YvesCruchten.lu

Ried zum Contournement

Duerch d’Uertschaft Nidderkäerjeng fléisst e Floss. Ech mengen domadder net d’Kor an och net d’Mierbaach, déi mer an der Gemeng Käerjeng appréciéieren. Nee, dee Floss vun dem ech schwätzen heescht Nationale 5 oder nach Lëtzebuergerstrooss genannt.

Et ass e Floss, net mat Waasser, mee mat Blech a Gummi. E Floss dee Kaméidi mécht an e Floss dee sténkt.

An zwar sténkt en däermoossen, dass ee besser huet keng Fënster opzemaachen fir déi gëfteg Ofgasen a Partikelen vun den Autoen net mussen anzeootmen. Et ass kee rouegt Gewässer, meeschtens steet de Floss a gëtt zu engem sténkege Mouer, zemoolst moies an owes. Dëse Floss, deen zerschneit d’Uertschaft Nidderkäerjeng an zwee Deeler.

Déi eenzeg Iwwergäng sinn e puer Zebrasträifen an et goufe souguer schons Iwwerleeungen am Gemengerot fir Brécken ze bauen oder Tunnelen ze gruewen fir vun engem Ufer op dat anert ze kommen.

 

Här President,

Dëse Floss muss ëmgeluecht ginn.

An zwar esou, dass déi Blechlawine, déi sech all Mueren an all owend duerch Nidderkäerjeng quëtscht, eis Uertschaft net méi an zwee spléckt an endlech erëm Rouh op d’Haaptsstrooss, mee och an d’Niewestroossen kënnt.

Dëst Här President, ass de Constat dee net haut mee scho virun iwwer 30 Joer gemeet gouf.

Sécher, ginn et och nach aner Stroossen am Land déi vill befuer sinn a fir vill Misère suergen. Mee zu Nidderkäerjeng ass et besonnesch schlëmm! Dofir hat de Minister Robert Goebbels schonn an de 90er Joren verschidden Tracéen ausschaffe gelooss an et goufe souguer Couloire reservéiert fir eng nei Strooss ze bauen déi den Duerfkär vu Nidderkäerjeng sollt ëmfueren.

Jo, dat ass scho laang hir, ganz laang hir.

Ech ka mech erënneren wéi ech am Joer 1999 den deemolege Buergermeeschter vun der Gemeng Bascharage kenne geléiert hunn, de Jos Thill.

Et waren Chamberswalen, hie war Kandidat an hien ass net midd ginn duerch de ganze Süde vum Land ze pilgeren mat senge Skizzen vum Contournement mat deenen hien d’Leit och an anere Gemengen wollt vun der Noutwendegkeet iwwerzeegen, dass seng Gemeng eng Ëmgehungsstrooss bräicht. Och bei de Politiker a senger eegener Partei huet hien onermiddlech Iwwerzeegungsaarbecht geleescht.

An déi war och néideg.

De Jos Thill ass leider net an d’Chamber gewielt ginn, de Robert Goebbels war net méi Bauteminister an de Contournement ass och net gebaut ginn.

Ech sinn deemools, 1999, no de Walen bei de Jos Thill an d’LSAP agetrueden. An zanterhier setzen ech mech an fir dat virunzeféieren wat de Jos deemools ugedriwwen huet. Ech hat d’Chance fir 2013 an d’Chamber gewielt ze ginn an et war kloer fir mech, dass ech hei eng Missioun hätt: alles drun ze setzen dir dass et mam Contournement endlech virugeet.

Et ass jo gewosst, dass dëse Stroossebau fir vill Diskussioune gesuergt huet a bis haut nach suergt.

An dat nët nëmmen an der Gemeng Käerjeng mee och an de Nopeschgemengen. Well et ass jo kloer, dass mat engem Contournement de Verkéier net wéi duerch e Wonner op ee mol verschwënnt.

Mee dee Verkéier gëtt ëmgeluecht a fléisst dann enzwousch anescht, wou d’Bierger, berechtegter Weis sech suerge maachen.

Dofir muss een och Versteesdemech hunn.

De Projet deen elo um Enn zréckbehale gouf, verhënnert, dass d’Awunner vun aneren Uertschaften, dem Knascht a Kaméidi ausgesat ginn. Allerdéngs an dat muss een éierlecher Weis zouginn, gëtt och e Stéck Natur geaffert, e Noerhuelungsgebitt wou vill Leit gäre spadséieren oder lafe ginn.

Et ass dofir wichteg, dass déi Kompenséierungen déi am Gesetz virgesi sinn, direkt gemeet ginn an och op der Plaz selwer. Fir dass mer kënnen, op d’mannst zu engem gudden Deel, der Natur an dem Mënsch dat erëm zréck ginn wat mer hir ewech huelen.  Hei sinn och d’Gemengen vu Käerjeng a Suessem gefuerdert, fir zesummen ze schaffen an Iddien z’entwéckelen, wéi mer eise Bierger déi Liewenskalitéit kënne garantéieren, déi sie sech zu Recht erwaarden.

Ech hu gesot dass dee Projet fir vill Diskussiounen suergt.

An dat geet queesch duerch di verschidde politesch Parteien.

Während ALL Parteien zu Käerjeng dee Contournement wëlle gebaut kréien, sou sinn ALL d’Parteien an der Gemeng Suessem, dësem Projet schlecht gesënnt, aus Angscht déi Problemer ze ierwen déi zu Nidderkäerjeng solle geléist ginn.

Bis zum Schluss huet d’Gemeng Suessem probéiert Alternativen ze sichen fir ze verhënneren, dass déi nei Strooss géif duerch hir Gemeng féieren an hiren Awunner e Schued maachen.

D’Regierung huet a mengen An alles richteg gemeet, wéi de Minister François Bausch net just verschidden Tracéen analyséiere gelooss huet, mee och gepréift huet, wat et géing bedeiten, wa keng nei Strooss géif gebaut ginn.

Et huet sech du kloer erausgestallt, dass keng Ëmgehungsstrooss ze bauen keng Alternative wier. Dofir sinn d’Belaaschtungen fir de Mënsch an de Knascht an der Loft zu Nidderkäerjeng einfach ze héich. Dëst hunn och d’Miessungen bewisen déi d’Gemeng selwer an de läschte Jore gemeet huet. Op Grond vun dësen Analysen goufen d’Bierger an de Gemengen no hirer Meenung gefrot.

An der Gemeng Käerjeng haten eng 1.250 Bierger sech ausgeschwat woubäi nëmmen 2% der Meenung waren et sollt kee Contournement gebaut ginn. Iwwer 60% hate sech fir deen Tracé ausgeschwat deen och um Enn zréck behale gouf.

Op Suessemer Säit haten eng 80 Persounen hir Meenung abruecht woubäi eng Majoritéit géint di 2 Varianten südlech vun der Gare waren awer och eng 30% sech fir eng Ëmgehungsstrooss ausgeschwat hunn.

Um Enn huet d’Regierung eng couragéiert Décisioun geholl a sech fir d’Variant 2 ausgeschwat, d.h. deen Tracé deen laanscht d’Eisebunnslinn féiert.

Dësen Tracé fiert méi wäit ewech vun den Wunnquartéieren vu Suessem, sou dass d’Bierger an der Nopeschgemeng vill manner, wann iwwerhaapt vun dëser neier Strooss belaascht ginn. Dat heescht awer och dass dës Strooss méi no un den Haiser zu Nidderkäerjeng läit wat anerer Säits bedeit dass, dass besonnesch Moossnamen musse geholl ginn fir dem Kaméidi entgéintzewierken.

Dat ass eppes wou och de Gemengerot zu Käerjeng ganz staark drop hält.

Et ass och ze begréissen, dass keng Offaart hei virgesinn ass, dat hätt nämlech souwuel fir di Suessemer ewéi och fir di Nidderkäerjenger Awunner méi Verkéier bedeit.

Fir déi di de Projet nach net kennen, sief hei awer bemierkt, dass et sech beim Contournement net ëm eng Schnellstrooss handelt, mee ëm eng ganz gewéinlech Strooss mat enger Spuer an all Richtung, woumat den Impakt op de Kaméidi minimiséiert gëtt.

Et ass och ze begréissen dass anengems wou de Contournement geplangt gouf, och e Parkhaus op der Gare décidéiert gouf dat zäitgläich soll fäerdeg ginn.  Dat ass net vu Muttwëll, well op der Nidderkäerjenger-Suessemer Gare si Parkplazen rare geséint an d’Awunner an deem Quartier hu vill Misère mat Autoen déi hinnen d’Stroossen zouparken.

Wann een déi zwee Projeten gesäit an och nach un d’Maison de soins denkt déi zu Nidderkäerjeng gebaut soll ginn grad ewéi verschidde Stroossen déi erneiert ginn, da muss ee soen, dass an dëser Legislaturperiod an ënnert dëser Regierung vill geleescht gouf fir d’Awunner an der Gemeng Käerjeng.

An dofir duerf een dës Regierung och emol félicitéieren.

Am Joer 2010, kuerz virun de Gemengewahlen war schon emol Bewegung an den Dossier Contournement komm. Deemools huet den Här Wiseler als Bauteminister, zesumme mam Här Krecké eng Versammlung zu Uewerkäerjeng ofgehalen iwwert de Contournement an awer och iwwer eventuell Tanklager déi kéinten an der Industriezone entstoen. Mir all déi deemools do waren, sinn aus der Versammlung erauskomm an hu gemengt dat anert Joer géifen d’Baggere kommen.

Ma nix da!

No de Gemengewahlen 2011 war et erëm séier roueg ginn ronderëm dee Projet. Och d’Petrolslager louchen op Äis. An et ass ze begréissen, dass d’Regierung viru Kuerzem annoncéiert huet, dass keng nei Tanklager wäerte gebraucht ginn, weder zu Mäertert, nach zu Nidderkäerjeng.

Et ass de Verdéngscht vun dëser Regierung, dass et mam Contournement endlech Eescht gemengt ass.

Wann den Här Bausch am Joer 2014 nach gesot huet, dëse Projet wäer fir hien keng Prioritéit, sou mengen ech, hunn awer zanterhir d’Fakten an d’Zuelen vum Verkéier a vun der Ëmweltbelaaschtung och hien iwwerzeegt, dass muss eppes geschéien.

Dofir verdéngt Dir, Här Minister mäi Respekt.

Virun iech steet also e ganz zefriddenen Deputéierten aus der Gemeng Käerjeng. Nawell wëll ech awer vun der Geleeënheet profitéieren fir och meng Suergen auszedrécken.

Selbstverständlech sinn ech méi wéi frou doriwwer, dass no iwwer 30 Joer Gediskutéiers endlech Neel mat Käpp gemeet ginn an ech begréissen ausdrécklech dass mer haut de Contournement stëmme wäerten. Ech maache mer awer vill Gedanken iwwert d’Verkéierssituatioun am ganze Südwesten vun eisem Land.

Do gesinn ech virun allem, dass de Contournement hannert Nidderkäerjeng a viru Schuller ophält. D’Awunner vu Schuller an Dippech sinn deem selwechte Verkéier ausgesat ewéi déi zu Nidderkäerjeng.

Dofir ass et richteg och un engem Contournement ronderëm Dippech ze plangen dee jo glécklecherweis am Plan sectoriel Transport virgesinn ass. Et wär e fatale Feeler wann de Verkéier hannert Nidderkäerjeng erëm giff stoen. Mir mussen dofir an enger nächster Phase dës Strooss weiderféieren, ronderëm d’Gemeng Dippech an a Richtung Stad Lëtzebuerg.

Och op däer anerer Säit vum Contournement, op dem Rond-Point André Siebenbour, och nach Rond Point Biff genannt, ginn et zolitt Verkéiersproblemer. Dee Rond-Point ass haut schonns hoffnungslos iwwerfëllt grad ewéi d’Verlängerung vun der Collectrice a Richtung Belsch-Franséisch Grenz. Dat kënnt dohier dass ronderëm Péiteng, d’A13 vun 2 op eng Spuer reduzéiert gëtt an dass et ënnert de Rond-Pointen op der Porte de Lamadelaine an am PED keng Unterführunge gëtt. Dat war deemools a mengen An e Feeler.

Wann elo de Contournement vu Nidderkäerjeng fäerdeg ass, da fäerten ech dass d’Problemer nach wäerten zouhuelen op däer Streck.

Et kommen zwar wéinst der Ëmgehungsstrooss net onbedéngt méi Autoen op der Biff un, mee herno wäerten an deem Nadelöhr d’Automobilisten déi vun Esch erfort kommen zäitgläich an zesummen mat deenen ukommen déi Nidderkäerjeng ëmfueren.

Haut gëtt de Verkéier nach an der Uertschaft gebremst, bei enger ganzer Partie Luuchten an kënnt dofir Sträppchersweis op der Biff un. Wann de Contournement bis fäerdeg ass, da stéisst dee Verkéier ongebremst zesumme mat deem dee schons op der Collectrice ass. Et ass dofir a mengen An néideg dat Deelstéck ronderëm Péiteng nei ze aménagéieren, well dee ganze Stau deen alt bis op Suessem reecht, kënnt vun der Grenz erfort.

Wa mer näischt ënnerhuelen, da fäerten ech, dass mer op däer Plaz wäerten Staue vun apokalypteschen Ausmoosse kréien.

Et ass mer och e besonnescht Uleies fir op e weidere Problem opmierksam ze maachen, an zwar deen dass vill Camionen déi d’Industriezone Hanebësch zu Nidderkuer ufueren, e groussen Ëmwee iwwert d’Biff an duerch d’Nicolas Meyersstrooss musse maachen well sie op däer Sortie zu Nidderkuer guer net oder nëmme ganz schlecht erop an erofkommen. Dëst ass onnéidege Verkéier, deen een domat behiewe kéint dass een d’Sortie Suessem-Nidderkuer nei aménagéiert, wat esou wäit ech weess och virgesinn ass vun de Ponts et Chaussées.

Ech giff mer wënschen dass dëse Projet Stullgang kritt, wëll d’Awunner am Quartier Biff a Bomecht si genuch geplot a brauchen eigentlech net dësen zousätzlechen an wéi gesot onnéidege Verkéier mat schwéiere Camionen.

An deem Sënn wéilt ech och eng Motioun déposéieren, déi d’Regierung opfuerdert, sou séier wéi méiglech mat den Etuden vum Contournement vun der Gemeng Dippech unzefänken an dass de Staat eng Analsye mecht vum Impakt vum Contournement vu Nidderkäerjeng op de Verkéier tëschend der Biff an der Grenz.

Mir sollten net waarden bis dëse Bau fäerdeg ass, mee elo scho viraus kucken a Léisungen ausschaffen fir Problemer déi wäerten entstoen.

Och sollte mer beim Bau uecht ginn, dass esou wéineg Natur ewéi méiglech beschiedegt gëtt.

Här President,

Et ass mat vill Emotioun dass ech als Spriecher vun der LSAP kann d’Zoustëmmung gi fir de Projet vum Contournement vu Nidderkäerjeng. Eng Jorzingtenal Fuerderung vun den Awunner aus menger Gemeng gëtt domat Realitéit. Et ass keng Extrawurscht déi do gebrode gëtt, mee e batter noutwendege Stroossebauprojet dee ville Leit wäert zegutt kommen.

Mir léisen haut nët de Verkéiersproblem am Kordall a ronderëm. Mee de Contournement muss als e Stéck ugesi ginn vun engem grousse Puzzle dee mer nach mussen zesummestieechen. Aner Moossnamen musse nach nokommen.

Haut freeën sech vill Leit zu Nidderkäerjeng an doriwwer eraus. A wann ech herno op menger Plaz sëtzen an de Knäppchen drécken fir ofzestëmmen, da wäert ech un all déi vill Lokalpolitiker denken déi sech an de läschte Jorzingten fir dëse Projet agesat hunn.

Ech soen iech Merci.

Have your say