YvesCruchten.lu

Assemblée Parlementaire du Conseil de l’Europe -1ere session

1622263_232640193575239_2144947659_n

An der éischter Sëtzungswoch zu Stroossbuerg goung et virun allem dorëms aus lëtzebuerger Siicht, d’Anne Brasseur z’ënnerstëtzen bei der Wiel zur Presidentin vun der Assemblée Parlementaire vum Conseil de l’Europe. Et freed mech datt d’Anne et direkt am éischten Tour gepakkt huet. Dat ass eng Éier fir d’Anne Brasseur an zeechent säin Engagement aus an dem wichtege Gremium, mee et ass och eng grouss Éier fir d’Lëtzebuerger Land! An de nächsten zwee Joer musse mer als kleng lëtzebuerger Delegatioun dem Anne weiderhinn de Réck stäipen an dorop kann hat sech verloossen, parteiiwwergräifend! Déi aner Kollegen aus eiser Delegatioun sinn: De Marc Spautz, d’Françoise Hetto-Gaasch, de Claude Adam an de Marcel Oberweis. (Op der Foto och nach de Fernand Boden diem seng Relève elo geholl gouf)

Méi Informatiounen iwwer d’APCDE: http://assembly.coe.int/nw/Home-FR.asp

Have your say