YvesCruchten.lu

LSAP Kongress 2018

Léiw Komerodinnen a Komeroden,

D’Gemengewahlen leien hannert eis an mir hunn e gemëschtene Bilan ze zéien: engersäits hu mer ganz gutt Resultater eragefuer an och verschidde Gemengen zréckeruewert an esouguer nei absolut Majoritéiten kritt. Anereresäits dinn eis awer och eenzel Resultater wéi, zemoolst an deene Gemengen wou mer zanter Joren gutt Aarbecht geleescht hunn, mee wou sech ganz séier no de Wahlen Majoritéiten géint eis forméiert hunn esouguer dann wa mir stäerkste Partei waren. Eis Missioun muss deemno an de nächste Joren heeschen: vill Präsenz um Terrain, vollen Asatz an eise Stied a Gemengen, no beim Bierger a sénge Suergen. Déi nächst Gemengewahlen komme bestëmmt an et gëllt déi Zäit bis dohinn ze notzen fir iwwerall am Land méi staark ze ginn a ze weisen datt eis Awunner bei de Sozialisten a gudden Hänn sinn!

Wa mir eis zejoerts haaptsächlech ëm d’Gemengwahle gekëmmert hunn, sou gëllt et elo no vir ze kucken, an do gesi mer als alleréischt d’Chamberwahlen vum Oktober dëst Joer. Mir hunn direkt nom 15 Oktober ugefaangen déi virzebereeden. Mir hunn eis beienee gesat fir nei Konzepter z’entwéckelen, nei Iddien ze sichen fir dee Wahlkampf dee virun eis steet. Neen, dat kritt ee net einfach esou aus dem Stee geklappt. Dat brauch e bëssi Zäit, Zäit déi mer eis och wëllen huelen fir dem gerecht ze ginn wat Dir, eis Memberen awer och eise Wieler vun eis erwaart:

Nämlech datt mer eng Partei sinn, déi net nëmmen vu Fortschrëtt schwätzt, mee déi de Fortschrëtt och verkierpert.

Nämlech datt mer eng Partei sinn, an däer d’Matsproocherrecht vun de Memberen eppes zielt. Mir si net eng Partei wou zu Bréissel oder zu Roum décidéiert gëtt wat mir ze denken an ze soen hunn. Mir sinn eng Partei an däer d’Wëssen an d’Kënnen vun hire Memberen gefrot ass.

Mir sinn eng Partei fir matzeschwätzen, eng Partei fir matzemaachen! Eis Partei liewt NET vun hiere Ministeren, Deputéierten oder Buergermeeschteren, mee eis Partei, déi liewt vun hiere Memberen, déi hir Iddien abréngen, déi sech engagéieren an eist Land mat no vir brénge wëllen.

Aus dësem Gronn hu mir e breede Konsultatiounsprozess lancéiert fir un eisem Wahlprogramm ze schaffen. Mir hunn am Januar eng éischte Kéier eng online Ëmfro bei all eise Membere gemeet an d’Resonanz dorobber war iwwerwältegend: Mir hate mat 100 bis maximal 200 Leit gerechent déi giffe matmaachen. Mee et waren der iwwer 500 déi sech Zäit geholl hunn an déi Froen beäntwert hunn déi mer gestallt hunn. Falls et néideg ass wäerte mer dofir och villäit nach emol dorop zréckgräifen wa mer eise Programm finaliséieren.

Och den Appel fir an den Aarbechtsgruppe matzeschaffen gouf vun eiser Parteibasis gehéiert an iwwer 200 Memberen hu sech gemellt fir matzeschaffen un eisem Programm!

Dat mecht mech houfreg léiw Komerodinnen a Komeroden: Et mecht mech houfreg op eng Partei déi wakreg a lieweg ass!

Jo mir sinn eng lieweg Partei, och no bannen. Dat ware mer nach ëmmer! Dat soll och esou bleiwen. An ech soen och ganz kloer: et ass gutt wann eis Memberen sech zu Wuert mellen.

Och onbequem Meenungen mussen eng Plaz fannen wou se kënne gesot ginn! Mee mir loossen eis net op der Place publique oder an de Medien ausernaner dreiwen. Dofir huele mir eis zesumme mam Claude, dem Taina dem Georges dem Christine an déi ganz Parteileedung grad ewéi den Etienne déi néideg Zäit fir nozelauschteren.

Dat hu mir an de läschte Wochen och gemeet.

Ech erënneren un eis Statutereform vun zejoerts déi ebe grad déi parteiintern Demokratie gestäerkt huet an nei Méiglechkeeten geschaf huet fir den Dialog an der Partei. Mir sollen déi Méiglechkeete notzen.

Mir alleguerte wëssen, datt wann d’Sozialiste streiden, da streiden se fir eppes, se streiden fir eng besser an eng méi gerecht Gesellschaft, se streiden fir eist Land a fir eis Bierger. Et geet eis ëm Inhalter. No baussen gëtt dat nët ëmmer verstanen.

Dofir kommt mer halen zesummen, kommt mer soen eis dat wat muss gesot ginn awer kommt mer notzen déi Plazen déi mir hunn fir dat ze maachen: an de Sektiounen, an de Bezierker, an der Parteileitung, an de Jusoen an an den FS.

Eng gutt Geleenheet wäert och eise Kongress am Summer bidden wou mer eise Wahlprogramm wäerten diskutéieren an unhuelen. Bis dohinn ass nach vill Aarbecht an den Aarbechtsgruppen, mee wann ech déi Dynamik an den Enthousiasmus gesinn mat deem am Ablack do geschafft gëtt, da sinn ech iwwerzeegt datt mir ee gudde Programm kréien.

Jo e Programm deen eis Wäerter verkierpert, e Programm mat Ecken a Kannten, e Programm deen de Lëtzebuerger weist wuer mer sie wëlle mathuelen an de nächste Joren, e Programm deen sech och vun deenen anere Parteien ënnerscheed an dee sech baséiert op dem Leitfuedem dee mer virun 2 Joer zesummen ausgeschafft hunn a mat grousser Majoritéit ugeholl hunn.

———

Mir kënnen haut zréck kucken op eng zolitt Aarbecht déi eis Partei an der Chamber an an der Regierung geleescht huet. Eisem Land an eise Bierger am Allgemengen geet et haut besser ewéi viru 5 Joer. Dat sollte mer de Leit an dësen Deeg och ëmmer erëm virun An féieren. Wéi séier gëtt erëm vergiess wou eist Land dru war am Joer 2013. Ech erënnere mech un dee Wahlkampf. Ëm wat ass et deemools gaangen? Eiser Wirtschaft goung et schlecht. D’Staatsfinanzen waren am Desequiliber, d’Staatsschold ass explodéiert, de Chômage ass Mount fir Mount geklommen. Eist Land stoung international an engem schlechte Liicht. Et gouf vun Austeritéitspoilitik geschwat, an et huet kloer geschéngt, datt déi kleng Leit misste bludden fir deenen décken hir Fehler op de Finanzmäert rëm gutt ze maachen. An d’Politik? D’Politik war deemools gelähmt. Gelähmt vun Affairen, vun Dysfonctionnementer a Skandälercher.

Kee Mënsch hätt eis Sozialisten an och dëser Regierung zougetraut, datt mer all dës Problemer géifen an de Grëff kréien. Neen, nët alles konnte mer riicht béien an de veraangene 5 Joer. Och mir kënne keng Wonner vollbréngen, zemoolst wann ee selwer net un dat Konzept vu Wonner gleewt. Mee mir hunn esouwuel d’Staatsfinanzen an de Grëff kritt, de Chômage erofgedréckt an eis Wirtschaft nees ugekuerbelt. Lëtzebuerg steet haut weder méi op enger schwarzer nach op enger groer Lëscht. All dat war eng grouss Leeschtung an ech bleiwen iwwerzeegt datt déi och an de Geschichtsbicher iergendwann wäert ernimmt ginn.

Mir hunn eis awer net domadder zefridde ginn: Doniewt hu mer wichteg Reformen ugepak, déi Joren, jo Jorzingten geschleeft hunn: ech erënneren un d’Gemengfinanzreform, Nei an transparent Relatiounen mat de Glaawensgemeinschaften, déi sëlleche Gesellschaftspolitesch a Familljepoilitesch Moossnahmen. Ech erënneren un d’Reform vun de Rettungsdéngschter an un d’Steierreform déi endlech nët just den Entreprisen zegutt koum mee virun allem de schaffende Leit! Ech denken awer och un den Index-Mechanismus deen erëm ganz spillt, d’Subvention Loyer déi mer agefouert hunn, un de neie Plan hospitalier, un eng Flüchtlingskrise déi mer besser ewéi eis Noperen gemeeschtert hunn. Ech denken och un déi grouss Investissementer déi mer gemaach hunn an d’Schinn an an d’Strooss, nei Garen, nei Schoulen a nei Infrastrukturen. Mir hunn eist Land fit gemeet fir d’Erausfuerderungen vum 21. Jorhonnert!

Ech sot: neen net alles konnte mer riicht béien. Dofir gëllt et fir eis Partei och an de nächste Joren Verantwortung ze huelen, speziell wëll et elo gëllt, den Hiewel unzesetzen bei enger méi gerechter Verdeelung vum Räichtem an eisem Land an och bei der konsequnter Bekämpfung vun der Aarmut. Wann eis Wirtschaft tëschend 4 a 5% all Joers wiisst, d’Peien resp. d’Renten awer just ëm 1,1%, da leeft eppes schief an dem Land hei. Et leeft och eppes schief wann eng Duerchschnëttspei nët méi duer geet fir Enn des Mounts de Loyer ze bezuelen. A just d’Sozialisten, eleng d’LSAP huet realitesch Chancen fir do méi Gerechtegkeet ze schafen!

Loost eis dofir kämpfen!

 ———

An äre Mappen fannt Dir e kuerze Rapport iwwert eis Partei-Aktivitéiten vum läschte Joer. Natierlech gouf zejoerts de Focus op d’Gemengewahlen geluecht. De Sektiounen an alle Kandidaten, nach emol villmools Merci fir ären Engagement!

An dir kënnt iech virstellen, dass esou eng Wahlcampagne vill Aarbecht bedeit nët nëmmen an de Sektiounen, mee och an eisem Generalsekretariat. Ech wëll dofir vun der Geleenheet profitéieren fir menge Mataarbechter zu Gaasperech en décke Merci auszeschwätzen fir hiren Asatz an hir Professionalitéit!

A wann ech schons derbäi sinn, da wéilt ech haut och dem Chantal Boly Merci soen. D’Chantal dat eis Equipp viru Kuerzem verlooss huet an eng nei berufflech Erausfuerderung ugeholl huet! Chantal mir wënschen Dir alles Gudds an dengem neien Job a soen Dir villmools Merci fir déi 10 Joer wous du fir eis Partei am Asatz wars! Du has nët ëmmer en einfachen Job, och net mat eis Politiker, mee du wars eng Organisatiounssekretärin op déi ech mech ëmmer konnt verloossen!

Wéi der wësst huet och “eist Josée” seng wuelverdéngte Pensioun ugetrueden. Dat léisst natierlech och en déckt Lach an eiser Partei. D’Josée huet elo, halt iech un, 38 Joer fir d’LSAP geschafft! Kaum een kennt d’Partei an hir Memberen esou gutt ewéi d’Josée. Josée du wars ëmmer appréciéiert esouwuel vun dengen Aarbechtskollegen, an ech hat jo d’Chance 2 Joer mat di ze schaffen, grad esou frouh mat Dir waren deng Cheffen an och eis Sektiounen, deenens du ëmmer mat Rot an Dot zur Säit stoungs wann sie Hëllef gebraucht hunn! Vu ganzem Häerzen Joséee, an am Numm vun eis Alleguerten: Villmools Merci!

Fir déi zwee Départen opzefänken hu mer zejoerts d’Melanie Gomes rekrutéiert, ech si secher di meescht kennen hat schons! A fir eis an de nächste Méint z’encadréieren huet och de Pascal Husting zougesot fir eis ze hëllefen bei der Organisatioun vun der Wahlcampagne.

Mir sinn also elo, wann och réischt zanter Kuerzem, gutt opgestallt fir déi kommend Kampagne!

Ech gleewe fest dorunner, dass mir et wäerte packen bei dëse Wahle gestäerkt ze ginn. Mir hunn en exzellente Bilan virzeweisen. Mir schaffen un engem fortschrëttleche Programm. Mir hunn op eise Bezierkskongresser 60 exzellent Kandidate bestëmmt. Haut wiele mer e nationale Spëtzekandidat. Een dee bewisen huet, datt e kann upaken. Mir wielen haut e Spëtzekandidat dee seet wat ass a keng Schlofpëll wéi déi di gëschter zu Ettelbréck geschwat huet. Mir wielen haut ee Spëtzekandidat dee kloer Virstellungen huet wuer eist Land soll histeieren a wéi mer dat sozial a gerecht kënne gestalten. Hien verdéngt dofir eis breed Ënnerstëtzung.

Zesumme mat all eise Memberen kënne mir eppes rappen bei dëse Wahlen!

Mir zielen op iech!

Merci!

 

Have your say