YvesCruchten.lu

Ried zu den Zäitspuerkonnten

Yves Cruchten (LSAP), rapporteur.- Merci, Här President. Mir stëmmen haut iwwer e Gesetz of, dat schonn zanter den 90er Joren ëmmer nees an d’Gespréich koum, ouni dass et awer verwierklecht gouf.

Eng ganz Rëtsch vu Regierungen hate sech eigentlech virgeholl, am ëffentlechen Déngscht Zäitspuerkonten anzeféieren; esou och dës Regierung an hirem Koalitiounspabeier vun 2013. Beim Gehälteraccord an der Fonction publique vum 5. Dezember 2016 huet d’Regierung sech nach emol engagéiert, fir e Gesetzesprojet an dësem Sënn ze deposéieren. Dat huet si och den 21. August zejoert gemaach, an haut kënne mer dat Gesetz stëmmen.

Wat sinn elo dës Zäitspuerkonten? Mir alleguerte wëssen, dass een am beruffleche Liewen emol Momenter huet, wou ee méi muss schaffen oder ka schaffen, wou méi Aarbecht ufält oder och méi Präsenz verlaangt gëtt. Op där anerer Säit gëtt et och ëmmer erëm Zäiten, wou ee wëllt oder muss méi lues trëppelen, wou ee fir sech, seng Famill oder e perséinleche Projet méi Fräizäit brauch. Dat war bis haut net mateneen ze verknäppen. D’Aarbechtszäiten am ëffentlechen Déngscht grad ewéi d’Congée si streng reglementéiert a loossen net vill Sputt, fir sech seng Zäit anzedeelen.

Mat dësem Gesetz kënnen d’Beamte beim Stat an Zukunft Zäit uspueren. Esou kënne si zum Beispill déi Congésdeeg uspueren, déi se net konnten am lafende Joer eranhuelen, grad ewéi Iwwerstonnen, déi iwwert de Kader vum Horaire mobile erausginn. Déi ugespuerten Zäit kann dann op Wonsch, a wann de Service et och erméiglecht, erageholl ginn. Et kann ee bis zu engem Maximum vun 1.800 Stonne sammelen, wat ongeféier engem Schaffjoer entsprécht.

Wichteg ass awer ze wëssen, dass een net säi ganze Congé kann an Zäit spueren ëmwandelen. Et ass och eng Fro vun der Gesondheet, dass ee regelméisseg e gudden Deel vu sengem Congé hëlt, fir sech ze erblosen, sech ze erhuelen an ze raschten.

Och setzt d’Gesetz Limitten, wivill een am Dag respektiv an der Woch dierf schaffen. Et gëtt also e Maximum vun zéng Stonnen den Dag respektiv 48 Stonnen d’Woch, déi net sollen iwwerschratt gi bei enger voller Tâche.

D’Gesetz geet och op déi spezifesch Situatioun vun den Enseignanten an an hält fest, dass fir si net Stonnen, mä Schoulstonnen – also op Franséisch „leçons“ – gerechent ginn.

Här President, et ass mer wichteg ze betounen, dass dat hei keng Faveur ass, déi d’Statsbeamte géife gemaach kréien. Et geet hei ëm dee Congé, dee se zegutt hunn, an déi Stonnen, déi se och effektiv geschafft hunn. Och ass et keng Extrawurscht fir den ëffentlechen Déngscht, well den Aarbechtsminister Nicolas Schmit huet viru Kuerzem och de Gesetzesprojet deposéiert, fir Zäitspuerkonten am Privatsecteur anzeféieren. Plazeweis, wësse mer jo, gëtt et dat souguer schonn am Privatsecteur, an dat ass ze begréissen.

Dat gëtt de schaffende Leit am privaten ewéi am ëffentleche Secteur méi Flexibilitéit an erméiglecht och e bessert Zesummespill vu Beruffs- a Privatliewen, wat ganz bestëmmt dem Wuelbefannen an och der Gesondheet vun de Salariéen zeguttkënnt. Ech mengen awer, net nëmmen, well och de Stat huet Interessi drun, kënnen op d‘Mataarbechter ze zielen, wa se gebraucht ginn, zum Beispill wann aussergewéinlech vill Aarbecht do ass.

Mat dësem Gesetz kommen awer och nach aner Verbesserungen. Sou gëtt den Horaire mobile beim Stat esou ofgeännert, dass e Beamte scho kann um 6.30 Auer, also hallwer siwen, säin Déngscht ufänken. Vläicht hëlleft eis dat schonn e bësse moies op de Stroossen, wann net jiddweree muss Punkt aacht oder Punkt siwen ufänken.

Och gëtt déi obligatoresch Mëttesstonn op eng hallef Stonn minimum reduzéiert. Dat heescht, et muss een net eng ganz Stonn Mëttespaus maachen an et kann een esou eventuell och e bëssen éischter heemfueren, fir zum Beispill d’Kanner aus der Crèche oder aus der Maison relais ofzehuelen. Wien eng Deelzäitaarbecht huet a just sechs Stonnen oder manner Déngscht huet, dee brauch keng Ënnerbriechung méi ze maachen an der Mëttesstonn.

Da gi mat dësem Gesetz och déi nei extraordinär Congéen ëmgesat, déi mer jo zënter Kuerzem am Privatsecteur kennen. Do stécht natierlech de Pappecongé vun zéng Deeg eraus.

Här President, mir hunn an der Kommissioun d’Avise vum Statsrot a vun der Beruffskummer analyséiert. Zu dem Gesetzesprojet huet d’Regierung zweemol Amendementer nogeschoss. Den 10. Juli huet d’Kommissioun de Projet de rapport ugeholl.

Ech wëll hei direkt virausschécken, dass et um Enn vun eisen Aarbechten an der Kommissioun ganz séier gaangen ass an dass mer de Memberen net vill Zäit gelooss haten, fir den definitive Rapport ze studéieren. Mir Deputéierte bekloen eis an de leschten Deeg iwwert den enormen Aarbechtspensum an déi vill Projeten, déi nach solle virun der Summervakanz gestëmmt ginn. Mir vergiessen heiansdo, dass hannert an nieft de Politiker och d’Beamten aus der Chamber an eis Mataarbechter an de Fraktiounen deem stramme Rhythmus den Ament mussen nokommen, wat net ëmmer einfach ass. Ech wëll dofir de Memberen aus der Kommissioun Merci soen, dass si Versteesdemech gewisen hunn an et erméiglecht hunn, dëst Gesetz haut ze stëmmen.

Här President, ech sinn der fester Iwwerzeegung, dass mer mat dësem Gesetz grad ewéi mat deem, wat nach fir de Privatsecteur ënnerwee ass, e grousse Schratt maache fir méi Liewensqualitéit a méi Wuelbefannen op der Aarbechtsplaz. Déi schaffend Leit kréie méi Rechter a kënnen hiert Familljen- a Privatliewe besser mat der Aarbecht an Aklang bréngen.

An d’Gesetz schützt de Salarié vis-à-vis vun eventuellen Abuse vum Patron, fir dass d’Flexibilitéit net just an eng Richtung geet. Dofir wéilt ech dem Minister Kersch an der ganzer Regierung felicitéieren a gi selbstverständlech den Accord vu menger Fraktioun.

 

Merci.

Have your say