Här President,
Dir Dammen an Hären Deputéierten,
Am Joer 2007 huet d’Regierung décidéiert, am Kader vum Plan sectoriel Lycées, dräi nei Lyceen ze bauen. Een sollt op Klierf kommen, do si mer jo scho mi wäit, ee weidere soll an Zukunft op Munnerëf kommen an en 3. soll op Déifferdeng gebaut ginn.
Haut, 8 Joer méi spéid misste mer jo schon e bessi mi wäit sinn mam Bau vun dësen 3 Gebeier. Et geet mer hei nët drëms fir mam Fanger op een ze weisen oder Schold zouzeweisen, mee ech well domadder nach emol ënnersträichen wéi laang mer dach vill ze dacks zu Lëtzebuerg brauchen wann et drëms geet nei Infrastrukturen ze schafen.
Mir schwäetze jo haut iwwert de Bau vum Lycee, net iwwer säi pädagogescht Konzept, wat an engem separate Projet de Loi diskutéiert gëtt. Ech well mech awer hei net beschränken op d’Architektur vum Gebei, dat huet d’Mme Rapportrice jo schon alles detailléiert duergeluecht a mir soen hir dofier villmools Merci.
Just esou vill: dat Gebei wat zu Déifferdeng gebaut gëtt schéngt eis e ganz modernen, flotte Bau ze ginn, eng kompakt Bauweis an et wäert sech och gudd an dee neie Quartier integréieren deen do zu Déifferdeng um Funiculaire entsteet. De Site ass vu ville Säiten accessibel an ass och excellent un den ëffentlechen Transport ugebonnen, wat fir d’Schüler an och d’Personal vu grousser Wichtegkeet ass.
Wéi ech mech mat dem Projet ausernaanergesat hunn war ee vu menge Bedenken, datt wéineg Parkplaze virgesi waren. Wéi ech de Buergermeeschter vun Déifferdeng, eise Kolleg de Roberto Traversini dorop ugeschwat hunn, konnt dee mer awer séier all meng Bedenken huelen an en huet mer erkläert datt um Contournement vum Déifferdenger Zentrum soll e Parkhaus entstoen an och vis-à-vis, op der Säit vun der Schmelz sollen méi wéi genuch Parkplazen kommen. Dat kuerzt Gespréich huet mer och gewisen wéi gudd d’Zesummenaarbecht tëschend der Gemeng an dem Staat hei funktionéiert. Dat ass Virbildlech.
Datt Déifferdeng erausgesicht gouf fir e neie Lycee ze kréien, ass net vun Ongeféier. A villen Hisiichten war an ass och haut nach d’Gemeng Déifferdeng e wichtege Moteur an der Regioun, sief et duerch d’Schmelz, duerch d’Kultur an och de Sport. Den Demographesche Wandel ass zu Déifferdeng an Emgéigend och immens grouss. Eleng zu Déifferdeng wäerten geschwënn eng 25.000 Leit wunnen, zielt een elo nach de Kordall derbäi, da kënnt een, a net all ze laanger Zäit, op 70.000 Awunner. Dat selwescht gëllt natierlech och fir d’Zuel vun de Schüler: An der Regioun Süden ass an de läschten 10 Joer d’Zuel vun de Secondairesschüler ëm 28% geklommen.
Alles dat rechtfertegt datt nei Schoulech Infrastrukturen zu Déifferdeng gebaut ginn.
Vill Gemengen am Süden stinn zanter Jorzingten virun groussen Erausfuerderungen. Eng dovunner ass d’Gemeng Déifferdeng.
Déifferdeng ass amgaangen säi Wandel ewech vun enger renger Industriestad ze réusséieren. Dofier kann a soll een di Déifferdenger och félicitéieren. Mir sinn iwwerzeegt, datt mam Bau vun engem neie Lycee, esouwuel fir Schüler aus dem heitegen Enseignement secondaire technique ewéi aus dem Enseignement secondaire, e weidert Puzzelstéck derbäi kënnt dat der positiver Entwécklung vun der Gemeng ewéi vun der ganzer Regioun bäi dréit.
Aus all dësen Iwwerleeungen eraus ginn ech d’Zoustëmmung vun der LSAP zu dësem Gesetz.
(Dat hei ass meng Ried esou wéi ech se Virbereed hat, de geneeë Wuertlaut muss een awer op chd.lu noliesen, well ech se aus Zäit grënn hu misse kierzen)