YvesCruchten.lu

Débat PIB bien-être

Ewéi déi läschte Kéier scho gesot gouf, hate sech ewell d’Regierungsparteien CSV an LSAP am Joer 2009 op de Fändel geschriwwen, d’Wuelbefannen ze mossen an e Complément zum PIB z’erstellen.

An obwuel zanterhir vill wäertvoll Aarbeecht geleescht gouf, sief et vum STATEC, vum Conseil économique et social oder vum Conseil Supérieur du développement durable,

sou huet sech awer, bis haut, kee kloren, fir jidereen verständlechen an gesellschaftlech acceptéierten Index erausgeschielt, deen géing regelméisseg aktualiséiert ginn.

A mengem Rapport zum Budget hat ech mer dëst als Thema ginn an hu probéiert eng Diskussioun heiriwwer ze relancéieren.

Aus dësem Gronn a well ech mech net gäre widderhuelen, ginn ech net mi weider op dat alles an wat ech virun engem Mount gesot hunn.

Et ass mer awer en Uleies fir dem Interpellant, dem Serge Wilmes op dëser Plaz nach emol e grousse Merci ze soen fir dës Debatte haut an him gratuléiere fir eng ganz remarquable Interventioun hei an däer hien et fäERdeg bruecht huet all d’Enjeuen vun dëser Diskussioun nze resuméieren.

Di Debatte haut erlaabt et eis, nach emol a méi déifgräifend op d’Fro vum PIB du bien-être anzegoen.

Dat ganzt lassgeléisst vum budgétaire politesche Kontext.

Ech wëll och direkt virausschécken, dass de Serge an ech eis net ofgeschwat haten.

Dass mir eis, onofhängeg vun eneen, déi selwescht Gedanke gemeet hunn ënnersträicht villäicht och d’Wichtegkeet vun dëser Debatte.

Och si mir net eleng wa mir eis déi Froe stellen.

Op am Vereente Kinnekräich, am Frankräich, Italien oder a Neuseeland, iwwerall gett iwwer de Bien-être, de Well-being also d’Wuelbefannen diskutéiert.

Fir Lëtzebuerg ass et awer villäit nach méi wichteg ewéi fir anerer, däer Fro op de Fong ze goen:

Di kontrovers Diskussiounen an de leschten Joren rondrëm de lëtzebuerger Wuesstëmsmodell féieren der Politik virun Aen, dass d’Leit d’Fro nom Sënn vum Wuesstëm stellen.

A wa mer éierlech sinn, da musse mer eis agestoen, dass et bis dato keng zefriddestellend Äntwert säitens der Politik gëtt.

Well di richteg Äntwerten sinn dach méi komplex ewéi just an eleng ze soen, de Wuesstem soll gebremst ginn. Oder wa mer eis just an eleng mat de Konsequenze vum Wuesstem, ewéi dem Verkéier oder de Wunnengspräisser ofginn.

A wa mir iwwer de Wuesstëm schwätzen, da schwätze mer ëmmer bal nëmmen vun an iwwert de klassesche PIB.

Vir allen falschen Iddien direkt aus dem Wee ze goen : De PIB soll net ersat ginn.

Mir brauchen de PIB, och well sech eng ganz Partie Donnéeën vum PIB ofleeden.

De PIB gëtt no europäesche Regelen gerechent a moosst d’Valeur ajoutée vun den Aktivitéiten, déi op eisem Territoire stattfannen.

Wann ech z.B. muer en Accident hunn mat mengem Auto, deen ech an d’Garage ginn fir e flécken ze loossen, da geet de PIB erop.

Op der anerer Säit ass et awer esou, dass – wann ech z.B. eng wäertvoll Aarbecht doheem oder a mengem Quartier fir meng Famill oder Noperen maachen, dës Aarbecht net kann an de normale PIB afléissen.

De Problem ass hei net de PIB u sech.

De Problem ass, dass d’Erwaardungen déi iwwerall op der Welt an de PIB gestallt ginn, wäit iwwert dat eraus ginn, wat en eis soe kann.

Et brauch also niewt dem klassesche PIB en anert Instrument, wat eis Opschloss gëtt iwwert d’Wuelbefannen vun de Bierger.

All Land ass anescht, a sénge Viraussetzungen, senge Virstellungen, sénge politeschen ewéi och gesellschaftlechen Réalitéiten dofir ass et och normal, dass all Land séng eegen Aentwerte sicht a séng eegen Approche définéiert.

All Land mécht seng Gewiichtung, well et an all Land ënnerschiddlech Virstellungen vu Wuelbefannen gëtt, an all Land huet vläit e liicht aneren « contrat social ».

Well all Land anescht ass kënne mer eis net einfach e Modell kopéieren, mee mir mussen eis eegen Approche définéieren.

Dat verhënnert awer net, dass een sech an d’Ausland eppes ukucke geet, sech inspiréiere léisst. Ech denken grad ewéi de Serge Wilmes, dass di Iddi vu Neuseeland intressant ka si fir eis.

Di Neuseelännesch Regierung huet den 30. Mee e Budget virgestallt, deen sou muenches op d’Kopp stellt: Dréi- an Aangelpunkt ass d’Wuelbefannen.

E fousst op 6 politesche Prioritéiten, dorënner d’Lutte géint Kanneraarmut an d’Verbesseren vun der mentaler Gesondheet vun de Leit.

Konkret heescht dat z.B.: dass bis zum Horizont 2024, 325.000 Leit méi sollen Accès kréien zu engem neien Service fir di mental Gesondheet.

De Budget vu Neuseeland huet eng ganz Rei weider chiffréiert Ziler fir de moyen terme, a verdeelt di finanziell Mëttlen no dësen themateschen Prioritéiten an Objektiver.

D’Budgetsartikelen vum Staat sinn also net en Fonctioun vu Ministèrë ventiléiert, mee en Fonctioun vu Politikfelder opgestallt.

Am Virfeld vun hierem Budget sinn dofir interministeriell Comitéë zesumme komm, fir Mesuren auszeschaffen am Sënn vun de 6 Prioritéiten déi festgehale goufen.

Dëst  transversalt denken sollte mer am Ae behalen.

Et ass och ze begréissen, dass d’Regierungscheffinne vun Island a vu Schottland,

d’Madamm  Jakobsdottir an d’Madamm Sturgeon, sech mat der neiséilännescher Premierministesch concertéiert hunn, fir zesummen eng “wellbeing initiative” ze huelen.

Di islännesch Regierungscheffin huet dann och den 3. Dezember zejoerts ugekënnegt, an Zukunft nei sozial Indicateuren ausschaffen ze loossen.

Dës kënnen an di zukünfteg Budgetsplanung vun hirem Land berécksiichtegt ginn, och virum Hannergrond, dass duerch de Klimawandel en Deel vun de natierleche Ressourcen vun Island, z.B. den Okjokull-Gletscher, wuertwierklech ewech schmëlzen.

Intressant fannen ech och dass Groussbritannien fir hiren « National Well-being Dashboard » e Sous-indicateur benotzt, dee moosst, wéi vill % vun de Leit op d’mannst eemol Bénévolat gemaach hunn an de leschten 12 Méint.

Dat ass interessant doduerch, well e klasseschen PIB ni kann di wäertvoll Aarbecht moossen, déi onentgeldlech gemaach gëtt z.B. aus Solidaritéit zu de Matmënschen. 

De lëtzebuerger PIB du bienêtre hat 63 Sous-indicateuren, den engleschen « National Well-being Dashboard » huet der 43, de Canadian Index of Wellbeing huet der 64, an den italieneschen « Benessere equo e solidale (BES) » huet der 130.

Dëst weist eis kloer wéi ënnerschiddlech un déi Saach erugaange gëtt.

An deem Kontext wéilt ech awer och Folgendes umierken :

De STATEC hat a séngem 244 Säite laange Rapport « PIBien-être. The Report » (11/2017) de synthetiséierten Luxembourg Index of Wellbeing mat verschiddene Gewiichtungen vun den Sous-indicateuren gerechent:

nämlech no de Rankingen, déi d’OECD fir Frankräich, Däitschland an d’Belsch fir hir Better-Live-Initiative benotzt huet.

Egal wéi eng Gewiichtung vun der OECD de STATEC fir séng Berechnungen genotzt huet, d’Evolutioun vum Luxembourg Index of Wellbeing iwwert den Zäitraum 2009-2015 war ëmmer di selwescht an d’Resultater hunn dobäi nëmmen ganz liicht variéiert.

Am Resumé kann een also feststellen, dass d’Conclusioune vun engem Index vum Wuelbefannen méi zolitt sinn ewéi eenzelner heiansdo behaapten.

Nieft deenen méi objektiven, moossbaren Sous-Indicateure spillen awer och déi méi subjektiv Sous-Indicateure beim Erfaassen vum Wuelbefannen eng fundamental Roll.

De World Happiness Report (WHR), eng Publikatioun, déi eemol am Joer vum United Nations Sustainable Development Solutions Network erstallt gëtt, probéiert nei Erkenntnisser ze kréien iwwert d’Facteure, déi zum Wuelbefannen vum eenzelen Bierger féieren.

An der Editioun vun 2019 kënnt Lëtzebuerg op eng ganz respektabel 14. Platz vun 156 Länner. Wann een allerdéngs méi an den Detail geet, da stellt ee fest, dass bei deenen 6 ugefouerten Déterminant’en Lëtzebuerg zwar op eng exzellent 2. Platz kënnt beim PIB pro Kapp, mee just nach op eng ganz mëttelméisseg 62. Platz kënnt, wann een dee méi subjektiven Déterminant “positive affect” bei der Enquête kuckt, also d’Fro op déi befroten Persoun den Dag virun der Enquête eng Kéier richteg laache konnt.

Wann een de lëtzebuerger Kontext vun engem iwwerduerchschnëttleche materielle Räichtum kennt, da weess een, wéi wichteg et ass, sech net op reng objektiv oder monetär moossbar Indicateure ze verloossen.

Sie ginn eis net eleng Opschloss iwwer d’Wuelbefannen vun de Leit.

D’Wichtegkeet vun engem équilibréierten Indicateur vum Bien-être – och mat subjektiven Elementer wéi déi perséinlech Sécherheet, di sozial Kontakter oder d’Gefill vum “Sech-Eleng-Fillen”, gëtt dann och an der 6. Recommandatioun vum Rapport Stiglitz-Sen-Fitoussi (2009) ervirgestrach.

Insgesamt huet de World Happiness Report an enger statistescher Regressioun all d’Äntwerten aus den 156 Länner ausgewäert.

En huet dobäi festgestallt, dass de méi subjektiven Indicateur vun der sozialer Stäip (also d’Fro op een am Noutfall eng Persoun hätt, däer een sech kéint uvertrauen) dass dësen indikateur d’Satisfaktioun op enger Skala vun 0 bis 10 ëm 2,4 Punkten erhéicht, wann een d’Fro vun der Präsenz vun enger sozialer Stäip mat Jo beäntwere kann.

Wann ee wéilt d’Satisfaktioun mam Liewen ëm déi selwescht Gréisstenuerdnung duerch den PIB/Kapp erop setzen, misst deen sech statistesch gesi mat Facteur 8 multiplizéieren. Ganz einfach ausgedréckt:

et ass statistesch bewisen, dass de materielle Räichtum eleng eng Gesellschaft net méi glécklech maache kann.

Dat selwescht gëllt natierlech och fir de Konsum. De Konsum eleng kann héchstens kuerzfristeg Zefriddenheet bréngen. Sou kann ech mech zwar nach ëmmer iwwert e neien Auto freeën, mee et ass näischt am Verglach mat der laangfristeger Zefriddenheet déi ech selwer kréien oder mat aneren deelen wann ech mech zB an engem Veräin engagéieren a Sport, Musek oder soss eppes maachen.

***

Bei menger Virbereedung op haut hunn ech nach emol a méngem Budgetsrapport gebliedert well ech ech jo wollt verhënneren nach emol genee dat selwescht ze zielen.

An dunn ass mer opgefall, dass ech een Aspekt, zwar ugeschnidden hat, nawell hätt dësen et verdéngt gehat dass ech mech méi am Détail dermat beschäftegt hätt.

Et ass dee vun der Wichtegkeet vun der gesellschaftlecher Akzeptanz.

Als Parteien kënne mir haut doriwwer diskutéieren wéivill Indikateuren dass mer brauchen a virun allem wat fir eng Indikateure mir solle festhalen a wat fir eng Gewiichtung mer hinne ginn.

Dat wäer sécherlerlech intressant.

Fir meng Partei ass et selbstverständlech déi grouss Fro vun den Ongläichheeten, d’Fro vun der Verdeelung vum Räichtem, d’Fro awer och vun der Aarbecht, hirer Kalitéit, hirer Vereenbarkeet mam Familljeliewen.

Oder d’Froen vun der perséinlecher Sécherheet, der Gesondheet, vun enger intakter Ëmwelt, vun de soziale Kontakter an och dem Zesummenhalt an eiser Gesellschaft.

Mee méi wichteg ewéi dat, ass et, egal wéi en zukünftegen PIB du bien-être soll augesinn, dass e gedroe gëtt vun de Mënschen ëm déi et jo hei geet.

Nëmme wann et e breede Konsens doriwwer gëtt, wat mer moossen kann esou e neit Instrument fir d’Wuelbefannen festzestellen och en Erfolleg ginn.

Wann et herno just en Instrument gëtt fir d’Politiker a fir Experten, dann ass dat Ganzt zum Scheitere veruerteelt.

Mir Politiker hunn allzedacks d’Tendenz mengen ze wëssen wat eis Bierger genee denken, wat fir sie wichteg ass.

Dat ass awer net ëmmer de Fall.

Op Initiative vum däitsche Bundestag huet di däitsch Regierung am Joer 2015 wärend 6 Méint mat dem Biergerdialog « Gut Leben in Deutschland — was uns wichtig ist » net manner wéi 200 Workshopen organiséiert, wou eng 8.500 Biergerinnen a Bierger matgemaach hunn.

Bei ronn 50 vun dëse Workshopen konnte sie mat Regierungsvertrieder diskutéieren. Doniewt gouf eng Plattform ageriicht fir Online-Kommentarer ofzeginn mee och iwwer Postkaarten konnten d’Leit der Regierung schreiwen a soen wat hinne wichteg ass.

D’Leit si souwuel gefrot ginn, wat fir si perséinlech an hirem Liewen wichteg ass, mee och, wat si mengen, wéi d’Liewensqualitéit generell an Däitschland kéint verbessert ginn.

Opgrond vun all dëse Questionnairen, perséinleche Postkaarten a Biergerdialogen ass dunn eng wëssenschaftlech Auswäertung gemaach ginn,

an réischt duerno ass e nationalen Indicateur zum Wuelbefannen ausgeschafft ginn.

Intressant ass heibäi festzestellen, dass dëst eng iwwerparteilech parlamentaresch Initiativ vun de 4 grousse Fraktiounen am Bundestag war, der CDU/CSU, der SPD, der FDP an deene Gringen.

E breeden, iwwerparteilechen Konsens misst och hei méiglech sinn, well keng Partei de Monopol op d’Wuelbefannen vun de Leit huet, mee och well d’Leit e Recht dorop hunn, hir Doléancen fir e gutt Liewen zum Ausdrock ze bréngen.

Ech kéint mer gutt virstellen, dass esou eng Initiative fir eng méi partizipativ Approche och vun der Lëtzebuerger Chamber kéint ausgoen.

Hei kéint niewt der Zivillgesellschaft, de Gewerkschaften, de sozialen oder karitativen Associatiounen an Ëmweltverbänn jiddereen matmaachen a säint bäidroen.

An villäit ass et eis esouguer Méiglech, dass all am Parlament vertruede Parteien dës Initiativ ënnerstëtzen.

Et wäer e staarkt Zeechen no baussen fir ze weisen, dass et, och bei allen Ënnerscheeder tëschent de Parteien, bei alle verschiddene Meenungen an Opfassungen et awer nach méiglech ass, bei grousse Froen déi eist Land an eis Gesellschaft beschäftegen, iwwert d’Parteien ewech ze kucken an dat Wesentlecht am An ze behalen.

Mir géifen eis domat och als Chamber opwäerten wa mer eis selwer abréngen a net alles op d’Regierung ofwälzen.

Wa mir et an der nationaler Politik fäerdeg bréngen, zesummen eng breed Diskussioun ze féiere mat de Bierger iwwer wat fir eis d’Kärelementer vun enger gesonder, glécklecher Gesellschaft sinn, enger Gesellschaft déi gutt funktionéiert, an däer jidderee seng Plaz huet well se solidaresch ass, da brénge mir et och fäerdeg an enger 2. Etappe en Indicateur opzestellen, dee Joer fir Joer moosse kann, op mir eis op déi Prioritéiten zoubewegen, oder dovunner ewechkommen.

Wa mir et fäerdeg bréngen, dass all Sous-Indicateur all Joer aktualiséiert gëtt, an esou all Joer de synthetiséierten Luxembourg Index of Wellbeing ka gerechent ginn, da wiere mir virun allem och an der Evaluatioun vun der Effikassitéit vun eisen Politiken e grousse Schratt weider.

Well da kënne mir Joer vir Joer vergläichen, wéi eng Beräicher vum Liewen (Aarbecht, Logement, Ëmwelt, etc.) an wéi eng Richtung evoluéiert hunn.

Doropshin kënnen mir eis Politiken ajustéieren amplaz eng Navigation à vue ze maachen.

Wéi de Rapport Stiglitz-Sen-Fitoussi (2009) et schonn treffend op den Punkt bruet huet :

Ce que l’on mesure a une incidence sur ce que l’on fait ; or, si les mesures sont défectueuses, les décisions peuvent être inadaptées »

Jo wa mir dat fäerdeg bréngen, da brénge mir et villäit och fäerdeg eng Aentwert ze ginn op déi essentiell Fro:

Wéi ee Wuesstem wëlle mer fir eist Land?

Kloer ass awer, dass Wuesstem kee Selbstzweck duerf sinn.

D’Politik ass dofir do, d’Jalone esou ze setzen, dass de Wuesstem jidderengem zegutt kënnt. Mir mussen mat eisem Wuesstem et fäerdeg bréngen, d’Ongläichheeten tëschent de Leit erof ze drécken, an esou en inklusive Wuesstem ze hunn.

Bréngen mir et net fäerdeg, alle Bierger am Land e Liewen an Dignitéit z’erméiglechen, da wäerten der ëmmer méi de Kapp rëselen, wa si héieren de PIB wier erop gaangen, awer perséinlech fillen, dass et nom Bezuelen vum Loyer och dëse Mount erëm knapp gëtt, fir di 2 Enner beieneen ze bréngen.

Et geet hei also och ëm d’Vertrauen, dat d’Bierger an eis Institutiounen hunn.

De PIB du bien-être, wann en all Joer kéint aktualiséiert ginn, gëtt den Alldagssuergen vun de Leit eng nei Visibilitéit, grad ewéi där wäertvoller Aarbecht, déi z.B. de STATEC elo schonn zum Bien-être mëscht z.B. am Rapport Travail et Cohésion sociale

Erlaabt mer de Rapport Stiglitz-Sen-Fitoussi nach emol ze zitéieren:

Il semble souvent exister un écart prononcé entre, d’une part, les mesures habituelles des grandes variables socio-économiques comme la croissance, l’inflation, le chômage, etc., et, d’autre part, les perceptions largement répandues de ces réalités. (…)

Ce phénomène a, dans certains pays, sapé la confiance à l’égard des statistiques officielles (en France et en Grande-Bretagne, par exemple, un tiers des citoyens à peine fait confiance aux chiffres officiels, et ces pays ne sont pas des exceptions) et a une incidence manifeste sur les modalités du débat public sur l’état de l’économie et les politiques à conduire.

Den PIB du bien-être hëlleft deemno de politesche Mandatären, déi reell Problemer am Liewe vun de Leit méi séier z’erkennen.

Och gëtt e méi en zouverlässegt Bild iwwert d’Liewen zu Lëtzebuerg.

Eng gutt Gouvernance mat enger sachlecher Ausernaanersetzung iwwert déi Problemer, déi mir ënnert anerem och duerch de PIB du bien-être feststellen kënnen, ass de Garant dofir, dass d’Biergerinnen an Bierger net d’Gefill kréien, datt sie net méi eescht geholl ginn.

Et ass also och de Garant dofir, dass mir muer net erwäschen an enger Welt, wou déi, déi am Härtsten blären mat hiren einfachen Léisungen vum Een-géint-deen-Aneren di ëffentlech Debatt dominéieren an sech esou e Vertrauensverloscht zenotze maachen kënnen.

Ech mengen, et sollt eis also alleguer zesummen den Effort wäert sinn, an dësem Sujet weider ze kommen an dem STATEC an aneren Instanzen déi néideg Mëttele bereet ze stellen, fir dëser Erwaardung gerecht ze ginn.

Have your say