Den 12. Februar ass e memorablen Dag fir d’Famill Bausch an d’Stad Rëméleng am speziellen, mee och fir déi sozialistesch Aarbechterbewegung hei zu Lëtzebuerg am allgemengen.
Wéi ech gefrot gi sinn, um Dag vum Jean-Pierre Bausch séngem 80.-Stiewesjoer hei eng Usprooch ze halen, war ech mech guer net der Envergure vun deem Personnage bewosst, dee mir haut éieren.
De Bausche Jemp huet an enger Zäit geliewt wou d’Liewen all Dag e regelrechte Kampf war. Op senger Aarbecht an der Minière huet hie gesinn a selwer materliewt wat et heescht haart ze schaffen. Ënnert dem Buedem war de Mineur stänneg a Gefor, dacks agespaart, ëmmer geplot mat der Hëtzt an am Stëps. Iwwert dem Buedem war hien de Patronen ausgeliwwert, well déi hunn ëmmer méi Rendement gefuerdert, egal op dat op d’Gesondheet vun de Biergleit gaangen ass oder net. D’Gefor fir entlooss ze ginn war permanent.
Mat 50 Joer war praktesch all Mineur ausrangéiert, sief et un Haut a Schank oder och un de Longen. Wann een doniewt och nach weess, wéi et deemools ëm déi sozial Protektioun vun den Aarbechter stong, da muss een éierlech zouginn datt all déi sozial a politesch Problemer déi mer haut kennen verbleechen, par rapport zu deemools..
De Jen-Pierre Bausch passt an d’Rei vun de grousse Gewerkschaftler déi zu Lëtzebuerg eng wichteg Roll gespillt hunn, och fir d’Sozialistesch Partei. Ech zitéiren de Jean Schortgen, Pierre Krier, Nic Biever, Jängi Fohrmann, John Castegnaro, fir nëmmen déi ze nennen. Ech wees et gëtt nach vill Anerer déi sech op deem Gebitt verdéngt gemaach hunn; u si all wëlle mer haut och mat Respekt denken.
Vergiess gëtt och gären hautdesdaags datt laang ir Lëtzebuerg eng Finanzplaz war, d’Originen vun eisem Wuelstand an de Grouwen an op de Schmelzen ze fanne war. Et kann ee roueg soen, datt eise Räichtum op 2 Pilierë stong:
Engersäits d’Ingénieuren déi zu Léck an Ooche forméiert goufen, an anerersäits zemoolst eis qualifizéiert a manner qualifizéiert mee engagéiert Aarbechter an der Minière grad wéi an der Schwéierindustrie.
Den Aarbechter war also an däer Zäit net ze beneiden.
De Jean-Pierre Bausch wollt awer net en einfache Spectateur vun dëser Misère sinn, mee en huet sech agesat fir sengen Aarbechtskollegen do ze hëllefen wou et méiglech war.
Dat war besonnesch um gewerkschaftleche Plang, wou hie matgehollef huet am Joer 1920 iwwer 1000 Memberen zu Rëméleng am Verbandsgrupp ze mobiliséieren. Hien huet am Gewerkschaftsmilieu deemools all Fonctiounen mat vill Succès iwwerholl. Hie war Prësident vum Ausschuss, Responsabel fir d’Sécherheet am Betrieb; hien huet d’Aarbecher an der Krankekeess an um Conseil arbitral vertrueden.
Et ass kloer datt esou en engagéierte Mënsch der Politik ganz nostong.
1925 gouf hie Buergermeeschter zu Rëmleng. Et gëtt leider haut praktesch keng Zäitzeie méi, mee mir wëssen datt ënnert sengem Impuls ganz wichteg Infrastrukture geschaf goufen, déi bis an eis Zäit era gedauert hunn an och haut nach do sinn. Et géif ze wäit féieren all dat hei opzezielen. Mee déi Rëmlenger Generatiounen no him hunn dat alles honoréiert a säin Numm bleiwt och haut fir ëmmer mat dëser Stad verbonnen; säi Monment hei a säi Strossenumm bezeien dat op eng eklatant Manéier
Net genuch domat. De Jean-Pierre Bausch huet gespuert datt et net duergeet um gewerkschaftlechen a lokale Plang Akzenter ze setzen.
Et ass an der Chamber wou déi wichteg Decisioune geholl ginn am Intressi vun eisem Land a sengen Awunner. Wéi hien 1928 als Member vun der Aarbechterpartei an dës Chamber gewielt gouf, stouch eist Land a schlechten Dicher.
Ganz haart gouf et Ufanks den 30er Joren wéi déi grouss Crise och Lëtzebuerg net verschount huet.
An der Chamber huet de Jean-Pierre Bausch kee Blat virun de Mond geholl; hien huet geschwat vun der Long op d’Zong. Säin Haaptuleies war, wéi sollt et och anescht sinn, d’Konditioun vum Mineur fir déi hie méi Sécherheet an e bessere Loun gefuerdert huet.
Dir kënnt Iech virstellen datt dës Spooch net jidferengem liberalen a konservative Barong gefall huet, an de Jean-Pierre Bausch hat dacks d’Impressioun op daf Oueren ze stoussen.
Dunn huet hien awer zu engem grosse Coup ausgeholl, wéi hien den 21.Abrëll 1934 op enger Demonstratioun op der Place d’Armes, a voller Mineurstenue, dem grousse Public seng Fuerderungen dohi gehäit huet. Dës Interventioun hat eng staark Resonanz bei de Leit a gëllt haut nach als wichteg Etap an eisem Gewerkschaftsliewen.
Op hien passt gutt wat de Jean Jaurès mol gesot huet : Le courage, c’est de chercher la vérité et de la dire. Do huet hien nie gezéckt !
Um Héichpunkt vu sengem politeschen a gewerkschaftleche Liewen ass hie mat 44 Joer aus dem Liewe gerappt ginn, a grausamerweis grad op däer Plaz, an der Minière, wou hie seng ganz Energie opbruecht huet.
Ech hat uganks gesot, datt mer hautdesdaags nët mat esou Problemer ze kämpfen hunn. An dach ass och haut nach den Aarbechter net ëmmer ze beneiden. Et ass kloer datt de Patron, haut wéi deemools, nët gewëllt ass dem Aarbechter entgéint ze kommen, geschweigs nach e Cadeau ze maachen.
Wéi ech meng Ried vun haut preparéiert hunn, hunn ech mech gefrot wat de Jempy Bausch mer haut ging soen wann ech e ging begéinen. Dat ass natierlech Spekulatioun ech hunn de Mann jo net kannt, mee ech si mer zimlech sécher datt e mech ging froen: Wéi ass et méiglech datt bei dem immense Räichtum dee mer geschaf hunn, nach ëmmer keng gerecht Ëmverdeelung geschitt ass? Wéi ass et méiglech datt an dem räiche Lëtzebuerg awer nach iwwer 15% vun den Awunner ënnert dem Aarmutsrisiko leiden? Wéi ass et méiglech datt och haut nach vill Leit schaffe ginn, dacks zu zwee, an awer Enn des Mounts d’Aenner net beineen kréien? Wéi ass et méiglech datt et och haut nach esou vill Ongerechtegkeete gëtt, zu Lëtzebuerg an och soss an der Welt? Ech giff him äentweren datt genee dat d’Grënn sinn firwat mer och am 21. Jorhonnert nach Gewerkschaften an eng sozialistesch Partei brauchen. Ech giff him och verpriechen dass ech mech grad dofier a menger Partei an an der Chamber wëll asetzen.
A villäicht ass dat jo Sënn an Zweck vun esou enger Veranstaltung wéi déi vun haut, datt mer eis erënneren un de Jempy Bausch a séng Komeroden, mee och un haut denken, an den deemolegen Asaz weider féieren vu sou ville Gewerkschaftler a Politiker, fir sozial Gerechtegkeet, fir Solidaritéit. Jo, d’Lëtzebuerger Land steet och haut nach viru groussen Erwaardungen, mee ech bleiwen dervunner iwwerzeegt, datt wa mer all zesummen un engem Strang zéien, dëst Land eng schéin Zukunft huet.
Foto: Wikipedia http://lb.wikipedia.org/wiki/Jean-Pierre_Bausch