YvesCruchten.lu

Transparenz bei dem Akommes vun den Deputéierten

A regelméissegen Ofstänn publizéiert d’Presse Artikelen iwwer d’Akommes vun de Politiker. Meeschtens bleiwt awer, och wa gutt recherchéiert, e gewëssene Flou, wat dann erëm fir Spekulatioune suergt. Eist Chamberreglement gesäit och net fir, dass eng grouss Transparenz geschafe gëtt wat d’Nieweverdéngschter vun den Deputéierten ugeet.

Ech sinn déi Diskussiounen e bëssi midd. Och sinn ech der fester Iwwerzeegung, dass d’Bierger e Recht drop hunn ze wëssen wat hir Vertrieder verdéngen an hierem Mandat awer och a virun allem nach niewelaanscht. Aner Länner ewéi Schweden sinn eis do wäit viraus (do ass all Bierger seng Steiererklärung ëffentlech zougänglech).

Aus all dëse Grënn, hunn ech fir mech perséinlech décidéiert, meng Steiererklärung (deen Deel iwwert mäin Akommes) ëffentlech ze maachen.

Hei ass meng läscht Steiererklärung:

Revenus imposables:

(Gemengerot Käerjeng) Bénéfice d’une profession libérale   1.023,24.-
(Chamber) Revenu net d’une occupation salariée* 63.575,83.-
(Pension spéciale fonctionnaires) Revenu net de pensions  42.592,10.-

Document 2017

Document 2018

Dëst si meng eenzeg Akommessen: Ech si weder Member an engem Verwaltungsrot, nach hunn ech Parten oder Aktien an iergendwelche Betriiber. Ech hu weder Lännereien nach zéien ech iergend e Loyer an. Ech si Propriétaire vun engem Reihenhaus an dem ech selwer wunnen. A menger Funktioun als Generalsekretär vun der LSAP hunn ech op all Indemnitéite verzicht.

Ech wënsche mir méi Transparenz wat d’Akommes vun de Politiker betrëfft an ech hoffen, dass duerch méi Oppenheet an dëser Fro eng Diskussioun wou Näid a Mëssgonscht dominéieren ka verhënnert ginn.

(Fir dësen Artikel gouf et den 10.4.2019 en Update mat den Donnéen vum Steierjoer 2018)

——————————–

*Präziséieren wëll ech nach, dass en Deel vum Revenu vum Deputéierten net besteiert gëtt (d’Frais de représentation +/- 40.000.-) an dass ech dovunner en Deel oftrieden un d’Chamberfraktioun grad ewéi un d’Parteikeess vun der LSAP fir do d’Personal kënnen ze bezuelen. Ech sinn och der Meenung dass een dës Bestëmmung sollt iwwerschaffen, villäit kréie mer jo dës Legislaturperiod d’Geleenheet dozou.

1 comment

  1. Yves Thill - 12/03/2019 10:34

    Salut Yves,

    Staarken statement!

    Schéin Gréiss

    Yves

Have your say