YvesCruchten.lu

Projet de loi portant changement de limites entre la Ville d’Esch-sur-Alzette et la Commune de Sanem

Viru 25 Joer war de Projet vun der Revalorisatioun vun den alen Industriefrichen tëschent Esch a Bieles nach en Dram vun eenzelne Politiker. Deemools huet ee vill Fantasie gebraucht, fir sech deen neie Quartier virzestellen. Haut, 25 Joer méi spéit, gëtt dat Ganzt Realitéit. Niewent den Héichiewe sinn haut Geschäfter, eng Rockhal, eng Universitéit, sëllech Büroen a Gesellschaften. Hei entsteet och Wunnraum fir Jonk an Al, Wunnraum, dee méi wéi dréngend gebraucht gëtt an eisem Land.

Dee ganze Projet vum Belval entsteet, wéi mer wëssen, iwwergräifend op dem Territoire vun der Stad Esch an dem Territoire vun der Gemeng Suessem. De Quartier allerdéngs gouf net entworf a gezeechent no de Prämisse vun de Gemengegrenzen. Dofir ass et net verwonnerlech, wann haut an der Realisatioun d’Stroossen an d’Terrainen dës Grenzen iwwerschreiden.

Et ass deemno ubruecht, fir d’Gemengegrenze frësch ze zéien an esou en administrativen Duerjerneen ze verhënneren, zum Beispill bei den Adressen. Aus dësem Grond gëtt mat dësem Projet de loi en Echange vun Terraine gemaach tëschent deenen zwou Gemengen. Sou trëtt d’Stad Esch 519,95 Ar un d’Gemeng Suessem of an ëmgedréit wiesselen exakt gradesou vill Ar aus der Sektioun Bieles eriwwer an d’Sektioun Esch-Nord.

Mat dësem Echange gëtt also keng Gemeng méi kleng nach méi grouss, mä et ass gewosst, wie responsabel ass fir d’Reseauen, d’Uschlëss an d’Infrastrukturen. Déi zwee Gemengeréit hunn dës Operatioun och ewell eestëmmeg guttgeheescht.

De Statsrot hat keng Observatioun ze maachen. An och an der Chamberskommissioun gouf de Projet eestëmmeg ugeholl.

Nach eng Kéier Merci fir d’Nolauschteren. An ech ginn d’Zoustëmmung vun der LSAP.

Have your say