YvesCruchten.lu

Ried an der CHD zur Landesplanung

road-map-of-Luxembourg19.3.2015 Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären, ech wollt mech elo net bedeelegen un engem Pingpong hei oder un enger Diskussioun doriwwer, wat eng fréier Regierung vläicht gutt oder manner gutt gemaach oder eng nei Regierung net esou gutt gemaach huet. Ech mengen, mir sinn haut hei, fir en Débat ze féieren, deen ënnert dem Motto steet: „Lëtzebuerg zesummen entwéckelen“. An ech mengen, dass et wichteg ass, och dat Wuert „zesummen“ nach eng Kéier ze ënnersträichen. An ech mengen, dass mer heibanne jo alleguerten enger Meenung sinn, dass dat doten… Mir sinn iwwerzeegt vun der Wichtegkeet a vun der Richtegkeet vun där Diskussioun, déi mer haut hei féieren. Dofir wëll ech mäi Bäitrag och dorobber limitéieren, op d’Problematik, déi sech stellt.

Ech wäert e puer generell Remarquë maachen zu dem Thema an duerno wäert ech mech nach e bësse méi am Spezielle mat dem Sujet Logement befaassen. An ech wäert duerno menge Kolleegen, dem Roger Negri an och dem Frank Arndt, d’Wuert gi fir dann déi aner Voleten, déi sech zu de Plan-sectoriellen zielen, do wäerte si d’Wuert kréien.

Tatsaach ass, dass Lëtzebuerg sech an deene leschte Joren onofhängeg vum politesche Wëllen entwéckelt huet, an dat mat enger Vitesse, déi all Prognosen iwwertraff huet. D’Zuel vun den Awunner ass eleng an deene leschten zéng Joer ëm ronn 100.000 an d’Luucht gaangen. Datselwecht gëllt fir d’Aarbechtsplazen. D’Zuel vun de Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, ass an deemselwechten Zäitraum ëm ronn 50.000 an d’Luucht gaangen.

Doraus ergëtt sech automatesch e groussen Drock op eise Wunnengsmaart a mir sti virun der Erausfuerderung, fir am selwechte Rhythmus Infrastrukturen ze schafen an och den Transport esou ze organiséieren, dass mer net iwwer kuerz oder laang an deem ëmmer méi groussen Autoverkéier erstécken.

„Lëtzebuerg zesummen entwéckelen“, dat bedeit, dass mer zesummen e Kader mussen ausschaffen, fir déi Entwécklung méi nohalteg ze maachen, fir dass mer net um Enn Affer vun eisem eegenen Erfolleg ginn. Deen enorme Wuesstum mécht e Stéck vun eisem Räichtum aus an erkläert zum Deel, wéisou et eis hei zu Lëtzebuerg däitlech besser geet wéi am Ausland.

Vill jonk bäigezunne Salariéen hëllefe mat hire Cotisatiounen, eise gudde Sozialsystem ze erhalen. Datselwecht gëllt fir d’Frontalieren. Si bezuele Steieren, wat eisem Stat et erlaabt, och an Zäiten, wou et méi enk gëtt, d’Investitiounen op engem héijen Niveau ze halen an domat den Emploi ze stabiliséieren.

Ëmgedréit ass et natierlech och richteg, dass de Räichtum vu Lëtzebuerg ëmmer nei Immigranten unzitt an dass jiddwereen, deen hei schafft, natierlech och Uspréch op Sozialleeschtungen huet. Dass eis Bevëlkerung weiderhi wiisst an Zäiten, wou dat fir de PIB net méi de Fall ass, erkläert sech ganz liicht doduerch, dass déi ekonomesch Situatioun an de Länner ronderëm eis an der Kris méi schlecht ass wéi bei eis.

D’Erausfuerderungen, mat deene mir um landesplanereschen Niveau konfrontéiert ginn, ginn deemno net méi kleng. D’Moyenen, déi mer hunn, fir se ze meeschteren, allerdéngs schonn. Dat bedeit, dass mer besser plange mussen, fir méi effizient ze ginn, an dass mer déi richteg Prioritéite musse setzen.

Dräi Prioritéiten ergi sech direkt aus der Entwécklung, déi ech elo grad ugeschwat hunn: de Logement, d’Aarbechtsplazen an den Transport. Dës dräi Aspekter hunn eppes gemeinsam: Si brauche Plaz. Plaz ass awer genee dat, wat mer hei zu Lëtzebuerg net am Iwwerfloss hunn. Dës Erkenntnis ass net nei an dofir versiche mer jo schonn zanter Joren, der Raumplanung souwuel um nationale wéi um kommunalen Niveau en neie Kader ze ginn.

Et war vu virera kloer, dass et immens komplex ass, wann een eng Planung wëllt maachen, déi eise gesamten Territoire begräift an déi direkt an d’Autonomie communale agräift. Dofir goufe mam Gesetz iwwert den Aménagement du territoire vun 1999 dräi Type vu Pläng agefouert: d’Plans directeurs régionaux, d’Plans directeurs sectoriels an, fir eenzel Projete vun nationaler Bedeitung, d’Plans d’occupation du sol. Op dës Manéier sollt souwuel eng Top-down- wéi eng Bottom-up-Approche genotzt ginn, fir zu deem gewënschte Resultat ze kommen.

D’Plans directeurs sectoriels sollten a grousse Linne festhalen, wou wat fir en Typ vun Aktivitéite sollt kënne stattfannen. D’Regionalpläng sollte méi am Detail ausgeschafft sinn, an engem gewësse Sënn e grousse PAG iwwer eng ganz Regioun duerstellen. Dobäi sollten déi betraffe Gemenge selwer kënne matbestëmmen, an dat an enger gemeinsamer Koordinatioun. Dat huet net geklappt!

Nom neie Gesetz iwwert den Aménagement communal vun 2004 huet all Gemeng am Prinzip bannent sechs Joer missen hire PAG ëmänneren. An deenen allermeeschte Gemengen huet déi Prozedur däitlech méi Zäit an Usproch geholl wéi um Ufank virgesinn, soudass den Délai 2005 an duerno och nach eng Kéier 2011 verlängert ginn ass. D’Gesetz ass nämlech och an anere Punkten iwwerschafft ginn. Vill Gemengen hunn ofgewaart, fir net mussen all Kéiers erëm eng nei Prozedur ze lancéieren.

Am selwechten Zäitraum sinn nei Prozeduren agefouert ginn, fir d’Ëffentlechkeet besser an d’Planung matanzebannen. Derbäi koumen nei Regelen iwwer Impaktstudien an eng nei Gesetzgebung zum Waasserschutz.

Et ass net fir näischt, dass mer schonn esou laang dovu schwätzen, wéi noutwendeg eng Simplification administrative wier. Mä mir wëssen och, dass dat e schwieregen Exercice ass, well vill Regelen op EU-Direktiven zréckginn an am Eenzelnen och Sënn maachen. Mir wëlle jo eng besser Waasserqualitéit, en héijen Niveau vun Ëmweltschutz an eng staark Biergerbedeelegung bei wichtegen Décisiounen.

D’Fro ass awer, wéi een all dës Prinzipie ka respektéieren, ouni a bürokratesche Virschrëften ënnerzegoen. Et muss ee sech zum Beispill d’Fro stellen, ob et wierklech Sënn mécht, bei verschiddene Prozeduren ëmmer nees eng SUP, also eng „strategische Umweltprüfung“ ze maachen. Dat mécht eis Prozedure laang a komplizéiert. De Bierger huet do wéineg Versteesdemech derfir. An et ass ebe just do, wou mer an der Simplification administrative den Hiewel mussen usetzen.

Dat Ganzt hu mer zwar net selwer erfonnt, dat baséiert, wéi ech sot, natierlech op europäeschen Direktiven. Mä et ass awer och wouer, dass eis Verwaltung hei zu Lëtzebuerg eng ganz extensiv Interpretatioun vun den Texter mécht.

Fir d’Gemengen huet sech aus all deene Prozeduren e groussen administrativen Opwand erginn. Si hu missen deier Etüde bezuelen a konnten net ganz sécher sinn, ob no der nächster Gesetzesännerung net erëm eng nei Prozedur misst ugefaange ginn, fir de PAG unzepassen.

An deem Kontext ass et de Gemengen net gelongen, gläichzäiteg eng regional Koordinatioun ze maachen, zemools well d’Plans sectoriels nach net virlouchen. Dat hätt misse mat de regionale Pläng iwwerteneestëmmen. Um Enn gouf dat Konzept vun de Regionalpläng opginn.

Iwwreg bliwwe sinn deemno nach just d’Plans directeurs sectoriels. D’Mataarbecht vun de Gemengen, fir d’Detailer auszeschaffen, huet also gefeelt. D’Resultat dovunner war, dass eenzel Elementer vun de Plans directeurs sectoriels net prezis genuch waren, wéi zum Beispill d’Kaarte vun Naturschutzgebidder, déi net kadastergenau sinn an et de Gemengen net erlaabt hunn ze erkennen, ob se vläicht um Bord dovun nach eng Baugenehmegung kënne ginn oder net.

Et gëtt awer och Beispiller, wou d’Pläng Virschrëfte maachen, déi ganz staark an den Detail ginn. Esou leet de Plan directeur sectoriel «Transports» net nëmmen déi grouss Couloire fir den ëffentlechen Transport oder nach d’Stroossennetz fest, mä e gëtt och zum Beispill Indicatiounen iwwert d’Zuel vun de Vëlosstellplazen an enger Gemeng.

Dës Regierung hat sech virgeholl, an der Landesplanung esou séier wéi méiglech Neel mat Käpp ze maachen an déi Pläng, un deenen elo e Jorzéngt geschafft gouf an déi jo awer esou gutt wéi prett waren, just mat eenzelne Modifikatiounen an d’Prozedur ze ginn. Dës Prozedur ass duerno op Basis vu juristesche Froe contestéiert ginn, soudass d’Pläng hu missen zréckgezu ginn.

Et war awer gutt, dass dës Prozedur lancéiert gouf. Si huet deen Defizit ausgeglach, dass d’Gemengen net méi am Virfeld un den Aarbechte bedeelegt waren an d’Plans régionaux ewechgefall sinn. All Gemeng huet hiren Avis eraginn. Eenzel Syndikater, och de Syvicol, hu sech zu Wuert gemellt. An et hunn och ganz vill Privatleit en Avis geschéckt. Dës Meenunge si ganz dacks immens wäertvoll an et ass elo um Ministère, fir déi Avisen auszewäerten.

Dat gëtt d’Geleeënheet, fir d’Pläng ënner Abezéie vun deenen Avisen an am Dialog mat deene Betraffenen ze iwwerschaffen. Dobäi muss gepréift ginn, wat fir eng Virschrëfte wierklech mussen an déi Pläng, wou et wichteg ass, méi Prezisioun ze hunn, an ob net eenzel Elementer kënnen an déi spezifesch aktuell Gesetzgebung ageschafft ginn. D’LSAP hofft, dass dat relativ séier ka geschéien, fir dass mer a kuerzer Zäit all gesetzlech Instrumenter hunn, fir eng koordinéiert Landesplanung kënnen ze assuréieren.

Et ass awer net esou, wéi wa mer ouni déi Pläng net kéinte weider um Terrain schaffen. An déi heiteg Pläng, och wa se am Moment kee juristesch bannende Status hunn, kënnen awer als Orientéierung déngen, soulaang wéi déi iwwerschaffte Pläng nach net a Kraaft sinn. Mir sinn also trotz deene Komplikatiounen e gutt Stéck virukomm an der Landesplanung.

Have your say