YvesCruchten.lu

Wien huet Intressi u Neiwalen ?

Dëst ass d’Fro di ech mer stellen zanter ech haut de Leitartikel vum Marc Gelesener am Wort gelies hunn. A kenger anerer Zeitung geet sou kloer Riets vu méigleche Neiwalen wéi am Wort. Wat fir en Intressi huet d’Wort fir dat ze maachen ?

Hätte mäer elo Neiwalen, ass d’Wort sech esou sécher datt hier CSV dee Mätsch ging maachen ouni Plommen ze loossen? Do wär ech mer net sou sécher.

Neiwale giff zwar bedeiten, datt all d’Parteien endlech misste Faarw bekennen (och déi an der Oppositioun) an de Wieler soen wou si da giffe spueren. Mee et giff awer och bedeiten, datt an der CSV verschidde Leit sech misste kloer bekennen… Wou sinn dann di Häre Spautz, Weber a Kaes vun der CSV-Gewerkschaft ?  Déi hale sech am Moment zimlech roueg, nee?

Ech denken also datt weder d’CSV, nach hiert Wort Intressi hätten u Neiwalen. Wahrscheinlech geet et just drëms virun deem klenge Koalitiounspartner d’Muskele spillen ze loossen, nom Motto: “Passt op! mäer brauchen äech net !”. (mee dat impressionnéiert awer net besonnech)

Bei eppes huet de Marc Glesener awer vollkomme Recht: Et ka net sinn, datt um Enn just der LSAP hier Parteibasis kann iwwer d’Reformen ofstëmmen wat u sech normal ass fir eng Partei déi sech selwer an hier Memberen Eescht hëllt. Et ass nämlech effektiv Schued, datt d’CSV net de Courage huet fir dës Spuermoossnahmen hiere Memberen zur Ofstëmmung virzeléen, et ass och Schued, datt di Gring Parteibasis eréischt am Summer gefrot get wann alles erlaanscht ass an et ass effektiv Schued, datt d’DP hier Iddien léiwer bei méi oder manner anonym Lieserbréiwschreiwer siche geet ewéi hier eege Membren ze froen…

2 comments

  1. Joël - 18/04/2010 11:28

    Momentan gesäit et awer esou aus, wéi wann déi Partei, déi AARBECHTER an SOZIALISTESCH am Numm huet, een relativ konzeptlose Veräin wier, deen an de Koalitiounsverhandlungen gutt iwwert den Dësch gezunn gi wier an elo näischt ze radetten huet. An dem Sënn: Austauschbar.

    Du bass zimlech gutt doranner, géint d’DP an déi Gréng ze fachen, mä wat d’LSAP bei dem ganzen Prozess bis elo guddes am Sënn vun den Aarbechter am Sozialismus gemaach huet, verschweigs du awer. Do kennen är Memberen och nach esouvill doriwwer ofstëmmen, wann nëmmen wirtschaftsliberale Bräi eraus kennt, dann stemmt am Beschten och nach doriwwer of, fir den S an den A aus dem Numm ze huelen – dat wier ob mannst éierlech.

  2. yves.cruchten - 19/04/2010 07:14

    Zalü Joël,
    Ech deelen hei net deng Meenung. Ech denke schon datt d’LSAP an de läschten Deeg Profil gewisen huet. Op eisem Kongress zu Roodt/Syr huet d’Partei hier Limiten définiéiert wat mat hir ze maachen ass a wat net a Fro kënnt.
    Ech hu keng aner Partei héieren sou kloer schwätzen. Och net déi vum ganz lénke Bord, déi soen eis jo och just wou NET däerf gespuert ginn…
    Da froen ech mech nach ass et net grad sozial an zum Schutz vum Aarbechter wann d’LSAP seet:
    – datt d’Familljen net sou vill belaascht solle ginn;
    – datt den Index net dierf a Fro gestallt ginn
    – an datt d’Banken musse méi staark an d’Verantwortung gezu ginn (Stéchwuert Bankesteier)?

    Net dacks huet d’LSAP an der Regierung sou staark der CSV d’Stier gebueden wéi haut.

Have your say