YvesCruchten.lu

Bus-Linn 215: nei Horairen an Trajeten. Bréiw un de Minister

Här Minister,

De 17. September trëtt e neie Fuerplang fir d’Busse vum RGTR-Reseau a Kraaft. Dëse wäert bestëmmt vill Verbesserunge mat sech bréngen, wat ze begréissen ass. Allerdéngs wäerten d’Utilisateure vun der Linn 215 éischter vu enger Verschlechterung schwätzen. Dat kënnt dohier datt si net méi bis ganz an d’Stad gefouert ginn, mee just nach bis op d’Stäreplaz wou se kënnen op den Tram ëmklammen. Dat wäert déi freeën déi wëllen op de Kierchbierg fueren awer net déi di an den Zentrum vun der Stad mussen. Si musse sech nach gedëllegen bis d’Tramsstreck endlech ganz fäerdeg ass.

Dat ass awer net deen dréngendste Problem: Mat de neien Horairen fiert de Bus 215 net méi laanscht d’Place de France, wou vill Schüler aus de Gemengen Käerjeng an Dippech ëmmer erausklammen fir an ee vun de véier Lycéeën um Geesseknäppchen ze goen oder an de Conservatoire. Dat waren nieft dem offiziellen Schülertransport eleng moies tëschent 6 an 8 Auer eng 12 Bussen déi si konnten huelen. An och de ganzen Dag iwwer ware si flexibel fir an d’Stad an och erëm heem ze kommen.

Wann de Bus elo iwwert d’rue des Aubépines a laanscht de Stadion fiert bis op d’Stäreplaz, da fält dës Méiglechkeet ewech.

Well et ëmmer einfach ass just ze kritiséieren, wéilt ech awer och eng Propose ënnerbreeden a wollt Iech froen, op är Zerwisser net kéinte préiwen op et méiglech wär, den 215 weiderhin laanscht d’Place de France fueren ze loossen an eréischt duerno ofzebéien iwwert de Boulevard Joseph II oder iwwert de Belair fir op d’Stäreplaz ze kommen.

Op dës Manéier kéim de Bus op sengem neien Terminus op der Stäreplaz un a nawell kéinten d’Schüler dëse Bus weiderhi benotzen fir an d’Schoul ze fueren.

Ech sinn fest dovunner iwwerzeegt, dass d’Lycéesschüler vu Nidderkäerjeng, Lénger, Uewerkäerjeng, Schuller, Dippech a Bartreng dëst géifen appreciéieren.

A wann der schonns amgaange sidd de Fuerplang ze verbesseren, dann huelt och mol d’Linn 240 vu Kéinzeg an d’Stad ënnert d’Luppe, do kéint een d’Attraktivitéit steigeren andeems di ganz Woch iwwer op d’mannst ee Bus pro Stonn géing fueren.

Am Viraus soen ech iech Merci dass der iech Zäit huelt fir dëst Uleies vu villen Awunner aus dem Südweste vum Land.

Mat frëndleche Gréiss,

Yves Cruchten

Deputéierten

Have your say