Yves Cruchten (LSAP).- Merci, Här President. Anescht wéi de Medieminister wäert ech awer op de Phenomeen vun de Fake News agoen, an zwar laang a breet, well ech dat vun enger iwwergeuerdneter Wichtegkeet empfannen. Wie bis elo gemengt huet, de Phenomeen vun dëse Fake News, zu deem een och dee schéine Begrëff „Alternative Facts“ ziele kann, wier haaptsächlech op Amerika limitéiert, a wie gemengt huet, Europa géif zumindest an där Form dovunner verschount bleiwen, deem sief geroden, den Debat vun der leschter Woch a Frankräich tëscht dem Marine Le Pen an dem Emanuel Macron nozekucken.
D’Kandidatin vum Front National huet do e Freedefeier vu Fake News repsektiv alternative Fakten ofgeschoss. Seriö Medie si kaum nokomm, fir all déi falsch Behaaptungen opzeziele respektiv se mat de richtege Fakten ze widderleeën. An elo kéint een doriwwer laachen, well et surreal a grotesk war, wéi déi rietsextrem Politikerin ouni mat der Wimper ze zucken ëmmer erëm Saache behaapt huet, grad wéi se hir an de Krom gepasst hunn.
Dat huet hir glécklecherweis näischt genotzt, mä déi eng oder déi aner Kéier huet si Tatsaache verdréit, Geschichten erfonnt, also de facto gelunn. Fake News oder Alternative Facts sinn näämlech näischt aneschters: Fake News sinn, op gutt Lëtzebuergesch gesot, näischt aneschters wéi Ligen!
Fake News si keng falsch Informatiounen, déi dowéinst falsch wieren, well den Auteur sech net richteg informéiert huet oder well den Auteur net richteg recherchéiert huet oder ganz naiv eppes behaapt, vun deem en eigentlech keng Anung huet. Neen, Fake News sinn Informatiounen, déi bewosst a ganz geziilt agesat ginn, fir e bestëmmten Zweck ze erfëllen. An den allermeeschte Fäll hunn dës Fake News eng negativ Konnotatioun an déngen derzou, eng Persoun, eng Associatioun, eng Iddi oder e Grupp vu Mënschen zu Onrecht oder iwwerdriwwe schlecht duerzestellen.
Fake News respektiv d’Auteure vu Fake News verfollegen nëmmen een Zweck, an dat ass d’Manipulatioun vun der ëffentlecher Meenung. An deem Sënn sinn d’Fake News zwar keen neie Phenomeen. Fake News, also bewosst gestreete Falschinformatiounen, sinn et quasi schonn ëmmer ginn, virun allem an de Beräicher, déi mir gutt kennen, déi vun de Medien an déi vun der Politik. Nei ass awer, dass duerch den Internet an déi sozial Medien d’Vitesse, mat deene se verbreet kënne ginn, a virun allem och d’Zuel vun de Leit, déi se erreeche kënnen, méi wéi exponentiell an d’Luucht geet.
Derbäi kënnt, dass eng Fake News, wa se eng Kéier bis am Internet ënnerwee ass, net méi ka gestoppt ginn. An all Erklärung, all Richtegstellung, dee sougenannten „debunking“, ass duerno ganz schwéier an erreecht quasi an alle Fäll ëmmer nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit. E gudden Deel vun deem Bulli, mat deem gehäit gouf, bleift deemno hänken.
Fake News sinn dann och méi wéi en harmlose Witz. Fake News an Alternative Facts sinn eng Gefor fir eis Demokratie, virun allem, wa se systematesch an am grousse Stil agesat ginn, zum Beispill, wéi mer elo just héieren hu vum Här Berger, fir d’Beaflosse bei de Wahlen an Amerika oder och nach zulescht a Frankräich.
Awer och de soziale Fridde kann direkt menacéiert ginn. Zum Beispill kënne Falschmeldungen iwwer Flüchtlingen an hir vermeintlech kriminell Akte séier derzou féieren, dass déi souwisou scho fragill Stëmmung kippt vis-à-vis vun u sech onschëllege Leit, mat der Konsequenz, dass Haass a Gewalt generéiert ginn an d’direkt Sécherheet an de soziale Fridde vun enger Gesellschaft menacéiert sinn.
Fake News mussen dofir mat alle Mëttelen ënnerbonne ginn, respektiv et muss alles drugesat ginn, fir de kritesche Geescht bei de Bierger ze fërderen a se ze animéieren, ëmmer erëm Fakten ze kontrolléieren a Quellen ze iwwerpréiwen. Einfach ass dëst net. Däers si mer eis, mengen ech, heibannen alleguer bewosst.
Ee Beräich, wou ee preventiv a gläichzäiteg proaktiv usetze kann a muss, an dat gouf och scho gesot, ass d’Educatioun. Déi Jonk, eis Kanner, mussen an der Schoul dee richtegen Ëmgang mat Medien – Stéchwuert „Medienerzéiung“ – geléiert ginn. Wéi an alle Beräicher musse si speziell am Ëmgang mat de Medien zu responsabelen a kritesche Bierger erzu ginn. Dofir si mir als LSAP der Meenung, dass d’Ausschaffen an d’Aféiere vu geziilter a systematescher Medienerzéiung an eise Schoule eng vun de bildungspolitesche Prioritéite muss sinn.
Et gouf ënner anerem och vum Medieminister ugeschwat, dass e sougenannte Referenzkader iwwert d’Medienerzéiung an d’Mediebildung säit 2010 virläit. Och gëtt et verschidde Projeten, fir d’Kanner un den Ëmgang mat der digitaler Technik an den Ëmgang mat net nëmmen digitale Medien erunzeféieren. Aner Projete gëtt et ënnert der Form vu Weiderbildungscourse fir Enseignanten, iwwert d’Notze vu moderne Medien am Unterrecht an esou weider.
Allerdéngs, och wa se ze begréisse sinn, sinn dës Projete vereenzelt Aktiounen oder Initiativen. Eng breet a konsistent Medienerzéiung gëtt et den Ablack zu Lëtzebuerg awer net. De Premier huet virdrun en entspriechenden Aktiounsplang an Aussiicht gestallt, an dat begréisse mir als LSAP ausdrécklech.
E grousse Bäitrag kënnt also sécherlech der Schoul zou. Mä d’Roll vun den Eltere soll an däerf hei awer net vergiess ginn. Schliisslech si si déi éischt Uspriechpartner fir d’Kanner an och déi éischt Responsabel fir dësen hir Erzéiung. Eltere musse Virbild an Ënnerstëtzung fir hir Kanner sinn, och am Ëmgang mat Medien. Fir dëser Aufgab kënne gerecht ze ginn, ass et wichteg, dass och si, wann néideg, an dësem Beräich Hëllef an Informatioun kënne kréien. Dëst gëtt et zum Deel schonn. An ech denken do un d’Initiativ BEE SECURE vun de Ministèrë fir Wirtschaft, Famill a Bildung, wou Elteren Hëllef fannen a sech informéiere kënnen, zum Beispill a Saache Jugendschutz.
Well de Sujet awer komplex ass an domadder d’Froe vun Eltere wäit iwwert dee Beräich eraus kënne goen, musse mer d’Elteren anstänneg informéieren a si beim Encadrement vun hire Kanner am Kontext vun de Medie verstäerkt ënnerstëtzen. De Medie kënnt eng zentral Roll zou am Kampf géint d‘Fake News, an domat och eng zentral Roll fir de korrekte Fonctionnement vun eiser Demokratie, fir de gesellschaftlechen Zesummenhalt an och fir de soziale Fridden.
D’gesellschaftlech Positioun, den Ëmgang vun enger Regierung, vun der Politik mat senge Medien, seet deemno vill aus iwwert den Zoustand vun engem Land oder engem Stat. E Bléck an d’Welt vun haut geet duer, fir dat ze erkennen. D’Roll vun de Medien an all demokrateschem Stat soll an éischter Instanz eng méiglechst allgemeng Informatioun vu méiglechst alle Bierger sinn. D‘Aufgab vun de Medien ass et, no professionellen an deontologesche Kritären eng Hierarchiséierung, deemno eng Selektioun vun den Informatiounen ze maachen an déi dann ze erklären an ze kommentéieren.
D’Medie stellen am Idealfall eng Orientéierungshëllef fir d’Bierger duer, déi sech esou iwwert de Wee vum Fernseh, vum Radio, vun den Zeitungen oder och vum Internet besser am Dschungel vun Informatiounen erëmfannen, fir sech dann eng eege Meenung kënnen ze maachen.
Dëst setzt awer verschidde Konditioune viraus, un éischter Stell d’Pressefräiheet. D’Medie musse kënne fräi an onofhängeg hir Aarbecht maachen. D’Medie solle méiglechst villfälteg sinn, fir dass den interesséierte Bierger sech aus verschiddene Quelle kann informéieren. A virun allem mussen d’Medien hir Aarbecht professionell, also entspriechend enger Rei vun techneschen an och deontologesch feste Kritäre maachen, also eng méiglechst héichwäerteg Informatioun liwweren.
All dës Kritären, d’Onofhängegkeet vun de Medien, de Mediepluralismus an d’Qualitéit vun der Informatioun, mussen an engem Debat iwwer eng Mediestrategie beliicht ginn, diskutéiert an och kritesch hannerfrot ginn. D’Onofhängegkeet, de Pluralismus an d’Qualitéit si bei de Medien och a vläicht virun allem zu Lëtzebuerg net vuneneen ze trennen. De Premier huet et a senger Interventioun schonn duergeluecht an erkläert, dofir wëll ech op dëser Plaz net méi vill am Detail dorop agoen.
D’Medielandschaft, national wéi international, huet sech an de leschte Jore staark verännert. Dës Verännerung – Stéchwuert „digital Revolutioun“ – wäert nach a ganz rasant weidergoen. D’Bierger musse sech dorobber astellen. Déi Professionell aus deem Beräich musse sech dorobber astellen. An eis Roll als Volleksvertrieder, als Politiker ass et, de gesetzleche Kader ze setzen an de Wandel ze begleeden an am Sënn vun der Allgemengheet och ze ënnerstëtzen.
Här President, den zoustännege Medieminister huet bei senger Interventioun iwwert d’Erneierung vum Konzessiounsvertrag tëscht dem Lëtzebuerger Stat an der CLT-UFA d’Wichtegkeet vum Mediepluralismus hei am Land ënnerstrach an de Wëlle vun dëser Regierung betount, déi néideg Ënnerstëtzung ze ginn, fir dëse Mediepluralismus ze garantéieren an ze erhalen. E ganz praktesche Beweis, fir dëse Wëllen ze dokumentéieren, ass d’Aféiere per Reglement den 13. Januar vun engem Régime de promotion transitoire fir d’Onlinepress.
Selbstverständlech sinn och mir als LSAP fir de Mediepluralismus mat all deene positiven Auswierkungen, déi dësen op d’Politik an op d’gesellschaftlecht Zesummeliewen huet. Allerdéngs erlaben ech mer bei dëser Geleeënheet, déi eng oder aner Fro ze stellen:
Wat versti mir, wat versteet d’Regierung ënner Mediepluralismus? Heescht dat, eng méiglechst grouss Zuel u Medien ze hunn? Eng Zuel, déi beschtefalls no uewen op ass? Wann deem esou ass: Riskéiere mer am Extremfall net, dass mer iergendwann d’Qualitéit um Altor vum Pluralismus géifen afferen? Oder anescht gefrot: Wivill Medie verdréit eist Land? Wier manner heiansdo vläicht net méi?
Ech froen dëst ganz bewosst e bësse provokativ, an ech muss och zouginn, dass ech selwer och keng fäerdeg Äntwert dorop hunn, mä ech sinn awer der Meenung, dass een an deenen nächste Méint am Kader vun enger Gesamtstrategie op d’mannst probéiere muss, eng Äntwert op dës Fro ze fannen, well vun dëser Äntwert hänkt jo och d’Ausriichtung vun der zukünfteger Pressehëllef of.
An dës Hëllef soll Ënnerstëtzung sinn an net zu enger Zersplitterung vun der Medielandschaft féieren, woumat mir bei engem wichtegen Thema wieren, wéi een och aus de ganz ville Presseberichter am Virfeld vun dësem Debat konnt erausliesen. Iwwregens, net vill Debatte genéissen am Virfeld an de Medien esou eng ausféierlech Couverture wéi dës.
Une voix.- Dat ass richteg.
Här President, den Debat vun haut soll keen Debat nëmmen iwwert d’Pressehëllef sinn. Laanscht dat Thema kënnt een awer net. Mir alleguerte wëllen eng esou qualitativ an héichwäerteg Medielandschaft wéi nëmme méiglech. A Qualitéit huet och bei de Medien nun emol hire Präis; woubäi ech elo mir hei net wäert umoossen, fir prezis festzeleeën, wat Qualitéit ass a wat net.
An engem Land mat der Gréisst respektiv mat der Awunnerzuel vu Lëtzebuerg kënnt dann derbäi, dass d’Méiglechkeeten extrem begrenzt sinn, fir eleng iwwert de Verkaf vu sengem Produit de Gros vun de Käschten ze decken. Oder, fir et anescht ze soen: Eleng aus ekonomescher Siicht, ouni staatlech Ënnerstëtzung wier de Mediepluralismus, wéi mer en haut kennen, net oprechtzëerhalen.
Eng éischt Fro, déi sech da stellt, ass déi, ob déi haiteg staatlech Ënnerstëtzung vun der Form hier ugepasst ass, fir de kuerz- a mëttelfristege gesellschaftlechen, techneschen an och wirtschaftlechen Entwécklungen ze begéinen. Mir als LSAP mengen net. Mir leie mat dëser Meenung wuel op enger Linn mat der Regierung, déi soss dësen Debat wuel och net gefrot hätt, a wuel och op enger Linn, op d’mannst bis heihin, mat deene meeschte Medieresponsabelen.
Vun der Pressehëllef – ech schwätzen deemno vun der Hëllef fir déi geschriwwe Press -, déi 2015 ronn 7,5 Milliounen Euro ausgemaach huet, profitéieren haut eng zéng Titelen. Dës Pressehëllef gouf an de 70er Jore vum vergaangene Jorhonnert aus politeschen a wirtschaftlechen Iwwerleeungen eraus agefouert.
Nieft der direkter Pressehëllef profitéieren déi meescht Printproduiten awer och vun enger sougenannter „indirekter Pressehëllef“. Zu dëser zielen déi speziell Posttariffer fir d’Zoustellung vun Zeitungen a Magazinnen, mä awer och d’Recetten duerch d’Publikatioun vun ëffentlechen Avisen an offizielle Mediecampagnen.
Et ass kee Geheimnis, dass dës leschtgenannten Akommesquell eng ganz wichteg fir vill Printmedien ass. Fir déi meescht vun dëse Produiten, vläicht souguer fir se alleguer, ass déi staatlech Hëllef iwwerliewenswichteg. Elo kann ee souwuel d’Héicht wéi och de Berechnungsmodus vun dësen Hëllefen a Fro stellen.
D’Madamm Adehm huet virdrun eng Neiregelung vun der Pressehëllef an Aussiicht gestallt. An ech war och ganz gespaant, Iech bis zum Schluss nozelauschteren. Allerdéngs hutt Der kaum Virschléi gemaach an Dir hutt Iech drop beschränkt, déi Hëllefen opzezielen, déi et haut scho gëtt.
Dat ass, Madamm Adehm, keng Kritik, well ech war genau op deemselwechte Wee wéi Dir, bis gëschter. Ech hu mer och alleguerten déi gutt Rotschléi, déi mir Deputéiert an de leschten Deeg alleguerte vun de Medien a vun de Medievertrieder kritt hunn, ugelauschtert. An all déi koume jo natierlech ëmmer aus der Perspektiv an aus der Vue vun deem Eenzelnen.
Allerdéngs, fannen ech, si mir Deputéiert net outilléiert, fir haut eng definitiv Äntwert op déi dote Froen ze ginn. Et feelen eis einfach verlässlech Zuelen a virun allem och d’Repercussiounen, déi et huet, wann een un där enger oder un där anerer Schrauf dréie geet. Et wier dofir ubruecht, dass d’Regierung eng komplett an detailléiert Etüd maache léisst iwwert déi eenzel Hëllefen, wat se bedéngen a wat se bréngen.
(Interruption)
Ech soen dem Minister dat herno nach eng Kéier. Dat ass kee Problem.
An ech schécke viraus, dass mir als LSAP och bereet sinn, iwwert de Gesamtbetrag fir déi geschriwwe Press ze diskutéieren, well mir fannen et vu grousser Wichtegkeet, dass et och an Zukunft nach ganz a komplett Zeitunge gëtt, egal ob op Pabeier oder digital.
Eng Zeitung vermëttelt méi wéi e spezifesche Blog zu engem bestëmmten Thema. Si gëtt et Gesamtbild vun der Aktualitéit. Eng Zeitung mécht och net nëmme Berichterstattung, mä schafft Informatiounen op zu ganz villfältegen Themen. Si mécht eng Analys a si fërdert den Debat. Si dréit zur Gesamtkultur vun eiser Gesellschaft bäi an esou och zu eiser nationaler Identitéit. Si ass och déi bescht Äntwert op d’Fro vum Premierminister iwwert d’Algorithmen, déi hie virdru gestallt huet.
Jee no Konklusioune vun dëser Etüd misst da vläicht och d’Gesamtenveloppe fir déi geschriwwe Press eng Kéier direkt am Verhältnis zu den Hëllefe fir déi audiovisuell Medie gekuckt ginn. Ech mengen hei konkret RTL a virun allem deen neie Konzessiounsvertrag, deen d’Regierung mat der CLT ofgeschloss huet.
Ech wëll elo hei net de Montant vun 10 Milliounen diskutéieren, deen d’Regierung bereet ass ze iwwerhuelen, fir en eventuellen Defizit ze decken. Ech wëll och net meng eenzel Remarquë widderhuelen, déi ech bei der Presentatioun vum Vertrag op dëser Plaz scho gemaach hunn. Ech wëll awer drop hiweisen, dass mir hei vun der gesamter Pressehëllef ronn e Véierel eleng un een eenzegen, wann och – dat musse mer wëssen – käschtenintensive Medium ginn.
Natierlech mécht RTL Tëlee e qualitativ gudde Programm an och eng seriö Berichterstattung. Dat freet eis, an dat muss eis och eppes wäert sinn. Et geet mir awer hei just nach eng Kéier ëm dee prinzipielle Punkt, dass RTL – an dësem Fall schwätze mer vun der Tëlee – engem héich profitabele Konzern gehéiert.
Dëse Konzern wäert, egal wéi, ëmmer un éischter Plaz wirtschaftlech Interessen hunn. Dat ass och normal. Sécherlech huet d’Regierung mat der CLT-UFA e Konzessiounsvertrag ofgeschloss a sécherlech wäert RTL deen no beschtem Wëssen a Gewëssen erfëllen, an awer wäert RTL, ëffentlechen Optrag hin oder hier, ëmmer de kommerzielle Volet an de Vierdergrond stellen.
An deem Sënn wëll ech op dëser Plaz nach eng Kéier ënnersträichen, dass mir et bedaueren, dass dësen Debat iwwert d’Medie stattfënnt, nodeems deen neie Konzessiounsvertrag schonn ofgeschloss gouf.
Dofir nach eng Kéier mäin Appell: D’Zäit bis 2023, dat Joer, wou deen ugeschwatene Konzessiounsvertrag ofleeft, muss onbedéngt genotzt ginn, fir eng méi breet Diskussioun ze féieren. An an dëser Diskussioun muss fir eis als LSAP och d’Fro no engem ëffentlech-rechtleche Fernsehsender op den Ordre du jour kommen, genee wéi d’Fro muss beäntwert ginn iwwert d’Roll an d’Missioun vum ëffentlech-rechtleche Radiosender.
Dozou gehéiert och d’Fro, ob dëse Radio haut d’Moyenen huet, fir senger Roll gerecht ze ginn. Dat kann ee kucken am Verhältnis zu anere Medien hei am Land oder nach am Verhältnis zu de Budgete vu vergläichbare Radioen am europäeschen Ausland.
Dës Fro, genee wéi d’Fro no enger ëffentlech-rechtlecher Tëlee, ass sécherlech eng budgetär Fro. An och wann et net 1:1 op Lëtzebuerg ze iwwerdroen ass, weist eis awer d’Beispill vun Island, dass een och mat enger – ech soen emol – bescheidener Enveloppe villes ka maachen. D’Fro vun ëffentlech-rechtleche Medien ass dofir haaptsächlech eng Fro vu politeschem Wëllen. Virun allem awer ass et eng Fro, déi een net einfach sollt mat vagen Indikatiounen iwwert d’Käschten ecartéieren.
Zum Schluss bleift dann nach de Medium Internet. Der Regierung hire Virstouss, eng éischte Kéier Onlinemedien ze ënnerstëtzen an esou hir Existenz respektiv hir Wichtegkeet ze ënnersträichen, begréisse mir als LSAP ausdrécklech. Wichteg ervirzesträichen ass an dësem Kontext, dass et sech ëm eng Promotion transitoire handelt, dass also eng zukünfteg Ënnerstëtzung anescht ausgesäit respektiv anescht ausgesi muss. Déi festgeluecht Konditioune géifen näämlech, wann ee verschiddenen Akteuren nolauschtert, virun allem opgrond vum néidegen eegene finanziellen Apport, och erëm déi Medienhaiser vun enger gewëssener Gréisst bevirdeelegen.
Bedauerlech ass awer virun allem dee Punkt, dass déi nei Ënnerstëtzung d’Internetmedie lassgeléist vun allen anere Medie betruecht. Dat an Zäiten, wou vill Medien, och hei zu Lëtzebuerg, hir Redaktiounen esou opgestallt hunn, dass se crossmedial, also fir verschidde Supporten, zum Beispill Zeitung an Internet oder Radio an Internet, kënne schaffen. Deem gëtt mat der neier Regelung net Rechnung gedroen an dat kéint verschidde Medien elo erëm dozou bréngen, fir op d’mannst deelweis hir Strategie respektiv hir nei Aarbechtsmethode réckgängeg ze maachen.
Wa mir vum Internet schwätzen, da musse mer och e puer Wuert iwwert den Internetsite vun RTL verléieren. Hei misst gekläert ginn, wat d’Kontributioun vun der Tëlee ass respektiv wat fir Recettë si hei erauszéien.
Eiser Opfaassung no kann näämlech net ausgeschloss ginn, dass duerch d’staatlech Ënnerstëtzung fir d’Tëlee net och indirekt den Internetsite mat subventionéiert gëtt, zemools an Zäiten, wou déi klassesch Tëleesprogrammer haut anescht consomméiert gi wéi fréier. An d’Madamm Adehm hat et virdru schonn erwäänt: Haut sëtzt net méi déi ganz Famill um Punkt zwou Auer sonndes mëttes an der Stuff virum Fernseh a kuckt den „Heielei“. Haut ginn d’Noriichte gekuckt à la demande, zu deem Ament, wou de Spectateur dat wëllt. An dat geschitt natierlech um Internet iwwer Handy, Tablet oder PC.
D’Mediekonvergenz bréngt mat sech, dass sech haut verschidde Medien, déi soss aus der Siicht vum Support näischt mateneen ze dinn haten, elo um Internet géintiwwerstinn. Si stinn do an enger neier Konkurrenz een zu deem aneren, virun allem op deem haart ëmstriddene Marché vun der Publicitéit. Am Secteur gëtt gefaart, dass mir riskéieren, mat der Ënnerstëtzung fir RTL Télé an deemno indirekt och rtl.lu aner Medien an domadder och eis Medielandschaft staark ze schiedegen. Zemools wou rtl.lu och net en exklusiven Informatiounssite ass, mä éischter, géif ech soen, e Site, bei deem och Entertainment ganz groussgeschriwwe gëtt.
Ech erlabe mer hei, un de sougenannten „Media Pluralism Monitor“ aus dem Joer 2015 vun der Uni Florenz ze erënneren, dee Lëtzebuerg eng schlecht Zensur ausgestallt huet, ënner anerem opgrond vu Schwaachpunkten am Konkurrenzrecht, méi speziell, well et kaum Regele fir de Mediesecteur gëtt. Wa mir elo an den nächste Méint iwwer eng Mediestrategie diskutéieren, da solle mer och am A behalen, dass et nieft de kommerziellen an ëffentleche Senderen, nieft de grousse Medienhaiser och nach vill kleng Zeitungen, Radiosenderen oder regional Tëleesemissioune gëtt. Och si droen, wann net onbedéngt zur renger Informatioun bäi, dofir awer zum gesellschaftleche Liewen an zu eiser Kultur.
Am Resumé kann ee festhalen, dass eng breet opgestallte Presselandschaft, déi een och qualitativ nohalteg wëllt ofsécheren an opstellen, Efforten op enger ganzer Rei Pläng viraussetzt. Zentral Elementer mussen an den Ae vun der LSAP dobäi eng breet opgestallten a konsistent Medienerzéiung an eng zilgeriicht, effizient, transparent a passend staatlech Pressehëllef sinn.
Wichteg wier och bei allen Diskussiounen ëm d’Medien, d’Fro vun de Sproochen net ausser Uecht ze loossen. Bei allem Pluralismus muss séchergestallt ginn, dass och sproochlech méiglechst vill Bierger am Land d’Méiglechkeet kréien, sech gutt ze informéieren, well dorëms geet et jo schliisslech!
A last but not least wëll ech en Appell un eis als Politiker riichten, fir vläicht heiansdo zweemol ze iwwerleeën, ier mer eng Noriicht oder eng Meenung digital an d’Welt schécken, well allze séier huet een do d’Grenze vum Populismus – an ech wëll net soe vun de Fake News – iwwerschratt.
An de Medien, virun allem den Internetmedie wëll ech soen, dass d’Vitesse an d’Zuel vun de Klicken net alles sinn. Heirun hänkt dann och d’Fro, déi fir eis als LSAP och muss thematiséiert ginn: Missten d’Administrateure vun Internetsitten hei zu Lëtzebuerg net méi streng géint onseriö a populistesch Commentairë virgoen? Respektiv missten d’Commentairen am Netz net mat vollem a richtegem Numm verëffentlecht ginn?
Une voix.- Très bien!
Och dat géif sécherlech zu engem Méi u Qualitéit féieren a vläicht och zu manner Haass, manner Beschass a manner Erniddregung bäidroen.
De Lomperang, och nach den „Stillchen“ genannt, gouf zu Lëtzebuerg Enn vum 19. Jorhonnert ofgeschaaft. Loosst eis net en neien digitale Pranger schafen!