YvesCruchten.lu

Ried zum Pot du nouvel An 2015

foto_pot2015

Wëllkomm op dem Neijooschpatt vun der LSAP.  Elo am Ukank schon läit e Schied iwwert dem neie Joer 2015. D’Evenementer virun enger Woch zu Paräis hunn eis all betraffe gemeet. Mäer si net nëmmen schockéiert iwwer d’Brutalitéit vun der Dot, mee mäer si virun allem schockéiert iwwert d’Beweggrënn an d’Symbolik vun dësen Attentater.

Eng Attak, net nëmmen op d’Meenungs- a Pressefräiheet, mee och eng Attak op eis Gesellschaft, op eis Wäerter op eis Manéier zesummen ze liewen.

Mäer si betraff a schockéiert, mee mäer sinn awer och houfreg op d’Reaktioun. Op zu Paräis, Berlin oder och hei zu Lëtzebuerg huet di spontan Reaktioun vu ganz ville Leit bewisen datt eis Gesellschaft nach intakt ass, datt mer astinn fir eis Wäerter speziell d‘Demokratie an datt mer eis net ausernaner rappe loossen vun e puer Fanatiker. Dëse Fanatiker an hierem Haass, setze mäer alleguerten Matgefill, Toleranz a Bridderlechkeet géintiwwer. Et war e staarkt Zeechen dat mäer alleguerten an esou engem traurege Moment gesat hunn an dat verdéngt eise grousse Respekt!

Et gëllt awer och elo, an der Zäit duerno, Uecht ze ginn. Net einfach esou zum Alldag zréckzekommen. Mäer liewen zu Lëtzebuerg an an Europa a Fridden, mäer sinn Tolerant a mäer si fräi. Mäer si fräi ze ze denken an ze soen wat mer denken. Allesdat schenken mäer och denen déi bei eis kommen, mäer erwaarden allerdings och vun ALLEN déi hei wunnen datt se dat akzepztéieren a respektéieren. A mäer wëllen eis vu KENGEM virschreiwe loossen iwwert wat mer an Zukunft nach laachen oder schwäetze kënnen an iwwert wat net.

Mäer hale fest um traditionelle Rendez-vous vum Neijooschpatt, wou mer probéieren e Réckbléck op dat vergaangend Joer ze maachen an en Ausbléck op dat neit Joer ze geheien.

2014 war fir eis Partei esouwuel e gudd Joer ewéi och e schlecht Joer. E gudd Joer, well mer eng ganz Rëtsch vu Politiken konnten ëmsetzen an der Regierung grad ewéi an der Chamber. Duerch Reformen an der Gesellschaftspolitik konnte mer eist Land e Stéck méi gerecht maachen, mam Staatsbudget a mam Zukunftspak hu mer de Wee virgezeechent wéi mer eis Staatsfinanzen erëm an de Grëff kréien a soumadden den zukünftege Generatiounen hier Chancen net verbauen.

Et war fir eis Partei awer och e schlecht Joer. Wa mer zejoerts hei um Patt nach ganz zouversiichtlech waren fir d’Europawahlen, sou huet äis eist Resultat awer erféiert. Nët dowéinst, mee och dowéinst, war et di richteg Entscheedung vun der neier Parteiféierung fir e breeden Debat an eiser Partei ze féieren. En Debat deen op alle Niveau’en gefouert gouf. En seriösen Debat, wou mer eis d’Wourecht gesot hunn, ongeschminkt. Dofir awer fair a komerodschaftlech. Ech hunn all di Wochen a Méint bei dene ville Gespréicher ëmmer d’Gefill gehat datt jidereengem dru geleeë war eis Partei ze stärken, net ze schwächen, Léisungen virzeschloen a net nëmmen ze polémiséieren.

Verschiddener dobaussen waren wuel och enttäuscht datt mer eis net d’Käpp ageschloen hunn. Ech bleiwen derbäi datt et richteg war, dës Diskussiounen an der Partei ze féieren, an sie wäerten eis och nach eng Zäitche laang begleeden.

D’Conclusiounen vun dem Debat waren eng kritesch Bestandsopnahm, déi an engem Pabeier zesummegefaast gouf an di nei Parteileitung huet sech mat dem néidege Seriö mat dësem Pabeier ausernaner gesat. Et duerf awer net bei gudden Virsätz bleiwen, mäer sinn elo och opgefuerdert eppes ze ënnerhuelen. An dat maache mer!

An hierer läschter Sëtzung huet d‘Parteileitung direkt 12 Decisioune geholl fir eist parteiinternt Funktionnéieren ze verbesseren, eis Kommunikatioun mi professionnell ze maachen an och d‘Profil vun eiser Partei ze schärfen. Dat ass lo séier gesot, mee do stécht vill Aarbecht dran. Zemoolst wa mer wëllen datt mer wouer geholl ginn als Partei déi fir d’Sozial Gerechtegkeet steet a fir de Fortschrëtt.

Jo mäer sollen eist Profil schäerfen, mee mäer brauchen eis kee neit Profil sichen ze goen. Mäer musse kloer maachen, datt wéi de Komerod Maacke Marcel et läscht Woch zu Merzeg um Bezierkskongress sot, datt mir d’original sinn! An datt mir eis vu KENGEM brauche Lektiounen gefalen ze loossen! Dofier musse mer vun eiser Politik schwätzen, dofier musse mer den Effort maachen a bei d’Bierger goen, erklären, explizéieren, iwwerzeegen! Mäer däerfen eis net dorbobber verloossen datt eis Iddien, eis Meenungen vu jiderengem dirket verstanen a gedeelt ginn. Eis Virstellungen musse mer aktiv promouvéieren.

Eng éischt Geleenheet fir dat ze maachen ass schon di aner Woch, wou eis Mandatären, aus der Regierung an aus der Chamber op 4 regionale Konferenzen de Leit Ried an Aentwert stinn. Ech hoffen datt vill Parteimemberen dovunner profitéieren a mat hirer Präsenz dozou bäidroen datt dës Effort’en sech och lounen. Eise Mandatäre wëll ech op dëser Plaz soen datt mer äech méi dacks wëlle gesinn, an dene nächste Wochen op eise Generalversammlungen awer och duerno!

Eis alleguerten wëll ech nach dat heite soen: Eist Handelen, ob op lokalem, nationalem, oder europäesche Plang muss erkennbar sinn als en Asatz fir méi Gerechtegkeet, fir dat Sozialt, fir eng zukunftsorientéiert Politik. Mäer brauchen eis net ze schummen datt mer et fäerdeg bruecht hunn, och mat engem liberale Koalitiounspartner, den Indexmechanismus rëm integral hierzestellen. Mäer brauchen eis net ze schummen datt mer de Grëff an d’Sozialkeese verhënnert hunn. Mäer brauchen eis net ze schummen, datt mer an däer ganzer Zäit a bei alle Mesuren dofier gesuergt hunn datt déi Schwächst aus eiser Gesellschaft verschount bleiwen. Mäer brauchen eis net ze schummen datt mer en Accord fonnd hu mat de Gewerkschaften an duerno och mat dem Patronat. Mee mäer mussen et och soen! Zemoolst wëll dat alles net selbstverständlech ass. An ech huelen un datt de Claude an och den Etienne elo nach méi am Detail wäerten dorobber agoen.

En anere ganz wichtege Rendez-vous an dësem Joer gett awer sécherlech de Referendum vum 7. Juni. Hei gëtt eis Partei ingesamt gefuerdert an all eenzelne Member matderbäi.

Et geet nämlech ëm méi ewéi just déi puer Froen déi mer de Bierger wëlle stellen, et geet drëms en Debat ze féieren iwwert eis Gesellschaft an iwwert d’Zesummeliewen an eiser Gesellschaft. Wéi wëlle mäer Sozialisten datt d’Liewen am Lëtzebuerger Land funktionnéiert? Wéi wëlle mäer verhënneren datt eis Gesellschaft sech spléckt? Wéi maache mer eist Land méi demokratesch? Dir gesidd, datt et hei ëm Wesentleches geet an ech maachen dofier dee ganz waarmen Appel un eis Memberen, eis Sektiounen an Ënnerorganisatiounen, bei dëser Kampagne eng käfteg Hand matunzepaken, sech an ze mëschen an d’Diskussiounen.

Mäer zielen op äech!

Dëst gesot, wënschen ech eis alleguerten e gudd a schéint neit Joer, datt all eis Erwaardungen erfëllt ginn, datt mer monter bleiwen a weiderhinn all zesumme stinn, fir eis Partei a fir eist Lëtzebuerger Land!

Have your say