Léiw Komerodinnen,
Léiw Komeroden,
Zejoerts hu mer op eisem Landeskongress eng nei Parteispëtzt gewielt. Mam Claude Haagen als Päsident, dem Taina Bofferding an dem Georges Engel als Vize-Presidenten, dem Christine Schweich als Trésorière, a mir selwer als Genralsekretär.
Schon an eiser éischter Sëtzung vun der neier Executive zu däer och d’Daniele Kies, d’Sylvie Jansa, den Dan Bianacalana a de Fabio Secci zielen, hu mer doriwwer diskutéiert wéi mer eist Wahlresultat vum Oktober 2013 ze bewerten hätten an och d’Resultater vun de Wahlen virdrun. An eng vun de Conclusiounen war datt mer sollen eng breed Debatte féieren an eiser Partei, eis a Fro stellen, net d’An zou maachen a nokucken wéi eis Partei bei dene läschte Wahlgäng zwar nie vill awer ëmmer bessi u Stëmme verluer huet oder bäschtefalls stagnéiert huet.
Eist schlecht Wahlresultat bei den Europawahlen kuerz drop huet eis doranner bekräftëgt. Aus dësem Grond hu mer vu Juni bis September eng sëllechen Entrevue gehat, mat Sektiounen, Bezierker an Ënnerorganisatiounen. An dat ware gudd Gespréicher. Gespréicher déi eis weiderbréngen. A kenger vun deene ville Sëtzungen hate mer d’Impressioun vun Défaitismus oder Resignatioun.
Grad de Conträr war de Fall : et ware positiv Gespréicher. Wou et nët drëms gaangen ass just ze kritiséieren, mee wou alle Gespréichspartner dru geleeë war, eis Partei weiderzebréngen. Et koume Virschléi, Rotschléi a Wënsch vun eiser Parteibasis. Dës Gespréicher ware mat dat Positivist wat ech bis elo a ménger Zäit an der LSAP erliewt hunn. Et gouf begréisst, datt mer als Executive de Schratt gemeet hunn an de Sektiounen, de Bezierker an Ennerorganisatiounen nogelauschtert hunn.
A kenger eenzeger vun dësen Entrevuen goufen eis Grondwäerter, eis Prinzipien als Sozialisten a Fro gestallt, éischter de Konträr war de Fall an de Wonsch gouf ausgedréckt, dës Wäerter méi dacks an d’Vitrine ze stellen. Aus all deene Réuniounen goufe Rapporten gemaach, eenzel Pareimemberen hunn eis doriwwer eraus hiere Beitrag schrëftlech eragereecht, sou wi mer se derzou opgefuerdert haten.
An vun all dësen Iwwerleeungen huet d’Fondatioun Robert Krieps e Collage gemeet. Een Dokument wat mer dunn op eiser Summerakademie diskutéiert hunn. Dat as also NET wéi dat heiando duergestallt gëtt, d’Meenung vun e puer eenzelnen, vun der Famill Fayot oder vun de Stater Sozialisten. Mee et ass d’Sammlung vun de verschiddene Meenungen aus der Partei.
Als Exekutiv sti mer hannert deem Dokument, et ass e wichtegt Dokument fir eis Partei. Dat Dokument an dee ganzen Exercice ronderëm wäerten eis Partei virubréngen. Nach musse mer och lo eppes domadder maachen. Ech wëll op dëser Plaz e grouss Merci lass ginn, e Merci un all déi Leit déi sech hei abruecht hunn, ouni ze streiden, mee sachlech an objektiv diskutéiert hunn. Et ass genee dat wat eis wäert virubréngen a net intern Grabenkämpf oder faul a feig Beschëllegungen vun eenzelner déi villäicht hiert perséinlecht Wahlresultat vun der läschter Kéier net verdaut hunn. Et ass kloer, datt di Recommandatiounen di mer do um Dësch leien hunn, net an engem Streech ëmzesetze sinn.
Dofier wäert eis dëst Dokument nach eng zäitche Laang begleeden. Mee, d’Parteileitung ass awer fest entschloss fir ze handelen. Sou goufen am Dezember direkt eng 12 Moossnahmen festgehalen déi elo eng nor anerer ëmgesat ginn.
En Aarbechtsgrupp gouf agesat fir eis Statuten ze reforméieren. Hei geet et net just ëm Kosmetik mee mer hu wëlles ganz nei Stauten ze schreiwen, wou den eenzelne Member am Mëttelpunkt steet. Dëst ass néideg ginn, well een haut als Partei e bessi anescht muss funktionnéieren ewéi villäicht nach virun 30, 40 oder méi Joren. Z.B. musse mer eise Bezierker kloer definéiert Missioune ginn. Mäer hunn elo 4 nei Presidenten an de Bezierker, dovunner 2 Fraen, dat siew och emol gesot, déi neien Engagement matbréngen. Bis elo war de Bezierker hier eenzeg Aufgab quasi eleng fir d’Lëschte bei de Landeswahlen opzestellen. Dat geet awer net duer an dorunner gëtt an eise Statuten geschafft. Och soll een als Member direkt erkenne kënnen wéi a wou een sech an der Partei kann abréngen.
Mäer sinn als Partei ëmmer beméiht, sou vill wéi méiglech Plattformen ze schafen wou all eenzelne ka matschwätzen, dat soll och Zukunft esou sinn an dat wëlle mer dann nach besser organiséieren. Fir dës Stautereform wëlle mer eis Zäit huelen fir mat de Sektiounen an eise Memberen doriwwer ze diskutéieren. Dofier hu mer eis als Ziel gesat, dës Reform, dëst Joer ze preparéieren an dat anert Joer op engem ausseruerdentleche Kongress unzehuelen. En anere Volet vun eise Statuten wäert awer och d’Parteidisziplin sinn. An hei muss ech eng Klamer opmaachen an eppes lass ginn…
Jidereen deen an eiser Partei eng Funkioun unhëllt, siew dat e Mandat an der Partei, an der Chamber, oder nach an enger Sektioun, dee muss sech bewosst sinn, datt hien no baussen och eis Partei vertrëtt. Wien also Sekretär oder President och vun enger Sektioun ass, dee muss wëssen datt wann en eppes seet, am Numm vun eis all schwätzt an eis all vertrëtt. An do kann et net sinn, datt iergendeen iergend eppes vu sech gëtt, well dat seng perséinlech Meenung ass, ouni Rücksicht op di Aner, an déi dann och nach entgéint deem geet wat mer zesummen an der Partei beschloss hunn.
Ech wëll hei nach emol kloer stellen, datt wa mäer eppes zesummen décidéieren, op engem Kongress, an eisem Wahlprogramm, an enger Resolutioun, an engem Koalitiounsofkommes, dacks eegstëmmeg, da kann et net sinn datt duerno iegendeen mat engem Parteimandat erausgeet an grad de Conträr behaapt. Op alle Fall net am Numm vun der Partei.
Dat Schued eiser Partei, dat mecht eis net méi kredibel, mee manner kredibel. Natierlech soll jideree kënnen op deene ville Plazen matschwätzen, déi mer an der Partei hunn, an der Parteileitung, an der Sektioun, op engem Landes- oder Bezierkskongress. Jiderengem séng Menung zielt an eiser Partei, mee wa mer bis eppes zesummen décidéiert hunn da musse mer och all dorunner festhalen.
***
E Wonsch deen ausgedéckt gouf berëfft d’Präsenz vun de Parteimandatären um Terrain. Eis Parteileedung, eis Fraktioun an eis Regierungsmemberen huelen sech d’Zäit, ewéi dësläscht am Januar, fir duerch d’ganzt Land ze pilgeren, fir mat de Memberen a mat de Bierger ze diskutéieren, z’erkläeren. Et ass dat e wichtegen Exercice, dee mer och wëlle weiderféieren an ech maachen hei och den Opruff, esou Initiativen z’ënnerstëtzen. Wat d’Kommunikatioun no bannen ugeet, sou schaffe mer den Ament un engem Handbuch fir d’Sektiounen. Dëst soll eng Hëllëf sinn fir di politesch awer och di organisatoresch Aabecht um Terrain. Doniewt wëlle mer eis eege Memberen besser informéieren iwwert di politesch Aktualitéit. Aus dësem Grond verschécke mer ewell regelméisseg Info-Fichen. Déi di eis hier Emailsadress matgedeelt hunn kennen dat ewell. Zu alle wichtege politeschen Dossier’en schaffe mer eng Note aus, mat de Fakten, den Argumenter an dem Zuelematerial, fir esou eis Memberen gudd an anstänneg z’informéieren.
An enger Zäit wou d’Nooriichten leider all ze dacks an der gréisst vun enger SMS oder engem Tweet verbreed ginn, ass et wichteg, déi néideg Hannergrondinformatiounen ze ginn an esou besser z’erklären ëm wat et geet a firwat mer wat maachen. Ech hu bis elo ganz vill Luew kritt fir déi Initiative an déi wäert dofier och weiderhinn ausgebaut ginn. E nächste Schratt ass do d’Opsstelle vun enger Lëscht mat de Gesetzesprojet’en déi am Tube sinn. Heimadder sollen eis Memberen direkt gesinn wat kuerz oder mëttelfristeg wäert an der Aktualitéit stoen. Bis ewell haten do d’Deputéierten e klenge Virsprong zu dem Recht vun eise Memberen. Dat wëlle me domadder ausgläichen fir datt all Member nach zur Zäit kann Abléck kréien wat diskutéiert gëtt. Op dëser Lëscht soll och all Kéiers derbäi stoen wéi een Attaché aus der Fraktioun a wéi en Deputéierten sech ëm den Dossier këmmert, fir direkt en Uspriechpartner ze hunn wann ee sech wëll abréngen.
Eis extern Kommunikatioun muss och verbessert ginn. Et ass dëst zwar keng nei Erkenntnis, mee mäer mussen di nei digital Medien besser notzen ewéi bis elo. Dofier wëlle mer eis eng Stratégie ginn an awer och di néideg teschnech Moyen’en fir dat ëmzesetzen. En éischte Schratt dohinner wäert eng nei Internetpräsenz sinn déi fir d’Referendumskampagne soll stoen.
An enger zweeter Phase wäerten dann och d’Sektiounen, Ennerorganisatiounen a Bezierker dovunner kënne profitéieren. Besonnesch vill Wäert wëlle mer dorobber leen datt et einfach gett a net wi an der Vergaangenheet sëlleche Formatiounen musse beluecht ginn fir datt d’Sektiounen eens ginn. An Zukunft muss et esou einfach sinn datt e Sektiounssekretär mat séngem Handy eng Foto op sénger Generlaversammlung mecht, an déi da kann direkt mat engem kuerzen Text op säin Internetsite setzen.
***
Ech hunn elo vill iwwert intern an extern Kommunikatioun geschwat, iwwert Organisatoresches asw. Dat alles ass wichteg, mee méi wichteg ass et awer eise politesche Profil ze schäerfen. Dofier hu mer décidéiert der Partei e neien Denkustouss ze ginn. Mäer wëllen niewend eisem Wahlprogramm, deen dacks nëmme kuerzfristeg ausgeluecht ass, also op eng Legislaturperiod kuckt, a niewend eisem Grondsatzprogramm, deen di allgemeng Prinzipie festhällt no deene mäer eis Politik gestallten, doniewt brauche mer nach e Programm dee mëttel- oder laangfristeg ausgeluecht ass.
Mäer wëllen dofier e soug. Sozialistesche Leitfaden opstellen, dee méi wäit kuckt ewéi di nächst Wahléchéance, deen eis awer virun allem och de Bierger soll weisen wuer d’Rees higeet mat de Sozialisten. Wou mäer wëllen datt Lëtzbuerg drun ass an 15, 20 oder nach méi Joren. A wéi de Wee dohinner ausgesäit. Dëst Dokument wëlle mer och fir dat anert Joer virléeen nodeems et méiglechst breed an eiser Partei diskutéiert gouf.
***
Ech sinn dës Woch vun enger Journalistin gefrot ginn op eis Wäerter déi mer als Partei hunn nach der Zäit ugepasst sinn. Et stëmmt, datt enger Zäit ewéi haut, wou den individualismus priméiert, jidereen mol haaptsächlech no sech kuckt, no séngem Portmonni, no sénge Viirdeeler, villäicht sénge Privilegien. An enger Zäit also wou deen eenzelnen sech wëll verwierklechen, do huet eng Partei ewéi eis et schwéier, eng Partei déi sech fir de Kolektiv asetzt, eng Partei déi d’Wuel vun der Allgemengheet an der Virdergronn stellt.
Mee léiw Komerodinnen a Komeroden,
Ech sinn a bleiwen der fester Iwwerzeegung, datt et genee dorunner an eiser Gesellschaft fehlt: Manner just u sech selwer denken mee och no denen anere kucken. Dat ass net en Prinzip vu gëschter, mee dat ass e Prinzip vun haut. Nach nie huet deen exzessiven, onmëneschleche Kapitalismus seng elle Fratz esou däitlech gewisen ewéi den Ament. De Gruew tëschend Aarm a Räich gëtt ëmmer méi grouss. Während sech op de Boursen d’Hänn geriwwe ginn, stinn a Griichenland d’Leit Schlaang bei de Suppenkücken an de Restos du Coeur.
An a Propos Griichenland, hei muss ech nach eng Klamer opmaachen: Wat gouf do de Bierger virun de Wahlen net alles versprach. Verspriechen déi net kënne gehale ginn, wäit ewech vun der Realitéit. 20 Milliarden Euro sollten verdeelt ginn ënnert de Griichen. Wat gouf bis elo verdeelt? Iwwerhapt näischt. Sie haten och versprach, d’Kreditvertreeg mat der EU ze zerrappen a wat ass geschitt? Se hu nei Krediter opgeholl. Dat eenzegt wat di Lenk a Griichenland bis elo fäerdeg bruecht hunn, ass datt d’Troika net méi Troika heescht, mee elo vun den Institutiounen geschwat gett. Hei gouf also just d’Etiquett getosch. Bei aller Sympathie déi och ech hunn fir déi di a Griechenland wëllen datt sech eppes äennert, dat ass net déi Zort Politik déi mäer als Sozialiste wëllen. Eis Partei steet fir eng realistesch Politik, mäer schmieren d’Leit net un! Klamer zou!
Wéi gesot: Et gëtt zwar ëmmer méi Räichtum geschafen mee e gett och ëmmer manner gerecht verdeelt. Während déi Räich ëmmer méi Räich ginn, ginn déi aarm zu ëmmer méi villen. Dat ass wouer op der ganzer Welt, an och zu Lëtzebuerg. Als Partei déi an der Regierung ass, si mer derzou verpflicht all eist Bescht ze maachen fir dem entgéint ze wierken. E grousse Problem an der Sozialpolitik zu lëtzebuerg ass net, datt mer en ze niddrege Mindestloun hätten, oder datt mer net genuch Sozialtransfert’en hätten. Et ass d’Wunnen dat de Leit e Lach an de Portmonni frësst.
Eis Regierung ass ugetrueden fir hei Remedur ze schafen, wat schwéier gëtt, doriwwer si mer eis alleguerten eens. Allerdings vermëssen ech hei awer och dee konsquenten Asatz. Zanter iwwer 15 Méint läit z.B. elo e Projet de Loi iwwer eng Subventioun beim Loyer um Dësch an et gëtt héich Zäit datt dëse Projet elo endlech ëmgesat gëtt. Ech fuerderen dofier eis Leit an der Regierung op, och wann si net dee Ressort hunn, fir sou séier wéi méiglech dëst wichtegt Gesetz op di politesch Agenda ze huelen. Et ass genee mat esou Moossnahmen wéi mer de Gruew tëschend Aarm a Räich e stéckelche méi kleng kréien. Et ass bei esou Themen wou di sozialistesch Bedeelegung un der Regierung erkennbar muss ginn.
Iwwerhaapt ass et fir mech, an dat koum jo och an de Consultatiounen mat eise Memberen eraus, eminent wichteg datt eis Partei dobaussen erëm wouer geholl gëtt als déi Partei déi fir sozial Gerechtegkeet steet. Et ass op dësen, de sozialen Themen wou d’Leit eis erwaarden. Mee wéi gesot ass dat schwéier an Zäite vum Individualismus, Egoismus, an Zäiten och wou manner Suen do si fir ze verdeelen. Märe représentéieren zwar net eng politesch Majoritéit hei am Land, mee dat heescht awer net datt mäer eleng do stinn: mäer mussen eis Relatiounen mat de Gewerkschafte verbesseren. Hei muss méi Austausch geschéien, wann och informell.
Et ass nëmmen zesummen wou d’Gauche kann eppes bewegen, dat war an der Vergaangenheet esou an dat ass och haut nach wouer!
***
Ech hunn iech elo probéiert ze weisen wou eisen interne Reformprozess drun ass an der Partei. Et gi vill Effort’en gemeet, an dach, kann eis dat alles nëmme geléngen wa jidereen an der Partei matmécht, wa mer zesummen halen. Ech giff mer dofier wënschen datt mer di immens positiv Enegie déi mer an de Consultatiounen mat eiser Basis gespuert hunn elo och beim Ëmsetzen vu verschiddene Moossnahmen kéinte mat eriwwerhuelen. Et ass nëmmen zesumme wou mer eppes kënnen erreechen, dat kënnen déi “aus der Stad” net eleng, do gëtt all eenzlene Member gebaucht an ech sinn iwwerzeegt datt mer do kënne op iech zielen!
Ech soen iech Merci!