YvesCruchten.lu

Lieserbréiw am Tageblatt: Nët méi wéi e Vulleschäiss ?

Wa bei eisen däitsche Noperen, alt nees e Politiker vun der AfD eng Ieselzechkeet vu sech gëtt (an dat geschitt jo traureger Weis a regelméissegen Ofstänn), dann iwwerschloe sech d’Medien déi Deeg drop mat schockéierte Meldungen. Politiker vun anere Parteien reagéieren verständlecher Weis a veruerteelen dat direkt a mat Konsequenz. Déi sozial Medien ginn dann dominéiert vun dëse Meldungen, well hei ka schliisslech jidderee matschwätzen. D’Protagonisten ginn duerno invitéiert op d’Plateauen vu Maischberger a Co, an duerfen do der “Madame” zielen, dass dat alles guer net sou gemengt war an eigentlech total aus dem Kontext gerappt ass. An sou kréien d’Populisten genee dat wat se gären hätten a wat se sou dréngend brauchen: Opmierksamkeet.

Well et ass jo bekanntlech méi einfach driwwer ze poteren op d’Nazizäit just e Vulleschäiss an der grousser däitscher Geschicht war, ewéi de Bierger z’erklären wat de Bréisseler “Sixpack” ass oder wat fir Léisungen ee ka proposéieren fir di europäesch Flüchtlingspolitik ze reforméieren.

Déi dote Sujeten, déi méi komplizéiert, déi iwwerléisst een deenen anere Parteien. Kënnen déi sech dach dorëms këmmeren.

D’Populisten vu Riets beherrschen dat Spill ganz gutt, nët nëmmen an Däitschland. Op an Éisträich, an Ungarn, a Polen oder soss enzwousch, d’Manéier ass ëmmer di selwecht. A kuckt een d’Resultater vun de Walen an Europa, da schuddert een sech, well: déi Rechnung déi schéngt opzegoen.

Wéi hu mer et dann zu Lëtzebuerg?

Lo kënne mir frou sinn, dass mer am Lëtzebuerger Parteiespektrum keng oppe friemefeindlech a nationalistesch Parteien hunn. A nawell schéngt et ewéi wann d’Versuchung bei deem engen oder aneren nawell grouss ass, de Bautzen vun der AfD et nozemaachen.

Eise Vulleschäiss dee kënnt vum Wee2050 dee kandidéiert zesumme mat der ADR fir d’Chamberwahlen. Do gëtt d’Occupatioun vun de Nazien zu Lëtzebuerg relativéiert a gemengt “d’Nazien hätten d’Lëtzebuerger wéinstens net erhéngere gelooss” (am Géigesatz zu de béise Fransousen déi 1684 d’Festung Lëtzebuerg belagert haten). A well dat net genuch war gëtt och nach gemengt, d’Nazioccupatioun wier “e Pippifax gewiescht par rapport zum 30jährege Krich”. Dir mengt et kéim net besser? Ma bëssi méi spéit schreift dee Selwechten: “Net all Land huet déi Éier kritt als däitsche Gau am éiwegen däitsche Räich derbäi ze sinn als Volksdeutsche”. E “Gesiicht dat en An zoupëtzt” um Enn vum Saz soll suggéréieren et wier net sou eescht gemengt. Sorry, dat keeft keen of!

Dass elo och nach grad déi selbsternannte Verdeedeger vun der Lëtzebuerger Natioun, Identitéit, Sprooch a Souveränitéit déi sinn déi elo d‘Nazioccupatioun verharmlosen, ass net méi komesch, mee zynesch. Wat fir e Gesiicht wuel déi géife maachen déi deemools am Gau Moselland ënnert de Nazien gelidden hunn, wann se sou eppes liese géifen.

A well kee Mënsch mat kloerem Verstand esou eng Topechkeet wierklech Eescht hëllt, muss een dovunner ausgoen, dass et bewosst geschriwwe gouf fir ze provozéieren, fir vu sech schwätzen ze dinn.

D’Fro déi een sech dann awer stellt, ass déi eleiten: Soll een dorop reagéieren? Oder ass dat grad de Feeler am Ëmgang mat de Populisten? Tricky…

Ech war der Meenung et sollt een d’Fauscht an der Täsch maachen a sech net op dat Spill aloossen.

Mee de Colli ass mer awer definitiv geplatzt wéi viru kuerzem dee selwechten, dem Jean Asselborn d’Matschold um Doud vun deenen gëtt déi den Ablack am Mëttelmier erdrénken (well hien ze vill eng liberal Politik géif maachen). Dobäi huet eisen Ausseminister eppes wat deem brongen Geschichstrevisionist vun der ADR-Lëscht komplett ze feele schéngt: Mënschlechkeet!

D’ADR huet e Problem, en décke Problem et geet net fir dat einfach auszesëtzen. D’ADR ass elo gefuerdert ze reagéieren. Sie hunn den Här Thein wéinst sengem “gelikes” a sengen ze rietsen Astellungen aus der Partei geschmass, haut loossen se Plakater drécken a pechen hir Portraiten nieft dee vun engem, deen de Naziregime probéiert ze verharmlosen. Wou ass do d’Konsequenz?

A well esou Leit bei der ADR mat op de Wahllëschte stinn ass dat ganzt eben nët nëmmen e Vulleschäiss, mee eppes wat déif blécke léisst.

E Vulleschäiss u sech ass am Fong näischt Wéischtes, et fiert ee mat engem naasse Läppchen driwwer a fort ass en. Heiansdo wënschen ech mer och esou e Läppchen an de soziale Medien, mat deem ech einfach esou Källwereien kéint ewech wëschen. Mark Zuckerberg, wanns de dat heite lies, da looss der mol eng afalen, bis dohin tréischten ech mech mat eenzelne “Pärelen” déi ee glécklecherweis och nach op Facebook fënnt…  

Yves Cruchten

Verëffentlecht am Tageblatt vum 2.7.2018