YvesCruchten.lu

Presentatioun vum Contournement an der Chamberkommissioun

Haut de moien gouf endlech de Projet vum Contournement an der Chamberkommissioun virgestallt. Domat stinn elo d’Chance gutt, dass de Projet nach ka virun der Summervakanz gestëmmt ginn. Ech si frouh doriwwer, dass dës Regierung hei endlech Neel mat Käpp mecht an d’Entlaaschtung vu Nidderkäerjeng konkret virubréngt. Dat war eng vun de Missiounen déi ech mer viru 5 Joer gesat hat, wéi ech an d’Chamber gewielt gouf an dat ech menge Wieler an der Gemeng Käerjeng versprach hat.

Mir sinn elo op der läschter ligne droite, et gëllt elo nach dofir ze suergen dass et e gudde Contournement gëtt, bei dem den Impakt op Mënsch a Natur sou geréng ewéi méiglech bleiwt an dass d’Verkéierssituatioun am ganze Südweste vun eisem Land verbessert gëtt. Do ass nach genuch Aarbecht, an obwuel de Contournement vu Nidderkäerjeng en Deel vun der Léisung ass, sou brauch et am Kordall an doriwwer eraus nach aner Moossnahmen fir de Verkéier an de Grëff ze kréien. Dozou gehéiert a méngen Aen ë.a. de Contournement vu Schuller an Dippech grad ewéi den Ëmbau vun der N31/E44 tëschend der Biff an der Grenz.  

Hei d’Presentatioun vum Projet an der Chamberkommissioun

Have your say