YvesCruchten.lu

Deene schwaachsten um Wunnengsmoart ënnert d’Äerm gräifen

picjumbo.com_IMG_3750Dëser Deeg beschäftegt sech eis Chamber erëm mat der Problematik ronderëm de Wunnengsmoart. Dat ass net vu Mutwell, well obwuel et an de läschte Joren eng sëllechen politesch Initiative gouf fir ze probéieren di exhorbitant Präisser an de Grëff ze kréien, sou muss een dach feststellen datt dat alles wéineg gehollef huet.

Dobäi sinn et meeschtens net eis Peien déi ze niddereg sinn oder eis Sozialtransferten déi net giffen duer goen. Et ass d’Wunnen dat de Leit e Lach an de Portmonni frësst. Ëmmer méi akommesschwaach Stéit kënnen sech d’Präisser déi haut um Marché gefrot ginn, net méi leeschten an och de Mëttelstand zu Lëtzebuerg leidt ënnert de Käschte vum Wunnen.

Eise Staat ass och net knéckeg: d’Direkthëllefen, an all di Fiskalmesuren am Logement zesummen, léisst eise Staat sech all Joers net manner ewéi 430 Milliounen kaschten

Allerdings ginn dës Hëllefen quasi eleng un déi di sech eng Wunneng oder en Haus kafen oder renovéieren. Kaum Hëllefe gëtt et fir déi di et am néidegsten hunn: déi Leit di musse Lounen. Sie, déi allzedacks déi Schwaachst an eiser Gesellschaft sinn, komme nie an de Genoss vun deene staatlechen Hëllefen well fir sie den Dram vun engem eegenen Doheem onerreechbar bleiwt. Dacks sinn et Famillje mat Kanner, vill vun hinnen Elengerzéiher, déi Enn des Mounts, di 2 Aenner net beienee kréien. Et fënnt een sie och erëm bei deene 16-17% déi hei am Land ënnert den Aarmutsrisiko falen.

An der Vergaangenheet gouf zu Lëtzebuerg verpasst, genuch Sozialwunnengen ze bauen. Grad emol 2% vum gesamte Wunnengsbestand zu Lëtzebuerg si Sozialwunnengen, an Holland sinn et der 35%, am Frankräich 19 bei eise blesche Noperen ëmmerhi nach 7, déi Säit der Musel 6%.

Et gëtt dofier héich Zäit massiv an de Logement social Locatif z’investéieren esou wéi d’Regierung et wëlles huet. Doniewt musse mer och endlech fir Gerechtegkeet suergen an deene Stéit mat bescheidene Peien ënnert d’Aerm gräifen, déi méi wéi en Drëttel vun hierem Nettoakommes an de Loyer stieche mussen.

Dat soll elo geschéien mat der Subvention de Loyer, op däitsch dem Mietzuschuss.

Ënnert der virechter Regierung gouf ewell un esou enger Iddi geschafft, déi nei Regierung huet dat Ganzt nach emol op de Leescht geholl an et goufen, esou wéi och vun de Sozialiste gefuerdert, d’Montant’en vun deenen Hëllefen substantiell an d’Luucht gesat an och de Krees vun de Bénéficiairen gouf drastesch erweidert. Wann dat neit Gesetz bis gestëmmt ass, wäerten hei am Land eng 19.000 Familljen tëschend 124 an 300 Euro (ofhängeg vun der Zuel vu Kanner) de Mount bäigeluecht kréien fir hiere Loyer ze finanzéieren.

Dat ass op Lëtzebuergesch gesot, e gudde Fouss hannebäi. Et ass eng gudd Aentwert op ville Leit hier Problemer, am Sënn vun de Mënschen déi Hëllef brauchen, am Sënn awer och vun enger selektiver Sozialpolitik ouni déi berühmte Strenz an och am Sënn vun de Gewerkschaften, déi viru Kuerzem nach eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 10% gefuerdert hunn.

D’Subvention de Loyer ass net d’Aentwert op all eis Problemer am Beräich Logement, hei gëllt et u ville Riedercher ze dréinen. Mee et ass eng Aenwert op déi dringend Problemer vu villen akommesschwaache Familljen hei zu Lëtzebuerg, an dem Sënn ass et eng vun de wichtegsten Verbesserungen an der Sozialpolitik während dëser Legislaturperiod. Mir schafen heimadder méi Gerechtegkeet a mir bekämpfen gezielt den Aarmutsrisiko.

Artikel am Kader vun D’Parteien hunn d’Wuert, RTL-Radio 29.6.2015

Ried zum Orientéierungsdébat an der Chamber iwwert de Logement 30.6.2015

Have your say