YvesCruchten.lu

Débat grands projets d’infrastructure

Merci, Här President, och wann et e bëssen ondankbar ass, fir als Véierten hei ze schwätzen, nodeems meng dräi Virriedner schonn en long et en large op déi iwwer 30 Projeten do agaange sinn. Ech géif och gär da vun der Geleeënheet profitéieren, fir dem Här Back villmools Merci ze soe fir säi gudde Bericht. Ech mengen, dass hien dat esou gutt gemaach huet, dass een eigentlech op villes ka verzichten. Dat wäert ech och a menger Ried maachen.

A wann Der mer et erlaabt, da wäert ech mech eleng op e puer Iwwerleeunge konzentréieren, déi ech mat Iech deele wéilt doriwwer, firwat mer dat eigentlech alles maachen, firwat et eben néideg ass, dass mer mussen investéieren, well ech awer d’Impressioun hunn, dass dat heiansdo dobaussen net ëmmer richteg verstane gëtt.

Et ass schonn impressionnant ze gesinn, wéi vill an de leschte Joren an eis Infrastrukturen investéiert gouf a wéi vill dass d’Regierung nach wëlles huet, an den nächste Joren ze investéieren. An et ass gutt a richteg, dass d’Regierung dat mécht. Ob bei neie Lycéeën, neie Stroossen oder bei dem ëffentlechen Transport, eis Infrastrukture mussen dem Wuesstum nokommen, deen eist Land zanter Jorzéngte kennt.

D’Konsequenze vun deem Wuesstum gesi mer am beschten all Dag op eise Stroossen. An dofir ass net verwonnerlech, dass vun den 33 Projeten, déi an dësem Pak stinn, der 22 de Stroossebau betreffen. Derbäi kommen nach 4 Projete fir den ëffentlechen Transport.

Jo, et ass absolutt noutwendeg, dass mer an eis Stroosseninfrastrukturen investéieren. An déi Lëscht hei ass de klore Bewäis, dass, entgéint deem, wat Eenzelner behaapten, dës Regierung keng Antiautopolitik mécht. Am Contraire! Selbstverständlech gehéiert eisen ëffentleche Verkéier ausgebaut, Couloire fir de Bus oder e séieren Tram grad ewéi déi vill Aarbechten um Schinnennetz. Mä gradesou selbstverständlech ass et, dass mer nei Stroosse bauen oder besteeënd Stroossen ëm- an ausbauen.

Mir wëlle jo, dass méi Leit den ëffentlechen Transport benotzen, mä mir sinn eis awer och bewosst, dass och an Zukunft den Individualverkéier, also den Auto, e groussen Deel vun eiser Mobilitéit wäert ausmaachen. Eng besser Mobilitéit insgesamt kréie mer nëmmen, wa mer e gescheit Zesummespill tëschent de verschiddenen Transportméiglechkeete kréien. E gudde Service an eng besser Offer am ëffentleche Verkéier, séier, sécher a kuerz Weeër fir déi duuss Mobilitéit an e gutt ausgebaut Stroossennetz, dat muss dach eist Zil sinn.

Wann een nieft där Lëscht, déi mer haut hei diskutéieren, d’Annex vum Regierungsprogramm kuckt, da gesäit een, u wat fir enge Projeten den Ament geschafft gëtt. Et sinn dat der 22 fir den ëffentlechen Transport, 27 am Stroossebau, 18 Vëlospisten, 18 Renovatiounen, Vergréisserungen oder Neibaute vu Schoulgebaier an net manner wéi 15 Park & Riden, virun allem no un der Grenz.

Dat alles kréie mer natierlech net zum Nulltariff. Dat bedeit, dass mer musse Suen an d’Hand huelen an investéieren, net nëmmen an d’Mobilitéit, mä dat gëllt och fir nei Schoulen oder soss nei ëffentlech Gebaier.

Wat geschitt, wa mer dat net maachen? Et gëtt der jo ëmmer nees, déi mengen, et sollt een déi Sue spueren an net investéieren. Abee, wat geschitt? Dat gesäit een am beschte bei eisen däitschen Noperen. Et kann ee sech zwar herno bretzen, dass ee keng nei Scholde muss maachen, mä dat verstoppt allerdéngs net, dass den Investitiounsstau zanter 1992 an eisem Nopeschland Konsequenzen huet, dass haut d’Infrastrukturen op ville Plazen an engem desolaten Zoustand sinn. Brécken, déi fir de Verkéier gespaart ginn, Schoulen, déi verkommen, Schwämmen, déi mussen zougemaach ginn, alles dat wëlle mir hei zu Lëtzebuerg net.

Elo si mir an der glécklecher Situatioun, dass eis Statsfinanze gesond sinn an dass mir eis et u sech kënne leeschten, fir déi Investissementer ze maachen. Dofir solle mer och net zécken.

Virun de Wahle gouf et eng gréisser Debatt iwwert de Wuesstum. Eppes, wat an der Lëtzebuerger Politik ëmmer gutt fonctionnéiert, dat ass d’Kloen: ze vill Verkéier, ze deiert Wunnen, schlecht Landesplanung an esou weider. Alles richteg!

Wann eise Wuesstum, mä virun allem deem seng Konsequenzen eis viru Problemer stellen, esou muss dach eis éischt Äntwert déi sinn, dass mer en Deel vun de Recetten, déi eis de Wirtschaftswuesstum bréngt, och notzen, fir déi negativ Konsequenzen dovun ze bekämpfen.

Eng Politik, déi net investéiert, ass eng Politik ouni Wäitsiicht. Eng gutt ausgebaut Infrastruktur ass d’Grondlag fir eng Gesellschaft an eng Wirtschaft, déi fonctionnéieren an d’Viraussetzung derfir, dass si sech kuerz-, mëttel- a laangfristeg positiv an nohalteg kënnen entfalen.

Eng gutt ausgebaut Infrastruktur zitt zum Beispill Entreprisen un a suergt derfir, dass existent Betriber sech entwéckele kënnen. Och hunn e sëllechen Etüde gewisen, dass Investissementer, déi vum Stat kommen, privat Investissementer no sech zéien. Dobäi profitéiert natierlech d’Wirtschaft. Mä net nëmmen.

Mir mussen och endlech emol erëm drun erënneren, dass de Wuesstum och a virun allem der Gesellschaft profitéiert, zum Beispill, wa mir an d’Schoul an an déi entspriechend Infrastrukturen investéieren. Dat mécht d’Regierung net nëmmen, awer och mat all dëse Projeten. Dës Projete sinn all wichteg an all néideg.

Dofir kréien all déi Projeten och d’Ënnerstëtzung vun der sozialistescher Fraktioun. An ech ginn awer nach net den Accord zu der Motioun. Dat mécht mäi Kolleeg, den Dan Biancalana, deen nach méi spezifesch wäert op déi Projeten agoen, déi de Strofvollzuch betreffen.

Merci.

Have your say