YvesCruchten.lu

Rapport zu den Zäitspuerkonnten am Privatsecteur

Am Joer 1999 huet den deemolege Premier a sénger Regierungserklärung ugekënnegt, datt d’Regierung wéilt Zäitspuerkonnten aféieren.

Dofier huet sie dem Conseil Economique et Social den Optrag ginn, an Avis auszeschaffen.

An dësem détailléierten Avis huet den Conseil Economique et Social nach emol d’Nëtzlechkeet vun esou engem Instrument ënnerstrach, dat souwuel fir de Salarié ewéi fir d’Entreprise selwer.

Am Joer 2011 gouf dunn en avant-projet de loi déposéiert deen awer net d’Zoustëmmung vun de Sozialpartner fonnt huet.

Am Mäerz 2014 ass de Projet dunn zréckgezu ginn. Negociatiounen tëschend de Sozialpartner hunn awer näischt erginn.

Nodeems de Minister vun der Fonction Publique Dan Kersch en Accord mat der Staatsbemategewerkschaft fonnt huet, goufe mam Gesetz vum 1. August 2018 d’Zäitspuerkonnten an der Fonction publique agefouert.

Zäitgläich gouf de Comité permanent du Travail et de l’Emploi mat engem neien Avant-Projet fir de Privatsecteur befaasst, e Projet deen dem Avis vum CES aus dem Joer 2004 gréisstendeels Rechnung gedroen huet.

De 7. Mee 2018 gouf dunn am CPTE schlussendlech en Accord fonnt an de Minister Nicolas Schmit konnt dee neie Projet de loi de 25. Juni zejoerts déposéieren.

Dëst just fir nach emol z’ënnersträichen, wéi schwéier et war en Accord tëschend de Sozialpartner ze fannen a wéi laang, nämlech 20 Joer, d’Salariéën awer och d’Entreprisen op dës nei Bestëmmunge  waarden.

D’Zäitspuerkonnte sollen esouwuel dem Salarié ewéi och den Entreprisen méi Flexibilitéit bréngen an der Organisatioun vun der Aarbechtszäit.

Besonnesch fir de Salarié hëlleft dës Moossnahm, d’Privat an d’Beruffsliewen besser mateneen ze verkneppen.

De Grondgedanken, ass deen dass een Iwwerstonnen resp. Congésdeeg asw kann uspueren fir se spéider emol zesummen eranzehuelen.

Et gëtt am Liewen däer Zäiten wou een méi muss oder och ka schaffen an et gëtt och däer Momenter em Liewen wou ee villäit e bëssi méi Zäit brauch fir sech a säi Privatliewen.

Fir déi eng ass et villäit de Wonsch, eemol am Liewen eng grouss Reess z’ënnerhuelen, fir anerer ass et villäit de Besoin fir méi Zäit ze hunn fir sech a seng Famill, speziell denkt een do natierlech drun wann Nowuess an d’Famill kënnt.

Et kann awer och en Hobby sinn, eng Fräizäitbeschäftegung däer ee gäre wëll nogoen oder eng Formatioun déi ee wëll maachen.

Grënn fir vun den Zäitspuerkonnten ze profitéieren ginn et der fir de Salarié eng Sëllechen an et ass dem Salarié fräi gestallt mat sénger Zäit dat ze maachen wat hie wëll.

Awer och fir de Betriib ass et en Avantage, kënne vun enger gréisserer Flexibilitéit bei sengem Personal ze profitéieren, zB deen Ament wou villäit méi Aarbecht ufällt am Betriib.  

Dëst Gesetz setzt de Kader fir d’Zäitspuerkonnten a reegelt prézis wéi eng Stonnen dierfen um Zäitspuerkont ugespuert ginn:

beim normale Congé kënnen déi Congés-Deeg uegspuert ginn, déi iwert de Minimum légal erausginn, d.h. am Moment muss de Salarié seng 25, respektiv wann dat neit Congés-Gesetz bis a Kraft ass, 26 Deeg Congé normal huelen, a nëmmen wat doriwer eraus geet, kann ugespuert ginn.

Dëss Bestëmmung soll d’Secherheet an d’Gesondheet vun de Salariéen garantéieren…

Eng Ausnahm ass viergesinn fir e maximum vu 5 Deeg vun deem légale Congé, wann een en Deel vun deem Congé nët konnt huelen wéinst engem Congé de Maternité, engem Congé parental oder enger Krankheet.

Aner Stonnen an Deeg déi duerfen ugespuert ginn, sinn zB Kompensatiounsdeeg déi een zugudd huet wann een ee Sonnde geschafft huet oder wann e Feierdag op e Sonnde fällt.

Wichteg ass och ze soen, dass bei den Iwwerstonnen déi normal légal Limiten bestoë bleiwen, d.h. e maximum vun 10 Stonnen den Dag an 48 Stonnen pro Woch.

D’Gesetz gëtt eng Partie Garantien, den Détail an d’Modalitéiten mussen awer tëschend dem Patron an der Beleegschafft zesummen ausgehandelt ginn.

Fir kënne säin Zäitspuerkonnt opzefëllen muss een op d’mannst 2 Joer bei der Entreprise beschäftegt sinn.

De Konnt gëtt da gespeist mat Stonnen bis zu engem Maximum vun 1800 Stonnen wat bal engem ganze Schaffjoer entsprécht.

De grousse Prinzip ass deen vun eng Stonn heescht eng Stonn.

D.h. Eng Stonn déi haut méi geschafft gouf ass och muer an och an 10 Joer nach ëmmer eng Stonn wäert, och wann entretemps dem Salarié säi Stonneloun sollt gehéicht gi sinn.

Fir dass dës Stonnen net verfalen gëtt eist Gesetz e puer Garantien: sou muss de Patron déi ugespuerten Zäit vu senge Mataarbechter a senge Bilanen comptabiliséieren.

 Bei enger Faillite vun enger Entreprise gëllt fir d’Zäitspuerkonnten ee soug. Super-Privileg, d.h. dass d’Créance vun den Zäitspuerkonnten nach virun däer vun de Salairen mussen als éischt ausbezuelt ginn.

Iwwert de Fonds pour l’Emploi gëtt och eng finanziell Garantie gestallt déi bis zu engem Plafond vum duebele Mindestloun reescht.

Falls en Aarbechtsvertrag géif opgeléist ginn, oder am Fall vum Doud vum Salarié sou gëtt den Zäitspuerkonnt an eng Indemnitéit ëmgewandelt wou de Sold vu Stonnen mam läschte Stonneloun gerechent an ausbezuelt gëtt.

Wichteg ass ze betounen, dass dëst Gesetz nëmme gëllt fir déi Salariéen déi ënnert e Kollektivvertrag falen resp. ënnert en Accord interprofessionnel.

Dëst ënnersträicht nach emol d’Wichtegkeet, dass mer gutt Kollektivvertreeg an eisen Entreprise kréien, Kollektivvertreeg wou de Patron zesumme mat senge Beschäftegten aushandelt.

Dëst bleiwe nach ëmmer déi beschten Garantie fir gutt Aarbechtsbedingungen a korrekt Peien fir déi schaffend Leit.

Villäit wee weess, kann dëst Gesetz och dozou bäidroen dass deen een oder anere Patron sech d’Fro stellt, engem Kollektivvertrag bäizetrieden oder, firwat net, een mat senge Mataarbechter auszehandelen.

Här President, eis Chamberkommissioun huet gutt a séier geschafft.

Den 31. Januar huet den Aarbechtsminister Dan Kersch de Projet an der Kommissioun virgestallt wou och direkt d’Avisen gekuckt goufen an den 28. Februar gouf mäi Rapport eestëmmeg ugeholl.

An der Kommissioun ware mer eis och eens, dass sollt e Bilan gezu ginn nodeems dëst Gesetz bis eng Zäitchen a Kraaft ass.

An deem Sënn wëlle mir haut och eng Motioun déposéieren déi vun alle Parteien matgedroe gëtt a wou mer d’Regierung opruffen, eis no dräi Joer an der Kommissioun e Bilan ze presentéieren iwwert déi éischt Erfahrungen mam neie Gesetz.

Am Numm vun der LSAP wéilt ech selbstverständlech haut den Accord ginn a nach emol ënnersträichen wéi wichteg dëst Gesetz ass. Dass grad haut och nach Sozialwahlen sinn, huet schon eng gewësse Symbolik.

Dëst Gesetz ass e weidere Meilesteen an der Lëtzebuerger Sozialpolitik, eng zousätzlech Verbesserung vun eisem Aarbechtsrecht.

Mir zielen heimat zu de Pionéier an Europa.

A mir géife gären dem Minister Schmit a sengem Nofolger, dem Minister Kersch félicitéieren fir dëst Gesetz ouni awer d’Sozialpartner ze vergiessen, souwuel d’Gewerkschaften ewéi d’Patronat déi dozou bäigedroen hunn, mat dësem Gesetz eist Aarbechtsrecht ze moderniséieren.

Bei alle Schwieregkeeten: zu Lëtzebuerg funktionnéiert de Sozialdialog an dat ass gutt esou! An dorop solle mer och houfreg sinn!

Have your say