YvesCruchten.lu » Yves Cruchten

E bessi Zuelematerial
Nodeems d’Lëscht vun der LSAP am Süden steet, ass et villäit héich Zäit, sech e puer Gedanken ze maachen iwwer der LSAP hiert d’Walresultat vun 2004:

Eng 1. kéier hu sech di Roud missten am Süden geschloe ginn:

LSAP 32,25%  – CSV 35,60%

Der LSAP hunn 54.141 Stëmmen op d’CSV gefehlt.

Dësen Ecart rëm gudd maachen ass d’Devise vum Südbezierk an d’Lëscht geet och scho mat engem Handicap an d’Walen: Di perséinlech Stëmmen vum Marc Zanussi a vum John Castegnaro fehlen, dat sinn der ëmmerhin 35.222.

Elo ass et awer och intressant ze kucken wou di Stëmme fehlen. Fir dat ze maachen giff ech mer erlaaben de Bezierk Süden an zwee ze deelen, an zwar an de ländleche Raum (speziell am Kanton Kapellen) an den urbane Raum (Kordall, Esch & Raum Diddleng-Betebuerg).

Léisst een di ländlech Gemengen ewech, da fällt engem op datt par rapport zu denen anere groussen Uertschaften am Süden, d’Resultater am Kordall ënnert der Moyenne leien. Effektiv läit d’LSAP an denen anere Gemengen bei iwwer 35% während am Kordall just 31-31,5% errecht ginn.

A Stëmmen ausgedréckt: der LSAP ginn am Kordall bal 15.000 Stëmme verluer…

Dat confirméiert wat ech ewell zanter 5 Joer an der Partei priedegen:

D’LSAP wënnt oder verléiert d’Walen am Kordall !

Wann d’LSAP wëll neess stärkste Partei ginn am Süden, da muss d’Resultat an alle Südgemengen verbessert ginn, awer speziell am Kordall muss geschafft ginn. Et ass kloer datt am Kordall am Ablack di bekannte Perséinlechkeete fehlen, déi Diddleng oder Esch matbréngt. Och kandidéieren dëst Joer nëmmen 3 Kandidaten aus den dräi Kordallsektiounen (2004 waren et der nach 5). Dat ass e kloren Optrag un de Südbezierkscomité fir sech speziell am Südwesten vum Land besser ze positionnéieren an am Walkampf do Akzenter ze setzen.

Mat bal 20.000 Wieler am Kordall, ass et net normal, datt keen LSAP Kandidat et 1999 an 2004 packt huet fir gewielt ze ginn. Op der anerer Säit, bei der CSV an och der DP gouf dat erkannt, si stellen 3 Deputéierten an denen dräi Gemengen.

De Kordall brauch en nei politesch Alternative: et get Problemer an denen 3 Gemengen déi an de läschte Jore net geléist goufen. Op dëse Sujet’en mussen mir Kandidaten aus de Gemengen Péiteng, Déifferdeng a Käerjeng schaffen. Méi iwwer dës Sujet’en an engem spéideren Artikel.

Zuelematerial: www.elections.public.lu

1. Landesmeeschter am Gummistiwwelwäitworf
Nodeems sou lues a lues d’Lëschte vun de Parteie bekannt ginn, fällt op datt dës Kéier neess vill Nimm vu (ex-)Sportler optauchen. Während bei der CSV, d’Tessy Scholtes, bei der DP d’Anne Kremer an de Benoît Joachim nei mat an d’Wale ginn an d’Nancy Kemp-Arend (CSV) an den Eugène Berger (DP) och neess untrieden, kann een sech froen op een iwwerhaapt nach eng Chance huet gewielt ze ginn wann ee selwer keng grouss sportlech Vergaangenheet huet. Datt dat dote funktionnéiert weist och datt esouguer d’Kanner vu bekannte Sportler nach gewielt ginn, gemengt ass hei d’Fabienne Gaul, nei CSV-Deputéierten (oder ass di Damm nach fir eppes anescht bekannt ?).

Wahrscheinlech hätt ech mech net sollen als jonke Mënsch politesch engagéieren, liesen, diskutéieren, lauschteren, mat anere streiden, Sëtzung op Sëtzung, di ganz Fräizäit drop maachen. Wahrscheinlech hätt ech solle méi Sport maachen a kucken fir iergendwéi bekannt ze ginn.

Ech wëll kengem vun dene genannte Kandidaten eppes ënnerstellen, dofier kennen ech se net genuch, a villäit wäerten se eis jo och iwwerraschen. Mee si däerfe sech awer net wonneren wann d’Leit sech froen ob si wéinst hierer Kompetenz oder just wéinst hiere Sportsresultater gewielt ginn. Ass et net och esou datt eng Partei di op bekannte Sportler zreckgräift domadden och agesteet datt si net genuch gudd potenziell Politiker an hiere Reien huet an dofier léiwer bekannte Gesiichter aus dem Sport an d’Course schéckt ?

Ech denke net datt ee muss en Doktoratstitel an der Economie oder an de Siences Po hu fir kënne Politik ze maachen. Eis Gewielten sollten am Beschten eng gudd Mëschung sinn tëschend Männer a Fraen, Beamten an Aarbechter, Direkteren an Employéen, Affekoten, Sportler, Kënschtler, Gewerkschaftler a sozial engagéierte Bierger etc. an esou e Spigelbild vun eiser Gesellschaft duerstellen. D’Fro stellt sech awer op et gudd ass fir eist Land wa bis een Drëttel vun den Deputéierten als eenzege ‘Bagage’ de Sport matbréngen.

Dat alles wäert mech awer net découragéieren !

Déi di mech kennen wëssen datt ech mech mat Häerz a Séil engagéieren. Zu Käerjeng, grad ewéi am Kordall an och fir eist Land. De Walkampf wäert spannend ginn an ech wäert mäi Bescht ginn.

Fir meng Chancen e bessi ze verbesseren hunn ech awer décidéiert fir u menger Karriär als Sportler ze schaffen. Dofier hunn ech gëschter metten ëm 17 Auer de Landesrekord am Gummistiwwelwäitworf gebrach an zwar zu Käerjeng am Park (no laange Recherchen hunn ech erausfonnd datt bis gëschter nach keng Meeschterschaft war). De neie Landesrekord läit elo bei 14 m 33 cm a well bis haut nach nie eng Kompetitioun war, droen ech ganz houfreg den Titel « Landesmeeschter am Gummistiwwelwäitworf 2009 »  an der Kategorie: Mixte- Simple – iwwer 80 Kg*

Elo ass nach ze hoffen datt de “Gummistiwwelwäitworf” endlech zur olympescher Disziplin gemaach get an ech dann an de Nationalkader vum COSL opgeholl ginn. Dann dierft och enger Karriär an der Politik näischt méi am Wee stoen, oder ?

* Et ass och méiglech mech erauszefuerderen, meng Donnéen stinn an der Rubrik « Iwwer mech »

hei di offiziell Reglementer fir d’Disziplin Gummistiwwelwäitworf

ERRATUM (mol eppes onpolitesches)
An der neier Editioun vum ECHO DES COMMUNES, ass en Interview vu mäer dran, an zwar mol eng Kéier net als Politiker mee als Beamten. D’Iddi war fir de Phenomen vun de Relations Publiques am Gemengesecteur e bessi ze beliichten. Op der Couvertüre vun dem Magazin hunn se awer fälschlecherweis drop geschriwwen ech wär de Buergermeeschter… Dobäi hunn ech guer net d’Ambitioun Buergermeeschter zu Stengefort ze ginn  , deen heescht nämlech Guy Pettinger an dee mecht séng Saach wierklech gudd !

Wéinstens steet et richteg am Artikel.

Den Artikel kann een hei noliesen.

Keng Duebel Kandidaturen ???
Et ass jo scho bal e Witz: Am Wort Interview vum 9. Januar félicitéiert de François Biltgen sech, datt vun elo uns keng duebel Kandidature méi gemeet gi bei den Europawalen. Et wär jo e Skandal, datt déi di all di Jore virdru gewielt goufen, nie ugetruede sinn am Europaparlament. Abee, dee gudde Virsatz hat net laang gehalen. De 7.6. schéckt d’CSV alt neess eng Kandidatin an d’Course fir 2 Posten, an zwar d’Madame Reding. Si krut ewell verséchert datt si EU-Kommisarin fir Lëtzebuerg get en plus kandidéiert si fir d’Europaparlement wou si demno nie wäert untrieden.

Eng Stëmm fir d’Madame Reding ass also eng Stëmm fir d’Poubelle !

Dobäi ginn di Walen fir dat europäescht Parlament ëmmer méi wichteg. Di meeschte Gesetzer di mer hei zu Lëtzebuerg stëmmen hunn en europäeschen Uersprong. Dofier ass et wichteg datt mer eis beschte Leit an d’Europaparlement schécken (grad ewéi och an d’Kommissioun). Mäer hu 6 Vertrieder vu 736 (oder 751 Vertrag vu Lissabon). Den Ament stellt di konservativ Fraktioun 288 Deputéierten, d’Sozialdemokraten der 216. Wa mer eis also dacks opreegen iwwer Privatiséierungen, Déreguléierungen, Schwäche vun eisem Aarbechtsrecht, déi vu Bréissel ordonnéiert ginn, dann ass dat virun allem wëll di Hären Berlusconi, Sarkozy a Konsorten di gréisste Fraktioun am Parlament stellen an di meeschte Memberen an der Kommissioun, resp. dem Ministerrot hunn. Mäer mussen eis dofier bewost sinn, datt wa mer d’CSV wielen, domadden och di riets Fraktioun am Parlament stärken.

Eng Stëmm fir d’CSV ass also och eng Stëmm fir de Berlusconi !

Hei nach alternativ Plakater fir den CSV-Walkampf:

René Kollwelter am Feierkrop
Haut liesen ech am Feierkrop en Artikel vum René Kollwelter den sech opreegt, datt d’Parteiexecutive décidéiert hätt de Robert Goebbels zum Spëtzekandidat op eiser Europawallëscht ze maachen. Ech hat dee Bréiw nach net gesinn, mee op alle Fall iert hien sech: Di Décisioun ass NET vun der Parteiexecutive NACH vun der Parteileitung geholl ginn, sou datt et natierlech um Kongress ass ze décidéieren wien Spëtzekandidat get. Ech mengen hien huet do e bessi séier geschoss. On verra de 9. Februar um Europakongress wat eis Militanten dozou soen, well déi hunn do dat läscht Wuert.

De Roude Fuedem
Gëschter gouf den 1. Entworf vun eisem Walprogramm virgestallt. Dëse get elo intensiv mat de Memberen diskutéiert an amendéiert fir um Kongress dann definitiv ugeholl ze ginn. Et ass villes dran an ech hoffen datt och Net-Memberen sech wäerten Zäit huelen fir di eng oder aner Proposen ze maachen. Esou kéint op alle Fall dee Programm just u Kalitéit gewannen.

Ech si mer awer bewosst, datt net vill Leit dee ganze Programm wäerte liesen a léiwer op eng Kuerzfassuung waarden. Mee villäit kënne si och just déi Passage liesen déi se wierklech intresséieren…

De ganze Programm kann een hei als PDF eroflueden.

Bezierkskongress Zentrum: Staark Ried vum Jeannot Krecké
(d´Kandidaten aus dem Zentrum)

De Bezierkskongress huet d´Kandidatelëscht fir den Zentrum ugeholl. mee dat war souwisou nëmmen eng Formalitéit. Wat vill méi erausgestach huet waren di eenzel Rieden. Ech muss soen datt quasi all d’Rieden (vum Alex Bodry, Jean Asselborn, Robert Goebbels, Fernand Schiltz, Mars di Bartolomeo) vun enger aussergewéinlecher Kalitéit waren. Speziell awer dem Jeannot Krecké séng Ried dierft den Delegéierten an Erënnerung bleiwen.

Fräi vun all Zwang, huet de Jeannot net als Regierungsmember, mee als LSAP-Militant geschwat, ouni e Blat virun de mond ze huelen: Et komme schlecht Zäiten op eist Land duer an hien huet probéiert d’Enjeu’en vun de nächste Walen z’emräissen.

Mäer sollen dofier awer net an de Pessimismus verfalen, mee grad mir Sozialisten sinn optimistesch fir d’Zukunft. D’Rezepter si nämlech bekannt: Solidaritéit, Stärke vun eise Sozialsystemer, dem Mënsch Prioritéit ginn virun dem Kapital, dat sinn di traditionnel Politikfelder vun der LSAP. Grad elo ginn d’Sozialiste gebraucht. Grad elo ass et wichteg datt eist Land gefouert get vu Politiker di Häerz a Verstand hunn.

Ech frée mech op dee Walkampf

Iwwregens: ech hu gezielt wéi dacks d’Riedner gesot hunn: “Grad elo“* an zwar net manner wéi 5 mol…

* lies och den Artikel “Mir paken et un”

Mir paken et un…
Sou ass de Slogan deen d’LSAP op der Neijooschdagsreceptioun presentéiert huet. Dëse Slogan ass awer weder vun der Parteileitung, nach der Partei-exekutive ugeholl ginn, sou datt et sech hei just em e provisoresche Slogan handelt a nach net de Slogan fir d’Walkampagne ass. *

Perséinlech fannen ech dee Slogan och net extra gudd.

Wat pake mer un ?

Wat hu mer dann di lescht 5 Joer gemeet ? Hu mer net scho villes ugepak ?

Et spiert een am Ablack eng gewëssen Onrouh bei de Leit. Vill Leit maache sech Suergen iwwer hir Zukunft an déi vun eisem Land. Si si vill méi pessimistesch wéi nach virun 2 Joer (Eurobarometer). SI erwaarde sech vun de Parteien datt dës Aentwerten op hir Suerge ginn. Et sollt och am Slogan vun der LSAP erfirkommen datt d’Sozialisten dat erkannt hunn.

Bei Geleenheet vum Nordbezierkskongress hat ech kuerz mam Robert Goebbels doriwwer riets, den och menger Meenung ass. Hien huet Virgeschloen datt eise Slogan misst sinn: “GRAD ELO d´LSAP !” Ech fannen déi Propose immens gudd a wäert se demnächst an der Parteileitung erareechen.

* An der Presse gouf fälschlecherweis gemengt, MIR PAKEN ET UN wär eise Slogan vun den 2004er Wale gewiescht. Deemools war eise Slogan awer “AM MËTTELPUNKT VUM LIEWEN”. MIR PAKEN ET UN war just op engem Volet vun eiser Affichekampagne ze gesinn.

Kee Versteesdemech fir d’Eva Herman
Firweg geholl: ech war weder op däer Versammlung zu Betzder, nach hunn ech iergend e Buch vun der Madame Herman gelies (ech wäert mech och schwéier hidden). Ech erlaabe mer trotzdem méng Gedanken iwwer dës Veranstaltung néier ze schreiwen.

De Freideg Owend, war op Invitatioun vun der Famill 2000 asbl an der Madame Marie-Josée Frank (CSV), d’Eva Herman zu Betzder invitíert fir iwwer de Wäert vun der Famill ze schwätzen. Fir déi di net wësse sollten wien di Madame ass, hei ee vun hire bekanntesten Zitater :

“Wir müssen den Familien Entlastung und nicht Belastung zumuten und müssen auch ‘ne Gerechtigkeit schaffen zwischen kinderlosen und kinderreichen Familien. Und wir müssen vor allem das Bild der Mutter in Deutschland auch wieder wertschätzen lernen, das leider ja mit dem Nationalsozialismus und der darauf folgenden 68er Bewegung abgeschafft wurde. Mit den 68er wurde damals praktisch alles das – alles, was wir an Werten hatten – es war ‘ne grausame Zeit, das war ein völlig durchgeknallter, hochgefährlicher Politiker, der das deutsche Volk ins Verderben geführt hat, das wissen wir alle – aber es ist damals eben auch das, was gut war – und das sind Werte, das sind Kinder, das sind Mütter, das sind Familien, das ist Zusammenhalt – das wurde abgeschafft. Es durfte nichts mehr stehen bleiben…“

A si war a gudder Gesellschaft: di ganz lëtzebuerger Politpopuliste waren do fir iwwer dëse Sujet hir Meenung zum Beschten ze ginn: dat wieren dann niewt der Madame Frank och di Häre Kartheiser a Mehlen vun der ADR an der AHL.

Am Résumé kann ee festhalen datt sie fannen, d’Frae sollte neess hannert d’Kachdëppen an d’Männer solle schaffe goen. Si hunn e Bild vun der Fra, dat ganz no un dat erukënnt wéi et Ugangs vum leschte Jorhonnert war. (D’Madame Herman referéiert souguer op zb d’Zäit vun 1932-1945)

Et huet mech révoltéiert, wéi ech ech gesinn hunn, datt op dëser Veranstaltung de Feminismus als Uersaach vun “all Iwwel” a speziell de Scheedungen duergestallt gouf. Ech ka net verstoen wéi ee kann hautdesdags esou e Brach vu sech ginn. Nodeems ech mer et nach emol duerch de Kapp goe gelooss hunn sinn ech awer zur Conclusioun komm, datt si et ebe net besser wëssen. Datt si sech wahrscheinlech nach nie mat dem Sujet sou richteg ausernaner gesat hunn. Villäit droen och den een oder anere vun hinnen Scheiklappen wëll se net driwwer ewechkommen datt hir Fra sie verlooss huet resp. méi doheem ze soen huet wéi si…

Natierlech ass et esou datt zanter d’Fraen net nëmmen Rechter um Pabeier hunn, mee och eng Gläichheet am Liewen an an der Gesellschaft ustriewen, et méi Scheedunge get wéi dat nach viru 60 Joer war. Et ass kloer datt Fraen di schaffe ginn net sou ofhängeg vun hierem Partner sinn an et dofier méi liicht hunn, sech vun him ze trennen. Mee ass dat ze verdäiwelen ? Ass dat net besser wéi wann d’Frae vun hiere “Männer” ënnerdréckt ginn a sech net wiere kënnen, well se soss op sech selwer gestallt sinn ?

Ech menge Jo !

Wat eis an der Fro vun der Gläichsstellung vu Fra a Mann nach net gelongen ass, dat ass de géigesäitege Versteesdemech z’entwéckelen. Egal wéi ee Partner d’Kanner erzidd an egal wéi ee vun denen 2 dags iwwer schaffe geet, et kritt een eréischt eng gesond Approche wann een och dem anere séng Situatioun richteg versteed. Dofier ass et wichteg, datt de Congé parental vu ville Männer an Usproch geholl get. Esou kënne sie erkennen mat wat fir engen alldeegleche Problemer een ze kämpfen huet wann ee sech all Dag ëm séng Kanner këmmert. Doriwwer eraus wär et eichteg e richtege Pappecongé anzeféieren (nët nëmmen di 2 Deeg di en haut kritt an rem schaffe geet soubal d’Mamm aus dem Spidol ass), ech wäert dat op alle Fall bei eisem Walprogramm zur Diskussioun bréngen.

A woumadder mer op alle Fall sollen ophalen ass engem e Virworf ze maachen datt e schaffe geet oder doheem bleiwt. Dat soll jidereen fir sech, ouni Drock vun der Gesellschaft, décidéieren.

Dat bessert géigesäitegt Versteesdemech giff eis eng nei Kalitéit bréngen an der Diskussioun vun der Gläichheet tëschend Mann a Fra awer och derzou bäidroen datt manner Leit der “gëllener Zäit” vun den 30er a 40er Joren notraueren…

Referent zu Dippech
Wéi gewosst kënnt et zu Dippech an der Gemeng zu engem Wiessel vun der Majoritéit. Di zwou Parteien LSAP an DP konnten net méi zesummeschaffen mat enger Persoun aus dem Schäfferot. Et ass esou, datt souguer d’DP keen anere Wee fonnd huet wéi dës Persoun aus der Partei auszeschléissen. (méi doriwwer um Max Hahn (DP) sénger Homepage)

Op der Neijooschdagsreceptioun huet d’Sektioun mech gefrot fir e puer Wuert iwwer dës Affär ze verléieren. Ech ka natierlech net iwwer Persoune schwätzen déi ech weder gudd kennen nach mat hinnen ze dinn hunn, dofier hunn ech probéiert e bessi iwwer d’Moral an d’Ethik an der Politik ze schwätzen:

Léiw Komerodinnen,

Léiw Komeroden,

Léiw Leit aus der Gemeng Dippech,

Wéi mech d’Kollegen aus der Sektioun Dippech gefrot hunn fir op hierem Neijooschpatt e puer Wuert ze soen, dunn huet mech dat gefreet an ech war bis viru kuerzem dervun ausgaang datt ech bei dëser Geleenheet kinnt en Ausbléck maachen iwwer dat wat an de nächste Jore wichteg get fir eist Land.

Ech hat mech preparéiert fir iwwer d’Wirtschaftskrise ze schwätzen, iwwer di kleng Leit déi am Meeschte wäerte dervu betraff ginn, ëm dat wat d’Politik kann ënnerhuelen fir hinnen ënnert d’Ärm ze gräifen.

Ech wollt iwwer d’Solidaritéit schwätzen, ee vun de Grondwäerter vu ménger Partei.

Ech wollt iwwer d’Solidaritéit schwätzen, well sie wahrscheinlech an de nächste Wochen a Méint gebraucht get, well sie d’Basis ass vum Zesummenhalt an eiser Gesellschaft

an als eenzeg kann derfier suergen datt et gerecht Liewens- an Aarbechtskonditiounen fir all Mënsch gett.

Mee nodeems wat an de leschte Wochen hei an der Gemeng Dippech geschidd ass, kann ech awer mäi ganzen Discours ewech geheien, ech schwätzen also net iwwer Wirtschaftskrise, iwwer sozialen Zesummenhalt oder iwwer Solidaritéit,

Ech mengen Haut wär et ubruecht e puer Wuert iwwer d’Ethik an iwwer d’Moral an der Politik ze schwätzen.

Et get der jo déi behaapten datt et an der Politik keng Ethik a keng Moral get.

Abee ech si net däer Meenung, ech si kee Fatalist an ech gleewen drun datt laangfristeg nëmmen Eierlechkeet ka Bestand hunn an der Politik an Eierlechkeet kann ee net vun der Moral trennen

D’Viraussetzung fir d’Moral an der Politik, ass datt et iwwert der Politik e Gewësse get.

E Gewëssen dat een drun erënnert firwat ee Politik mecht.

E Gewëssen dat engem seet datt een sech an der Politik fir d’éischt emol fir di aner asetzt a net fir sech selwer.

E Gewëssen dat een zu Eierlechkeet verpflicht, vav vu sech selwer, vav vun de Bierger déi ee vertrëtt an och vav vun den Engagementer déi e geholl huet.

Hei an der Gemeng sinn Engagementer gebrach ginn.

Eng Majoritéit huet sech no de Wale fonnd an et gouf en ambitiése Projet opgestallt fir di nächst 6 Joer. Nodeems de Projet stoung gouf och gekuckt wien soll Verantwortung iwwerhuelen fir dat ze réaliséiern wat sech virgeholl gouf.

Et war also kloer an der Gemeng Dippech wien wat ging maachen.

Et ass Schued, datt elo net méi d’Projet’en am Virdergronnd stinn, mee d’Persounen. Et ass Schued, datt eenzelner hir eege politesch Karriär virun d’Wuel vun der Allgemengheet stellen. Et ass Schued, datt eenzelner net méi wäit kucken wéi hir eege Nues.

Dir hudd géint ären eegene Budget gestëmmt.

Dat klengt op den éischte Bléck absurd, mee wann ee méi genee kuckt, dat gesäit een datt Dir Moral bewisen hudd. Dir hudd bewisen datt et nach eng Ethik get, och an der Politik.

Datt Dir net bereed sidd egal wat fir e Präiss ze bezuelen fir kënnen e Posten ze besetzen.

Dir sidd äech selwer Trei bliwwen an hudd all Mensch an der Gemeng Dippech, an och doriwwer eraus, gewisen datt äert politescht Engagement op Eierlechkeet baséiert.

Dir verdéngt dofir Respekt.Dir gidd aus dësem schlechten Theaterspill eraus mat erhuewenem Kapp. Kee kann Iech e Reproche maachen !

Ech wënsche mer datt der äech net wäert découragéiere loossen.

Ech sinn iwwerzeegt datt d’Bierger aus der Gemeng Dippech erkennen wat hei hannert de Kulisse gelaf ass. Dir sollt de Kapp net hänke loossen a grad elo weisen datt d’Bierger nach ëmmer op äech, op d’Sozialisten aus der Gemeng Dippech ziele kënnen.

Léiwen Ady,

Mäer kennen eis schon zanter datt ech e klenge Bouw sinn a wien dech kennt, dee weess dech ze schätzen, als Frënd an als Komerod.

Du hues hei an der Gemeng eng formidabel Equipp, mam Romain, mam Rob, mam Gast, am Gemengerot

awer och mam Fernand, mam Carlo, mam Sandy, mam Léa, mam Luc, mam Pir, mam Chantal a mam Jang an dene villen aneren an dénger Sektioun.

Ech sinn iwwerzeegt, datt di nei Majoritéit zu Dippech sech wäert d’Zänn ausbäissen un ärer Oppositioun an un ärem Engagement fir d’Bierger aus der Gemeng Dippech.

Bleiwt esou wéi der sidd a loosst de Kapp net hänken, da sinn ech iwwerzeegt datt der spéidsdens am Joer 2011 bei de nächste Gemengewalen derfir belount gidd !

Als gudde Noper wënschen ech Iech e schéint a glécklecht neit Joer 2009.

Maacht dat Bescht draus !