Di nächst Woch wäert eis Chamber e Pak vun 8 Gesetzer stëmmen fir eis FP ze reforméieren. Ënnert anerem de Statut vum Staatsbeamten huet elo bal 40 Joer um Bockel an de Moment ass komm fir eise Staat méi effizient a méi modern ze maachen.
Dat concernéiert nët eleng d’Beamten, mee och jidfeer Mënsch deen hei zu Lëtzebuerg lieft an dem Staat seng Zervisser brauch. Staatszervisser vu gudder Kalitéit, integer, professionnel objectiv a neutral.
Dofir soll ee net mat deene billen, déi de Statut vum Staatsbeamten am Léiwste wéilten ofschafen.
Mäer hunn hei zu Lëtzebuerg eng gudd Fonction publique. Mat eiser Verwaltung kënne mer eis gutt weise loossen an Europa. Eis Weeër si kuerz a rapid.
Mee et ass awer kloer datt och do net alles am Botter ass. Dofir grad geet dës Reform op de richtige Wee: D’Carrièren gi nei strukturéiert an den Diplomer vun de Leit ugepasst, d’Leeschtung gët besser honoréiert mat de Postes à responsabilité, de Beamten a seng Aarbecht ginn e puer mol a sénger Carrière evaluéiert. D’Verwaltung muss sech Zieler setzen an déi och erfëllen. Et gett méi Wäert op d’Formatioun geluecht an d’Mobilitéit an d’Flexibilitéit am Staatsdingscht gi verbessert.
De Rapport tëschend dem Staat a séngen Dénger ass donnant-donnant.
De Staats- oder Gemengebeamten wëll anstänneg bezuelt ginn. Op der anerer Säit awer muss en och bereet sinn Efforen ze maachen. De Staat muss kënne op en zielen, an e muss eventuell mat negative Konsequenze rechnen, wann dat net de Fall ass. Dofier gëtt eng Procédure d’Insuffisance professionnelle agefouert, déi am Fall vun Inkompetenz oder nach Laxismus gräift. Domadde raume mer op mat dem Mythos, beim Staat kéint ee nie seng Plaz verléieren a sech alles erlaaben.
D’Reform vun der FP ass also net, wat verschidde Leit mengen, nëmmen eng Affaire vu Peien.
Et héiert een dacks d’Peie beim Staat wären ze héich par rapport zum Privatsecteur. Do stellen ech awer d’Fro: ass et da normal datt e Privatpatron seng Leit während 10, 20, 30 Joer mam Mindestloun beschäftegt? Ampaz de Fonctionnairen a Beamten hir Avancementer ze kritiséieren an a Fro ze stellen, wir et bësser wann dës Patronen hirem Personal och emol eppes an der Pai géife bäiginn zemoolst bei deenen Entreprisen wou d’Benefisser tëschend den Aktionnairen verdeelt ginn a näischt méi bei de Beschäftegten ukënnt.
Mee, wéi set en alt Lëtzebuerger Sprachwuert: All d‘Vulle frecken, just d’Näidvulle net!
Et ass kloer, datt wéi bei all Gesetzprojet, et ëmmer Lei gëtt, déi mengen ze kuerz ze kommen. Si solle wëssen datt een net alles an ee Pak kann awécklen, datt ee net Bire mat Aeppel soll vertauschen an datt de Staat de Kader fir aner Revendicatounen net zoumécht, och wann dat an dësem Moment technesch a finanziell net méiglech ass.
Esou vill Versteesdemech kann ee vu jderengem verlaangen.
De Reformprojet, deen elo um Dësch läit, gëtt vun all dene Parteie gedroen, déi ganz objektiv dëse Prozess schons zënter Joere begleeden. Un de Meritt vun der Politik muss een awer och dee vun de Gewerkschaften hannendrun hänken. Ouni hir Kollaboratioun wieren dës Reformen net méiglech gewiescht.
RTL-Radio an 100,7 am Kader vun der Emissioun: d’Parteien hunn d’Wuert
(Photo: rtl.lu & 5minutes.lu)