Léiw Komerodinnen,
Léiw Komeroden,
Mir sinn den Owend zesumme komm fir dat neit Joer ze begréissen. Mir sinn den Owend zesumme komm fir eis een dem aneren alles Gudds ze wënschen an dësem neie Joer. Mir sinn den Owend awer och zesumme komm fir ze weisen datt mir eng houfreg Partei sinn, eng Partei déi net zéckt fir Erausfuerderungen unzegoen a Verantwortung z’iwwerhuelen.
D’Joer 2017 ass den Optakt vun engem regelrechte Wahlmarathon, deen dat anert Joer mat de Chamberwahlen an duerno mat den Europawahlen virugeet.
Virdrun awer, den 8. Oktober dëst Joer stinn d’Gemengewahlen an d’Haus.
Dat ass fir eis Partei mat dee wichtegste Rendez-vous an dat aus guddem Gronn:
Nodeems mer bei de Gemengewahlen 2005 eist beschte Resultat an der Geschicht vun eiser Partei erreecht haten, hu mer et fäerdeg bruecht dat ganzt nach bei de läschte Gemengewahlen am Joer 2011 ze toppen:
Mat 174 Mandater an de Proporzgemengen ass d’LSAP kloer déi stäerkste politesch Kraaft an der Gemengelandschaft. A 15 Gemengen hu mer esouguer Resultater vun iwwer 40% eragefuer. An 28 vun 43 Proporzgemengen ass d’LSAP am Schäfferot vertrueden. A mir stellen 17 mol de Buergermeeschter oder d’Buergermeeschtech!
Dat koum och net vun ongeféier: Iwwerall do wou d’Sozialisten an de Gemenge Verantwortung droen, sief et dass se de Buergermeeschter stellen oder am Schäfferot vertruede sinn, iwwerall do spieren d’Leit datt se gutt versuergt sinn. Dass d’Problemer ugepak ginn, dass un d’Zukunft geduecht gëtt an datt mer am Intressi vun de Biergerinnen a Bierger schaffen!
Dës Resultater gëllt et am Joer 2017 ze confirméieren. Dat gëtt net einfach, deess musse mer eis bewosst sinn, mee de Bilan deen eis Mandatären iwwerall am Land kënne opweisen, dee léisst sech weisen! Op dat an der Wunnengsmaartpolitik ass, bei de Betreiungsstrukturen an de Schoulen, bei der Politik fir di eeler Leit, beim Ëmwelt- a Naturschutz, bei soziale Mesuren oder der Beschäftegungspolitik: An all dëse Beräicher sinn et sozialistesch gefouert Gemengen déi Virreider spillen an deenen aneren weisen wéi et soll gemeet ginn!
Zanter dräi Joer huet eis Partei och Verantwortung an der Beaumontsgaass. Och dat mierken d’Gemengen. Eisen Innenminiser, den Dan Kersch schafft op ville Chantercher, ville Chantercher déi an der Vergaangenheet vernoléissegt goufen. Säin Asaz z.B. fir d’Reform vun de Gemengefinanzen bréngt dem gesamte Gemengesecteur 90 Mio Euro weider all Joers. Dat si Suen déi d’Gemengen kënnen zum Wuel vun hiere Bierger ausginn. An och dat kënnt de Bierger direkt zegudd. Wann haut verschiddener fannen sie kéime net esou gudd ewech bei der neier Ëmverdeelung, da sollen se sech virun An féieren, dass dëst doduerch bedéngt ass, dass Jorzingte laang nogekuckt gouf a keen vum Dan senge Virgänger wollt méi Gerechtegkeet tëschend de Lëtzebuerger Gemengen schafen. Aner Dossieren déi evakuéiert ginn sin d’Vereinfachung vun de Prozeduren, z.B. am Aménagement Communal oder nach d’Reform vun de Rettungsdéngschter.
Et soll eis dofier keng Angscht maachen, dës Wahlen unzegoen: Opbauen op dat wat mer geleescht hunn an d’Weiche stellen fir d’Zukunft, dat gëllt et ze fäerdeg ze bréngen!
Als Partei musse mer eis bei dëse Wahlen eng ganz Rëtsch Zieler setzen:
Éischt Ziel muss et sinn, ze probéieren an ALLE Proporzgemengen mat sozialistesche Kandidaten unzetrieden a bei sou ville Majortzgemengen wéi méiglech Kandidaten an d’Course ze schécken.
Zweet Ziel muss et sinn eis gudd Resultater do ze verdeedegen wou mer an der Verantwortung sinn an ze probéieren do wou mer nach an der Oppositioun sinn, eis Resultater ze verbesseren.
Niewt dësen evidenten Zieler sollte mer awer och un d’Erneierung vun eiser Partei denken: Mir appeléieren dofir un eis Sektiounen, méi Fraen a méi Jonker opzestellen. Well bei de Gemengewalen vill vun eisen auslännesche Matbierger kënne matmaachen solle mer och sie net vergiessen an hinnen souwuel programmatesch ewéi och personell eng Offer maachen. Et ass an der Traditioun vun eiser Partei dass mer bei de Gemengewahlen eist politescht Personal erneieren, eis Potenzialer als Partei stäerken dat soll eis och 2017 geléngen.
D’Parteielandschaft gëtt national ewéi och lokal ëmmer méi grouss, ëmmer méi breet. Dat mécht et natierlech ëmmer méi schwéier fir absolut Majoritéiten ze gewannen. Koalitioune mussen op ville Plaze gemeet ginn a funktionéieren och do wou se éierlech a kollegial gefouert ginn. Dofir wäert eis Parteileitung de Sektioune keng Virschrëften maachen, mee mir vertrauen eise lokalen Décideuren datt Sie am beschte wëssen wéi a mat weem sie zesummen fir d’Wuel vun hierer Gemeng kënne schaffen.
Mir wëllen och probéieren mat den anere Parteien e Wahlkampfofkommes ze schléissen, fir dass mer dës Wahlen am géigesäitege Respekt kënnen ugoen an ouni dass mer eis een deen aneren héich schaukelen sief et mat Materialschluechten oder iwwerdriwwene Budgeten.
An de nächste Wochen a Méint schaffe mer un eiser Campagne. Zesumme mam Gemengeforum wëlle mer e Kaderwahlprogramm op d’Been stellen deen de Sektioune soll hëllefen beim ausschaffe vun hieren eegene Programmer. D’Generalsekretariat wäert de Sektiounen Hëllef ubidden, gutt Iddien deelen, bei der Logistik oder der Redaktioun hëllefen am Kader vun eise Méiglechkeeten natierlech. D’Sektioune kënne vun der neier Internet-plattform profitéieren déi d’Partei hinnen zur Verfügung stellt. Formatioune wäerten an de 4 Bezierker ugebuede ginn fir eis Kandidatinnen a Kandidate beschtméiglechst z’encadréieren. Bei all deene Saachen awer gëllt et am Kapp ze behalen dass eist Generalsekretariat net iwwer onendlech Ressource verfügt a mir appeléieren dofir un eis Sektiounen sech mat Zäite bei eis ze mellen wann se eng Hand Upak brauchen, well et ass gewosst, wat mer méi no un de Wahltermäin kommen wat eis Zerwisser ëmmer méi an Usproch geholl ginn.
Ech wéilt ofschléissen mat engem leschten Appel:
Ech hu virdrun vun eisen Zieler geschwat déi mer als Partei hunn. Dës kënnen awer nëmmen erreecht ginn wa mer all zesummen halen. Op an der Sektioun, am Bezierk, an den Ënnerorganisatiounen oder un der Parteispëtzt: et gëllt eis een dem aneren de Réck ze stäipen. Mir gewannen näischt dobäi wa mer eis wéinst Klengechkeeten ëffentlech zermaulen. Dat gëtt no baussen d’Gefill wéi wa mer géife streiden. Dobäi wëll ech als Generalsekretär alles maachen fir dass mer an der Partei méi Matsprooch fërderen, méi Méiglechkeete schafen fir iwwer wichteg politesch Froen ze diskutéieren. Och d’Sträitkultur an eiser Partei solle mer héich halen. Eis Statutereform wäert heirobber éischt Äntwerte liwweren. Ech sinn iwwerzeegt dass et eis all dru geleeën ass, dass eis Partei gestäerkt gëtt an dass mer Réckhalt gewannen bei der Wielerschaft. Dat hunn ech an ALL den Diskussiounen, och déi méi kontroverse, gespuert déi mer an de leschte Méint gefouert hunn. An dat mécht mer Courage, dat soll eis alleguerte Courage maachen!
Ech wënschen eis alleguerten e gutt an erfollegräicht Joer 2017!