YvesCruchten.lu

Ried zum Budget 2020

(Photo: Luxemburger Wort)

Här President,

Dir Dammen an Hären Deputéierten,

Dësem Rapport iwwer di 2 Gesetzer vum Budgetsprojet fir den Exercice 2020 an deem vun der Programmation pluriannuelle fir d’Periode 2020 bis 2023 goungen eng sëllechen Sëtzunge vun der Finanz-kommissioun viraus.

A nët manner ewéi 15 Sëtzungen huet sech d’Finanzkommissioun an de läschte Méint mam Budget befaasst iert se läschte Freiden dee schrëftleche Rapport majoritär ugeholl huet.

Eng ganz Rëtsch vu Verwaltungen hunn eis an de läschte Wochen hir Vuen zu den ëffentleche Finanzen virgeluecht.

Doniewt hunn ech als Rapporter nach vill Bilateral Entrevue gehat, virun allem mat Vertrieder vun der Zivillgesellschaft.

Hinnen alleguerten wéilt ech hei direkt am Ufank vu menger Ried Merci soen, fir hir Disponibilitéit an hir Meennungen, hier Iddien a Virschléi vun deenen der eng ganz Partie och hire Néierschlag a mengem Rapport fonnt hunn.

Wéi gewinnt, wéilt ech mäi Rapport an 2 Haaptdeeler opslécken:

  1. D’Appréciatioun vun der finanzieller Situatioun vum Staat mat enger Analyse vun de Recetten an Dépensen déi virgesi sinn an
  2. e méi e perséinlechen Deel an deem ech mech méi speziell wëll mam Thema vum PIB du bien-être beschäftegen, der Situatioun vun de Leit am generellen an den Ongläicheeten am speziellen.

Virauschécken wëll ech awer direkt, dass ech weder a mengem schrëftlechen nach a mengem mëndleche Rapport déifgräifend op d’Thema vum Klimawandel aginn.

Nët wëll ech dee Sujet als Onwichteg géif ugesinn, am Conträr, d’Bekämpfung vum Klimawandel an d’Erhale vun enger gesonder Emwelt sinn och fir mech zwou vun den zentralen Aufgaben vun der Politik an de nächste Joren a Jorzingten.

Mee zu dem Zäitpunkt wou de Budget presentéiert gouf ware weder d’Mossnahmen bekannt nach chiffréiert déi d’Regierung wëlles huet an dem Beräich ze huelen.

An et ass nëmmen iwwerdeems wou dëse Rapport ausgeschafft gouf, dass um Klimapak geschafft gouf.

Glécklecherweis kréie mer awer nach dës Woch d’Geleenheet fir iwwer de Klimaplang hei an der Chamber ze diskutéieren.

Et ass awer interessant dass de Finanzminister eng Opstellung gemeet huet vun deenen Investissementer déi mer haut schon an den Emwëltschutz resp an de Klimaschutz maachen:

Zesumme geholl ginn déi vun 2019 op 2020 vu 479 op iwwer 500 Mio erop a wuessen och duerno nach bis iwwer 660 Mio Euro am Joer 2023 un.

Dat selwescht gëllt och fir di ugekënnegt Steierreform.

Dës Reform wëll gutt virbereed sinn an di 3 Koalitiounsparteien sinn amgaangen un dëser Reform ze schaffen, wat sie och di nächste Méint nach wäerte maachen.

Well awer och dës Reform nach net chiffréiert ass, kann ech als Rapporter nëmme wéineg dorops agoen.

Mäi Nofolger d’nächst Joer wäert sech da wuel méi intensiv kënnen domat beschäftegen.

Nodeems ech iech elo opgezielt hunn wat alles net am Rapport ass,

wéilt ech dann awer ufänke mat enger Analyse vun eiser Economescher Situatioun:

Eis Economie ass, wéi jidderee weess, ganz staark ofhängeg vun der ekonomescher Entwécklung am Ausland.

Fir d’Weltwirtschaft gesäit de Fonds Monétaire International e Wuesstem vun 3,4% d’nächst Joer fir a géif domadder liicht zouhuelen par rapport zu dësem Joer.

Dëst Joer ass de Rythmus vun der Croissance liicht zréck gaangen an huet dee niddregsten Taux zanter der Finanzkrise vu virun 10 Joer erreecht.

Besonnesch den Handelskrich tëschend den USA a China dréckt op d’Weltwirtschaft.

An ech erënneren drun, dass de Finanzminister bei senger Presentatioun vum Budget dësen Handleskrich als Onsécherheetsfacteur genannt huet vun dem mer also net wëssen wat fir en Impakt en op eis national Wirtschaft kann hunn.

Méi no bei eis, an Europa, rechent di Europäesch Kommissioun mat engem Wuesstem vun 1,4% esouwuel fir d’Joer 2019 ewéi fir d’nächst Joer.

An der Euro-Zone géif de Wuesstem nëmme bei 1,1% dëst Joer an 1,2% dat anert Joer leien. D’OCDE ass esouguer méi pessimistesch a geet fir d’Joer 2020 nëmme nach vun engem Wuesstem vun 1% aus.

Hei sinn di méiglech Auswierkunge vum Brexit mat Schold.

Di domadde verbonnen Onsécherheet dréckt op d’Stëmmung vun den Industriellen grad ewéi och di héich Verschëldung vun eenzlene Membersstaaten.

Bei eisen direkte Noperen ass et interessant festzestellen, datt während déi däitsch Wirtschaft dohinn dëmpelt mat engem Wuesstem vun 0,4% erhëllt sech di franséisch Economie, déi der Kommissioun no wäert ëm 1,3% zouleeen.

Wat bedeit dat alles fir di Lëtzebuerger Wirtschaft?

Mat engem engm viraussiichtleche Wuesstem vun 2,4% dëst an d’nächst Joer steet Lëtzebuerg eigentlech gutt do a fiert mat am europäesche Spëtzeploton.

Domat musse mer awer och feststellen, dass eise Wuesstem par rapport zu de vergaangene Joren zréckgeet.

De Wirtschaftswuesstem genee virauszegesinn ass, wéi mer alle Joers erëm bekloen, eng Saach vun der bal Onméiglechkeet.

Ze dacks variéieren eis Zuelen en cours de route.

Dat ass en enger klenger oppener Economie ewéi eiser och wierklech schwiereg.

Eppes op dat de STATEC ëmmer neess an zu Recht insistéiert.

Et ass dofir wichteg net nëmmen eis eege Projektiounen ze kucken mee och déi di vu bausse gemeet ginn.

Während de STATEC also fir d’nächst Joer vun engem Plus vun 2,4% ausgeet, rechent d’OCDE hierersäits mat +2,5% an d’Europäesch Kommissioun mat 2,6%.

Dës Projectiounen leie net wäit auserneen an dofir kann een eisem Finanzminister duerchaus bescheinegen datt hien e realistesche Budgetsprojet virgeluecht huet.

Den Aarbechtsmaart wäert sech weiderhi positiv entwéckelen och wann d’Progressioun vu neien Aarbechtsplatzen an Zukunft gebremst gëtt a vun 3,7% op just nach 2% wäert falen.

Eise Chômagetaux deen haut bei 5,3% läit soll och an de nächste Jore niddreg bleiwen a sech ëm di 5% halen.

 D’Inflatioun leeft eis net fort a pendelt sech an bei 1,7 fir 2019 resp 1,6% fir dat anert Joer.

All dës Zuelen kënnen eis zouversiichtlech maachen och wann, ewéi de Finanzminister et betount huet, och eng gewësse Virsiicht gebueden ass.

Besonnesch di international Entwécklungen ewéi déi scho genannten Handelskrich tëschend den USA a China an de Brexit grad ewéi eventuell Ännerungen am regulatoreschen a fiskaleschen Emfeld kënnen ganz séier en Impakt op eis Wirtschaft hunn.

Et ass op Grond vun dëse Projektiounen datt de Budget 2020 an och de Plurianuelle Budget opgestallt goufen.

Fir d’Periode 2020-2022 huet Lëtzebuerg sech op de minimalen Objectif à moyen terme (OMT) vum volet préventif vum PSC festgeluecht, deen d’Europäesch Kommissioun festleet.

Dëse minimalen OMT gesäit e strukturelle Solde vun +0,5 % vum PIB vir, an d’Projektiounen vum Pluriannuel weisen, dass Lëtzebuerg dës Virgab wäert largement respektéieren.

Esouwuel de Conseil national des finances publiques, ewéi och d’Europäesch Kommissioun kommen zum Resultat, dass Lëtzebuerg wäert seng festgeluechten Ziler erreechen nämlech e positive Solde vu +0.5% vum PIB.

De Solde structurel wäert 2020 bei +0,9% leien, an da progressiv bis op +1,9% am Joer 2023 eropgoen.

Am Detail gesäit dat dann Fir d’Joer 2020 esou aus:

  • Am Zentralstaat gett ma engem Defizit vu 640 Mio gerechent

(woubäi wéi mer wëssen dass d’Opération comptable vum Militärfliiger mat 200 Mio zu Buch schléit)

  • Bei de Gemengen gett mat engem Plus vun 341 Mio
  • a bei der Sécurité Sociale mat engem Plus vun 1 MIA a 56 Mio gerechent.

Wichteg ass hei festzestellen, dass d’Trajectoire stëmmt an dass bis 2023 och beim Zentralstaat mat engem positive Resultat vun 158 Mio gerechent gett.

Wéi gesot, ginn dës Zuelen vun der Europäescher Kommissioun begréisst déi also eise Budgetsprojet luewt, mee déi sech et net ka verknäifen nach e puer Recommendatiounen drun ze hänken:

Sou réit sie Lëtzebuerg an d’Digitaliséierung an an d’Innovatioun z’investéieren.

Si encouragéiert eis och eisen nohaltege Verkéier ze verbesseren an an d’Offer vu Wunnengen z’investéieren.

Nie fehlen duerf och d’Recommandatioun fir d’Employabilitéit vun den eeleren Arbeitnehmer ze verbesseren.

Op dëser Plaz gehéiert et sech dann och fir e puer Wuert iwwert eis Schold ze verléieren.

Op den 31.12 zejoerts loung d’Staatschold bei 12,6 MIA oder 21% vum PIB.

Dës Schold soll Prozentuel gesinn progressiv erofgoen op 17,5 % an absoluten Zuelen soll se liicht eropgoen op 13,2 MIA am Joer 2023.

Mir behalen also eng niddreg Schold, mee de Minister hat ugekënnegt datt no Weeër soll gesicht ginn vir al Scholden wa méiglech ze refinanzéieren.

Dëst sinn eeler Scholden vu virun 2014 déi nach mat fir heiteg Verhältnisser héijen Zënssätz vun iwwer 2% ofgeschloss goufen.

Wéi de Minister eis virun e puer Woche matgedeelt huet ass dat och eng éischte Kéier gelongen an de Staat konnt am November en Emprunt vun 1,7 MIA placéieren zu engem négativen Zënssatz vun -0.247%.

Dëse Prêt leeft bis d’Joer 2026 a soll en Emprunt vun 2 MIA deen am Joer 2020 ausleeft ersetzen.

Hëllt een elo nach de Remboursement vum Sukuk-prêt vun 200 Mio derbäi kann eis Staatsschold eleng an der Periode tëschend November 2019 a Mee 2020 ëm 500 Mio erofgesat ginn.

Dat heescht awer net dass géng gespuert ginn.

Am Conträr: De Staat investéiert och an de nächste Joren vill a läit domat an der Continuitéit mat de läschte Joren.

Fir d’Joer 2020 si net manner ewéi 2 MIA 816 MIO un Investissementer am Zentralstaat virgesinn an eng éischte Kéier briechen d’Investissementer am Joer 2023 de Plafong vun den 3 MIA Euro.

Dat ass an absoluten Zuelen ganz vill, och gemooss par rapport zu eisem PIB ginn d’Investissementer déi an der Vergaangenheet ëmmer sou bei 4% loungen, erop op 4,3%.

Dat ass bal duebel sou vill ewéi den Duerchschnëtt an der Eurozone.

Dat ass och néideg.

Ganz besonnesch d’Investissementer an den ëffentlechen Transport an an de Stroossebau si batter noutwendeg.

Eis Stroossen packen haut net méi dee Verkéier dee mer hinnen zoumudden.

Dat mierke mer all mueren an all Owend an iwwerall am Land.

E Land dat net investéiert ass e Land dat vu senger Substanz liewt.

Dat wäer falsch, net nëmmen vav vun de Problemer déi mer haut schons kennen mee och vav vun den zukünftege Generatiounen deene mer dann d’Léisung vun eise Problemer géifen iwwerloossen.

*

Ech hunn elo de Kader beschriwwen an dem mir eis bewegen.

An eng Rumm gehéiert e Bild. Grond fir Schwaarzmolerei besteet net sot de Här Finanzminister.

Da kommt mer probéieren elo e faarwegt Bild ze molen.

E Bild vun engem Land an deem villes gutt fonctionnéiert mee dat nach di eng oder aner Retouche brauch iert et iergendwann eng Kéier ganz fäerdeg gëtt.

***

Wat d’Recetten vum Zentralstaat ugeet, sou belafen déi sech op 20 MIA 295 Mio Euro.

Bal d’Halschent dovunner sinn déi direkt Steieren déi ëm 1,7% wuesse sollen.

Hei fällt besonnesch d’Betriibsbesteierung an d’An déi esouwuel am Joer 2018 ewéi viraussichtlech och 2019 all d’Erwaardungen iwwertraff huet.

Eleng den IRC deen fir 2019 op 2 MIA geschätzt gouf soll um Enn eng 600 Mio méi erabréngen.

Dat huet och mat der elektronescher Besteierung ze dinn, déi dofir suergt datt déi Steiren méi séier erakommen.

Selbstverständlech ass dat nëmmen e kuerzzäitege Phenomen, esou datt et richteg ass, am Budget 2020, vu méi engem niddrege Montant auszegoen par rapport zu de Prévisiounen fir 2019.

Par rapport zum compte prévisionnel geet de Budget 2020 vun enger Baisse vun 13,5 % aus.

All déi, di mengen, de Budgetsprojet wier op Sand gebaut an iwwerdriwwen optimistesch, ginn hei Liggen gestrooft.

E grousse Satz mecht och d’Lounsteier déi ëm iwwer 11% soll wuessen d’nächste Joer.

An dat soll och esou viru goen an de Joren duerno sou dass bis 2023 d’Steieren déi vun der Aarbecht kommen op iwwer 6 MIA solle wuessen.

Eng vun de wichtegsten indirekte Steieren ass d’TVA: déi soll och 2020 nach emol ëm 6% zouleeën a bei iwwer 4 MIA leien.

Bei den Accisen um Diesel an um Besinn leie mer nëmme liicht iwwer de Prévisiounen vun 2019 an och fir 2020 ass do nëmmen eng Progressioun vun 1,5% virgesinn.

Hei spillt natierlech déi Erhéijung vun 1c op dem Besinn an 2c um Diesel eng wichteg Roll déi mer am Fréijoer gemeet hunn.

Gëschter mueren huet eis de Finanzminister ugekënnegt, dass et och Ufanks 2020 wäert zu enger weiderer Erhéijung kommen vun den Accisen op Bensinn an Diesel.

D’Fourchette vun dëser Erhéijung läit tëschend 3 a 5c beim Diesel an tëschend 1 an 3c um Bensinn.

De STATEC huet eis ausgerechent, dass déi Hausse vum läschte Mee an der moyenne 20 bis 25 Euro d’Joer ausgemeet huet also ongeféier 2€ de Mount.

Dës Erhéijunge solle virun allem den Tanktourismus bremsen deen engersäits eis CO2 Bilanz belaascht an anerersäits och eis Autobunne verstoppt.

Hei gëllt et awer och d’Evolutiounen an eise Nopeschlänner am An ze behalen, well déi eben och en direkten Afloss hunn op de Verkaf bei eis op den Tankstellen.

Insgesamt kann ee feststellen dass bei alle Recetten déi am Budget estiméiert goufen, eng gewësse Virsiicht z’erkennen ass.

Et ass ebe net all Joers mat neie Recorder ze rechnen.

Mee virun allem schreiwt sech dës virsiichteg Approche an eng politesch Continuitéit déi mer och aus der Vergaangenheet an aus fréiere Regierunge kennen.

Vill méi spannend ewéi d’Einnahmen sinn awer d’Ausgaben beim Zentralstaat.

Hei gesäit ee nämlech wéi eng Politik dass d’Regierung mecht.

D’Recetten sollen an de Joren 2020 ëm 3,7% klammen an an de Joren 21 bis 23 all Kéiers tëschend 5,1 a 5,6%.

D’Dépensen hirer Säits wuessen 2020 nach ëm 6,5% a ginn da lues an hirem Rythmus erof op nach 3,9% am Joer 2023.

Alles an allem leie mer 2020 eng éischte Kéier bei iwwer 20 MIA Euro bei de gesamte Staatsausgaben. Dat entsprécht 32,1 % vun eisem PIB.

Wat sinn elo déi markant Posten déi fir d’nächst Joer an den Dépensen stinn?

Als éischt stécht hei de gratis ëffentlechen Transport eraus.

Mat engen 30 Mio fir d’ächst Joer an iwwer 40 Mio duerno.

Dës Moossnahm huet gläich 3 Impakter:

En ekologeschen: well all Automobilist deen ëmklëmmt op den ëffentlechen Transport veruersaacht manner Co2.

E Verkéierspoliteschen, well all Auto manner eis Stroossen e bëssi entlaascht.

An 3.: e sozialen, well héichgerechent gouf datt e Stot soumat eng 390 Euro d’Joer spuere kann wann en haut schon haaptsächlech den ëffentlechen Transport notzt.

Op den ëffentlechen Transport kann een awer nëmmen ëmklammen wann e wierklech gutt funktionnéiert an eng reell Alternative zum Auto ass.

Dofir musse niewt dem Gratis ËT eis Efforten konsequent weidergefouert ginn fir an de Bus, an d’Schinn an an den Tram z’investéieren.

2020 ginn eng 605 Mio Euro an d’Exploitatioun vum Ëffentlechen Transport gestach, dat ass eng Hausse vun 13%.

D’Investissementer an d’Schinn bleiwen héich di nächst Joren mat insgesamt 1 MIA 370 Mio bis 2023.

Di grouss Chantieren sinn hei di nei Streck Beetebuerg-Lëtzebuerg, di 2 nei Quaien an der Stater Gare, de P&R Rodange oder nach d’Aarbechten un der Nordstreck.

An den Tram investéiere mer fir dee sleweschten Zäitraum 217 Mio.

Paralell dozou duerf awer eise Stroosseréesau, deen dacks virum Kollaps steet, net vernoléissegt ginn.

D’Investissementer iwwer de Fonds des Routes klamme vun 200 Mio 2020 op 270 Mio am Joer 2023.

Di grouss Stroossebauprojet’en 2020 sinn hei de Pole d’Echange Cloche d’Or, d’Liaison Micheville, den Echangeur Steebrécken, di nei N3 tëschend der Stater Gare a Bouneweeg, de Pole d’échange mutltimodal zu Ettelbréck, d’Transversale Klierf oder nach de Couloir multimodal tëschend Ettelbréck an Dikkrech.

Eng Gesellschaft déi gutt funktionnéiert brauch och Infrastrukturen déi hir gewuess sinn.

Besonnesch Schoulgebaier queesch duerch d’Land gi gebraucht, fir dass eis Kanner an eis Schüler eng breed Offer ugebuede kréien an ënner gudde Konditioune kënne studéieren.

Fir Constructiounsprojeten sinn am Ganzen 95 Mio virgesinn.

Eng Rëtsch Schoulgebaier a Lycéen ginn den Ament an och an de nächste Jore gebaut oder renovéiert, dorënner:

d’international Schoul zu Déifferdeng an de Lycee Agricole zu Gilsdorf.

An der Phase d’Etudes sinn d’Extensioun vum Klierfer Lycee, de Michel Lucius, de Lycee Technique vu Bouneweg, de Nordstadlycee, de Lycee Technique du Centre, d’Ecole internationale zu Munneref oder nach di nei Erwuesseneschoul mat Sportslycee.

Eleng fir dës Schoulgebeier wäerten an de nächste Joren iwwert 1 MIA investéiert ginn. Doniewt laafen nach aner wichteg Infrastrukturprojeten ewéi de Prisong um Uerschterhaff, d’Kasären um Härebierg, d’Jugendherberge zu Ettelbréck oder nach d’Moderniséierung vum Domaine Thermal zu Munneref.

 

Dëst sinn alles nëmmen déi mi grouss Projeten, de Budgetsprojet renseignéiert awer och eng impressionnant Lëscht mat mi klengen awer wichtege Stroossebauprojeten, ewéi Contournementen, oder Stroosen-erneierungen grad ewéi Renovatiouns-aarbechten u Gebaier.

Et géif natierlech ze wäit féieren déi all hei opzezielen.

Mir hunn eng gutt Fonction publique dat duerf ee roueg mol eng Kéier soen.

Jo se kascht eis och eppes.

23% vun den Dépense vum Staat ginn drop fir eis Verwaltungen, eis Schoulen an eis Déngschter un de Bierger ze bezuelen.

De Käschtepunkt fir d’Peien am ëffentlechen Déngscht klëmmt viraussiichtlech ëm bal 350 Mio beim Zentralstaat.

Dat muss et eis och wäert sinn.

Di 1830 nei Posten déi hei geschaf ginn, gi jo méi wéi gebraucht, zB an eise Schoulen awer och fir eis Sécherheet zB duerch d’Astelle vu neie Polizisten.

Eisen Gemengen ginn 88 Mio méi iwwert den Dotatiounsfong zougesprach.

Dat si gutt investéiert Suen, well se ginn do verbraucht wou d’Bierger se och dacks direkt spiiren, do wou se wunnen do wou se liewen.

D’Reform vun de Gemengefinanzen huet fir méi Gerechtegkeet tëschend de Gemenge gesuergt mee och méi finanziell Mëttelen un eis Gemengen verdeelt.

Op eis Landwirtschaft komme wichtig Erausfuerderungen duer.

Op daer enger Säit muss sie eng qualitativ héichwaertig Liewensmëttelproduktioun garantéieren an op daer anerer Säit muss se méi Efforten maachen am Beräich Klimaschutz, Naturschutz, Bodem- a Waasserschutz.

De Budget gesäit hei die néideg Mëttele fir, fir dëst och finanziell a sozial ze begleeden.

Genee esou ass et matt der Biolandwirtschaft an hirem ambiziéisen Ziel, 20 % Bioagrarflächen auszeweise bis 2025!

Am Budget si méi Suen fir d’Biolandwirtschaft virgesinn dëst och am Hibléck op d‘Emsetzen vum neie Bioaktiounsplang deen an der Fäerdegstellung ass.

Am Déiereschutz wäert de Posten vum Déiereschutzbeoptragten besat ginn.

De volet Antigaspi waert verstäerkt promouvéiert ginn matt konkreten Aktionen an Informationskampagnen.

De Budget vun der Landwirtschaft klëmmt vun engen 53 Mio op 55 Mio Euro.

De Finanzminister huet a sénger Presentatioun vun enger inklusiver Gesellschaft geschwat an däer jidderee seng Plaz soll fannen.

Dat ass eng luewenswäert Zielsetzung, déi et gëllt unzepeilen.

Dofir ass et richteg dass och an de nächste Jore vill Suen an d’Familljepolitik fléissen.

De Budget vun der Zukunfstkees geet op 1 Milliard 217 Mio erop.

De neie Congé parental ass e Succès an e gett weiderhinn am Budget mat de néidege Mëttelen dotéiert.

De Budget fir d’Chèques services gett ëm 10% gehéicht.

*

D’Liewen an eiser Gesellschaft muss esou gestalt ginn, dass och jidderee kann drun Deel huelen.

Fir déi vulnérablest ënnert eis, déi Leit mat enger Behënnerung ass do virgesinn de Budget ë.a. fir di konventionnéiert Zervisser vun 79 op iwwer 100 Mio am Joer 2023 eropzesetzen.

Am selweschte Beräich ginn d’Atleiers protégés mat 57 Mio ënnerstëtzt.

Net vergiessen sollt een och dee reforméierten Adapto-Zerviss fir Leit mat enger Behënnerung, dee soll jo och gratis ginn.

Fir d’Wuelbefannen vun de Leit brauch et als alleréischt eng gudd Gesondheet.

D’Krediter am Secteur vun der Santé ginn ëm 10% erop op 228 Mio Euro.

Besonnesch di konventionnéiert Déngschter profitéiere vu méi Moyenen.

Vill gett iwwerdeems och an d’Präventioun gestach.

De Projet e-Santé, dossier paratagé an d’Digitaliséierung gi virugedriwwen.

Erlaabt mer weg, dass ech hei zwee mi kleng Projeten ernimmen déi vum Staat ënnerstëtzt ginn.

Et sinn dat d’Projeten Caddy II a Schweesdrëpps II vun der Stëmm vun der Strooss.

Mat deenen 2 Projeten déi zu Suessem ënnert engem Dag regroupéiert sinn gi gratis Liewensmëttel un 10 verschidde Sozialdéngschter geliwwert.

Fir d’Gebeilechkeeten bauen ze kënnen, gëtt de Gesondheetsministère am Budget 2020 Mëttlen an Héicht vun 777.000 Euro bäi.

Hei ass net nëmmen de sozialen Aspekt ervirzehiewen mee och d’Reductioun vun der Liewensmëttelverschwendung.

Ech wéilt am Numm vun eis alleguerten op dëser Plaz e grousse Merci soen un all d’Bénévolen, nët nëmme vun der Stëmm vun der Strooss mee vun allen Associatiounen déi sech an den Déngscht vun hiere Matmënsche stellen.

Ouni hiren Asaz géif et ville Leit hei am Land vill méi schlecht goen an de Staat kéint, och wann e wéilt, dat alles net selwer leeschten.

Vun der Gesondheet bei de Sport ass de Sprong net ganz grouss.

De Sport ass dee Beräich deen am meeschte wiisst an de nächste Joren.

En Zouwuess vu ganzer 15%.

Et geet net duer fir adäquat Sportsinfrastrukturen opzeriichten, selbstverständlech brauche mer déi.

De Fong fir Sportséquippement kritt dofir och 7,5 Mio méi.

Mee grad esou wichteg ass dat wat an deene Sportstätte geschitt: en anstännegen professionnellen Encadrement net eleng vun de Spëtzesportler mee och vun eise Kanner an all deenen déi Sport bedreiwen.

Dofir ginn d’Federatiounen méi a besser finanziell ënnerstëtzt.

Nëmmen esou kann dee professionellen a gudden Encadrement och assuréiert ginn.

Op de Volet Logement ginn ech herno nach méi am Detail an.

Mir sinn eis eens, dass d’Fro vum bezuelbare Wunnen déi gréisste sozial Fro ass den Ament. Hei muss d’Politik reagéieren.

Vill Initiative sinn och ugekënnegt gi vun der Regierung, notamment de Pacte Logement 2.0 dee mer di läscht Woch hei diskutéiert hunn.

Leider spigelt de Budget vum Logement dës vill Initiative net oder besser gesot nach net zréck.

Positiv z’erwähnen bleiwt awer dass d’Krediter fir d’Gestion locative sociale ëm ganzer 37% gehéicht ginn an dass de Fonds de soutien au développement du Logement geschaf gëtt.

Dëse Fong soll jo dem Staat et erlaaben fir an de Besëtz vu Grondstécker ze kommen fir esou eege Wunnegsbauprojeten kënnen ze réaliséieren.

Dee Fong gëtt allerdings just mat 3 Mio fir dat anert Joer kreditéiert.

Och sinn dëst keng nei Krediter, mee et ass en Zesummeleeë vu verschiddenen Artikelen.

Et ass eist Versteeesdemech, dass dëse Fong déi néideg Moyen’en brauch fir séng Ziler kënnen z’erreechen a mir ginn dofir staark dovunner aus, dass wa bis di gesetzlech Basis fir dee Fong geschaf gouf och déi Krediter massiv an d’Luucht ginn.

Et géif och hei ze wäit féieren fir all eenzel Mossnahmen aus dem Budget opzezielen an dofir wéilt ech mech op dës puer Beräicher limitéieren déi ech elo ernimmt hunn an déi ech besonnesch ervir gestach hunn.

Niewt all deene Saache gëtt natierlech och an eis Educatioun investéiert:

de Budget fir den Enseignement supérieur geet ëm 10% erop,

Lëtzebuerg hëllt seng Verantwortung eescht vav vun der Entwécklungshëllef an investéiert och di nächst Joren 1% vu sengem Revenu national Brut fir deenen ënnert d’Äerm ze gräifen déi eis Solidaritéit brauchen.

Och dëst Joer sinn di sozial Transferten grousse Bestanddeel vum nationale Budget.

D‘Participatioun vum Staat un den Dépensen vun der Krankekees, Pensiounskees, Pflegeversécherung a vun der Mutualéiteit si wichtig Beiträg fir de Budget vun der sozialer Sécherheet an engem gesonden Equiliber stoen ze hunn.

Sie erlaaben et wichtig Verbesserungen fir de Versécherten an eng Planungssécherheet fir Betrieber ze garantéieren.

De Volet vum Paperless an der Digitalisatioun si Prioritéiten vun der aktueller Regierung a wäerten dofir och 2020 gefërdert an entwéckelt ginn.

D’Kulturjoer 2022 réckelt ëmmer mi no an de Budget stellt déi Mëttele bereed fir dat wichtegt Evenement fir de Süde vum Land och gutt ze preparéieren.

De wichtege Budget vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a Solidarwirtschaft geet ëm iwwer 8% an d’Luucht.

Fir d’Actions en faveur de l’emploi sinn zesummen 367 Mio virgesinn.

***

Alles an allem huet d’Regierung en équilibréierte Budget virgeluecht, dat mengen ech net am Sënn datt all d’Dépensen duerch Recette couvréiert sinn, mee am Sënn vun dem wat och de Finanzminister a senger Presentatioun gesot huet nämlech dass et e Budget ass fir e besseren Alldag vun de Mënschen.

Dëse Budget vereent villes: virun allem setzt en sozial an ökologesch Akzenter.

Et gëtt vill investéiert fir éischtens déi Problemer ze léisen déi mer haut hunn awer och fir eist Land op zukünfteg Erausfuerderungen virzebereeden.

Beim Stand vun eise Staatsfinanzen kënne mir eis dat och leeschten, jo mir mussen eis dat leeschten.

Wouhinner de Stëllstand féiert, gesi mer ganz gutt bei eisen däitsche Noperen wou Stroosse net gefléckt ginn, Brécken wackeleg sinn a Schoulgebeier baufälleg sinn.

Fir dass mer och a méi schwieregen Zäiten e gewëssene finanzielle Spillraum behalen, gëtt de fréiere Fonds de crise ëmgewandelt an e Fonds de rééquilibrage budgétaire, wou budgétaire Iwwerschëss sollen dra fléissen.

Niewt dem Fonds souveräin dee mat 317 Mio équippéiert ass, an deen eng Zort Spuerbuch fir zukünfteg Generatioune duerstellt, soll dëse Fong awer net bloquéiert sinn.

Dofir wir et an eisen An wichteg fir d’Modalitéite festzeleeën no deenen kann op dëse Fong zréckgegraff ginn.

Hei muss d’Chamber méi mat agebonne ginn.

Ech hu virdrun déi recordhéich Investissementer geluewt déi mer eis virhuelen.

Nach musse mer eis versécheren dass mer dat Bescht mat deenen Suen maachen.

Ech hu während menger Virbereedung op dëse Rapport gelies, datt de Staat bei gréissere Projeten 15 Joer brauch tëschent der Planung an dem Réaliséiere vun engem Projet.

Dësen Délai ass einfach ze laang.

Nët nëmmen solle mer un eise Prozedure schaffen, dat hu mer jo och scho gemeet mam Omnibusgesetz.

Mee mir musse besser Virausplangen.

Mat de Plans sectoriels gëtt dat jo schonn zum Deel probéiert, dat geet awer sécher net duer. Ech wéilt dofir a mengem perséinleche Numm proposéieren, dass d’Politik, sech an hieren Aarbechte begleede léisst vun enger ze schaafender Kommissioun wéi et se och a Groussbritannie zanter 2017 scho gëtt.

Dës Kommissioun kéint permanent d’Entwéckelungen vun der Populatioun, vun der Economescher Aktivitéit, vum Verkéier, vun den Aarbechtsplazen, de Chantieren asw am Aen behalen a plangen.

Net nëmmen fir di nächst puer Joer, mee doriwwer eraus fir di nächste Jorzingten.

D’Plus-value vun dëser Kommissioun muss doranner bestoen, dass mir d’Besoie anticipéieren amplatz der Entwécklung hannendrunzelaafen.

Net nëmmen Lëtzebuerg mee och d’Entwéckelungen an eiser direkter Noperschaft soll se mat abezéien.

Dës Kommissioun, zesummegesat esouwuel aus Décideuren ewéi och mat Wëssenschaftler kéint stänneg réagéieren op nei Entwécklungen a Rotschléi gi wou mer an Zukunft nei Stroosse brauchen, nei Schoulen, neie Wunnraum oder eng nei Offer am Ëffentlechen Transport.

Well et ass jo näicht méi frustrant wann e Projet ofgeschloss gëtt an an der Tëschenzäit d’Prémissen déi am Ufank gegollt hunn nët méi der Realitéit vun haut entspriechen.

Dat do bréngt mech op e Sujet dee mer eigentlech scho mi dacks hei am Haus ugeschwat hunn:

Wéi kënne mer besser garantéieren dass déi Suen déi mer ausginn, déi Investissementer déi mer tätegen och eisen Ziler déi mer eis gesat hu gerecht ginn?

Mir mussen eis agestoen, datt mer eng schlecht Evaluatioun vun eiser Politik maachen.

Heiansdo stëmme mer hei am Haus eng Motioun déi d’Regierung opfuerdert nom Akraafttriede vun engem Gesetz zréck bei d’Chamber ze kommen an e Bilan ze zéien.

Et ass awer um Parlament dës Evaluatioun ze maachen, mee et fehlt eis un de Moyenen. Sécher gräife mer och emol op d’Cour des Comptes zréck fir e Spezialrapport ze maachen zu dem engen oder anere spezifesche Punkt.

Mee mir kënnen net alles op d’Cour des comptes ofwältzen.

Mir mussen eis als Chamber selwer en Zerviss ginn dee mir kënne beoptragen mat der Evaluatioun vun eiser Politik.

Wien mecht zB d’Evaluatioun vun deene sëlleche Schoulreformen déi mer an de läschte Joren gemeet hunn?

Oder wien kuckt op dat wat mer eis am Objet vum Gesetzesprojet iwwer d’Subvention Loyer virgeholl hunn och wierklech erreecht gëtt? Dat nächst Joer sollt sech d’Chamber seriös Gedanke maachen wéi mer eis déi Méiglechkeete kéinte ginn déi eis haut nach fehlen.

D’Chamber sollt awer am Beschte bei sech selwer ufänken:

Ech hunn an de läschte Méint e puer Budgetsrapporte gekuckt vu ménge Virgänger.

Hei goufe sëllech Recommandatioune formuléiert, och ech wäert der haut nach e puer maachen.

Mee wat geschitt mat deene Recommandatiounen?

Vill ginn der ëmgesat, anerer awer net oder waarde nach drop ëmgesat ze ginn.

A wien erënnert sech drun?

Eng Iddi wier et, dass d’Finanzkommissioun en Aen drop behällt.

Dat selwescht gëllt och fir eis Motiounen an der Chamber.

Dacks ass et och hei: Aus den Augen aus dem Sinn.

Dofir sollt e Relevé opgestallt ginn vun alle Motiounen déi d’Chamber am Laf vun der Zäit hëllt, e Relevé dee stänneg à Jour gehale gëtt an dien der Chamber weist wou déi eenzel Opfuerderungen un d’Regierung dru sinn.

Här President, ech erlaabe mer zu dësen 3 Proposen eng Resolutioun ze déposéieren…

Dépôt Resolutioun

Ech soen de Regierungsmemberen Merci fir hir Disponibilitéit an de läschte Wochen.

Mir kruten och op all Fro eng Äntwert déi mer gestallt hunn, resp. goufen eis nach Dokumenter nogereecht déi mer gefrot hunn.

Ech wéilt awer un d’Regierung appeléieren, datt se beim Opstellen vum Budget Uecht gëtt, datt d’Chamber nach ëmmer dee néidegen Iwwerbléck behällt.

Et versteet een wann an engem Ministär verschidde Budgetsartiklen beienee geluecht ginn an dëst der Regierung méi Flexibilitéit gëtt bei hiren Dépensen.

Dat duerf awer net op d’Käschte vun der Transparenz goen v-à-v vun der Chamber.

Dofir missten op d’mannst am Libellé vum Artikel déi Détailler opgefouert ginn vun deenen Artikelen déi fusionnéiert goufen.

************

An dem méi perséinlechen Deel vu mengem Rapport hunn ech mech dozou entschloss, mech dem Sujet vum PIB du Bien-être ze hirzeginn.

Dat ass sécher keng nei Erfindung.

Souwuel zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland goufe sech jo scho vill Gedanke doriwwer gemeet.

Et huet mech perséinlech ëmmer gestéiert, dass mer d’Situatioun vun eisem Land, eise Wuelstand ëmmer eleng op eis wirtschaftlech Performance reduzéieren.

An d’Fro déi mer méi dacks duerch de Kapp gaangen ass, war déi heiten:

“Wat denke verschidde Leit wa se dauernd heieren, eise PIB ass ëm 3, 4 oder 5% gewuess, et geet eis also gutt.”

An zum nämlechten Ament mierken sie awer keen ënnerscheed um Peiziedel an hunn et allzedacks schwéier fir Enn des Mounts di 2 Aenner beianenaner ze kréien?

De Premier huet dee remarquable Saz gesot: Wann et eisem Land gutt geet, da muss et och de Leit gutt goen.

An hien huet natierlech absolut Recht!

Mee wéi geet et dann effektiv de Leit?

Wéi et eisem Land geet, a virun allem wéi et eise Bierger geet, doriwwer seet de klassesche PIB wéineg aus.

Et brauch dofir aner Indikateuren.

D’nächst Joer am Mäerz organiséieren de STATEC an de Wirtschaftsministère eng gréisser Konferenz iwwer dee soug. Well-being mam Titel « Knowledge for informed decisions ».

Den Direkter vum STATEC hat am November op eng ganz intressant Diskussiounsronn invitéiert iwwert d’Ongläichheeten an hir Evolutioun, dëst mat engem méi provokanten Ënner-Titel: “Tout ce que nous ne mesurons pas ou mal”.

Et gëtt sech also haut schon vill mat der Fro beschäftegt, wéi mir d’Wuelbefannen an sénger ganzer Komplexitéit moosse kënnen.

Ech wéilt op dëser Plaz, ausdrécklech dem Kolleg Serge Wilmes e grousse Merci soen, well hien eng Debatte grad iwwer de PIB du bien-être an der Chamber gefrot huet.

Mir waren eis also onofhängeg vuneneen eens, dass et wichteg wäer sech méi intensiv domat ze befaassen.

Och de Kolleg Paul Galles huet eng Debatte ugefrot iwwer d’Aarmut zu Lëtzebuerg.

Och him villmools Merci dofir well ech och dësem Thema ee gréissert Kapitel a mengem Rapport widmen.

Dës zwou Debatten déi mer da viraussiichtlech Ufank nächst Joer féieren, ergänzen also mäi Rapport vun haut a stelle sécher, dass d’Diskussiounen doriwwer weidergefouert ginn.

***

Här President,

Nodeems d’Nowéien vun der Finanzkris verdaut sinn, genéisse mir erëm e staarken Wirtschaftswuesstem (2014, 2015 an 2016 iwwert 4 %).

Zanterhir gewannen bei villen Bierger aner Consideratiounen erëm méi u Bedeitung: Ongläichheeten ofbauen, d’Vereenbarkeet vu Famill a Beruff, eng intakt Ëmwelt, sozial Kontakter an eiser Gesellschaft, kuerz d’Wuelbefannen vum Eenzelen.

De Constat, dass Wirtschaftswuesstem automatesch d’Wuelbefannen vun de Leit eropsetzt, ass ëmmer manner evident, och an der Wëssenschaft.

Am Koalitiounsaccord vun 2009 huet di deemoleg Regierung d’Aféieren vun engem PIB du bien-être nierft dem klasseschen PIB annoncéiert.

An engem gemeinsamen Avis vum Conseil économique et social a vum Conseil supérieur du Développement durable, goufen 63 Indicateuren aus 11 Liewensdomainer definéiert, op deenen de « PIBien-être » fousst.

De Statec gouf mat der operationeller Ausféierung beoptraagt an de synthetiséierten « Luxembourg Index of Well-being, LIW » war gebuer.

A sengem Rapport huet de Statec deemools festgehalen, dass den Luxembourg Index of Well-being tëschent 2009-2015 zwar gewuess ass, mee manner séier wéi d’Evolutioun vum PIB.

2015 war dat sou gemoossent Wuelbefannen 0,8 % ënner dem Niveau vun 2009 ; de PIB pro Kapp ass awer am nämlechten Zäitraum ëm 5,7 % geklommen.

***

A mengem Rapport sinn ech op 3 grouss Themefelder agaangen:

Aarmut an Ongläichheeten, Logement an zu gudder Läescht d’Aarbechtswelt.

Zu der Aarmut an den Ongläichheeten :

nierft engem relativ héijen Taux de risque de pauvreté vun 18,3 %, ass et wichteg, aner Indicateuren ze kucken, fir e méi komplett Bild ze kréien.

Dozou gehéiert d’Deprivation matérielle, déi net un d’Evolutioun vum revenu médian gebonnen ass, mee déi méi objektiv Critère virgesäit.

Dir entschëllegt, mech, ech hu kee Lëtzebuergescht Wuert fir Déprivatioune fonnt.

Glécklecherweis hu mir zu Lëtzebuerg e niddrege Taux de déprivation matérielle (1,3 %) ; deen niddregsten an der EU.

Dëst duerf awer net verstoppen, dass zu Lëtzebuerg 8% vun de Kanner Déprivation matérielle erliewen.

A menge Recherche sinn ech op folgend, fir mech erschreckend Zuele gestouss:

Kanner, wou d’Elteren an enger Koppel liewen, sinn, wann et ëm Déprivatiounen geet zu 4 % betraff ;

Kanner an enger Famille monoparentale zu 30 %.

Néirens ass déi Differenz esou grouss ewéi zu Lëtzebuerg.

E puer Beispiller fir dass ee versteet wat gemengt ass: Déprivatioune déi gemooss goufe sinn z.B. Aal Miwwel net ersetzen kënne; Rechnungen net kënnen bezuelen; d’Kanner net kënnen um Schoulausfluch deelhuelen loossen, Kanner déi just ee puer Schong hunn asw…

Mir wëssen et alleguerten.

Op der ganzer Welt an och zu Lëtzebuerg huelen d’Ongläichheeten zou ;

besonnesch wann een sech d’Verdeelung vum Patrimoine ukuckt.

Lëtzebuerg, ass dacks besuergt fir an internationale Rankingen kënnen um Podium ze stoen.

Mee mir thematiséiere net vill, dass mir dem EUROSTAT no beim Gini-Koeffizient zanter 2016 kloer méi ongläich eis Revenu’en verdeelt hunn wéi d’Moyenne an der EU.

Den Gini Koeffizient loung 2018 bei 30,6 fir d’EU mee bei 33,2 fir Lëtzebuerg.

A séngem Bulletin huet d’Banque centrale festgestallt, dass déi iewescht 10 % e Patrimoine hunn, deen 344 mol esou grouss ass wéi dee vun den ënneschten 10 % (2014).

Am Joer 2010 louch dee Rapport scho bei héijen 273. Dës Entwécklung ass also rasant.

Wann ee weess, dass de Rapport tëschent den ieweschten 10 % an den ënneschten 50 % an deem Zäitraum éischter konstant bliwwen ass, da kënnt een zur Conclusioun, dass déi ënnescht 10 % guer näischt op d’Säit leeë kënnen.

Fir eis sozial Kohesioun sinn dës Entwécklungen Gëft.

Ech hu virdrun gesot, dass de Staat ouni d’Hëllef vu Bénévolen opgeschmass wier wann et drëms geet d’Aarmut ze lënneren an ze bekämpfen.

Dofir brauchen déi conventionnéiert ASBl’en déi néideg Moyenen fir hier Aarbecht ze maachen.

Dat geschitt wuel mat dësem Budget, deen Effort muss awer weider goen.

Och brauchen déi Bénévole selwer déi néideg Formatioun an e gudden Encadrement.

Wat d’Strukturen ugeet déi mer hei am Land hunn, soll eng Analyse vun de Besoinen a vun der geographescher Verdeelung gemeet ginn.

Eng Iddi déi mir besonnesch um Häerz läit ass déi vum “Housing first”, déi sech schon a Finland bewäert huet.

Hei stieche mer nach an de Kannerschong an déi Iddi soll onbedéngt weiderentwéckelt ginn. Kuerz erkläert:

Beim Housing First Konzept geet et ëm e Mentalitéitswandel.

Et setzt viraus, dass jiddereen hei am Land e Recht huet iergendwou ze liewen.

D’Wunnéng gëtt domat zur éischter Mesure vun der Stabiliséierung, zB fir Leit vun der Strooss oder enger Persoun déi wëll aus der Prostitutioun erausklammen.

Eréischt wann ee bis en doheem huet, kann een di aner Problemer ugoen wéi eng Aarbecht sichen oder erëm gesond ginn an esou lues a lues de Wee zréck an eis Gesellschaft fannen.

A Finland, zB ass dëst Konzept erfollegräich bei 4 vu 5 Leit.

Ech soen dat alles, well wa mir iwwert d’Wunnengspräisser schwäetzen, dann hale mer dacks fest, dass et fir Geréngverdénger an ëmmer méi dacks och Normalverdénger ëmmer méi schwéier gëtt fir sech d’Wunne kënnen ze leeschten.

Mee wéi schwéier muss et da sinn fir déi déi guer näischt hunn?

Ech soen dat hei fir dass mer si net vergiessen wa mer iwwer d’Wunnéngsnout schwätzen.

Da wéilt ech d’Regierung drun erënneren datt si an hierem Regierungprogramm ugekënnegt huet, d’Familljeleeschtungen ewéi d’Familljegeld neess un den Index unzepassen.

Dëst ass ganz bestëmmt eng wichteg Hëllef fir d’Familljen besonnesch fir Allengerzéier.

Wat déi Indexéierung éischter kënnt, wat besser!

Wann een den Aarmutsrisiko am Detail kuckt, da fällt engem op datt am Conträr zu aneren europäesche Länner, den Aarmutsrisiko bei de Rentner däitlech manner héich ass.

Dëse läit bei manner ewéi d’Halschend vun der Moyenne.

Dat ass eng gutt Nooriicht. Vergiesse sollte mer dobäi awer net, dass et och zu Lëtzebuerg kleng Pensioune gëtt, mat deenen ee knapps iwwer d’Ronne kënnt.

Et ass dofir eng gutt Nooriicht, dass fir den 1. Januar d’Pensiounen ëm 1,5% wäerten ugehuewe ginn. Zesumme mat der ze erwaardender Indextranche kréien eis Rentner esou Ugangs 2020 eng Erhéijung vu 4%.

Weider Efforten fir Hongerrenten ze vermeiden mussen awer gemeet ginn.

Wat d’Ongläichheeten ugeet, sou schloen ech fir, en Observatoire vun den Ongläichheeten an d’Liewen ze ruffen, e bëssi esou wéi den Observatoire vun der Compétitivitéit dee mer jo schonns hunn.

Domat kéinten d’Regierung an d’Sozialpartner nët nëmmen d’Ongläichheeten am Aen behaalen mee och Initiativen huelen fir se ze bekämpfen.

Ganz besonnesch sollt d’Regierung beim Ausschaffe vun däer ugekënnegter Steierreform eng Verbesserung fir d’familles monoparentales ustriewen.

Sie ware schons 2017 iwwert de crédit d’impôt entlaascht ginn, dëse kann een duerchaus nach unhiewen.

Ech wéilt och ënnersträichen, dass d’Regierung net d’Hänn an de Schouss geluecht huet wat d’Aarmutsbekämpfung an d’Erofdrécke vun den Ongläichheeten ugeet:

Am Laf vum Joer 2019 huet d’Regierung de Mindestloun ëm 100 Euro netto gehéicht.

Wat fir en Impakt dës wichteg Moossnahm op den Armutsrisiko resp. op de Phenomen vun de Working-Poor huet, wësse mir haut nach net.

Mee d’Fro ass net op dat e positiven Effekt hat, mee éischter wéi grouss dësen Impakt ass.

Dat gesi mer allerdéngs eréischt wa mer d’Donnéen vun dësem Joer statistesch traitéiert hunn.

Wat de Phenomen vun de Working-poor ugeet, sou ass deen esou komplex, dass et derwäert wier, dësem en eegene Rapport ze widmen.

Dat just als kleng Ureegung.

***

Wann een zu Lëtzebuerg vun Aarmut an Ongläichheete schwätzt, dann ass ee ganz séier beim Logement.

Dësen ass nämlech zu groussen Deeler d’Uersaach firwat Zb den Aarmutsrisiko klëmmt.

Mir sinn eis all eens an ech brauch och lo net rëm Beispiller ze nennen, dass d’Präissexplosioun um Wunnengsmaart de Leit e Lach an de Portmonni frësst.

E grousse Problem ass do d’Konzentratioun vun Terrain’en.

An enger Question parlementaire haten de Franz Fayot an ech no der Verdeelung vum Landbesëtz gefrot.

Dorops hinn goufen de LISER an den Observatoire de l’Habitat dermat chargéiert d’Besëtzverhältnisser z’analyséieren.

D’Resultater, och wann een et scho gefuart hat, ware nawell erschreckend:

1 % vun de Privatleit besëtzen 16,4 % vun der Valeur vun allen Terrain’en.

D’Beispill vun der Stad Lëtzebuerg ass besonnesch markant:

11 Entreprisen an 11 Privatstéid besëtzen 63 % vun den Terraine an eiser Haaptstad, mat enger Valeur vu ronn 2,4 Milliarden Euro.

Dëst ass natierlech eng ongesond Situatioun.

De STATEC huet ausgerechent, dass d’Käschten vum Logement ganz ënnerschiddlech evoluéiert hunn, je nodeem, zu wéi engem Quintile e Stod zielt.

Beim 1. Quintile (also bei deene mat dem niddregsten Akommes) sinn d’Käschte ëm 20 % geklommen tëschent 2012-2017 ; beim 4. Quintile just em 7 %

→ Resultat : d’Käschten vum Logement huele beim Geréngverdénger 42 % vum verfügbaren Akommes an, a bei deenen ieweschten 20% op der Akommesskala sinn et just 14,5 %.

Den Taux vun der Deprivatioun beim Logement (z.B. en ondichten Dach, ouni privat Toilette asw.) ass méi héich zu Lëtzebuerg wéi an der Moyenne vun der EU, wann een et op Locataire’en bezitt, déi zu den Marchéspräisser lounen mussen.

D’OCDE huet an hirem examen économique vun dësem Joer ervirgestrach, dass a kengem vun de 36 Memberstaaten den 1. Quintile esou staark verschëllt ass wéinst dem Logement wéi zu Lëtzebuerg.

100 % vun den Stéit vum 1. Quintile hunn eng Schold vu méi wéi 300% vun hierem Brutto-Joresakommen.

Et ass dofir net verwonnerlech, dass d’OCDE eng méi konsequent Besteierung vun eidelstoenden Terrain’en fuerdert, an dass d’Reform vun der Grondsteier d’Non-affectatioun muss bekämpfen.

Iwwregens ass d’OCDE net déi eenzeg déi eis dat soen:

och d’europäesch Kommissioun huet an hiren Lännerspezifechen Recommandatiounen am Juni fir Lëtzebuerg festgehalen, dass si politesch Mesure vermësst, déi Proprietaire dozou bréngen, hir Terraine vir Logemente disponibel ze maachen.

D’Chambre des métiers proposéiert an hirem Avis zum Budget, dass mer eidel Terrainen méi musse besteieren.

Ech wëll betounen, dass dëst alles keng marxistesch oder lénks sozialistesch Organisatioune sinn.

A wann déi dat scho soen…

Op dëser Plaz wëll ech och de President vun der Banque Centrale zitéieren dien eis an der Finanz- a Budgetskommissioun bei der Presentatioun vun hirem Avis zum Budget zum Schluss gesot huet:

et muss elo eppes geschéien!

Wëll d’Regierung verhënneren, dass hir Logementspolitik duerch d’Conzentratioun vum Bauland an den Hänn vun enger klenger Zuel vu Propriétairen torpédéiert gëtt, muss d’Regierung d’Baulandspekulatioun bekämpfen.

Weiderhi muss dee spezielle Steierrégime fir d’Fonds d’Investissements spécialisés (FIS) reforméiert ginn.

Well et kloer schéngt dass dëse Produit mëssbraucht gëtt fir mat Hëllef vum Typ vun den Umbrella Funds laanscht d’Besteierung vun der Plus-value immobilière ze kommen.

An dat huet net nëmmen Répercusssiounen op d’Wunnngspräisser, mee virun allem ass et och eng grouss Steierongerechtegkeet.

Mir sinn eis jo eens, dass de Staat, fir selwer aktiv ze ginn um Wunnengsmaart an esou bezuelbare Wunnraum ka schaffen, fir d’ésicht emol un dat néidegt Bauland muss kommen.

Dofir sollt am Kader vun de Baulandvertreeg eng Taxe op de geschaaffene Mehrwert vun den Terraine kommen, déi zu Bauland ëmklasséiert ginn.

Esou wéi et och am Koalitiounsaccord tëschend de Regierungsparteie virgesinn ass.

D’Fro duerf awer erlaabt sinn, op een net amplaz vu Suen e Stéck vum Terrain kann un d’ëffentlech Hand oftrieden?

Wéi schons d’éineschter gesot: dee neie Fong fir Terrainen ze kafe muss déi néideg Mëttel kréien fir senger Aufgab kënne gerecht ze ginn.

Ech widderhuelen och nach emol wat ech di läscht Woch gesot hunn beim Pacte Logement: mir mussen fir all déi verschidde Besoinen dee richtege Wunnraum schafen.

Dobäi sollen d’Loyeren dem Akommes no gerechent ginn.

Ech widderhuelen awer net méi all déi Recommendatiounen aus der Debatte vu virun enger Woch iwwer de Pacte Logement 2.0.

Ech verweisen do op mäi schrëflteche Rapport.

Zum Logement awer nach dat heiten:

Mir brauchen och méi Wunnraum fir Studenten grad ewéi d’Méiglechkeeten fir nei Formen vum Zesummewunnen, ewéi dem intergenerationelle Logement.

***

E weidert Thema dat ech méi genee wëll ënnert d’Lupe huelen ass d’Aarbechtswelt.

D’Aarbecht gouf net erfonnt fir eis Mënsche glécklech ze maachen.

Nawell ass et d’Aarbecht déi eis et erméiglecht iwwerhaapt un der Gesellschaft deel ze huelen.

An d’Aarbechtsqualitéit ass dann och e wichtege Facteur vum Wuelbefannen am Alldag.

Am Quality of Work Index (2018)  fillen sech 30 % vun de Leit net an der Lag, no der Aarbecht ofzeschalten.

Vill musse ronderëm d’Auer disponible sinn. Wann mir als Legislateur net oppassen, riskéiert d’Digitalisatioun d’Grenzen tëschent Aarbecht an Fräizäit ze verwëschen.

D’Regierung sollte mer ënnertëtzten bei hierm Bestriewen, en Droit à la déconnexion ze schafen.

Dëst gëtt nach verstäerkt bei de neien atypeschen Aarbechtsformen wéi der Plattformaarbecht hei kënne mer roueg vu falschen Indépendanten schwätzen.

Wien sech dorop aléisst huet dacks d’Nodeeler vum Indépendant (keng fest Aarbechtszäiten, staark Variatioune beim Akommes, keng finanziell Sécherheet) zäitgläich awer schafft ee wéi an engem Aarbechtsverhältnis just eben dass ee net di gesetzlech Ofsécherung vum Salarié genéisst.

Mir duerfen déi Leit, déi esou Plaze hunn an déi um Bord vun eisem Aarbechtsrecht sinn, net lénks leie loossen.

Et ass dofir gutt dass de Regierunsgropgramm virgesäit eist Aarbechstrecht ze reforméieren fir dëse Situatiounen entgéintzewierken.

Och wier et gutt wa mer géife virukommen mat der Verbesserung vun der Situatioun fir d’Indépendanten (ech schwäetze lo vun deene richtegen Indépendanten).

Hei musse mer di Sozial Ofsécherung wéi Zb d’Recht op Chômage méi no eruféieren un d’Rechter vun de Salariéen.

De Rapporter vun zejoerts, den André Bauler huet et och a séngem Bericht erwähnt: et kommen an der Aarbechtswelt gewalteg Changementer op eis duer.

Der OCDE no wäerten an den nächsten 10-20 Joer 14 % vun den Aarbechtsplazen duerch d’Digitaliséierung an d’Automatiséierung ewech falen,

32 % vun den Aarbechtsplazen wäerte sech grondleeënd veränneren.

D’Aentwert hei erobber an engem Wuert ass: Formatioun.

De Regierungsprogramm gëtt do schon eenzel Piste fir, deenen et gëllt nozegoen: ech denken do un d’misen en oeuvre vun enger Stratégie des compétences, oder nach de compte de formation personnel.

Hei sollt een och kucken wéi eng Roll d’ADEM dobäi kéint spillen.

Besonnesch déi sougenannte Middle-skilled Aarbechtsplazen si bei der Digitaliséierung a Gefor an do gëllt et den Hiewel unzesetzen bei der Weiderbildung resp. der Requalifikatioun.

***

 

 

Här President,

Mir hunn an den läschten Jore gesinn, dass d’Rechnen vum PIB un séng Limitte stéisst.

En ass immens ofhängeg vun der Methodologie, déi benotzt gëtt, virun allem, well villes dovunner ofhänkt, wéi d’Operatiounen vu grousse Multinationalen comptabiliséiert ginn.

Fir d’Joer 2017 war den Wuesstem vun engem Moment op deen aneren vun 2,3 % op 1,5 % revidéiert ginn, ouni dass sech un der reeller Wirtschaftssituatioun eppes geännert hätt.

Dëst féiert dozou, dass de PIB sech lassléisst vun aneren, makroekonomeschen Gréissten.

Dat mécht d’Lecture vun der wirtschaftlecher a finanzieller Situatioun vum Land net méi einfach fir d’Observateure a fir eis Parlamentarier

 

An deem Kontext begréissen ech d’Beméiungen vum STATEC, sech fir e Service « large case unit » anzesetzen, fir sech där Fro do unzehuelen.

De PIB wäert net ersat ginn.

Mir brauchen de PIB, och well sech eng ganz Partie Données’en vum PIB ofleeden.

De PIB gëtt no europäesche Regelen gerechent a moosst d’Valeur ajoutée vun den Aktivitéiten, déi op eisem Territoire stattfannen.

De Problem ass net de PIB u sech.

De Problem ass, dass Erwaardungen déi an de PIB gestallt ginn, wäit iwwert dat eraus ginn, wat en eis soe kann.

Am September 2009 huet de Rapport vun der Commission pour la mesure des performances économiques et du progrès social , méi bekannt ënnert dem Numm Commission Stiglitz, folgendes festgehalen :

Il semble souvent exister un écart prononcé entre, d’une part, les mesures habituelles des grandes variables socio-économiques comme la croissance, l’inflation, le chômage, etc., et, d’autre part, les perceptions largement répandues de ces réalités.

Dëst trëfft et op den Punkt.

Wat de PIB eis net soen kann, dat ass: wéi et ëm d’Liewenskonditiounen vun de Leit bestallt ass.

Zanter enger Rei vu Joren gëtt kontrovers driwwer diskutéiert, op Lëtzebuerg soll weider kënnen wuessen oder net.

Déi Diskussioun gëtt vu politescher Säit oft leider net mat deem néidege Sérieux gefouert.

Villäicht ass d’Fro och méi komplex : d’Fro ass net, op mir Wuesstem wëllen, oder net wëllen. Mir liewen net an enger Planwirtschaft.

Kloer ass awer, dass Wuesstem kee Selbstzweck duerf sinn.

D’Politik ass dofir do, d’Jalone esou ze setzen, dass de Wuesstem jidderengem zegutt kënnt.

Mir mussen mat eisem Wuesstem et fäerdeg bréngen, d’Ongläichheeten tëschent de Leit erof ze drécken, an esou en inklusive Wuesstem ze hunn.

Bréngen mir et net fäerdeg, alle Bierger am Land e Liewen an Dignitéit z’erméiglechen, da wäerten der ëmmer méi de Kapp rëselen, wa si héieren de PIB wier erop gaangen, awer perséinlech fillen, dass et nom Bezuelen vum Loyer och dëse Mount erëm knapps gëtt, vir d’Enner beieneen ze bréngen.

Et geet hei och ëm d’Vertrauen, dat d’Bierger kënnen eisen Institutiounen entgéint bréngen.

Mir mussen als Gesellschaft eng Diskussioun driwwer féieren, wat fir eis d’Kärelementer vun enger gesonder, glécklecher Gesellschaft sinn, déi gutt funktionéiert, an an däer jidderee seng Plaz huet.

Wa mir eng Äntwert op dës Fro hunn, wa mir also eis Prioritéiten fir d’Gesellschaft definéiert hunn, da mussen mir eis och d’Méiglechkeet ginn, en Indikateur ze hunn, dee Joer fir Joer moosse kann, op mir eis op déi Prioritéiten zoubewegen, oder ewegkommen.

An der wëssenschaftlecher Literatur huet d’welfare economics seng Platz ageholl.

Dem Adam Smith seng Theorie vun der invisible hand huet mëttlerweil 260 Joer um Bockel.

Dass et der Gesellschaft automatesch besser geet, doduercher, dass deen Enzelnen probéiert säi Profit ze maximiséieren, dorunner géing den Adam Smith haut warscheinlech selwer net méi gleewen.

D’Wëssenschaft huet evoluéiert, mee d’Politik ass do wahrscheinlech nach e bëssen hannendran.

D’Cour des comptes huet eis an hirem Avis un d’Häerz geluecht, d’Beispill vun Neuseeland méi genee ze analyséieren.

An et war effektiv de Fall vu Neuseeland, dee mech dozou verleed huet dëse Sujet erauszesichen.

Neuseeland huet den 30. Mee e Budget virgestallt, deen sou muenches op d’Kopp gestallt huet:

Dréi- an Aangelpunkt ass d’Wuelbefannen.

E fousst op 6 politesche Prioritéiten, dorënner d’Lutte géint Kanneraarmut an d’Verbesseren vun der mentaler Gesondheet vun de Leit.

Am Virfeld sinn interministeriell Comitéë zesumme komm, fir Mesuren auszeschaffen am Sënn vun den 6 Prioritéiten also eng transversal Approche.

Et goufe chiffréiert Objektiver festgeluecht, fir an deenen 6 Prioritéiten mëttelfristeg weider ze kommen.

D’Budgetsartikelen si net en Fonctioun vu Ministèrë ventiléiert, mee en Fonctioun vun Politikfelder opgestallt.

Et ass eng Interessant Approche.

Wat konkret dobäi eraus kënnt, muss sech weisen.

An séngem Rapport fir de Budget 2006 ass de Roger Negri agaangen op de Modell vun der LOLF (loi organique relative aux lois de finance) a Frankräich.

D’LOLF huet probéiert, de Budget manner ze fragmentéieren, si huet d’Nomenclature reforméiert, d’Architektur no Mission-Programme-Action deklinéiert.

De Bilan ass mitigéiert.

Sécher ass awer :

mir mussen et och zu Lëtzebuerg fäerdeg bréngen, vun enger logique des moyens op eng logique des résultats ze kommen.

Bei der Lecture vum Roger Negri séngem Rapport ass mer folgend Zitat opgefall, dat och schon en anere Rapporter benotzt huet an dat haut nach ëmmer séng Richtegkeet huet:

Le Gouvernement fait le budget, la Chambre des Députés vote le budget, et la procédure budgétaire continue de s’apparenter à « une visite du château de Versailles : à pas accéléré et avec l’interdiction de toucher à quoi que ce soit »

Här President,

Am Laaf vu menger Analyse hunn ech festgestallt, dass bei ville gängege Indicateure Lëtzebuerg net esou schlecht ofschneit, wann een un der Uewerfläch bleiwt.

Wann een di Indicateure allerdéngs op vulnerabel Ënner-Kategorien an eiser Gesellschaft (zB famille monoparentale, locataire au prix du marché) uwennt, entsteet en anert Bild vun eisem Land.

Als Conclusioun wéilt ech folgendes festhalen: mir mussen net alles nei erfannen, mir mussen eis net alles aus de Fangere suckelen :

Bei mengen Entrevuë hunn ech festgestallt, dass mir zu Lëtzebuerg exzellent Instituter an Chercheure am Land hunn, eng matière grise, déi eis Opschloss ka ginn iwwert dat, wat an dësem Land viru sech geet.

Mir hunn allerdéngs als Politik nach net de Reflex fir déi Informatiounen méi a besser ze notzen.

Dorunner kënne mir all schaffen.

Ech denken, mir sollten dem STATEC d’Moyen’e ginn, fir en Collaboratioun mam Conseil Supérieur du Développement Durable an dem Conseil économique et social e neien Indicateur vum PiB- du bien-être opzestellen, deen idealerweis kéint all Joers gemooss ginn, parallel zum klassesche PIB.

Fir dass mer iergendwann eng Kéier mat guddem Gewëssen an zu Recht kënne behaapten: Well et eisem Land gutt geet, geet et och eise Bierger gutt.

***

Ofschléisse maachen ech natierlech mat e puer Mercien:

Ech fänken un mat engem Merci un de Finanzminister a seng Mataarbechter.

Am Ufank vu menger Ried hat ech schon all deene Merci gesot déi bereed waren mech während menge Recherchen ze gesinn.

Ech hätt der nach gären vill méi gesinn, mee wéi ëmmer ass engem um Enn d’Zäit fortgelaf.

E grousse Merci natierlech un d’Chamberveraltung an do viruop der Mme Guezennec, der Sekretärin vun eiser Kommissioun.

 

E Merci och un de President vun der Finanzkommissioun, den André Bauler, fir seng Gentillesse an och fir séng gutt Rotschléi.

E ganz grousse Merci och un eis Mataarbechter an der Chamberfraktioun an do ganz besonnesch dem Patrick Weymerskirch dee mer vill gehollef huet dëse Rapport op d’Been ze stellen.

Wann ech scho bei deem ganz Besonnesche sinn, a well ech dozou villäit net méi d’Geleenheet kréien dat ëffentlech hei ze soen:

e groussen, jo ganz grousse Merci u mäi Fraktiounschef, den Alex Bodry, fir all séng Ënnerstëtzung an de läschte Joren.

Alex, du bass fir vill Leit e Virbild als Deputéierten an dat Haus hei wäert dech staark vermëssen, do sinn ech mer ganz sécher!

Zu gudder Läscht wéilt ech iech alleguerten heibanne nach Merci soen dass der mer d’Chance ginn hutt dee Rapport hei ze preparéieren.

Dat war fir mech eng aussergewéinlech Erfahrung déi ech net wéilt mëssen.

Merci och fir äer Gedold a fir d’Nolauschteren.

 

Have your say