YvesCruchten.lu

Ried zum “4e Paquet ferroviaire”

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

„Die Sozialisten werden weiterhin in den Ausbau des Eisenbahn-Netzes investieren. Neue, schienengebundene Verkehrswege müssen geplant und realisiert werden. Diese stellen das Rückgrat des öffentlichen Verkehrsnetzes dar“, heescht et am Wahlprogramm vun der LSAP zu de Chamberswahlen.

Am Regierungsprogramm steet e.a.: « Au vu de la stratégie du Modu 2.0 (…), les investissements pour tous les modes de transports et en particulier pour le ferroviaire seront maintenus à un niveau très élevé. De même, des moyens pour accélérer la réalisation des travaux en question seront recherchés. »

Ech hun Äerch dës Ausszisch, zitéiert fir – nach eng Kéier – ze ënnersträichen, wéi eng Importenz net nëmme meng Partei mee d’Regierung insgesamt der Bunn bäimoosst.

D’Eisebunn ass een zentralt Element an enger Mobilitéitsstrategie, déi als Ziel huet de „Modal Split“ ze verbesseren. An zwar an deem Sënn dass bis d’Joer 2025 22% vun alle Weeër op a vun der Aarbecht solle mam ëffentlechen Transport zeréckgeluecht ginn an dass de Prozentsaz vu Schüler, déi mam Auto an hir Schoul fueren bzw. gefouert ginn, vu 39 op 20% soll erofgoen. Eng Mobilitéisstrategie, déi als weidert Objektiv huet, d’Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport ze verbesseren.

Fir dass d‘Eisebunn hir Roll beschtméiglech erfëlle kann, muss si optimal funktionéieren, fir läschten Enns dee beschtméiglche Service, esouwuel quantitativ wéi och qualitativ, kënnen ze offréieren.

Dëst setzt natierlech viraus, dass de reglementären, dee gesetzléche Kader stëmmt.Do komme mir als Chamber an d’Spill, do sti mir an der Verantwortung.

An an dem Kontext si mir dann och scho beim 4. „Paquet ferroviaire“ iwwert den mir haut hei diskutéieren an ofstëmmen. Ziel vun der Europäescher Kommissioun ass et säit elo scho méi ewéi 20 Joer de Schinnentransport duerch d’Opmaachen fir d’Konkurrenz op nationalem an europäeschem Niveau ze dynamiséieren.

Éischt Beméihungen an déi Richtung goufen vun engem „espace ferroviaire européen unique“ an de 90er Jore gemaach, iert dann 2001 den éischten Eisebunnspak, ugeholl gouf.

Duerno koumen – ech wëll hei net méi am Detail dorobber agoen – am Joer 2004, den 2. Paquet zur Ouverture vum nationalen an internationalen Wuerentransport, 2007 e weidere Pak, mat dem den internationalen Pasagéiertransport fir d’Konkurrenz opgemaach gouf, an dunn enge Refonte vun den Texter fënnef Joer méi spéit, also am Joer 2012.

Déi vierleefeg läschten Etapp vun de Liberaliséierungspläng vun der Europäescher Kommissioun ass de 4. „Paquet ferroviaire“, deen 2013 presentéiert gouf, dräi Joer méi spéit adoptéiert an haut an nationalt Recht soll ëmgesaat ginn.

Konkret sollen duerch dëse Pak läscht juristesch, institutionell an technësch Obstaclen aus dem Wee geraumt ginn.

Déi europäesch politësch Verantwortlech erhoffe sech vun den decidéierte Mossnahmen eng Verbesserung vun der Effizienz a vun der Qualitéit vun den Eisebunnszervisser.

Un dësen Objektiver ass prinzipiell näischt auszesetzen, méi Effizienz a virun allem besser Konditiounen fir d’Usageren genee ewéi fir d’Personal sinn alles Elementer déi mir als Partei selbstverständlech matdroen an entspriechend Moosnahmen mat béiden Hänn ënnerschreiwe kënnen.

Mee iwwert dee Wee resp. iwwert d’Ausriichtung vu verschiddenen Mesuren haten an hu mir aner Vuen ewéi d‘Europäesch Kommissioun. Dat betrëfft net nëmmen den Transportsecteur mee och nach vill aner Beräicher.

Generell gesi mir als LSAP deen Dogma, dass d’Liberaliséierung vun enger Déngschtleeschtung, automatesch zu méi Effizienz an zu méi Qualitéit féiert, méi ewéi skeptësch. An d’Praxis gëtt eis do Recht. Et brauch een net wäit sichen ze goen, et kann een beim Eisebunnssekteur bleiwen. Huelen mir do d’Beispill vu Groussbritannien. D’Liberaliséierung vum Zuchverkéier war op der Insel, fir et einfach auszedrécken, eng Katastroph. D’Onpënktléchkeet an d’Ausfäll vun Zich hunn dramatesch zougeholl. Méi dramatesch ass awer, dass d’Zuel vun den Accidenter zougeholl huet, dat opgrond vu futtissem, ale Material dat d’Konsequenz vu fehlenden Investitiounen war oder opgrond vu mënschleche Fehler, déi d’Konsequenz vun enger restriktiver Personalpolitik waren.

Ganz dacks geet de Phänomen vun der Liberaliséierung eben op Käschten vun de sécherheetstechnëschen an de soziale Standarden. Wann eppes duerch d’Liberaliséierung gesteigert gëtt, dann ass dat, a ganz ville Fäll, de Kontostand vun e puer Wéinegen an dat op Käschten vu ganz Villen.

Dobäi kënnt, dass d’Proposen vun der Kommissioun – dat ënnerstellen ech hir elo mol hei a menger Naïvitéit – gutt gemengt sinn trotz hirer Léift fir d’Liberaliséierung. An zwar am Sënn, dass sie dorobber ofzielen, fir enger méigléchst grousser Zuel vun EU-Bierger hiert Liëwen méigléchst besser ze maachen.

Bei de Beméihungen, déi entspriechend Regelen opzestellen, kann et dann awer mol virkommen, dass dës fir dat eent oder anert Land manner favorabel sinn ewéi fir en anert. Bei 28 Memberstaaten verwonnert dat net an et ass och net iwweraschend, dass déi speziell Situatioun vu klenge Länner – sief et geografesch oder demografesch kleng, oder béides – net esou berücksichtegt gëtt ewéi dat zB bei grousse Länner de Fall ass.

An dësem Fall, dem 4. „paquet ferroviaire“ war dat esou eng Situatioun.

An ech kann dem Schluss virgräifen, wëll mer all wëssen wéi et ausgangen ass: An dësem Dossier huet eis Chamber an eis Regierung hire Match gemaach. E ganz gudde Match hunn awer och, dat däerf een hei net vergiessen ze soen, d’Gewerkschaften hei am Land zesummen mat hiren europäesche Kollege gemaach.Lëtzebuerg huet schon Ufank 2013, iert de legislative Projet sollt am Transport-Conseil eng éischte Kéier diskutéiert ginn, eng kloer Positioun ageholl. Eng Positioun déi strikt géint verschidde, stark kontestéiert Punkte war. Zu dëse Punkten hunn déi geplangten Trennung vun der Gestioun an der Exploitatioun vum Reseau gezielt, genee ewéi déi proposéierten Obligatioun fir en Appel d’Offres fir e „contrat de service public“ ze verginn.

Wieren haaptsächléch dës zwee Punkten esou ëmgesat ginn, ewéi d’Kommissioun dat wollt, wier et zu enger perverser Situatioun komm, wou e System, dee gutt funktionéiert, hätt missen duerch e System ersaat ginn, dee manner gutt ass. Oder fir et anescht auszedrécken: Dëse Paquet wier fir eist Land eng Katastroph gewiecht. En hätt nämlech d’Dier grouss opgemaach, fir auslännesch Bunnbedreiwer, déi vill méi grouss sinn ewéi eis national Bunngesellschaft.

Dës hätten ouni Problem sech déi Strecken kënnen ënnert den Nol rappen, déi wirtschaftléch am interessanste sinn a fir den nationalen Operateur wieren da nëmmen nach déi méi onrentabel Strecke bliwwen. Deen ee kritt de Kuch, deen aneren d’Grimmelen.

D’Konsequenzen, déi dës Situatioun fir di Beschäftegt vun den CFL an domadder verbonnen fir eist ganzt Land gehat hätt, brauch ech hei wuel net am Detail auszeféieren.

D’Chamber huet de 4. Abrëll e ganz kriteschen „Avis motivé“ formuléiert, wou se drop higewisen huet, dass déi proposéiert Dispositiounen de Lëtzebuerger Specificitéiten net géinge Rechnung droen oder de Subsidiaritéitsprinzip géinge verletzen. D’Regierungskoalitioun, déi aus de Wahlen vun Oktober 2013 ervier gangen ass, huet an hirem Koalitiounsaccord festgehalen, dass si sech géif fir eng dauerhaft Derogatioun vum spezifësche Statut vun den CFL asetzen.

An d’Regierung huet Wuert gehalen: si huet gezielt no politëschen Alliéierte fir hir Positioun gesicht, fir d’éischt um Benelux-Niveau, duerno doriwwer eraus, esou dass schlussendlech gutt 10 aner Länner am Ministeschconseil op der Säit vu Lëtzebuerg stoungen.

Mam Resultat, dass de Paquet a sénger ursprenglécher Form konnt däitlech entschäerft ginn. Ouni Zweifel hätt dien zu Loun- a Sozialdumping, zu Aspuerungen op Käschte vun der Sécherheet a vum Personal geneesou wéi zu engem europawäite Chaos bei den Tariffer gefouert.

Esou wäert och an Zukunft nach, déi sougenannten vertikal Integratioun vum Gestionnaire vum Reseau a vum Operateur méiglech sinn.

Dat heescht dës zwee mussen och zukünfteg net komplett onofhängeg een vun dem aneren funktionéieren. Och mussen déi ëffentlech Dengschtleeschtungsvertreeg, d‘“contrats de service publics“ net obligtoresch ëffentlech ausgeschriwwe ginn, mee eng direkt Attributioun bleift méiglech.

Wichteg fir Lëtzebuerg a fir d’CFL ass och, dass am Fall vun Exklusivrechter via e „Contrat de service public“ zougestane goufen, den Zougang zur Infrastruktur fir aner Bedreiwer kann ageschränkt ginn.

Besonnesch wichteg fir eis als LSAP ass awer dann den ofgeännerten Artikel 4 vum Reglement, den elo d’Obligatioun virgesäit dass all Sociétéit musse konform zum Sozial- an Aarbechtsrecht agéieren.

Esou soll all Abus a Sozialdumping verhënnert ginn.

Op dëser Plaz wéilt ech eng kleng Klamer opmaachen…

De 26. Mee wiele mir en neit Europarlament. Verschidde Sondagen soe viraus, dass et wäert zu engem Ruck no riets kommen an dass populistesch, EU-kritesch an EU-feindlech Parteien wäerten zouleeën. Dat héieren d’Hären zu menger rietser hei gären… Mee et ass nach net esouwäit, mee wann et souwäit kéim, huet dat sécherlech net nëmmen ee Grond. Natierlech funktionnéiert net alles zum Beschten an der europäescher Unioun, natierlech gëtt et vill Chantieren, dat alles stëmmt.

Mee d’Argumenter, déi ëmmer erëm vun de Populiste benotzt ginn, dass d’Europäesch Unioun ondemokratesch wier, dass „Bréissel“ alles vun uewen erof géif diktéieren an dass déi eenzel Länner net kéinte mat diskutéieren an decidéieren, ass definitiv falsch.

Dat weist, an dorobber wëll ech eraus, ganz kloer dëse Projet. De 4. Eisebunnspak war urspréngléch eng Katastroph, deen weder fir déi Beschäftegt nach d’Clienten vun der Bunn Avantagen bruecht hätt. Ganz am Géigendeel. Mee mat vill politeschem, mat vill diplomateschem Asaz ass et gelongen, däitlech Verbesserungen ze errechen. Dat ass ganz praktesch an demokratesch gelieftent Europa.

An et ass och gutt Beispill fir deenen entgéint ze halen déi ëmmer bekloen, dass zu Bréissel géif iwwert eis Käpp ewech décidéiert ginn…

Fir ofzeschléissen, erlaabt mir awer drun z’erënneren, dass wa mir elo dëst Gesetz gestëmmt hunn, eng näechst Erausfuerderung a Saachen Mobilitéit virun der Dier steet: D’Aféieren vum Gratis ëffentléchen Transport.

Dës Initiativ, déi – ech wëll et nach emol ënnersträichen –op der Mëscht vun der LSAP gewues ass, stellt nët nëmmen awer och d’Eisebunn viru grouss Erausfuerderungen.

Dat steet ausser Fro.

Ech hu keen Zweifel, dass eis Regierung zesumme mat allen concernéierten Acteuren dës Erausfuerderung beschtens wäerte meeschteren, an ech kann Iech elo an hei versécheren, dass meng Partei och bei dësem Projet alles wäert maachen, fir dass déi Reform keng Nodeeler fir d’Personal vum Transportsecteur wäert hunn.

Domadder wëll ech dann och den Accord vu menger Fraktioun zum Projet de loi iwwert de 4. Paquet ferroviaire an net ze vergiessen zu der Refonte vun der Lëtzebuerger Eisebunnslegislatioun ginn.

Um Enn wéilt ech awer net vergiessen dem Rapporter villmools Merci ze soen fir säi gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Have your say