Yves Cruchten (LSAP), rapporteur.- Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten, wéi Der wësst, de 5. Dezember zejoert huet d’Regierung zesumme mat der CGFP en neien Accord salarial ofgeschloss fir d’Joren 2016, 2017 an 2018.
An dësem Accord stinn 23 Moossnamen, déi déi Beschäftegt am ëffentlechen Déngscht betreffen. Bei dëse wichtege Moossname geet et ëm déi sozial Verantwortung vum Stat als Patron, ëm administrativ Vereinfachungen, e groussen Deel handelt iwwert d’Wuelbefannen an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz, ëm Carrièresharmoniséierungen an ëm e bessert Verknäppe vum beruffleche Liewe mat deem privaten.
Vun deenen 23 Moossname sinn awer och siwe Moossnamen, déi mat de Paien, also den Traitementer ze dinn hunn. Wann och manner wéi een Drëttel vun de Moossnamen direkt eppes mat de Paie vun de Statsbeamten ze dinn hunn, esou wësse mer awer alleguerten, dass et dacks dës Moossname sinn, déi am grand Public diskutéiert ginn.
Heizou ass ze soen, dass d’Regierung 2013 dovunner ausgaangen ass, dass et am Laf vun dëser Legislaturperiod net zu enger genereller Opbesserung vun de Gehälter am ëffentlechen Déngscht géif kommen, well virun dräi an engem hallwe Joer déi finanziell Situatioun vum Stat an och déi generell ekonomesch Situatioun vun eiser Wirtschaft dat net hiergoufen.
An der Tëschenzäit huet déi finanziell Situatioun vum Stat sech awer verbessert an och eis Wirtschaft steet haut erëm vill besser do wéi virun e puer Joer. Dat war den Ulass fir d’Regierung, fir, wann och nëmme moderat, Lounopbesserungen am Accord salarial festzehalen. D’Regierung erhofft sech natierlech och, dass se domat en Zeeche ka setze fir d’Verhandlungen, déi am Privatsecteur lafen. Well wann et der Wirtschaft gutt geet, da muss et och de schaffende Leit gutt goen.
Et gouf, zesumme mat der CGFP, festgehalen, dass am ëffentlechen Déngscht eng Prime unique ausbezuelt gëtt, déi 1% ausmécht vum Traitement, deen d’Fonctionnairen oder d’Beamten am Joer 2016 kritt hunn. Dës Primm soll den 1. Abrëll kënnen ausbezuelt ginn. Well awer vill vun den anere Moossnamen aus dem Accord salarial, déi ech virdrun opgezielt hunn, nach net prett sinn, fir ëmgesat ze ginn, gouf dësen Deel aus deem ganze Pak virgezunn, fir dass de Stat kann, esou wéi et ofgemaach war, dës Primm mat Zäiten ausbezuelen.
Zu dëser Primm ass Folgendes ze soen: Si ass net pensionabel, dat heescht, se zielt net bei der spéiderer Pensiounsberechnung vun de Fonctionnairen, déi am Régime spécial transitoire sinn. Se gëtt um Prorata gerechent vun de Méint, déi de jeeweilege Fonctionnaire oder Beamten am Joer 2016 am Déngscht war. Fir d’Berechnung zielen den Traitement de base mat Allongementer, d’Majoration d’échelon pour postes à responsabilités particulières a fir d’Fonctions dirigeantes, d’Familljenzoulag, d’Allocation de fin d’année an d’Suppléments personnels de traitement.
Fir komplett ze si sief nach gesot, nieft de Fonctionnairen a Beamte beim Stat gëllt dës Primm och fir d’Memberen aus der Chamber, dem Statsrot an de Lëtzebuerger Vertrieder am Europaparlament.
An der Chamberskommissioun gouf de Minister Kersch gefrot, wéi wäit dass ee mat den Texter wier, déi d’Gemengebeamte betreffen. An de Minister konnt bestätegen, dass dëst Reglement och prett misst sinn am Gemengesecteur fir den 1. Abrëll.
Och d’Eisebunner kommen, no dem Vott vun haut vun dësem Gesetz, an de Genoss vun der Prime unique.
Ausser e puer textuelle Formuléierungen hat de Statsrot näischt um Projet de loi auszesetzen. An och an der Chamberskommissioun gouf de Projet eestëmmeg ugeholl. Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren a ginn den Accord vun eiser Partei.