YvesCruchten.lu

Ried zum zousätzleche Congéesdag & Feierdag vum 9.5.

CEiser Economie geet et gutt.

D’Entreprisen hei am Land maache gutt Geschäfter, d’Banke maachen Gewënn an et ass dowéinst nëmme normal dass déi di dofir schaffen och eppes dovunner hunn. Engersäits geschitt dat iwwer de Loun, wann och net an deem Mooss wéi mir Sozialisten eis dat géife wënschen, anerer Säits wënschen sech awer och vill Salariéen, Aarbechter an Employeen méi Zäit fir sech an hir Famill.

Dat ass ze verstoen, liewe mer dach an enger Zäit, wou d’Aarbecht ëmmer méi vun eisem Liewen anhëllt a bestëmmt.

An eiser kapitalistescher Uerdnung geet et geschwënn just nach drëms dem Patron séngen Usprech nozekommen. De Mënsch ass just nach e Produktiounsfaktor aus deem alles muss erausgequetscht ginn wat en huet. Iwwerstonnen oder onregelméisseg Schichten si keng Seelenheet. Duerch Handyen, Tabletten a Computeren ass een haut stänneg mat der Aarbecht verbonnen. Vill Leit froen sech deemno zu Recht op se Schaffe fir ze Liewen oder just nach Liewe fir ze schaffen.

An d’Konsequenzen dovunner si villfälteg: vill Salariéen leiden ënnert Depressiounen oder Burnout, stinn stänneg ënner Drock, mussen hiert Liewen der Aarbecht ënneruerdnen, mussen ëmmer an iwwerall erreechbar sinn a kënne net méi ofschalten.

Wat dat niewt der Gesondheet, och fir d’Familljeliewe bedeit, mengen ech, ka jiddereen sech virstellen. Renomméiert Aarbechtspsychologen roden dofir dass een zwee mol am Joer soll länger Zäit Congé huelen.

Aus all dësen Iwwerleeungen eraus plädéiert d’LSAP fir Aarbechtszäitverkierzungen. Eng vun eise de konkrete Fuerderungen bei de läschte Wahlen war dofir och zousätzleche Congé. Richteg ass, dass mir an eisem Programm ë.a. eng 6. Congéswoch gefuerdert hunn. Nëmmen 1 aner Partei, nämlech déi Lénk haten dat och an hierem Programm. Zousätzleche Congé war dofir och eng vun eisen zentrale Fuerderungen an de Koalitiounsverhandlungen. Mam eropgoen vum légale Congé minimal vu 25 op 26 Deeg an dem zousätzleche Ferierdag fir all d’Schaffend Leit komme mir dëse Fuerderungen e Stéck méi no och wa net all eis Erwaardungen konnten erfëllt ginn.

Mir bleiwen awer dobäi, das mer den Arbeitnehmer no a no erëm méi Liewenskalitéit mussen zréck ginn an dofir ass fir eis, d’Diskussioun ëm d’Aarbechtszäitverkierzung haut och nach net eriwwer. Fir dass mer an Zukunft eben erëm schaffe fir ze Liewen a net ëmgedréint.

Vergiesse sollte mer net, dass Feierdeeg, Congé a Rouzäiten net einfach esou vum Himmel gefall sinn. Et sinn dëst sozial Errungenschaften, fir déi laang an zéih gekämpft ginn ass. An de soziale Fortschrëtt, dat wësse mer, kënnt meeschtens mat klengen awer wichtege Schrëtt. Och den zousätzleche Feierdag, den Europadag vum 9. Mee begréisse mir.

Et war dëst eng laangjähreg Fuerderung vun de Jongsozialisten. Nët nëmmen wir domat bewisen, dass de politeschen Asatz vun de Jonken duerchaus ka Friichten droen, mee virun allem mecht et Sënn, dass mir zu Lëtzebuerg als Grënnungsmember vun der EU, d’Schuman-Declaratioun vum 9. Mee 1950 wierdegen.

Mir wënschen eis dofir dass aus dësem Dag nët nëmmen e Fest gëtt, mee virun allem och, dass e wäert dozou bäidroen, eis Iwwerzeeungen zu de Wäerter vun der Unioun nach ze festegen.

Dëst ass ëmsou méi wichteg, wou dach a ganz Europa den Ament politesch Kräften um Wierk sinn déi all eis Errungenschaften aus de läschte 70 Joer wëlle kapott maachen.

Et ass dofir mat grousser Freed wou ech kann dZoustëmmung gi vun der LSAP.

Have your say