(Ried zur Presentatioun vum Sozialistesche Leitfaden um LSAP-Kongress vum 20.3.2016)
D’Iwwerschrëft vun dësem Dokument soll direkt kloer maachen wouhin et mat de Sozialiste geet, firwat mir stinn, eis asetzen a wéi mir eis d’Zesummeliewen an eisem Land virstellen.
D’Iddi fir dëst Dokument opzstellen ass gewuess aus der Iwwerleung datt niewt eisem Grondsatzprogramm den eis identifizéiert an eise Wahlprogrammer déi kuerzfristeg Aentwerten op di politesch Aktualitéit ginn, et un engem politsche Programm fehlt, dee méi wäit kuckt ewéi 5 Joer.
Mir wollten eis lass léisen vun der politescher Aktualitéit an eis mat de wesentlech Froen beschäftegen fir eis Partei. Wat heescht et Sozialist ze sinn am 21. Jorhonnert? Wat sinn d’Erausfuerderungen dene sech d’Sozialdemokratie haut stelle muss? Dës Froen stelle sech net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och aneschtwou an Europa an an der Welt.
Et gouf am läschte Joerhonnert vill erreecht an eisem Striewe no méi Gerechtegkeet, no sozialem Fortschrëtt no Fräiheet a no Fridden.
Zu Lëtzebuerg zielen do sécherlech d’Aféiere vun de Sozialversécherungen derzou, d’Stärke vun de Rechter vun de schaffende Leit, d’Schafe vu Sozialtransferten, de Schutz vun dene Schwaachen duch d’Aféieren vun RMG a Chômage, den Indexmechanismus, d’Matbestëmmungsrechter vun der Beleegschaft, di allgemeng Gesondheetsversuergung asw asf.
Wann och an de läschte Jorzingten villes erreecht gouf, sou muss et eis haut awer ëm méi goen wéi just d’Erhalen dovunner.
De Gruew tëschend Aarm a Räich gett ëmmer méi grouss. Di Räich ginn ëmmer méi Räich an di Aarm ginn zu ëmmer méi Villen. Dofier ass a bleiwt d’Bekämpfung vun der Aarmut an eng gerecht Verdeelung vum geschafene Räichtem eng vun eise wichtegsten Aufgaben als Partei. Den onmënschleche Kapitalismus muss do ausgebremst ginn wou en iwwert d’Streng schléit. Dat hu mer viru kuerzem nach bei der Banken a Finanzkrise erliewt. D’Aarbecht muss valoriséiert ginn par rapport zum Kapital.
E méi e gerechte, sozialen a progressive Steiersystem muss net nëmmen di ëffentlech Finanzen konsolidéieren mee och di kleng a mëttel Akommessen entlaaschten an déi grouss Verméige méi belaaschten. De Staat muss gestärkt ginn fir kënnen eis Sozialsystemer eis Versécherungen eis sozial Sécherheet ze garantéieren.
D’Digitaliséierung an d’Robotiséierung stellt eis Aarbechtswelt virun e riisege Wandel, hei mussen d’Rechter vun de schaffende Leit geschützt ginn a virun allem eis Bildung muss deene neie Parameteren Rechnung droen fir datt jidereen och an Zukunft eng reel Chance huet op eng Aarbecht, op Selbstverwierklechung an op en dezent Liewen.
En dezent Liewen heescht awer net nëmme schaffe goen, dat heescht och genuch verdéngen fir sech a senger Famill e wierdegt Liewen z’erméiglechen: Loungerechtegkeet déi iwwert d’Erhale vum Mindestloun erausgeet grad ewéi anstänneg Pensiounen a Renten bleiwen eist Uleies.
An enger Zäit wou den Egoismus priméiert, wou de Konsum bal dat eenzegt ass nodeem vill Leit striewen, do muss eng sozialistesch Partei d’Gemeinschaft an d’Allgemengwuel entgéintsetzen. Do musse mer kloer ze verstoe ginn datt mer eng Gesellschaft wëllen wou jidereen sech muss verwierkelche kënnen mee wou d’Solidaritéit sech net dorobber beschränkt heiansdo Almosen ze leeschten.
Mir wëllen eng fräi an eng solidaresch Gesellschaft, eng Gesellschaft ouni Privilegen, mat gläiche Chancen awer och gläiche Rechter a gläiche Pflichten fir jiddereen. Eng Gesellschaft wou ee no dem anere kuckt, wou déi staark déi schwaach ënnerstëtzen a wou de Staat staark genuch ass anzesprangen fir deenen ënnert d’Äerm ze gräifen déi et néideg hunn.
D’LSAP ass eng Tolerant Partei. Eng Partei déi de Friemenhass an de Rietsextremismus bekämpft.
Jo Lëtzebuerg ass en oppend Land, e Land dat sech bewosst ass datt et net geet ouni eng gudd Noperschaft, e Land dat och en Doheem bidd fir déi di viru Krich, Honger a Gewalt musse fortlafen. Dat musse mir Sozialisten verdeedegen an net der Versuchung ënnerleeën, deenen nozeginn déi Angscht a Mësstraue verbreeden. Et gëllt dofier als Sozialisten zesummenzstoen mat allen aneren demokrateschen Kräften a Parteien géint alle Beméiungen vun ExtremRiets fir eis Gesellschaft ze splécken.
Wa mir haut nach vun esou Tendenzen verschount bleiwen ewéi am Ausland, sou musse mer awer wëssen datt och mir zu Lëtzebuerg net dogéint geimpft sinn an datt et gëllt haut scho kloer ze maachen datt mir dat net wëllen. Hei sinn virun allem di grouss Parteien gefrot, Standhaftegkeet ze weisen an esou den 1-Punkt-Mouvementer oder Bewegungen d’Stier ze bidden.
D’LSAP ass an hierer Traditioun eng Friddenspartei a mir gleewen un di international Gemeinschaft an un d’Zesummeliewen tëschend de Vëlker. Dofier si mir och iwwerzeegt vun der europäescher Iddi. Fir eis ass Europa eng Gemeinschaft vun de Wäerter a vun der Solidaritéit.
An der läscht awer vermësse mer dat ze vill dacks an Europa.
Et schéngt datt an eenzlene Länner net méi no kommunautaire Léisunge gesicht gett fir gemeinsam Problemer mee datt sech ëmmer méi op dat nationalt zeréckgezu gett. Dat mecht eis Sozialiste Suergen.
Mir halen drop datt d’Kopenhagener Kritären deenen sech all d’EU Länner verpflicht hunn agehale ginn, a mir veruertdeelen all Verisch fir d’Rechtsstaatlechkeet oder D’Demokatie a Fro ze stellen an d’Meenungs- an Pressefräiheet ze beschränken.
Datt sech di europäesch Leaderen net méi eens ginn well se virop eng national Agenda verfollegen amplaz eng europäesch, zesumme mat dem net-Respektéiere vun eisen europäesche Wäerter dreiwt de Mënschen d’Flemm an.
D’Bierger an Europa verléieren esou d’Vertrauen an d’Gemeinschaft. Mir brauchen dofier eng Verdéiwung vun der europäescher Unioun. Mir Sozialisten wieren eis dogéint datt d’Rad elo soll zréckgedréint ginn a mir fuerderen datt endlech och dat sozialt Europa realiséiert gëtt. Nodeems mer an de läschte Joerzingten en Europa fir den Handel, en Europa fir d’Finanzen opgebaut hunn ass et endlech Zäit dat sozialt Europa aus sengem embryonalen Zoustand erauszehiewen.
Mir brauchen dofir an allen europäesche Länner sozial Mindestnormen, gemeinsam Standarten, e Mindestloun an d’Stäerke vu soziale Rechter a Fräiheeten vun deenen di schaffe ginn. Eng weider Liberaliséierungs- a Privatiséierungspolitik gesi mir als ganz geféierlech. Net alles kann dem fräie Maart ënnerleien, villes muss an ëffentlecher Hand bleiwen.
Eng vun de groussen Errungenschaften fir d’Bierger an Europa sinn di oppe Grenzen. D’LSAP wäert sech dofir asetzen datt d’Schengenofkommes net futti gemeet gëtt. Eent vun eise Grondwäerter als Partei ass och d’Secherheet. Ouni d’Secherheet kënnen d’Mënschen sech net fäi entfalen. Dofier maache mir eis staark fir de Weltfridden a bekämpfen Terrorismus an Extremismus an all sénge Formen.
D’Welt ass haut net méi sécher wéi virun 50 Joer. Op dem europäesche Kontinent ass Krich. Och an eiser direkter Noperschaft lafe Millioune Leit fort virun der Gewalt an dem Terror an hierem Land. D’Konsequenzen dovunner kréie mer och bei eis ze spieren. Dofier musse mir eis asetzen datt d’europäesch Unioun den onëmgängleche Partner ass um internationale Parquet a sech aktiv fir de Weltfridden asetzt.
Léiw Komerodinnen a Komeroden,
Eis Partei deed sech wéi der wësst ganz schwéier mat der Globaliséierung. Mir sinn eis awer bewosst datt mer se net kënnen ophalen. Et gëllt dofir bei der Gestaltung vun der Globaliséierung derbäi ze sinn, mat ze décidéieren, iert iwwert eis Käpp ewech décidéiert gëtt. Mir wëllen eng gerecht Globaliséierung, eng Globaliséierung déi net op d’Käschte vun der 3. Welt geet. Och keng Globaliséierung déi eis sozial Errungenschaften a Fro stellt oder eng Globaliséierung däer eis Natur an eis Emwelt zum Affer fällt. Dofier musse mer uecht ginn als Sozialisten, net nëmmen bei den Handelsofkommen TTIP oder CETA, mee och doiwwer eraus. Mir mussen eis kritesch Haltung behalen a mir mussen och kloer soen wat net mat eis geet!
Niewt engem gerechte Welthandel brauche mer och e nohaltege Wuesstem, e Wuesstem dee net op d’Käschte geet vun eiser Ëmwelt an eiser Liewenskalitéit.
Léiw Komerodinnen a Komeroden,
Nee mir erfannen haut d’Rad net nei. Villes vun dem wat an dësem Leitfaden steet ass eis bekannt an dach mengen ech datt et wichteg ass sech heiansdo Zäit ze huelen an sech mat deene méi wesentleche Froen vun eisem politeschen Engagement ze beschäftegen.
Dat soll eis hëllefen eise politesche Profil ze schärfen, kloer ze maachen firwat mir Sozialisten och am 21. Jorhonnert nach gebraucht ginn. Dat soll no bausse kloer maachen wien mir sinn a firwat mir stinn. Dat schaaft Vertrauen bei de Bierger a bei de Wieler an et grenzt eis of vun aneren.
Dëst Dokument ass net eleng op menger Mëscht gewuess mee mir hunn dat zesummen an der Rsolutiounskommissioun ausgeschafft. Ech wëll hei allen déi un dësen Aarbechte bedeelegt waren e grousse Merci soen. Merci och fir intressant Diskussiounen. Wat erauskoum ass e kloren politesche Programm vun enger lénker Vollékspartei.
Mir haten anescht ewéi gewinnt eise Sektiounen an Ennerorganisatiounen vill Zäit gelooss fir eisen Textvirschlag z’analyséieren. Mir kruten och eng ganz Rëtsch Amendementer zu dësem Text. Och dofier wëll ech allen Auteuren Merci soen. Mir wëssen datt heiriwwer vill an de Sekiounen an Ënnerorganisatiounen diskutéiert gouf an dat war och erwënscht. Och krute mer eng Partie Kommentarer, net a Form vun Amendementer zum Text, mee éischter Iwwerleeungen, Bemierkungen. Deen allermeeschte Feedback war ganz positiv an d’Initiative grad ewéi den Text selwer goufe begréisst. Et koumen och eenzel Kritiken eran. Mir hunn ALL di Réckmeldungen analyséiert an déi wäerten och an di zukünfeg Aarbecht vun eiser Partei matafléissen.
Et stëmmt datt den Leitfaden net komplett ass. Dat war och net eisen Usproch. Et ass richteg datt mer an dem Leitfaden z.B. wéineg soen iwwer Kultur oder et gouf sech och gewënscht méi op d’Eoconomie anzegoen. Ech wëll all deenen déi eis geschriwwen hunn soen datt mat dem heitegen Ofstëmmen d’Diskussiounen net eriwwer sinn. Dëst Dokument däerf muer net an de Tirang kommen mee et muss regelméisseg ugepasst an ergänzt ginn. An ech invitéieren all d’Parteimemberen sech dorunner ze bedeelegen. Als Partei wëlle mir mat eiser Statutereform dee néidege Kader dofir schafen.
Wat allgemeng d’Amendementer ugeet, sou wëll ech soen datt keen Amendement erkoum dat dem Geescht vun dem Text widdersprach hätt. Déi allermeeschten Amendementer konnte mer dofier problemlos unhuelen oder liicht ofgeännert zum Unhuele proposéieren. E puer eenzel Amendementer hu mer net zréckbehalen, net well mer net mat der Iddi averstane wieren mee éischter well déi selwescht Aussoen op anere Plazen am Text erëmzefannen sinn oder well se den allgemenge Kader vum Text verloossen. Ech hoffen d’Auteuren wäerten dat verstoen.
Wéi gesot Merci nach emol fir di flott Diskussounen aus de läeschte Méint.