déi musse vergréissert ginn.

Et geet also net duer, en Terrain a Bauland ëmzeklasséieren an d’Promoteuren esou séier wéi méiglech bauen ze loossen. Wann ee bedenkt, wéi vill Wunnraum an deenen nächste Joren de Schätzungen no, op deenen de Plan sectoriel «Logement» berout, gebraucht gëtt, a wann ee probéiert, realistesch anzeschätzen, wéi vill Wunnraum mer a kuerzer Zäit kënne schafen, dann ass et kloer, dass dee Bedarf net esou séier ka gedeckt ginn, op d’mannst net an engem Mooss, dass d’Offer méi grouss wier wéi d’Demande an d’Präisser doduerch géife falen.

Bei allen Efforte wäert de Logement sécher och an deenen nächste Joren e problematesche Sujet bleiwen. Mir mussen dofir déi richteg Prioritéite setzen, fir dass och Leit mat wéineg Moyenen nach en Daach iwwert dem Kapp behalen. Och wa Lëtzebuerg e grousse Prozentsaz u Propriétairen huet an den Accès zur Propriétéit mat staatlechen Hëllefe vereinfacht gëtt, bleift een Deel vu Leit, déi sech et ni wäerte leeschte kënnen, eppes ze kafen, an déi musse loune goen.

An dësem Deel vun der Bevëlkerung fanne mer och déi erëm, déi am meeschten Ënnerstëtzung brauchen. Grad am Beräich vun de subventionéierte Mietwunnengen hu mer awer e groussen Defizit.

(Mme Simone Beissel prend la présidence.)

Enger Analys no, déi d’Caritas an hirem Sozialalmanach vum Joer 2013 gemaach huet, géif dësen Typ vu Wunnenge just 2% vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg ausmaachen. Dëse Chiffer ass haut vläicht net méi ganz aktuell, mä am Verglach mam Ausland ass et awer extrem, extrem wéineg. D’Regierung gesäit jo och vir, de Bestand u soziale Mietwunnengen ze vergréisseren. Mä och dat wäert leider net vun haut op muer goen.

An der Tëschenzäit misst awer fir all déi Betraffen eng Léisung fonnt ginn. Dofir brauche mer esou séier wéi méiglech eng Regelung iwwer e Mietzuschuss, dee speziell deene sozial schwaache Leit zeguttkënnt. Et sollt een och drun denken, dass grad dës Leit net d’Méiglechkeet hunn, an d’Grenzgebitt wunnen ze goen, wou et vläicht méi bëlleg ass, well awer eng Rëtsch Sozialleeschtungen dovun ofhängeg sinn, dass se hei am Land wunnen.

Ganz ofgesinn dovunner, dass mer emol eng Kéier décidéiert haten, den Einwohnerzeenario wëlle méi staark ze favoriséiere wéi de Pendlerzeenario. Et wier an deem Kontext net wënschenswäert, wann ëmmer méi Lëtzebuerger, déi hei am Land schaffen, an d’Grenzgebitt géife plënneren, well se hei um Marché keng Wunneng fannen, déi se sech kënne leeschten. Dat wier net nëmmen traureg fir eis als Natioun, mä doriwwer eraus eben och kontraproduktiv, wat d’Verkéierssituatioun an domadder och d’Belaaschtung vun der Ëmwelt an dann och eis Liewensqualitéit hei zu Lëtzebuerg ugeet.

Une voix.- Très bien!

Mme Simone Beissel, Présidente de séance.- Merci dem Här Cruchten. Als nächst Riednerin ass ageschriwwen: d’Madame Josée Lorsché. Madame Lorsché, Dir hutt d’Wuert.

Foto: wort.lu

Have your say