YvesCruchten.lu

Débat Aménagement du Territoire

Här President,

Dir Damen an Dir Hären,

Am Virfeld vun dësem Débat krute mer e gréissert Dokument zougestallt, wat nach emol alles zesummefaasst, wat sech an deene leschte Joeren am Beräich vum Aménagement du territoire sou gedoen huet. Op Basis vun deem Dokument si mer als Parteie gebieden, 24 Froen, déi dacks nach ennerdeelt sinn, ze beäntwerten. Zäit war ze knapps, fir dass een dat zesummen an der Kommissioun hätt kennen diskutéieren an e gemeinsame Rapport hätt kenne virleen. Par conter hu mer eng ganz Rei  Acteuren gefrot, fir eis hier Vuen dozou matzedeelen, an ech soen vun hei aus all deenen, déi doru geschafft hunn, fir eis a kierzester Zäit dorop ze äntwerten, vun hei aus Merci.

Fir mäi Bäitrag zu desem Débat wärt ech d’Froen, déi gestalt sinn, als roude Fuedem benotzen an eng no der anerer probéieren am Numm vun der LSAP ze beäntwerten. Dës Froen betreffen nëmmen indirekt den aménagement du territoire mee un éischter Plaz d’Entwécklung vun eisem Land. Dat ass absolut logesch, well den aménagement du territoire ass just en Instrument, fir op engem limitéierten Territoire verschiddenen Zonen ennerschidlech Fonctionalitéiten zouzeweisen. Et muss een also fir d’éischt wëssen, wat fir eng Entwécklung ee well ennerstëtzen, iert een decidéiere kann wéi d’Instrument vum aménagement du territoire agesat soll ginn an op de legale Kader dozou optimal ass, fir déi gesaten Zieler z’erreechen.

Déi éischt dräi Froen betreffen dann och de Stellewäert, deen den aménagement du terriroire an eiser Gesetzgebung soll hunn. Een Hindernis, dat eng Emsetzung vun all deene schéine Pläng fir eng méi nohalteg Entwécklung dacks schwéier, wa net souguer onméiglech mecht, ass d’Eegentumsrecht, dat Verfassungsrang an domat e ganz héije Stellewert huet. Hei ass d’Fro, ob een deem net sollt an der Verfassung e Géigegewiicht ginn, sou wéi dat zB an Däitschland de Fall ass. An der däitscher Verfassung heescht et:

Eigentum verpflichtet. Sein Gebrauch soll zugleich dem Wohle der Allgemeinheit dienen.“

Op des Manéier get engersäits de Schutz vum Privateegentum bestärkt an anerersäits kloer gestalt dass de Notzen, deen de Propriétaire aus deem Besëtz zitt, net zu Laaschte vun der Allgemengheet däerf goen, respektiv den allgemengen Interessi soll fërderen.

Als LSAP fanne mir deen Usaz gut, a menges Wëssens hat den Alex Bodry dës Propose och mat abruecht an d’Diskussiounen em d’Verfassungsreform, mä et gouf leider heizou keng Majoritéit. Ech sinn der Meenung, dass dat éischter eng philosophesch Fro ass, an dass esou e Passus an der Verfassung net direkt en Impakt op eis Legislatioun zum aménagement du territoire hätt. Par définition ass all aménagement du territoire en Agrëff an d’Eegentumsrecht, andeem een festleet, wat wou erlabt ass. All Gesetzer, déi Virschrëfte maachen, wat een op sengem eegenen Terrain maachen däerf a wat net, sinn en Agrëff an d’Eegentumsrecht. An der Praxis kennt et villméi drop unn, wat am Detail an eise Gesetzer steet. Och mat enger däitscher Versioun vun der Dispositioun an der Verfassung wir d’Eegentumsrecht net weider geschwächt ginn. E Beispill heifir ass d’Recht op Entschiedegung, wann en Terrain zum Propriétaire sengem Nodeel emklasséiert gët oder och de Fait, dass mer d’aménagements-Gesetz hu missen sou ofänneren, dass d’Konditiounen, ënner deene kann enteegent ginn musse ganz kloer an deem Gesetz verankert ginn an et nët mat engem Règlement grand-ducal duergeet. An all Rechtsstaat muss et en Equiliber ginn tëschent dem Recht op Eegentum an dem Recht vun der Allgemenheet.

Dann ass do d’Fro, ob den aménagement du territoire als Instrument vun enger nohalteger Entwécklung soll an d’Verfassung ageschriwwe ginn. Als LSAP si mir nët do derfir. Den aménagement du territoire ass nëmmen een Instrument vu Villen, fir d’Zil vun enger méi nohalteger Entwécklung ze erreechen. Well zu Lëtzebuerg den Terrain sou limitéiert ass, ass dat natierlech eng vun deene Ressourcen, déi méiglechst rationell muss genotzt ginn, wa mer der nächster Generatioun déi selwecht Chance wëlle loossen. Mee dat ass awer nëmmen een Aspekt vun der nohalteger Entwécklung. En anere wichtegen Aspekt ass zum Beispill d’Budgetspolitik, déi ee Pilier vun der nohalteger Entwécklung duerstellt an dem aménagement du territoire net kann ennergeuerdnet sinn.

Dës Fro suggeréiert deemno, dass den aménagement du territoire misst iwwer anere Politikfelder stoen. Et gët dobäi vergiess, dass den Emweltschutz an d’Erhalen vu natierleche Ressourcen just ee Volet vun dräi vum Konzept vun der nohalteger Entwécklung sinn, an dass d’Economie an Soziales genee sou wichteg sinn. Dat kënnt villäicht vum Androck hier, dass mer zu Lëtzebuerg besonnesch am Emweltvolet Defiziter hunn. Et sollt een sech awer net täuschen: eis gutt wirtschaftlech Situatioun an eis gutt Sozialsystemer kënne sech ganz séier verschlechteren, wa mer net permanent Efforte maachen, fir deen Niveau ze halen an da geet och rapid d’Akzeptanz vun de Leit erof fir eng stark Emweltpolitik.

An déi selwecht Kerb heet déi drëtt Fro, déi ech e bësse bizzar fannen. Hei solle mer vun der EU virgeschriwwe kréien, wéi mer eisen Aménagement du territoire ze organiséieren hunn. Sou e Virschlag enthält eigentlech eng Kritik un der Regierung, déi an der Logik nët selwer am Beschte wéisst, wéi een deen Dossier upake soll. Ech ka mer net virstellen, dass d’EU an deem Beräich eng Direktive géif ausschaffen, déi fir all Länner a Regiounen géif gëllen an en plus méi efficace wier, wéi dat wat mir lo hunn. Ganz ofgesinn dovunn, dass d’EU keng Kompetenz huet fir dat ze machen, gesi mir als LSAP doranner keng Plus-value.

Wat déi 4. Fro betrëfft, sou si mir grondsätzlech mat der Ausriichtung vum Szenario 3 d’accord. Den Szenario 3 ass den « développement organisé et harmonieux ». Et muss een sech just bewosst sinn, dass et eis och domat goe kann, wéi mam IVL a mer vun der Realitéit iwwerholl ginn. De Szenario dräi gëtt eng gut Orientéierung dofir, wat de Staat an de nächste Joeren sollt ennerstëtzen a wat net. Nach muss een domat rechnen, dass d’Leit aner Prioritéite setzen a mer herno nëmmen zu engem Deel do rauskomme, wou mer eigentlech hi wollten. Mir kënnen eis méi Mixitéit wënschen a Raum fir Commerce an den Uertschaften schafen, nach brauch et Geschäftsleit, déi do eng reell Perspektive fir sech gesinn. Et kann een méi Wunnraum an der Stad schaafen, mä et wärt weiderhi vill Leit ginn déi sech dës Wunnéngen net leeschte kënnen. An et wäert weiderhi Leit ginn, déi dovun dreemen, e Bungalow an der Mëtt vun engem 12 Ar Terrain ze hunn. Wann se sech deen hei nët leeschte kënnen, ginn se eben an d’Grenzgebitt wunnen.

Ech well domat soen, dass mer glécklecherweis nët an enger Diktatur liewen, wat gut esou ass. Och wann dat et méi schwéier mecht, den aménagement du territoire, wéi mir eis e virstellen, an d’Realitéit ëmzesetzen.

Da wéilt ech zur Fro iwwert nei Plans directeurs sectoriels (5) kommen. Mir hu ganz rezent dat neit Gesetz gestëmmt, dat et eis endlech méiglech mecht, déi véier grouss plans sectoriels, déi zanter Joeren an der Schwief hänken, an d’Prozedur ze ginn. Dat sollt menger Meenung no eis éischt Prioritéit sinn. Des Plans sectoriels decken an den Aen vun der LSAP déi wichtegst Beräicher of, déi mer fir eis zukünfteg Entwécklung brauchen. Aus den Zieler vum Aménagement du territoire, wéi se an deem neie Gesetz definéiert sinn, kann een erausliesen, dass nach e Plan sectoriel zu de grousse surfaces commerciales nokennt. Et ass ganz richteg, dass des grouss Akafszentren dacks enorm vill Fläch verbrauchen an zudeem net gut un den ëffentlechen Transport ugebonne sinn, sou dass si zousätzleche Verkéier generéieren. Gläichzäiteg hëllt de klenge lokale Commerce of. Als LSAP si mir dofir, de klenge Commerce an den Uertschaften ze ennerstëtzen an nei Akafszentren entweder direkt an d’Stied eranzesetzen, oder dofir ze suergen, dass se méi an d’Héicht bauen, manner Fläch fir Parking versigelen an op Plazen entstinn, déi verkéierstechnesch gut ugebonne sinn. Wann dat sech am beschten iwwer e Plan sectoriel maache léisst, si mir domat d’accord. Dat wir dann och schon d’Äntwert op déi 12. Fro.

Generell wir et awer gut, bei all neie Sujet genee ze préiwen, op e Plan sectoriel dat einfachst an dat efficasstent Mëttel ass, fir dat gewënschtent Ziel ze erreechen. Wat mer méi Plans sectoriels maachen, wat Konflikter tëschent deene verschiddene Pläng viraussiichtlech och méi grouss ginn.

Ee sou e Beispill ass a mengen Aen eng Demande, déi regelméisseg vun der Säit vun de Bauere kënnt, fir „zones agricoles“ auszeweisen, déi der Landwirtschaft virbehale wiren. D’Argument ass, dass landwirtschaftlech genotzten Flächen an der Gréngzone leien ouni spezifesch Fonctioun, an domat bei der Erweiderung vu PAGen och landwirtschaftlech Flächen emklasséiert ginn fir aner Zwecker, sou dass de Baueren ëmmer manner Terrainen zur Verfügung stinn. En Hannergedanken ass wahrscheinlech och, fir Deeler vum Terrain kënnen ofzegrenzen vun den Naturschutzzonen an Quelleschutzgebieter, déi méi grouss ginn a wou d’Baueren emmer méi Contrainten mussen akzeptéieren. D’Fro ass deemno, fir wat fir eng Landwirtschaft sou enger Zone agricole géif reservéiert ginn. D’Landwirtschaft steet nämlech net per se am Konflikt mam Naturschutz. Dat betrëfft un éischter Plaz eng intensiv, méi industriell ausgeriichten Landwirtschaft. Eng extensiv Landwirtschaft, déi no de Prinzipien vun der Kreeslafwirtschaft fonctionnéiert, déi keng Pestziden asetzt asw, fonctionéiert nët nëmmen gutt a Schutzgebieter, si ass souguer en noutwendegt Element fir dës z’erhalen. Ouni eng nohalteg Landwirtschaft kann een Deel vun eise Kulturlandschafte guer nët bestoen. Si dréit zur Verbesserung vun der Biodiversitéit bäi, hëlleft eis CO2-Emissiounen ze reduzéieren, erhällt a verbessert d’Buedemqualitéit.

Bestëmmten Naturschutzzonen a geschützen Kulturlandschaften sinn deemno gläichzäiteg Zonen, déi fir e bestëmmten Typ vu Landwirtschaft reservéiert sinn.  Et wir a mengen Aen net gut, wa mer en aneren Deel vu landwirtschaftlechen Zonen géifen schafen, deen explizit enger méi intensiver Landwirtschaft virbehale wir. Mir wëlle jo, dass d’Landwirtschaft insgesamt méi nohalteg gëtt, sou dass méi laangfristeg gesinn Naturschutz a Landwirtschaft Hand an Hand ginn. D’Baueren mussen an Zukunft entspriechend bezuelt ginn fir déi Leeschtungen am Dengscht vun der Allgemengheet, déi haut net remuneréiert ginn.

Nach bleiwt de Problem, dass landwirtschaftlech Flächen verbraucht ginn fir Logements- oder aner Projeten. D’Buedemschutzgesetz kann eis hei en Usaz ginn, fir d’Versigelen vu Biedem, déi geegent sinn fir d’Liewensmëttelproduktioun, ze verhënneren. Mir brauche landeswäit eng Zort Kataster mat enger Evaluatioun vun der Buedemqualitéit. Et sollt een sech dobäi net op de Pollueur-payeur Prinzip beschränken, mä och Ureizer schafen, fir déi chemesch a biologesch Qualitéit vun de Biedem ze verbesseren. Och hei kann d’Landwirtschaft e wesentleche Bäitrag leeschten.

Wa mer bis esou e Kataster hunn, da muss een iwwerpréifen, ob een e Plan sectoriel brauch fir sécherzestellen, dass qualitativ héichwerteg Biedem net degradéiert ginn oder op een dat och mat anere Moyense kann erreechen.

Da kommen ech zu der grousser Fro vun der Croissance. Ech géif do d’Froen 6 a 7 zesummen huelen, well se sech iwwerschneiden. Als éischt emol muss ee soen, dass mer iwwerhapt eng Diskussioun iwwert d’Croissance hunn, well mer eng Rei Problemer hunn, déi domat zesummenhänken an déi och vun de Leit dobausse ganz staark wouergeholl ginn: de Logement gëtt ëmmer méi deier, den Trafic hëllt permanent zou a mir verbrauchen ëmmer méi natierlech Ressourcen, déi just begrenzt zur Verfügung stinn. Déi éischt zwee Problemer hänken zesummen mat der Zuel vun de Leit, déi hei wunnen a schaffen. Do komme mer zréck op de Pendlerszenario an den Awunnerszenario: Wa mer besser Méiglechkeete schafen, fir dass méi Leit hei wunne kënnen, musse mer méi dicht bauen, méi Schoulen, Crèchen a soss Zervicer schaafen. Wa mer dat nët maachen a sou d’Awunnerzuel méi kleng halen, wuessen d’Wunnengsprässer nach méi staark. Da kréie mer méi Frontalieren a nach méi Trafic. Soulang Lëtzebuerg däitlech méi héich Paien bezillt, wéi d’Länner ronderëm eis a besser Sozialsystemer huet, wärte weider vill Leit probéieren, hei eng Aarbechtsplaz a waméiglech eng Wunneng ze kréien. Dësen Drock wärt also bleiwen.

Dës Diskussioun kréie mer trotzdem ëmmer erëm, wa mer en neie Betrieb usiedelen, deen Aarbechtsplaze schaaft. D’Iddi ass déi, dass de Bevölkerungswuesstum reduzéiert gëtt, wa mer net méi souvill nei Aarbechtsplaze schafen, déi gréisstendeels mat Frontalieren besat ginn. Dozou muss ee soen, dass d’Residents, an d’Lëtzebuerger ganz besonnesch, héich Usprech un d’Servicer a Sozialleeschtungen vum Staat hunn. Déi musse finanzéiert ginn iwwer wirtschaftlech Aktivitéiten, déi Recette generéieren. Et héiert een ëmmer erëm d’Argument, et kéint ee jo mat manner Sue liewen, wann dofir an anere Beräicher d’Liewensqualitéit nët duerch de Wuesstum géif beanträchtegt ginn. Zum engen ass dat en Argument, wat nëmmen op gutt situéiert Leit passt, well et kann nach laang nët jidfereen sou einfach op Suen verzichten. Dës Diskussioun kënne sech zB Mindestlounempfänger iwwerhaapt net leeschten. Zum aneren brauch de Staat déi héich Recetten zu engem gudden Deel fir Schoulen, Crèchen, Spideeler, Altersheimer an aner sozial Institutiounen ze finanzéieren, wou och Leit aus der Mëttelschicht kaum oder guer keng Aschränkungen wéilten a Kaf huelen.

Et ass also komplett verréckt, fir de Wirtschaftswuesstëm selwer a Fro ze stellen, wat mer mussen an de Grëff kréien, dat sinn d’Begleiterscheinungen, di négativ Konsequenzen vun dësem Wuesstëm. An zemoolst an de Froe vun der Mobilitéit hu mer an der Vergaangenheet vill ze vill Zäit verluer an eis an onendlechen Debatten verluer amplaz ze handelen. Déi läscht Joren ass do vill geschitt, nach gëllt et e grousse Retard opzehuelen, op der Strooss an op der Schinn.

Mir brauchen also wirtschaftlech Croissance. Brauche mer och souvill nei Aarbechtsplazen? An der Situatioun wou mer sinn, wir et jo ideal, Aktivitéiten unzezéihen, déi vill Recetten mat wéineg Personal generéieren. Dat kann een zum Deel maachen, mä dat si meeschtens Aarbechtsplaze fir Leit, déi héich qualifizéiert sinn, a mir mussen dofir Suergen, dass och manner qualifizéiert Leit eng Aarbecht fannen. An der Krise hu mer gut gesinn, dass de Chômage zu Lëtzebuerg iwwerproportional klëmmt, wa manner nei Aarbechtsplaze geschaafe ginn, well de Konkurrenzdrock ob manner qualifizéiert Residents staark klëmmt.

Eng weider Fro ass natierlech, ob déi Joben, déi mer zousätzlech schafen, am Industrieberäich solle sinn. Wëlle mer nei Produktiounsbetrieber, déi noutgedrongen Ressource verbrauchen an Nuisance mat sech bréngen? D’Äntwert fir d’LSAP ass kloer JO! Mir wëllen datt Lëtzebuerg och an Zukunft nach e Produktiounsland ass. Ech weess net wéi dacks mer hei an der Chamber lamentéiert hunn, dass mer immens ofhängeg si vum Banken a Finanzsekteur, déi ganz volatil sinn, an hier Aktivitéiten vun engem Dag op deen aneren kënnen an d’Ausland verleen. Mir hunn ëmmer gewarnt, dass eis Economie nët genuch diversifizéiert wir. Dat bedeit, dass mer aner Wirtschaftsdeeler mussen opbauen a Produktiounsbetrieber mussen unzéihen.

Dofir gëtt et op d’mannst zwou Konditiounen: D’Betrieber mussen um neiste Stand vun der Technik sinn, fir sou ressourceschounend am ëmweltfrëndlech wéi méiglech ze produzéieren. An zweetens kënne mer keng Betrieber usiedelen, deene mer net déi noutwendeg Ressourcen zur Verfügung stelle kënnen, well et hei am Land net genuch dovu gëtt. Vun Ufank un muss also d’Fro gestalt ginn: hu mer den Terrain, déi dës Firma brauch, hu mer genuch Waasser, ginn Emissiounswäerter trotz Asaz vu modernster Technologie iwwerschrat?

Déi Debatte déi mer an der läscht féieren all Kéiers wann ee neie Betriib sech néier loosse wëll ass gutt wann se eis dozou bréngt iwwert all d’Konsequenzen nozedenken.

Wann ech déi Debatte iwwer de Ressourceverbrauch ausdrécklech begréissen, sou vermëssen ech awer eng gewëssen Objektivitéit an däer Diskussioun. Wann ech als Gemengeresponsablen gesot kréien, dass e neie Betriib géif esou vill Waasser verbrauchen ewéi 20.000 Awunner, da géif ech och als 1. emol schlécken. Esou Zuelen erféieren wa se net an de richtege Kontext gesat ginn. Wat verbauchen dann aner Industrien oder Liewensmëttelproduktiounen? Wéi ass et mat dem realen an och mat dem virtuelle Waasserverbrauch? Fir e Kilo Fleesch ginn 15.000 Liter Waasser gebraucht, fir eng Jeans 8.000 Liter, fir en Auto bis zu 300.000 Liter. Wéivill Waasser hu mer iwwerhaapt hei am Land zur Verfügung? Kann een Waasser net och wéi aner Ressourcen importéieren? Mir exportéieren jo schließlech och Waasser… An dann, misst ee net dee gesamten Zylklus vun der Produktioun analyséieren? Ech hu gëscht gelies datt an Däitschland e Joghurtsbecher an der Moyenne 9115 Km hannert sech huet iert e verziert gett… Ass et da net richteg och ze berücksichtegen wann d’Produktioun no bei d’Matière première an dësem Fall bei d’Mëllech a no bei de Konsument kënnt?

Dir gesitt, vill Froen wann et ëm eis Ressourcen geet op déi mer net onbedéngt eng Aenwert hunn. Dofir solle mer rational mat deene Froen ëmgoen a manner ideologesch.

Dobäi sinn déi natierlech Ressourcen wéi e Budget, mat deem ee muss ëmgoen. De Problem, dee mer am Ablack hunn, ass, dass mer zwar nei Ausgabe kënnen aschätzen an dofir all neie Betrieb mësstrauesch ënnert d’Lup huelen. Mir hunn awer als Deputéierten keng kloer an transparent Oplëschtung vun eisem aktuelle Kontostand. Beim Waasser ginn ech dovun aus, dass de Ministère am Prinzip all d’Donnéen huet, mä si stinn der Ëffentlechkeet nët an enger einfach liesbarer Form zur Verfügung. Do misst ee kënnen op ee Bléck gesinn, wéivill Drénkwaasser mer kënne pro Joer enthuelen, ouni dës Ressource ze iwwernotzen. Do derniewt bräicht ee pro Secteur Zuelen zum reelle Verbrauch, an dat Ganzt fortlafend, sou dass een och als Laien gesäit, wéi dat evoluéiert. Bei den Zäregasen hu mer dat jo am Prinzip. Mir bräichten dat awer och an allen aneren Domainen, déi bei der Implantatioun vun engem neie Betrieb eng Roll spillen, wéi zum Beispill bei der Loftverschmotzung a bei der Buedemqualitéit. Et geet net duer, en neie Betrieb ze bewäerten, et muss een d’Entwécklung insgesamt kucken. Wann ee Betrieb zou mécht, deen héich Emissiounen hat, ka jo gären en aneren amplaz kommen, dee méi produktiv ass a manner Emissiounen produzéiert. Wann eng Industriefriche opgewäert get, kann enzwouch anescht eng Aktivitéitszone entstoen an de Bilan insgesamt ëmmer nach positiv sinn.

Qualitative Wuesstum ass net gläichzesetzen mat enger Desindustrialiséierung. Et ass eng Entwécklung hinn zu méi effizienten Produktiounmethoden, woubäi den Idealfall natierlech d’Economie circulaire wir. Wa mer weider Betrieber unzéien, brauchen dës awer Rechtssecherheet. Si musse vun Ufank u kennen aschätzen, wat fir Konditiounen se mussen erfëllen. Wann si sech dann un all gesetzlech Oplagen halen, mussen si och eng Genehmegung kréien.

Déi 8. Fro betrëfft méi d’ëffentlech Hand wéi de Privatsecteur. Et geet hei ëm e Nohaltegkeetscheck bei legislative Projeten. Mir hun am Moment bei all Projet eng Fiche financière an eng Fiche zur égalité des chances. Wann ee kuckt, wat fir en Impakt dat bis elo hat, muss een sech froen, ob dat déi bescht Methode ass. Bei engem Nohaltegkeetscheck geet et jo primär em d’Cohérence des politiques. Wa mer wierklech virukomme wëllen, muss deen Nohaltegkeetscheck méi fréih an der Prozedur, an am beschten nach virum Lancement vun enger legislativer Prozedur gemach ginn. Iert e relevante Projet an de Regierungsrot geet, misst um interministerielle Plang iwwerpréift ginn, wat den Impakt vun deem Projet op aner Domäner ass. Et kéint een am Sënn vun der Nohaltegkeet verlangen, dass do wou et Sënn mecht, Optiounen preparéiert ginn, déi en Impakt op de Käschtepunkt, op d’Gläichberechtegung an op d’Nohaltegkeet hunn. Et wir dann un der Regierung, sech fir eng Optioun ze entscheeden an dëse Choix am Dossier, deen un d’Chamber geet, ze begrënnen.

An der Fro Nummer 9 gi mer no neie Proposen gefrot, fir de Flächeverbrauch ze reduzéieren. Ech mengen, dass mer schon imens vill Proposen um Dësch leien hunn, an dass et net u gudden Iddien fehlt. Dat woumat mer eis schwéier dinn, ass déi konkret Ëmsetzung. Wa mer de Leit net konkret an attraktiv Beispiller virun Aen féieren, wéi ee kann mat manner Flächeverbrauch flott Projeten realiséieren, kréie mer net dee Mentalitéitswandel ugestouss, dee mer brauchen.

Dat wir fir d’LSAP och en Haaptpunkt bei der Fro 11. Natierlech ass et wichteg, Sensibiliséierungsaktiounen ze maachen an den Thema nohalteg Entwécklung als transversalen Sujet an de Schoulprogrammer virzegesinn. Am wichtegsten sinn allerdéngs positiv Beispiller, déi d’Leit inspiréieren. Emgedréit kënne schlecht ëmgesate Projeten och e ganz negativen Effekt hunn. Ech denken do un de Logement, wou mer a relativ kuerzer Zäit staark Oplagen gemach hunn, fir just Passivhaiser ze bauen, déi an der Praxis awer, niewt de méi héije Käschte vum Wunnen, ville Leit Problemer maachen. Fassaden, déi gréng ginn, Belëftungsanlagen, déi permanent Kaméidi maachen, Schimmel un de Wänn asw. sinn eng Konsequenz vun enger schlecht ëmgesater Politik, déi fir eng Rei Leit schwéier Problemer schaaft an insgesamt eng ganz skeptesch Haltung an der Bevölkerung fir dës Bauweis a fir emmer méi Nohaltegkeet no sech zitt.

Wat d’Fro Nummer 10 ugeet, sou maache mer jo scho villes, wat d’Reconversioun vun Industrieflächen ugeet. Wat den Inventaire vu polluéierte Siten ugeet, sou ass dat jo en Thema an deem neie Buedemschutzgesetz. Sou wéi ech dat virdru gesot hunn, misst een dat nach ergänzen duerch e Kataster vu qualitativ gudde Biedem, op deenen Liewensmëttel ugebaut kënne ginn.

Da kommen ech zu de Steieren an Taxen. (Froen 13 bis 15)

Eisen Inneminister huet viru kuerzem eng Gemengefinanzreform gemaach, déi d’LSAP begréisst a wou mer kee Grond gesinn, déi direkt erëm a Fro ze stellen, nodeem Joerzéngten näischt an deem Domaine geschitt ass. Mir fannen de Verdeelungsmechanismus, wéi en lo ass, gerecht a begréissen déi sozial Komponent, déi do zum droe kënnt. Mir hunn awer näischt dogéint dass eng Etude gemaach get iwwert d’Wiesselwierkungen tëschent de Gemengefinanzen an der nohalteger Entwécklung.

Mir sinn iwwerzeecht, dass d’Grondsteier reforméiert muss ginn, ouni ze ennërschätzen, wéi schwiereg dat ass. Et gouf jo do en Aarbechtsgroupe an d’Liewe geruff an d’Regierung kann eis villäicht herno soen, wou dee mat sengen Aarbechten drun ass. Op alle Fall solle Wunnéngen an Terrainsen, déi aus Spekulatiounsgrënn ongenotzt bleiwen, méi héich taxéiert ginn. Dobäi muss ee Rücksicht huelen op Leit, déi krank oder am Altersheim sinn, an dofir net an hierer Wunneng liewen, oder op rechtlech Situatiounen, wou d’Propriétaire keng aner Méiglechkeet hunn, wéi zum Beispill am Fall vun engem Ierwschaftssträit. Esou wéi ech et schons an der Debatte iwwert de Logement sot, sollte mer déi Taxen op nationalem Niveau aféieren, wa mer haut feststellen datt déi kommunal Taxen net gräifen oder d’Gemengen sech schéier dinn mat dem applizéieren vun deenen Taxen.

Mir sinn och dofir, dass d’Plus-value, déi bei enger Emklasséierung vu Gréngland zu Bauland entsteht, sollt taxéiert ginn, als Géigegewiicht dozou, dass d’ëffentlech Hand dem Propriétaire eng Indemnitéit muss bezuelen, wann se Bauland zu Gréngland zréckklasséiert. Allerdéngs weist de Syvicol zu Recht drop hinn, dass de Risiko besteet, dass Propriétairen da guer net méi verkafen. Et muss een hei also mat Aemooss virgoen. Virun allem awer brauch een e politesche Konsens an eng kohärent Approche.

D’Fro Nummer 16 betrëfft déi ennerschidlech Entwécklung, déi am urbanen an am ländleche Raum muss gefërdert ginn. Wéi scho gesot ennerstëtze mir als LSAP d’Entwécklung nom Szenario 3, wou urban Zentren verdicht an hier Mixitéit vun den Fonctiounen an en Equiliber bruecht gëtt. Grad ewéi eng manner stark Urbaniséierung vum ländleche Raum, dee qualitativ muss opgewäert ginn, ënner anerem duerch eng méi nohalteg Landwirtschaft, doucen Tourismus an eng gut Liewensqualitéit fir d’Awunner, déi den Duerfcharakter vun den Uertschaften appréciéieren, an deenen se wunnen.

Muss een dofir de ländleche Raum zousätzlech fërderen a muss een e méi fërderen, wéi den urbane Raum? Als LSAP si mer net däer Meenung, an ech erkläre firwat. Et ass richteg, dass d’Entwécklungszentren mat méi engem héichen Awunnerwuesstum iwwer d’Gemengefinanzreform an de Pacte Logement finanziell Hëllefe kréien, déi den ländleche Raum net an deem Mooss kritt an dann och net méi kréie kann. D’Käschten, déi fir d’Entwécklungszentren mat deem Wuesstum verbonne sinn, leien awer ganz sécher iwwert de Bäihëllefen, sou dass se net vis-à-vis vun de Landgemengen bevirdeelegt ginn.

Et ass awer och richteg, dass et Bäihëllefe muss ginn fir Projeten, déi d’Nohaltegkeet an d’Qualitéit vun der natierlecher Ëmwelt verbesseren. Et sollt dësen Typ vu Bäihëllefen net nom Critère ländlech oder urban Gemeng ginn, mä entsprechend der Qualitéit vu konkrete Projeten.

Wa mir wëllen, dass d’Leit akzeptéieren, méi dicht beieneen ze liewen an a méi klengen Appartementer an enger Residenz ze wunnen, da geet et nët duer, een Héichhaus nom aneren ze bauen. Mir brauchen héichwärteg urban Konzepter amplaz vun enger Promoteurs-Architektur. E wichtege Facteur an dëse Konzepter sinn d’Gréngflächen an Noerhuelungsgebieter am urbane Raum. Ech schwätzen nët nëmme vu Parken a Spillplazen, mä och vun enger Bauweis, déi Privatsphäre zouléisst an en direkte Kontakt mat der Natur erméiglecht. Den Urban Gardening ass e feste Bestanddeel vun sou Konzepter. Zu Lëtzebuerg hu mer do en zolitte Réckstand. Et wärt also souwuel an de ländlechen, wéi an den urbane Gemengen en echten Challenge sinn, fir d’Qualitéit an dësem Sënn ze verbesseren, a Projeten, déi dozou bäidroen, musse gefërdert ginn.

Dat féiert direkt zur Fro 21. De Staat muss dat néidegt Fachwëssen a Berodung bereetstellen, wann d’Gemengen deen Challenge solle packen, an dat kann iwwer Konventioun oder eng aner Form vu Partnerschaft goen. Déi Partnerschaften mussen sech och net op den ëffentleche Secteur beschränken. Wéi dat konkret am beschte geet, sollt ee vu Fall zu Fall kucken.

E wichtegen, net-staatlechen Acteur ass d’Landwirtschaft. Si get an der Fro 20  kuerz ugeschwat, huet awer e ganz wesentlechen Afloss ob d’nohalteg Entwécklung. Et ass ee Beräich deen an de kommende Joerzéngten virun enormen Erausfuederunge steet. Je nodeem, wéi dee Secteur sech entwéckelt, kann en eng Brems fir eng nohalteg Entwécklung oder awer och e staarke Motor dovu sinn. Déi staatlech Hëllef, souwuel finanziell, wéi och wat d’Recherche, d’Berodung ugeet, wäert hei decisiv sinn. Eng staark Partnerschaft mat der Landwirtschaft, wou de Staat mat de Baueren a net géint d’Baueren schafft, fir dee Secteur méi widerstandsfäheg ze machen ass onverzichtbar. Zesumme musse Weer fonnt ginn, déi sozial Situatioun vun de Baueren ze stärken, hinnen e korrekt Akommes ze garantéieren an se manner ofhängeg ze maachen vun internationalen Entwécklungen. Dofir muss e langfristegt Ziel ausgeschafft ginn, wat et de Baueren erlaabt, sech schrëttweis ëmzestellen, sou dass se déi zukünfteg Verännerungen iwwerstinn. De Conseil supérieur pour un Développement durable huet hei eng ganz detailléiert Äntwert ginn. Ob et méiglech ass, sou eng stark Verännerung bis 2050 ze erreechen, sief dohi gestalt. Am Sënn vun der nohalteger Entwécklung missten d’Efforten vum Staat an de Baueren awer an déi Richtung goen.

D’Froen 17 bis 19 betreffen d’PAGen a PAPen. D’LSAP ass der Meenung, dass de Staat genuch Méiglechkeeten huet fir nei PAGen ze bewäerten, secher ze stellen, dass se konform mat iwwergeuerdenten Instrumenter sinn an Recommendatiounen ze maachen, fir eenzel Aspekter ze verbesseren. D’LSAP huet sech ëmmer dofir agesat, dass d’autonomie communale agehale get an dass aus dem contrôle de légalité kee contrôle d’opportunité gett.

Et wir dogéint positiv, wann de Staat an d’Gemengen sech un en Desch géife setzen, fir e besseren Iwwerbléck iwwert d’Gesamtbild ze hunn, wat sech aus dem Zesummeleeën vun alle PAGen ergëtt. Eng gemeinsam Evaluatioun vun de Potentialer ass sécher eng gut Sach.

Net d’accord ass d’LSAP mat den Proposen an der Fro 19. De generelle Problem, wann een iwwer méi Joere plangt, ass deen, dass een d’Zukunft nët wierklech ka virausgesinn. Planungsinstrumenter mussen dofir sou flexibel an evolutiv si wéi méiglech, ouni dass d’Grondorientéierung vun engem Plang andauernd nei a Fro gestalt muss ginn. Eng Limitatioun vum Entwécklungspotential vum PAG op 12 Joer ass dofir an eisen Aen keng gut Iddi.

Wéi vierdru gesot fanne mir et gut, wa Staat a Gemengen zesummen Entwécklungspotentialer analyséieren, mä dat soll fräiwëlleg an op der selweschter Aenhéicht passéieren. Mir sinn dogéint, dass dat iwwert den obligatoresche Rapport all 6 Joer gemaach get, deen en plus muss vun zwee Ministeren approuvéiert ginn. Domat schafe mer just erëm méi Bürokratie, déi mer eigentlech reduzéiere wëllen.

Kuerz gesot, an eisen An sinn d’PAG’en virun allem Entwéclkungsinstrumenter fir eis Gemengen an et ass net un éischter Plaz fir de Staat sech de Gemengen do ze substituéieren.

Wat déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht betrëfft (Froen 22 an 23), sou ass d’LSAP net der Meenung, dass Lëtzebuerg fir Frontalieren onattraktiv ass. Déi grenziwerschreidend Zesummenaarbecht ass awer ganz wichteg, wa mer eng Rei vun eise Problemer, notamment dee vun der Mobilitéit, wëlle léisen. Dat ass awer keng nei Erkenntnis an hänkt vun der Bereetschaft vun eisen Nopeschlänner of, Zesummenzeschaffen. Et ass gutt, wann d’Grenzregioun sech economesch positiv entwéckelt, wëll dat e gewëssen Drock ewechhëllt. Entreprisen loossen sech awer gezielt zu Lëtzebuerg néier wéint engem virdeelhaften gesetzlechen a politeschen Emfeld.

Wat den europäeschen regionalen Entwécklungsfong ugeet, sou ass d’LSAP net der Meenung, dass deen ënner dem Aménagement du territoire regroupéiert soll ginn. Nach emol: d’nohalteg Entwécklung vun eisem Land beschränkt sech net op den aménagement du territoire an och net ob d’Aufgabeberäicher vum Ministère fir nohalteg Entwécklung. Et ass eng transversal Aufgab, déi di ganz Regierung betrëfft. Wéi d’Suen aus dem FEDER-Fong am beschte genotzt solle ginn, muss dofir eng interministeriell Entscheedung sinn.

Ech kommen zur leschter Fro, déi d’Resilienz vu Lëtzebuerg am Hibléck ob de Klimawandel betrëfft. Am beschte stinn do d’Chancen nach wat d’Waasserversuergung ugeet. Mir bekloen eis heinsado driwwer, mee mir sinn an enger Regioun, an däer et glécklecherweis vill reent. Wa mer genuch an Iwwerschwemmungsmoossnahmen, d’Waasserspäicherung an d’Waasseropbereedung investéieren, kënne mer eis Resilienz an deem Beräich op engem gudden Niveau halen.

Manner gutt gesäit et bei der Liewensmëttelproduktioun an der Energieproduktioun aus. Autark wärten mer do och an Zukunft nët ginn. Mir mussen Efforte maachen, fir eise Potenzial auszeschëpfen, bleiwe wéi a sou villen aneren Secteuren awer ofhängeg vum Import. D’Landwirtschaft selwer kritt den Impakt vu méi Wiederextremer a saisonale Schwankungen am meeschten ze spieren, mä dat hunn ech jo scho gesot. Zu enger méi stabiler Energieversuergung och an eventuellen Krisenzäiten kënne mer bäidroen duerch eng Reduktioun vum Verbrauch, d’Notzung vu ville verschiddenen a besonesch erneierbaren Energiequellen. Mir musse méi dezentral produzéieren an eis Stroumnetzer entsprechend upassen.

De Klimawandel bréngt tatsächlech gewëssen Onsecherheeten an Erausfuederungen fir Lëtzebuerg mat sech. Grouss Risiken, déi méiglech zukünfteg Verännerungen fir Lëtzebuerg mat sech brengen, leien an engem anere Beräich, wou de Klimawandel just en zousätzleche Facteur ass, an dat ass den internationalen Handel. Mir si bei villen existenziell wichtegen Ressourcen ugewisen op Importer. Mir brauchen am Géigenzuch d’Méiglechkeet, eis Produkter an Déngschtleeschtungen exportéieren ze kënnen. An engem politeschen Emfeld, wou Handelskricher erëm méi wahrscheinlech ginn an innerhalb vun der EU nationalistesch Reflexer zouhuelen, steet et ëm d’Resilienz vun eisem klenge Land net gut. De Klimawandel, deen d’Flüchtlingsproblematik verstäerkt, mecht et ëmsou méi wichteg, dass mer an der EU de Solidaritéitsprinzip héich halen. Mir mussen eis mat all eiser Kraaft dofir asetzen, dass d’EU als Solidar- a Wäertegemeinschaft oprecht erhalten bleiwt, dass de Schengeraum net a Fro gestalt get an dass sech net weider Länner um Brexit inspiréieren. Just an sou engem Emfeld ka Lëtzebuerg sech entwéckelen an un Erausfuederungen upassen, déi de Klimawandel mat sech brengt.

Ech soe merci fir d’Nolauschteren.

 

 

 

 

 

Have your say