Här President,
Dir Dammen an Hären Deputéierten,
De Projet de Loi fir d’Aféieren vun enger Loyerssubventioun huet net den Usproch fir di horrent Präisser um Wunnengsmaart ze dréckten. Nee, mat dem Gesetz wat mer haut stëmmen wäerte mer d’Präissexplosioun bei de Loyeren kaum gebremst kréien.
Dat ass och net de Sënn an Zweck vun dësem Gesetz.
Fir d’Präisser um Wunnéngsmaart am Allgemengen an de Grëff ze kréien ass eis Regierung amgaangen eng Rëtsch Initiativen ze huelen: d’Offer vergréisseren zesummen mat de Gemengen, Incitatioune schafen an och géint d’Baulandspekulatioun virgoen sinn hei e puer Stéchwieder.
D’Subvention Loyer ass dogéint eng Sozialmesure.
Heibannen ass keen dee NET dermaadden d’accord ass wann behaapt gëtt, datt d’Wunnen an de läschte Joren ëmmer méi deier ginn ass, ech behaapten souguer ze deier ginn ass! Ech erlaabe mer ze widderhuelen wat ech schon bei eisem Debat d’orientation iwwert de Logement am Fréijoer gesot hunn: zu Lëtzebuerg sinn et net d’Peien déi ze kleng sinn, et sinn och net d’Sozialtransfert’en ewéi z.B. d’Kannergeld oder d’Allocations de vie Chère déi ze niddereg sinn. Do sti mer am Verglach mat eise Noperen zimlech gudd do.
Parconter wat awer ville Leit hei am Land e Lach an de Portmonni frësst, dat sinn d’Käschte fir ze wunnen. Egal op ee keeft oder lount, d’Präissexplosioun vu, Bauland, vun Heiser an Appartementer ass enorm.
Am Exposé des Motifs vun dësem Gesetz gëtt dat nach emol mat androcksvollen Zuelen beluecht: Sou sinn z.B. d’Loyer’en fir Appartementer an de läschten 10 Joer an der Moyenne 43% méi deier ginn. Op der anerer Säit steet eng Inflatioun vun knapps 24%.
Zanter Joren leiden vill Familljen ënnert de Wunnengspräisser. Et kann ee sech wierklech d’Fro stellen wéi e Stot mat engem “normalen” Akommes do nach eens gëtt Enn des Mounts.
Zemoolst wann een héiert datt verschiddener d’Halschend a nach méi vun hierer Pei musse fir d’Wunnen ausginn. Erschwéierend kënnt nach dobäi datt mer et an de läschte Jore verpasst hunn zu Lëtzebuerg déi néideg Sozialwunnengen ze schafen. Nëmmen 2% vun eisem Parc immobilier sinn Sozialwunnengen.
Vill Leit kënnen dofier och net anescht méi an zéien déi Säit der Grenz wou d’Loyer’en tëschend 20 an alt esouguer 45% méi niddereg sinn ewéi hei.
An der Vergaangenheet an och Haut hu mer eis vill dorop konzentréiert, ze Hëllefe beim Uschafe vun enger Wunneng, duerch Zënssubventiounen, Bonificatiounen an direkt Hëllefen. Dat war an ass och richteg. Dës Politik, fir esou ville Bierger ewéi méiglech den Zougang zu engem Eegenheem ze erliichteren huet gehollef, datt haut quasi 70% vun den Awunner an hiren eegene 4 Mauere wunne kënnen.
Fir déi aner 30% vun eisen Awunner, déi di um Privatmarché Loune mussen, fir Sie goufen et allerdéngs wéineg bis guer keng Hëllefen. D’Chance datt sie eng Kéier an de Genoss vun den heitege Wunnegsbäihëllefe kommen ass ganz kleng: Wéi soll een z.B. e Loyer bezuelen an donieft och nach Suen op d’Säit leeën fir iergendwann eng Kéier eppes kënnen ze kafen?
Och sinn et dach grad Sie, déi di Lounen, déi am Meeschten Ënnerstëtzung brauchen um Wunnengsmaart. Well dacks sinn et och Locatairen, déi vum Aarmutsrisiko betraff sinn.
Dësen Aarmutsrisiko ass a bleiwt hei zu Lëtzebuerg mat 16 oder 17% vill ze héich! Mat der Loyerssubventioun komme mer hinnen entgéint.
Et ass eng zolidd Ënnerstëtzung déi mer do schafen. Et gëtt geschat, datt eng 19.000 Stéit wäerten an de Genoss vun dëser Hëllef kommen, dat sinn iwwer 9% vun de Lëtzebuerger Stéit.
Andeems mer se net verallgemengeren, verhënnere mer och datt sech dës Hëllefen direkt nees an enger Loyerserhéijung bemierkbar maachen. Ze erënneren ass och datt mer zu Lëtzebuerg eng Zort “Mietpreisbremse” hunn, nämlech déi datt de Joresloyer net méi héich duerf sinn ewéi 5% vum Wäert vun der Wunneng. D’Regierung huet eis an dem Kader annoncéiert och d’Loyerskommissiounen ze reforméieren. Dat schéngt mer wichteg ze sinn.
D’Diskussiounen ëm d’Loyerssubventioun si net nei. Et muss een fairerweis drun erënneren datt en 1. Projet de Loi ewell vun der viireschter Regierung ausgeschafft gouf. Et huet elo e bëssi gedauert bis en iwwerschafftene Projet ka gestëmmt ginn, eppes wat verschidden Organisatiounen hei am Land och kritiséiert hunn. Ech kann deem zoustëmmen, well awer direkt hannen drop soen, datt déi Ännerungen déi d’Regierung un dem initiale Projet de Loi virgeholl huet, richteg a wichteg waren.
Sou goufe virun allem d’Betreeg vun de Subventiounen substantiell an d’Luucht geschrauwt: Vu 90 op 124 Euro beim ënneschte Plafong a vun 230 op 273 (300) Euro beim maximale Montant. Och goufen duerch e Regierungsamendement d’RMG-Bezéier an déi di de Revenu pour Personne Gravement Handicapée hunn, elo mat agebonnen. An Zukunft kënnen och sie vun dësen Hëllefen profitéieren. Och dat schéngt mer richteg ze sinn. Bemierken wéilt ech och, datt och Studenten, wann se d’Conditioune vum Gesetz erfëllen, kënnen an de Genoss vun enger Loyerssubventioun kommen.
Här President,
Mir schafen mat dësem Gesetz e ganz neie Pilier an eiser sozialer Gesetzgebung: Niewend dem Kannergeld, niewend eiser gudd funktionnéierender Sécurité sociale an niewend anere Prestatiounen am soziale Beräich, kënnt elo eng nei Ënnerstëtzung dobäi! Haut ass dofier e wichtegen Dag fir vill Leit an eisem Land. Vill Leit déi obwuel se villäicht eng Schaff hunn, dacks Problemer hunn fir di berühmten Enner beienaner ze kréien. Op Englesch gëtt et e ganz ellene Begrëff fir sie, sie ginn “the working poor” genannt. Ech si frouh datt mer hei Am Land nach keen esou ellenen Begrëff hu missen erfannen an ech bleiwen derbäi datt mer als Politiker mussen dofier suergen datt een zu Lëtzebuerg, wann ee schafft, an deemno zu eiser Gesellschaft bäidréit, da muss een och genuch verdéngen fir anstänneg a wierdeg kënnen mat senger Famill ze liewen. Ass dat net garantéiert, da muss de Staat asprangen!
Déi Hëllef déi de Staat elo bereed stellt ass ganz konsequent:
Esou kann eng Eenzelpersoun, déi méi wéi een Drëttel vu sengem Akommes muss fir de Loyer opbréngen, dee ka bis zu 1.488 Euro d’Joer kréien. Dee Montant variéiert jo och der Unzuel vun de Kanner no an der gréisst vum Stot, a kann esou bis zu 3.276 (3.600) Euro d’Joer ausmaachen.
Mir schwätzen hei also net vu Klengechkeeten oder Kinkerlitzchen. Fir e Mindestlounempfänger z.B. sinn dat do ganz substantiell Hëllëfen. Am Ganzen wäerten dës nei Hëllefen de Staat bal 29 Milliounen Euro kaschten, wouvun eng 21 Milliounen nei Dépensen sinn an 8,8 Milliounen aus dem Fonds National de Solidarité eriwwergeholl ginn.Am Gesetz steet och datt ee muss Locataire vun engem Logement zu Lëtzebuerg sinn, woumadden eng Exportabilitéit vun dësen Subventiounen verhënnert gëtt.
Ewéi bei allem wat nei ass, soll een sech och déi néideg Zäit huelen fir ze évaluéieren. Et ass wichteg, wa mer Gesetzer stëmmen, datt mer och duerno analyséieren wat dobäi erauskoum. Dofier proposéiere mer der Regierung an engem Joer, zesumme mat eis an der zoustänneger Logementskommissioun de Bilan vun dësem Gesetz ze maachen. Do solle mer kucken wat dës Hëllefen bewierkt hunn, wien se ugefrot huet, wou ee nach kann nobesseren falls dat Néideg sollt schéngen.
Här President,
D’ LSAP Fraktioun steet hannert dësem Gesetzesprojet. An Zäiten wou de Staat muss Fouss bei Mol Halen wat seng Ausgaben ugeet, duerf eben net vergiess ginn no deenen ze kucken a fir déi ze suergen déi an der Précaritéit liewen hei am Land. D’Aarmut an den Aarmutsrisiko ze bekämpfen muss an eisem Land eng Prioritéit an der politescher Agenda sinn. Mat dësem Gesetz maache dat.
Et geet sécherlech nach net duer, aner Initiativen musse nach dobäi kommen, fir notamment eleng erzéihend Elteren ënnert d’Äerm ze gräifen, vun deene mer wëssen datt sie dee gréisste Risiko droen, an d’Aarmut ofzerëtschen. Eng Gesellschaft kann een dorunner moossen wéi se mat hiere Schwächsten ëmgeet an och do hu mer zu Lëtzebuerg nach eppes nozehuelen. Dëst Gesetz geet hei an di richteg Richtung.
Mir sinn iwwerzeegt datt déi Subventiounen déi mer haut schafen op der richteger Plaz ukommen an datt se ville Bierger an eisem Land wäerten hëllefe, hier précaire Situatioun e Stéckelchen ze verbesseren!
Um Enn giff ech gären dem Rapporter a President vun eiser Kommissioun, dem Här Arendt Villmools Merci soen fir seng Berichter a ginn heimadder den Accord vu menger Partei zu dësem Gesetzesprojet.