YvesCruchten.lu

Fräi politesch Tribune (14.3.2016)

rtlSozial, fortschrëttlech, gerecht a solidaresch !

 

Esou riicht d’LSAP all hir politësch Iwwerleeungen an Handlungen aus. Allerdéngs get se net ëmmer esou vu bausse wouer geholl. Dat huet domadder ze dinn datt ze vill dacks eng Vermëschung gemeet gëtt, tëschent deem wat eng Partei an der Regierung mecht, dat heescht den Ament zesumme mat zwou anere Parteien, an deem wat eng Partei sech selwer als politesche Programm gëtt. E Koalitounsaccord gëtt da séier mam Parteiprogramm verwiesselt.

Sozial fortschrëttlech, gerecht a solidaresch!

Dat ass – och dowéinst – d’Iwwerschrëft vun engem sozialitesche Leitfuedem deen d’LSAP di läscht Wochen a Méint ausgeschafft a breed diskutéiert huet. Et ass en Dokument dat op der enger Säit eng politesch Bestandsopnahm mecht an op der anerer Säit d’Wäertvistellungen vun der Partei an de Virdergronn réckelt. Am Leitfaden ginn konkret Zieler fir d’Partei definéiert a Leitsätz formuléiert fir eis Politik op nationalem, lokalem an och europäeschem Niveau.

Niewend engem Grondsatzprogramm, an dem mer eis Wäerter definéieren an engem Wahlprogramm deen kuerzfristeg Aentwerten zu aktuelle Froen a Problemer gett, soll dëst Dokument méi wäit kucken an déi grouss Erausfuerderungen upaken virun deenen mir zu Lëtzebuerg awer och an Europa an an der Welt stinn.

Ech ginn zou, dat ass zimlech ambitiés a sécherlech fanne mer och net op all d’Froen direkt eng definitiv Aentwert. An dach sinn ech der Meenung datt een sech vun Zäit zu Zäit och emol muss lass léisen vun der Aktualitéit, a sech mat dem Wesentlechen, dem Prinzipiellen beschäftegen:

De Gruew tëschend Aarm a Räich gëtt ëmmer méi grouss. Déi Räich ginn ëmmer méi Räich an déi Aarm ginn zu ëmmer méi Villen. D’Solidaritéit an Europa bréckelt. De Sozialstaat gëtt ausgehielecht. De Klimawandel ass net méi just e Gespenst an de Käpp vun e puer Idealisten mee en ass haut scho Realitéit. Eis Demokratie gëtt ugegraff vun enger Säits Terrorismus a reliséisem Fanatismus an op der anerer Säit vu Rietspopulisten a Rietsextremisten.

Alles dat duerf eng sozialistesch Partei net kal loossen. Et gëllt kloer ze soen wou ee steet a firwat een antrëtt an d’Problemer, esou komplex se och sinn, offensiv an awer iwwerluëcht unzegoën.

Wann eng Partei kloer Profil, hiere Profil weist, dann ka si och aanerer fir hier Wäerter begeeschteren. Da gewënnt se Vertrauen a si gëtt hierem eegenen Usproch gerecht, eng Vollékspartei, an dësem Fall eng lénks Vollékspartei ze sinn.

D’Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei wäert kloër an däitlech dëse Wee aschloën. Op eisem Landeskongress den 20. Mäerz wäerten all d’Froen déi sech an dësem Kontext stellen, thematiséiert ginn, ouni e Blat virun de Mond ze huelen.

D’LSAP ass a bleiwt d’Partei vun der Gerechtegkeet a vum Fortschrëtt. D’LSAP ass an hierer Traditioun eng Friddenspartei déi sech engagéiert fir Demokratie, fir Mënscherechter an eng gerecht Globaliséierung. D’LSAP setzt sech an fir d’Rechter vun de schaffende Leit an déi sozial Schwaach a géint d’Ausbeutung vum Kapital. Mir wëllen eng Gesellschaft ouni Privilegen a mat gläiche Chancen, gläiche Rechter a gläiche Pflichte fir jidereen.

Dëst ass a muss d’Fundament vun eiser Politik sinn op dat mer eng besser, eng méi gerecht Gesellschaft opbaue kënnen.

Have your say