YvesCruchten.lu

Ech sinn houfreg op Lëtzebuerg!

drapeau2-xhdpiLëtzebuerg an all déi di hei wunnen kënnen zu Recht houfreg dorop sinn, datt anescht wéi op villen anere Plazen d’Zesummeliewen tëschent Lëtzebuerger a Nët-Lëtzebuerger an der Regel gutt funktionéiert. Sie all fillen sech hei wuel an doheem. Et ass dofir net verwonnerlech, datt eng ganz Rëtsch vun de Net-Lëtzebuerger sech iergendwann am Liewen dofir entscheeden, déi Lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen. Dat freet eis, wëll et ass och eng Unerkennung, jo esouguer e Luew fir eist Land, eis Natioun, wa sie dëse Schrack woen (eppes wat kengem liicht fällt).

Un eiser Nationalitéit, eiser Natioun, hänkt eng Vergaangenheet a fir déi brauche mer eis och net ze schummen, am contraire: Datt mir en eegent Land goufen hu net mir, mee eis Noperen zu Wien an zu London décidéiert. Speziell dat läscht Jorhonnert huet eis als Natioun gefestegt, zwee schrecklech Weltkricher hu mer iwwerstanen, net zulescht mat Hëllef vun dobaussen. Dee phenomenalen Ëmbroch vum Baueren- zum Industriestat an duerno zu enger moderner Déngschtleeschtungsgesellschaft war eng aussergewéinlech Leeschtung, déi eis vill Noperen net zougetraut haten. Och dat alles net eleng, mee och hei erëm mat Hëllef vu Baussen, sief et duerch den Import vun auslännescher Technologie (Beispill Thomasverfahren an der Eisenindustrie) oder nach duerch auslännescht Kapital an Investissementer (Beispill Finanzplaz). Och haut maachen d’Immigratioun an di auslännesch Investissementer, datt mer net stagnéieren, mee wuessen, eppes wouvunner mer alleguerte profitéieren. Et ass haut grad sou richteg ewéi zur Zäit vun de Grouwen an de Schmelzen, ze behaapten datt mer eis net méi kéinten weiderentwéckelen, wa mer net kéinten op auswäerteg Hëllef zeréckgräifen.

En Deel vun eiser nationaler Identitéit ass och eis Lëtzebuerger Sprooch, awer net eleng, mir si nämlech grad esou houfreg drop, datt mer méisproocheg sinn an datt mer eis an der Regel net schwéier dinn, och nach franséisch an däitsch ze schwätzen.

Grad esou houfreg si mer drop, datt mer eis ëmmer als klengt Land am internationale Kontext gesinn hunn, sief et beim Zollverein, dem Benelux, der CECA, der UNO, der Europäescher Gemeinschaft oder elo der Europäescher Unioun. Eisen internationalen Engagement mécht en Deel vun dem Prestige aus, dee mer an der Welt genéissen.

Dozou gehéiert och eisen Engagement fir d’Mënscherechter, d’Rechtstatlechkeet oder och nach d’Demokratie. Mir waren bei deenen éischten fir d’Charte vun de Mënscherechter z’ënnerschreiwen, an och beim universelle Walrecht, z.B. fir d’Fraen am Joer 1919, ware mer mat vir bäi an Europa an och an der Welt.

Zu Recht si mer och houfreg drop datt mer fräi sinn. Als Land, awer och als Bierger. An dat am Sënn vum Jean-Jacques Rousseau dee sot: “L’homme est né libre”. Mir si fräi an eisem Handelen, Denken a mir si fräi iwwert eis eegen Zukunft z’entscheeden.

Dës Fräiheet gënne mer allerdéngs net jidderengem, mee mir knëppen se als e Privileg un eis Nationalitéit. Et ass e Grondrecht fir all Bierger an enger Demokratie kënnen matzebestëmmen. A noer Zukunft wäerten déi meescht hei am Land dëst Grondrecht net hunn, well se net eis Nationalitéit hunn. Mir maachen si domat zu Bierger zweeter Klass. Dat soll eis net egal sinn well wa bis eng Minoritéit fir eng Majoritéit décidéiert, duerf een duerchaus d’Fro stellen op mer nach eng richteg Demokratie sinn oder net. Besonnesch bosseg ass dobäi, datt mer grad deenen déi eis an eiser Geschicht gehollef hunn, zu engem Land a spéider zu enger Natioun ze ginn, deenen déi am leschten Jorhonnert an och nach haut fir eise Wuelstand suergen, net d’Méiglechkeet ginn, fir um demokratesche Liewen ze partizipéieren.

Ofgesinn dovunner, datt dacks vergiess gëtt ze soen, datt net jidderee kann di duebel Nationalitéit unhuelen, sollt een sech iwwerhaapt emol d’Fro stellen, wéisou dëst wichtegt Grondrecht iwwerhaapt esou staark un eng Nationalitéit gebonnen ass. Dat war nämlech net ëmmer esou an der Geschicht. Schon no der franséischer Revolutioun gouf net gekuckt, wien vu wou kënnt fir wielen ze goen, mee wien z.B. Steieren bezilt an esou zum Wuel vun der Allgemengheet bäidréit. Et ass eréischt ëm 1900, wéi an Europa de Nationalismus floréiert huet (och hei am Land), datt d’Rechter vun de Bierger méi staark u Nationalitéite gekoppelt goufen.

Am Joer 2015 ass et villäicht endlech Zäit fir sech definitiv lass ze léisen vun den Iwwerleeungen aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert. Grad eisem Land, dat wéi keen anert op der Welt esou international geprägt ass, géing et dach gutt zu Gesiicht stoen, wa mer eng Ouverture géife maachen fir déi, di all Dag mathëllefen eist Land virunzebréngen.

Mir diskutéieren den Ament iwwert en “Auslänner-” oder “Awunnerwalrecht”. Béid Begrëffer si schlecht gewielt, well u sech schwätze mer iwwert e Biergerwalrecht, an d’Bierger sinn all déi, di hei wunnen, schaffen, an d’Schoul ginn, hier Fräizäit verbréngen, um kulturellen a sportlechen Liewen deel huelen, all déi di sech hei doheem fillen, egal op sie oder hir Elteren villäicht vun enzwousch anescht hierkomm sinn.

Et ass ze begréissen datt mer déi Diskussioun féieren an dat net alles ënnert den Teppech kieren, dat éiert eis, egal wéi herno de Referendum ausgeet.

Ech sinn houfreg op Lëtzebuerg. Op dat wat mir, zesummen mat villen vu Baussen erreecht hunn. Wa mer elo och nach de Courage hunn eist Walrecht fir Nët-Lëtzebuerger opzemaachen, wär ech et nach méi!

2 comments

Have your say