YvesCruchten.lu

Ried zum Staatsbudget 2019

Här President,

Dir Dammen an Hären Deputéiert,

Well mäi Kolleg Alex Bodry ewell laang a breed agaangen ass op de Budgetsrapport awer och op déi eenzel Politiken vun der Regierung an de Majoritéitsparteien, wéilt ech mech op e puer eenzel Remarquen limitéieren.

Et sinn dëst Saachen déi mer opgefall sinn bei der Lecture vum Budget.

Här President,

Kuckt een eis Staatsfinanzen haut, da sinn déi gesond. All d’Parameteren weisen déi richteg Tendenzen un: d’Verschëldung a %Punkten vum PIB ausgedréckt geet erof, d’Investissementer sinn héich, d’Dépensen klammen grad ewéi d’Recetten.

Vill Regierungen an Europa dreemen dervun esou e Budget an hiere Parlamenter kënnen ze presentéieren. Och wann dat der Oppositioun net gefällt a sie sech krepéieren mussen fir en Hoer an der Zopp ze fannen.

Richteg ass esouwuel, dass d’Regierung hir Aarbecht seriös a gewëssenhaft mecht, ewéi och, dass eist Land vun enger nach gudder internationaler Konjunktur profitéiert.

Besonnesch am Finanzwiesen spruddelen d’Recetten.

Här President,

Mir stiechen hei bekannterweis an engem Dilemma:

Engersäits si mer frouh iwwer déi vill Recetten déi op de Banken an an der Fongenindustrie generéiert ginn.

Dës Steierrecetten erlaaben eis, déi Sozialpolitik ze maachen op déi mer hei am Land zu Recht kënnen houfreg sinn.

Déi Suen déi do erakommen, erméiglechen déi vill Investissementer an d’Stroossen, an d’Schinnen an d’Schoulen déi sech d’Regierung och mat dësem Budget virgeholl huet.

Bei aller heiansdo berechtegter Kritik un der Finanzplaz sollte mer dat op alle Fall nie vergiessen.

Op der anerer Säit awer si mer immens vulnerabel.

Wann eis Finanzplaz muer hier Zelter hei ofbrécht fir enzwousch anescht ze goen, oder falls wierklech eng nächst Finanzkrise an d’Haus steet, da briechen eis Staatsrecetten an, da wäerte mir dat ze spire kréien.

Et gëtt jo ëmmer nees dervu gewarnt, dass eng nächst Finanzkrise iergendwann virun der Dir steet, dass mer haut net vill besser drop virbereed sinn ewéi virun 10 Joer.

Dass d’Politik net geléiert huet aus der Krise asw. 

Et sinn elo well méi wéi 10 Joer vergaangen zanter der Wirtschafts- a Finanzkrise.

An ech hu mech gefrot wat sech dann an der Tëschenzäit gedoen huet.

Ech sinn eréischt zanter 5 Joer an der Chamber an et ass mir opgefall wéivill Gesetzer déi mer stëmmen direkt mat der Finanzplaz ze dinn hunn.

Zanter Oktober 2009 goufe net manner ewéi 142 Gesetzer gestëmmt déi duerch d’Finanzkommissioun gaange sinn.

66 dovunner si Gesetzer déi am Kader vun de Lektiounen vun der Finanzkris d’Reglementéieren betreffen.

An effektiv goufen eng Partie Léieren gezunn: d’EU huet eng BankenUnioun mat europäeschem Ofwécklungsmechanismus agefouert.

D’Basel-III Richtlinn mat héijen Eegekapitalquoten gouf Realitéit. Zanterhir gouf och eist strikt Bankgeheimnis fir Net-Résidenten ofgeschaf, an dobäi huet virun 10 Joer den deemolege Budgetsrapporter nach gemengt, d’Bankgeheimnis ofschafen wier e kräftege Selbstgoal. Abee deem Schoss ass et ergaangen ewéi eisem Elefmeter géint England virun 20 Joer: en ass laanscht de Goal gaangen oder wäit driwwer.

Wat awer net geschitt ass an Europa an dat schéngt mer wichteg, dat ass d’Trennung vun de Geschäfts- an Investmentbanken.

Et ass och den Ament néirens de politesche Wëllen z’erkennen dat ze maachen.

Scho guer net an den USA, obwuel grad do vill Misère entstanten ass an der Finanzwelt.

Wat nach fehlt wir eng Finanztransaktiounssteier op OECD-Niveau, e Verbuet vum Héichfrequenzhandel, eng effektiv Begrenzung vun de mat näischt ze rechtfertegenden, jo quasi onmoralesche Managergehälter.

Och de Fait, dass ëmmer méi Finanzementer ausserhalb vum traditionelle Bankesystem gemaach ginn soll eis ze denke ginn.

Dës Finanzementer entginn der Regulatioun an erhéijen esou de Risiko vun enger neier Krise.

Firwat soen ech dat alles?

Fir meng Ried haut, hunn ech mer d’Méih gemeet fir d’Budgetsrapporten an d’Diskussiounen aus de Joren 2008 an 2009 nozeliesen.

Rapporter fir de Budget 2009 war den Här Norbert Haupert an dat Joer drop war et säi Parteikolleg, den Här Lucien Thiel.

Esouwuel 2008 ewéi 2009 hunn d’Budgetsrapporteren gewarnt virun enger ze grousser Ofhängegkeet vum Finanzsekteur.

Den Här Thiel huet gesot, dass d’Finanzplaz mat hierem Ëmgeréits en Drëttel vun eisem PIB ausmecht.

Och den Här Haupert huet sech Suerge gemeet iwwer d’Ofhängegkeet vun eise Steierrecette vav vun der Finanzplaz a gemengt: 50% vun den direkte Steieren géifen aus Betriiber vum Finanzsekteur fléissen, bei der Gewerbesteier wieren et der esouguer 65%.

Allebéid hunn grad ewéi quasi all d’Parteien déi duerno d’Wuert ergraff hun déi Ofhängegkeet beklot a fir méi Diversifizéierung vun eiser Economie plädéiert. Och an den Debatte vun haut hunn eenzelner dat uklénge gelooss.

Wéi steet et dann haut, 10 Joer méi spéid, ëm dës Ofhängekeet?

Am Joer 2015 koumen 68,3% vun der Betriebssteier (Solidaritéitssteier abegraff) aus dem Finanzsekteur. Zejoerts loung dësen Taux dunn bei 76,06%.

Mir sinn also net manner ofhängeg gi vun der Finanzplaz, mee éischter méi!

Klamer Op: Eleng d’Recetten duerch d’Soparfi maachen 28,8% vun de Gesamtrecette vun der Betriibssteier aus an absoluten Zuelen ausgedréckt: 717 Mio fir d’Joer 2018 par rapport zu 418 Mio am Joer 2016.

Dobäi war gewarnt ginn, d’Erhéije vun der Minimalsteier am Joer 2017 vun 3.000 op 4.500 Euro  géif de Soparfien d’Liewe schwéier maachen zu Lëtzebuerg.

Am Magazine Paperjam vum 14.2.2019 huet esouguer en Associé vun enger Fiduciaire gemengt de Législateur wéilt den Doud vun de Soparfien.

Abee, grad de Conträr ass de Fall, deem Secteur geet et sougutt ewéi nach nie.

An et ass e gudde Bewäis dofir, dass ee sech net soll dronke maache lossen vun de Warnungen déi ëmmer erëm aus dëse Kreeser kommen!

Klamer zou!

Zréck zur Ofhängegkeet vav vun der Finanzplaz.

Ech ka mech erënneren wéi den Etienne Schneider Wirtschaftsminister gouf.

An engem Interview huet hie gesot dass eng vu senge wichtegsten Aufgabe wier, nei Geschäftsfelder fir eis Economie ze sichen. Nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze bréngen, och Industrie.

Eben just well mer alleguerten wëllen dass eis Economie net méi eleng op engem Been steet, nämlech der Finanzplaz.

A wann ech esou zréck kucken, da muss ech feststellen, dass de Wirtschaftsminister säi Wuert gehalen huet.

Ech wees net wéivill Promotiounsreesen an d’Ausland hien an de läschte Jore gemeet huet, mee op alle Fall waren et der vill.

Déi ganz Initative vum Spacemining wär net komm, wann den Här Schneider sech net dofir staark gemeet hätt.

Och goufe vill Investissementer an Industrien zu Lëtzebuerg ugezunn: Goodyear, DuPont, Guardian an anerer hunn an de läschte Joren honnerte Milliounen zu Lëtzebuerg investéiert.

Dat ass anescht ewéi virun 10 Joer: virun 10 Joer war et de Finanzminister Frieden deen d’Promotiounsreese gemeet huet an zwar a Saudi Arabien, an de Qatar an a China, fir dës dozou ze kréien hir Suen op Lëtzebuerg ze bréngen resp. fir d’BIL an d’Cargolux ze verkafen.

Wa mer eis also alleguerten eens waren an ech huelen un, och elo nach eens sinn, dass mer mussen eis Wirtschaft méi breed opstellen a net eleng vun der Finanzplaz wëlle liewen, da musse mer och bereed sinn déi néideg Politik dofir ze maachen.

Allerdéngs sinn ech mer net sécher op mer dat alleguerte wierklech wëllen.

Déi läschte Méint hunn eis gewisen wéi schwéier et ass, wat fir Diskussiounen opkommen esoubal eng Firma hei zu Lëtzebuerg wëll investéieren, besonnesch wann et sech ëm Entreprisen handelt déi wierklech eppes produzéieren.

Dobäi ass et jo net esou wéi wa mer haut géifen op eng nei Schwéierindustrie setzen.

Do gëllt et als éischt emol déi 4.000 Aarbechtsplazen zB an der Stolindustrie ze sécheren duerch nei Investissementer.

Mee mir schwätze jo hei net vun enger neier Chemieindustrie, mee vun enger Joghurtsfabrik oder nach engem Datenzenter.

Ech wëll virausschécken, dass ech natierlech Versteesdemech hunn fir all déi Froen déi sech bei der Implantatioun vun engem neie Betriib stellen.

Op et sech do ëm de Verkéier handelt , ëm d’Emweltbelaaschtung oder nach de Ressourceverbrauch.

A selbstverständlech sinn all déi Froen déi dorëms dréinen, an déi d’Oppositiounsparteien och gären ëmmer an der Virdergronn stellen, alleguerte berechtegt.

Nawell hunn ech heiansdo d’Impressioun wéi wann virun allem wéilt blockéiert ginn.

Sou gëtt de Waasserverbrauch vun enger Entreprise op eemol zum Knackpunkt, obwuel mer haut laut SES (Syndicat des Euax du Sud) just nach d’halschent vum Waasser un d’Industrie liwweren ewéi nach virun Joren.

Oder d’Oppositioun freet Informatiounen iwwer den Ëmweltimpakt vun engem Datenzenter obwuel se ganz genee weess, dass zu deem Ablack d’Regierung nach iwwerhaapt keng Aentwert op dës Fro ka ginn well déi néideg Prozeduren entweder nach net ugefaangen hunn resp. nach net ofgeschloss sinn.

Bei allem Versteesdemech fir d’Oppositioun an hir Roll, an all berechtegt Froen déi ee kann, soll oder villäit och muss stellen, déngt déi doten Haltung net dem Standuert Lëtzebuerg.

Mat däer doten Haltung veronséchere mer just eis Bierger a mir gi no baussen kee gutt Bild of fir dat wirtschaftsfrëndlecht Land wat mir emol waren a fir dat mir an der Welt och bekannt sinn.

Jo et kritt een d’Impressioun wéi wann Verschiddener just géing hoffen dass keng nei Entreprisen zu Lëtzebuerg géifen opmaachen, dass mer keng nei Aarbechtsplaze géife schafen.

Besonnesch wichteg ass dat awer fir déi Leit déi manner gutt qualifizéiert sinn.

Et kritt een och d’Impressioun wéi wann et net sou eescht gemengt wir mat der Diversifizéierung vun eiser Economie.

Dass insgeheim vill Leit léiwer weider ganz eleng op d’Finanzplaz setzen, déi mecht nämlech net vill Verkéier, verbraucht net vill Ressourcen an op den éischte Bléck op d’mannst belaascht se och net eis Emwelt.

Mee ass dat wierklech am längerfristegen Intressi vum Lëtzebuerger Land?

Der Regierung an dem Wirtschaftsminister séng Efforten fir nei Betriiber an d’Land ze lackelen, nei Geschäftsfelder z’entwéckelen sinn ze begréissen.

Wéi gesot sollen och d’Konsequenzen vun der Industrialiséierung diskutéiert ginn an eis gesetzlech Bestëmmungen wat den Ëmweltschutz uginn oder d’Landesplanung mussen selbstverständlech agehale ginn.

Dofir hu mir Gesetzer. Wann déi net duer ginn, dann ass et un eis als Chamber fir se ze verschärfen.

Richteg ass, dass ech elo vill vun der aler Economie geschwat hunn.

An jo, et ass och richteg, dass mer eis doniewt mussen ëmbesënnen: déi nei Erausfuerderungen wéi de Klima- oder den Ëmweltschutz, duerfe net eleng vun de Bierger ugeholl ginn, mee och eis Economie muss sech duerno riichten.

Eis Wirtschaft muss méi nohalteg ginn, d’Economie circulaire gefërdert ginn an eisen Energieverbrauch muss méi spuersam a méi effizient ginn.

Manner Ofhängegkeet vun der Finanzplaz, Erneierung an Ëmstellung vun eiser Economie:

Ech gi gären zou, dass dat alles séier gesot ass a manner séier ëmgesat ass.

An ech sinn och der fester Iwwerzeegung, dass déi Erausfuerderungen sou grouss sinn, dass se net eleng eng Affär vun enger Regierung oder enger Koalitioun kënne sinn, mee dass et e kollektiven Effort vun der gesamter Politik brauch, parteiiwwergräifend.

D’Rifkin Initative huet zu enger ganzer Rei Projet’en am Beräich vun erneierbaren Energien oder der Effizienz bei der Elektromobilitéit gefouert.

Vill Start-Up’en am Beräich vun der Circular an Shared Economy ginn zanterhir massiv vum Staat ënnerstëtzt.

D’Digitaliséierung wäert eis och um Wee a Richtung modern an ekologesch Economie hëllefen. Vill Riedner hunn dat haut schon ënnerstrach.

Speziell eis Strategien “Data Driven Economy” an Artificial Intelligence wäerten dozou bäidroen.

Grad ewéi di Iddi vun der Dezentraliséierung vun der Energieproduktioun, wou d’Konsumenten gläichzäiteg zum Produzent ginn ass derwäert z’exploitéieren.

Am Intressi vum Land solle mer bei neien Initiativen net verhënnneren, mee am Conträr, mir solle schafen: Wuelstand a Sécherheet fir eis Matbierger, gutt Aarbechtsplazen fir déi zukünfteg Generatiounen an dobäi solle mer eng gesond Ëmwelt versuergen.

Wann dat eis gemeinsam Ziler sinn, da musse mer och de Courage hunn fir nei Weeër ze goen a net bei allem bremsen oder ofblocken.

Fir mam Franz Kafka opzehalen:

Weeër déi an d’Zukunft féieren, leie nie als Weeër virun eis. Si ginn eréischt zu Weeër wann een se trëppelt.

Have your say