Den Ufank vum neie Joer ass ëmmer eng gudd Geleenheet fir e Réckbléck ze maachen op dat vergaangent Joer an en Ausbléck ze huelen op dat neit Joer.
D’Joer 2015 war a villen Hisiichte kee gudd Joer. Et war e Joer mat vill Krich a Misère an der Welt och um Kontinent Europa. E Joer vun den Attentater, vum Terrrismus. D’Joer mat ville Flüchtlingen.
Zu Lëtzebuerg stoung virun allem d’Presidence am Virdergronn. Eng gelongen Presidence kann een haut soen, eng Presidence déi awer vill Asaz verlaangt huet, vun der Regierung an och vum Staat mat sengen Beamten. Hei gouf vill a gudd Aarbecht geleescht, déi et gëllt ze honoréieren!
2015 goufen och eng Rëtsch Moossnahmen aus dem soug. Zukunftspak ëmgesat. Zur Erënnerung: wéi d’Regierung ugetrueden ass, stoung se virun katastrophalen ëffentleche Finanzen. D’Staatsschold ass explodéiert, den ëffentlechen Defizit war héich an dobäi koum och nach datt bal 1 Milliard u Recetten vum elektroneschen Handel ewech gefall sinn. Et huet also missen eppes geschéien.
Bei deene ville Moossnahmen déi d’Regierungsparteien geholl hunn gouf derfir gesuergt, dat jiddereen säi Beitrag zur Komsolidéierung vun den ëffentleche Finanzen ging leeschten. Et gouf drop opgepasst, datt déi soug. kleng Schëlleren net zevill belaascht ginn, eppes wat jo besonnesch eis Sozialisten ganz wichteg ass. Sou gouf di temporär Steier vu 0,5% op dem Mindestloun immuniséiert an och bei der TVA-Erhéijung goufen di niddreg Taux’en vun 3% op alle liewenswichtegen Artikelen net ugepak.
Dës Moossnahmen, zesumme mat engem riguréise Spueren beim Staat selwer hëllefen eis haut, aus der Scholdespiral erauszekommen. De Wee zu engem équilibréierte Staatsbudget gouf virgeszeechent an eis Economie erhëllt sech lues a lues a schreiwt erëm Wuesstëmszuelen wéi soss néirens an Europa!
An der éischter halschent vun dëser Legislaturperiod gouf sech vill ëm eis Wirtschaft an eis Finanzen gekëmmert. Lëtzebuerg behällt dee soug. Triple-A. Dat ass gudd fir Lëtzebuerg.
Wann et der Economie haut erëm besser geet, wa mer haut als Land besser do stinn ewéi nach virun 2, 3 Joer, da gëtt et awer och Zäit datt d’Bierger dorunner bedeelegt ginn.
Niewend dem wirtschaftlechen, brauche mer nämlech och en sozialen Triple-A. Zanter dem 1. Januar 2016 kënnen vill Stéit hei am Land vun der neier Loyerssubventioun profitéieren. Dat ass e richtege Schratt a Richtung Bekämpfung vum Aarmutsrisiko. Dat alleng geet awer net duer mir mussen och dëst Joër d’Kafkraaft vun de Bierger stäerken, bei der Steierreform mussen Ongerechtegkeeten aus der Welt geschafe ginn an d’Kannergeld muss regelméisseg ugepasst ginn. De Chômage geet lues zréck awer weider Efforten musse nach gemeet ginn fir souwuel Jonken awer och eelere Matbierger eng Chance ze ginn op eng nei Aarbecht.
Et bleiwt also villes ze dinn och am Joer 2016.
Fir doriwwer ze schwäetzen, gett d’LSAP zesumme mat hiere Regierungsmemberen an Deputéierten alle Bierger Rendez-vous dës Woch op 4 Regionale Konferenzen: Haut Méindeg zu Jonglënster am Festsall, muer Dënschdeg zu Wolz am Prabbeli e Mëttwoch zu Péiteng a Rousen an en Donneschdeg zu Bartreng am Centre Culturel ARCA. Dat ganzt ëmmer owes ëm halwer 8.
Um Enn wënschen ech nach alle Bierger e gudd an e gesond neit Joer. Datt all eis Virsätz halen an datt eis Erwaardungen erfëllt ginn.
Radio RTL- d’Parteien hunn d’Wuert 18.1.2016