En huet et nees fäerdeg bruecht, eise Premier. Zanter hien en Dënschdeg d’Diskussioun eleng op den Index focusséiert huet, mengt e groussen Deel vun de Lëtzebuerger, datt mat enger Modulatioun oder engem Aussetzen vum Index d’Staatsfinanzen kéinte “gerett” ginn.
Dat ass awer falsch !
E komplett Aussetzen ging dem Staat ronn 125 Milliounen Euro abréngen. Do komme natierlech iwwer d’Steieren e groussen Deel zréck an d’Staatskeess. Och duerch dee méi héije Konsum kënnt via TVA en Deel zréck bei de Papa Staat. Giffe mer och nach den ëffentlechen Transport gratis maachen (wat ech nach ëmmer als eng gudd Iddi ugesinn), da giff de Staat op weider 50 Millioune verzichten. Vun denen 125 Milliounen bleiwt also net méi vill iwwreg fir Staat, deen sech awer e Spuerziel vu 900 Milliounen Euro (iwwer 2 Joer) gesat huet.
Et ass also kloer datt mer duerch dem Premier séng Virschléi zum Index, eis Staatsfinanzen NET an de Grëff kréien. Parconter, ass dat doten en direkte Kado fir d’Patronat a soss näischt!
Zum Plafonnéiere vum Index
Eng Iddi déi ëmmer neess vum Patronat kënnt ass ze soen : den Index ass net sozial, wëll dee mat der décker Pei méi dovunner huet ewéi dee mat däer klenger Pei. Dofier musse mer den Index plafonnéieren (zB op 2 mol de Mindestloun).
Dat klengt op den éischte Bléck richteg, ass et awer net !
- Den Index ass net agefouert ginn fir Sozialgerechtegkeet anzeféieren. En ass a bleiwt en Instrument fir den Ausgläich zu der Präissdeirecht. Fir di Sozialgerechtegkeet ze garantéieren hu mer eng progressiv Steiertabell zu Lëtzebuerg !
- Den Index ass déi eenzeg Lounopbesserung fir ganz vill Leit, déi hei zu Lëtzebuerg NET ënnert e Kollektivvertrag falen. An och déi di d’Chance hunn e Kollektivvertrag ze hunn kruten an der Läscht allzedacks vum Patronat Nullronnen opgedréckt mam Argument, datt sie jo nach ëmmer de vollen Index kriiten.
- Et stéiert kee Mënsch wann tëschend de Gewerkschaften an dem Patronat eng generell Lounopbesserung ausgehandelt get déi a Prozenter ausgedréckt ass a net an Euro. Et reegt sech jo och keen op wann an der Fonction Publique de Punktwäert eropgesat get, do kritt deen am Grade 13 och méi wéi deen am Grade 4.
- Den Index ass besteiert, dh : wien vill verdéngt an also méi duerch eng Indextranche huet, muss och prozentual méi dovunner zréckginn. E Mindestlounempfänger ka Netto quasi de ganzen Index halen, also 36 Euro (well e kaum Steiere bezillt), während dien deen zB 2 xol de Mindestloun huet, vun denen 84 Euro der nees 31 Euro muss zréck ginn a Form vu Steieren e behällt also just 53 Euro. (Beispill : Célibataire)
A méngen An soll den Index effektiv aus der aktueller Diskussioun erausgehale ginn. Fir mech stellt den Index de Pendant zu all denen anere Mesuren duer, wéi Steiererhéijungen, Opssplécken vum Ajustement etc. Mat dem Spuerpak vun der Regierung get enger Partie Leit déiw an d’Täsch gegraff, den Index kéint dat zum Deel awer neess offierderen.
D’Gewerkschaften hunn zu Recht erkannt, datt hei einfach d’Geleenheet ergraff get fir datt endlech um Index ka gefréckelt ginn, sou wéi d’Patronat dat zanter 30 Joer wëll. Wann de Premier sech iwwer de Gewerkschaften hier stur Haltung beklot an der Fro vum Index, da muss een him de Ball och zréckschéissen a froen: Firwat Här Staatsminister behaapt dir Iech da grad sou stur drop fir den Index ofzeänneren ?
Wann gefaart get, datt iergendwann d’Petrolspräisser explodéieren, da soll een dat Eescht huelen an an dem Fall och kënne réagéieren, d’Regierung, zesumme mat alle Sozialpartner. Mee elo eleng di Prophezeihungen ze gebrauchen fir den Index ze kappen ass falsch: wéi dacks krute mer well virgerechent, datt de Petrolspräiss ging iwwer 200$ de Barrel klammen, an nawell ass et net geschidd ?
Den Index huet e Wäert deen ee net kann an Euro ausdrécken. Den Index huet an dene läschten 30 Joer de soziale Fridden zu Lëtzebuerg garantéiert, kommt mer maachen dat elo net futti !
Ergänzung: (hat ech vergiess ze posten)
Natierlech profitéieren vum plafonnéierten Index haaptsächlech d’Banken ! Kleng Betriiber, Industrie oder Handwierksbetriiber hu séier wéineg dovunner wëll kaum ee bei hinnen den duebele Mindestloun kritt…
———————————————————————
(30.4.2010)

Just zur Informatioun: et däerf net wonneren datt 73% mat engem Plafonnéieren daccord sinn, schliesslech leien 71% vun de Paien ënnert dem Plafong.
Eeng aner intressant Zuel: 55% vun de Salarié’en huee KEE Kollektivvertrag, dh: kréien just eppes weider an der Pei wann den Index klëmmt (oder de Patron hinnen et gudd wëll)


Dës 2 Tableau’en beweisen zwar näischt, loossen een awer nodenken doriwwer, wien da lo mat däer Propose vum Plafonnéieren bei 2x de Mindestloun, eppes dovunner huet….
9 comments
Stevek_83 - 29/04/2010 10:26
Tiptop dat doten. Den Index muss einfach integral weider bestoen fir datt mir eben net all puer Méint e Streik an iergendengem Secteur hunn.
Mir muss awer nach een erklären firwat d’ Tripartite um Thema Index hänkebliwwen ass. D’Gewerkschaften hu vun Ufank un hiere point de vue an der Fro kloer gemach. Firwat brauch een dann 5 Setzungen fir zu deser Feststellung ze kommen? Do haett ee schon no der éischter Entrevue misse soen: Komm mir klammeren dese Punkt aus a schwätzen iwwert de Rescht vun de Proposen. Ech fannen d’Resultat pénibel fir eis Regierung, datt se sech op dem Thema verbass huet a lo mat eidele Hänn aus de Verhandlunge kënnt.
En plus sinn di Aspuernisser vun +- 150 Mio. nach weit eweg vum Geplangte Spuerziel 1 Milliard €.
yves.cruchten - 29/04/2010 10:51
Zalü Steve,
An denen éischte Ronnen ass net iwwer den Index an iwwer d’Spuermesuren riets gaangen, mee iwwer den Aarbechtsmaart an iwwer d’Kompetitivitéit. D’Index Discussioun gouf och réischt zum Schluss vum Premier lancéiert. D’LSAP hat nämlech um Kongress am Mäerz décidéiert, datt den Index net dierft mat an de Pak kommen.
Albert Schmit - 29/04/2010 13:21
[quote]1.Den Index ass net agefouert ginn fir Sozialgerechtegkeet anzeféieren. En ass a bleiwt en Instrument fir den Ausgläich zu der Präissdeirecht. Fir di Sozialgerechtegkeet ze garantéieren hu mer eng progressiv Steiertabell zu Lëtzebuerg ![/quote]
Schein a gudd, ausser dass dei besserverdengend Leit net sozial benoodeelegt sin an dofir och an deser Situatioun kee Besoin do as fir op sie besonnesch Ruecksicht ze huelen as.
Sozial Gerechtegkeet huet als Zweck d’Scheier teschend Aarm a Raich ze verrengeren, an deems dei Raich mei Besteiert gin an dei Aaarm mei gehollef kreien.
Sozial Gerechtegkeet heescht net deenen Raichen dei selwecht Konditiounen wei deenen Aarmen unzebidden, daat as dach Konterproduktiv!
[quote]2.Den Index ass déi eenzeg Lounopbesserung fir ganz vill Leit, déi hei zu Lëtzebuerg NET ënnert e Kollektivvertrag falen. An och déi di d’Chance hunn e Kollektivvertrag ze hunn kruten an der Läscht allzedacks vum Patronat Nullronnen opgedréckt mam Argument, datt sie jo nach ëmmer de vollen Index kriiten.[/quote]
Doofir soll een d’Indexbonificatioun op x% vum Mindestloun instaureieren. Esou kritt all Mensch en deel vun der Indextranche, ausser dass et net mei zu laecherlechen Deformatiounen bei den Besserverdengenden kennt.
[quote]3.Et stéiert kee Mënsch wann tëschend de Gewerkschaften an dem Patronat eng generell Lounopbesserung ausgehandelt get déi a Prozenter ausgedréckt ass a net an Euro. Et reegt sech jo och keen op wann an der Fonction Publique de Punktwäert eropgesat get, do kritt deen am Grade 13 och méi wéi deen am Grade 4.[/quote]
Daat as normalerweis och Schein a Gudd, ausser dass elo anscheinend jo mus gespuert gin. Doduerch entsteet eng eemoleg Chance den Index Sozialgerecht ze modifizeieren ouni dass dei Aarm dorenner leiden mussen.
Anscheinend as d’LSAP genee wei d’CSV jo incapabel fir op aaneren Plaatzen Geld ze spueren. Do faellt mir direkt mol den laecherlechen Militaerairbus an, an dei degoutant Compliciteit an der Occupatioun vun Afghanistan. Dei Ausgaben sin jo anscheinend helleg, dofir soll d’Vollek mei berappen.
yves.cruchten - 29/04/2010 13:36
Merci Albert fir déng intressant Iwwerléungen.
Iwwer den Airbus kënne mer roueg streiden, ech mengen do wäre mäer zwee eis séier eens! Leider hëlleft dat net eise Staatsdefizit an de Grëff ze kréien…
Bei dénge Virschléi solls de net vergiessen, datt och déi, di net um SSM bezuelt ginn, mee di hier Pei ausgehandelt hunn als eenzeg Lounverbesserung den Index kréien…
Och stellt d’Plaffonnéieren e weidere Problem: Du hëffs lues a lues dien deen ënnert dem Plafong läit erop op d’Pei vun deem dee just driwwer läit…
Ech bleiwen dobäi, datt di beschte Manéier fir di sozial Gerechtegkeet ze garantéieren, iwwer d’Steiere geet.
Ech weess awer och datt et gudd klengt wann ee vun engem “sozialen Index” schwätzt… a Wierklechkeet ass dat awer just e Gefalen fir d’Patron’en.
Albert Schmit - 29/04/2010 14:32
Den Staatsdefizit kritt een an den Greff an deems een d’Depensen limiteiert. Daat waeren Depensen gewiecht dei kengem Materiellen Schued geifen undoen, am Geigensaatz zu deenen dei an der Tripartite proposeiert goufen.
Ausserdem, bei engem Plafong vum Index geiffen jhiddereen nach emmer eng erheighung vun der Pei kreien, dei dei daat Geld am meeschten brauchen kreien de volle Betraag a %, dei daat Geld manner neideg hun kreien nach eng somme fixe. Fin de compte as mei Geld do.
Wann een den Plafong esou fixeiert dass et gerecht as (ech hun bewosst keng Zuelebeispiller gennant well ech keen Material do hun fir seier eng Propose zesummenzewerfen), dann as et jo net weider schlemm wann een deen X Euro verdengt jhust nach X+Y kritt an net mei X+2,5%.
Leit mat engem gewessenen Akommes leiden net mei ennert der Praisdeirecht wei Leit dei hier Ausgaben genau mussen berechnen fir iwwert d’Ronnen ze kommen.
Sozial Gerechtegkeet geet net nemmen iwwert d’Steieren, dei anscheinend souwiesou keen mei op en rentablen Niveau well hiewen. Et muss och eng Emverdeelung do sin, an eng Befirdeelegung vun den sozial Schwaachen. Soss as den Ausdrock ‘sozial Gerechtegkeet’ jhust waarm Loft.
yves.cruchten - 29/04/2010 16:17
Léiwen Albert,
Wéi ech probéiert hunn a méngem Artikel duerzeléen, get kaum eppes mat dem Index beim Staat gespuert !!! (dofier awer bei den Entreprisen a bei de Banken)
Et ass d’Leit fir domm verkaf wann haut gemaach get wéi wa mer eis all di aner “Greueltaten” kéinte spueren wa mer den Index gingen aussetzen.
D’CSV ass evtl. bereed d’Kierzung vum Congé Parental (vu 6 op 4 Méint) zréckzezéiehen falls den Index ging ofgeännert ginn…. de Rescht ging bestoe bleiwen…
Loost äech do net op d’An drécken !!!!!!
Marion Muller - 29/04/2010 22:43
zum Index:
ech gin dem Albert Schmit recht wann hien schriewt dat den Index fir vill leit am Privatsektor déi eenzeg Méiglechkeet ass iwerhaapt eng Erhéigung vun hirem Akommes ze ereechenan domat wéinstens unm Niveau bleiwen fir nit manner am Portemonni ze hunduerch Deirecht déi zenter Joeren an d’Luut geet..
et wär gerecht wann giddfereen de selwechten Montant géif kréien! et geet jo nit dat dëck Peien nit nëmmen méi kréien fir Deirecht vum Indexkuerv opzefänken mä dann och fir den Luxus ze erhaalen! ech stin nit eleng mat menger Meenung do!
yves.cruchten - 30/04/2010 08:25
Zalü Marion,
Effektiv stees du net eleng do mat däer Meenung. (dat wëllt awer net heeschen datt een enger Majoiréit ëmmer muss Recht ginn) Wéi ech well geschriwwen hunn, gesäit sech dat jo och op den 1. Bléck verstänneg un.
E puer Froen dierften awer nach beäntwert ginn:
1. Firwat maache mäer déi Index-Ofännerungen ELO wann et weder dem Staat vill Suen aspuert, nach dene klenge Betriiber hëllëft (wéi een Aarbechter verdéngt schon 3.400 Euro)?
2. Wat maache mer wann 2013 décidéiert get, lo läit de Plafong bei 1x de Mindestloun ? etc…
3. Wat maachen déi Leit, déi hiere Salaire ausgehandelt hunn an als eenzeg Lounopbesserung den Index matageplangt haten ? (dat sinn eventuell och méi déck Peien)
4. Wat maache mer mat de Kollektivvertreeg déi ALL an der Logik vum Index ausgehandelt goufen ? Ginn déi lo all frësch verhandelt ? A wa jo: réckwierkend ?
5. Wiem nëtzt dat ganzt ?
Ech bleiwen der Iwwerzeegung, datt eng Ofännerung vum Index nëmmen a ganz aussergewéinleche Situatiounen erfuerdert ass, wann zB d’Wirtschaft d’Baach a geet (am Ablack ass se éischter amgaangen sech lues z’erhuelen).
Mäer sollte Versteesdemech weisen fir den Entreprisen hier Problemer, mee hei get der Pandora hier Këscht opgemeet an et ka KEEN eis soen wat herno nach do dran ass…
Mike Hansen - 30/04/2010 11:06
Ausserdeem ass d corélation zweschend hausse vum index an d hausse des prix net wiederluecht gin – an theorie ass den index inflationiste (seet der all ecos professor) mee en pratique kann dat net fir Letzebuerg bewissen kinn… soss missten mer jo hei vill mei een heigen taux d inflation hun
Dem Juncker seng propose ass net sozial gerecht well hien verkeeft den leit sain sozialen index op een salaire brut vun 3300-3400 (norechnen) euro mee wann een do d primen an den ganzen gedeesems raushellt dann kennt een op een brut – net vun erm dei 2400-2600 euro (muss flait een norechnen 🙂 [dest ass keen nonsense – ech hun all daag mat paien ze din]
Des huet och zur Konsequenz dat d Inegaliteiten an den PME’en an d Luet gin – do leihen d salairen an deier doten heicht jo mei no beieneen. Deen een get indexeiert an den Kollege net…
grad den Index huet den Wirtschaftstandort an all PESTEL analyse interessant gemach well en d Sopzialklima verbessert huet.
well och nemmen unmirken dat den index an der kompetitiviteit debatte een facteur mineur ass – well do spillen och nach ganz aaner facteuren!
Mee bon dozou kann een nach stonnen debateiren well dei anschneidung vum JCJ geet nach vill mei weit. An vun wou dei fuerderungen asw hirkommen (ECB , BCL oder Patronat)
PS et freet mech awer dat den Juncker den Programm vun der LSAP kennt mam gratis oeffentlechen Transport (ps doriwer kann een och nach vill an senger propose streiden)