YvesCruchten.lu

Débat Logement 2018

Yves Cruchten (LSAP).- Här President, mir hunn haut jo deen x-ten Débat de consultation respectivement d’orientation zum Thema Wunnengsbau. Eigentlech misste mer éischter vu Wunnengsnout schwätzen, well d’Zuel vun deenen, déi ënnert dem Manktem un disponibelen a bezuelbare Wunnenge leiden, schéngt mer wesentlech méi héich ze si wéi d’Zuel vun neie Logementer, déi mer bauen.

Et ass jo och näischt Neies, wa mer haut alt erëm feststellen, dass d’Zuel vun neie Wunnengen, déi all Joers frësch op de Marché kommen, net duergeet, fir d’Besoine vun eiser Bevëlkerung ze decken. D’Konsequenzen dovunner sinn natierlech e permanent Klamme vun de Präisser, esou wéi dat eben an enger kapitalistescher Welt ass mat allem, wat rar awer begiert ass. An natierlech och, dass déi Schwächst aus dem Maart erausgedréckt ginn, eventuell an eist not Ausland.

D’Problematik ass, wéi gesot, net nei an d’Chamber befaasst sech a regelméissegen Ofstänn mat dësem Thema. Ech hunn elo emol hei en Dossier matbruecht, do si ganzer 44 Motiounen zum Thema Logement dran, déi d’Chamber an de Joren 2001 bis 2017 geholl huet. Haut kënnt dann nach eng 45. derbäi. Ech mengen, dat ënnersträicht, wéi dacks dass dat Thema hei schonn op d’Tapéit komm ass!

Mars Di Bartolomeo, Président.- Ech mengen, do kennen ech der e puer.

Yves Cruchten (LSAP).- Jo, Här President, wann ech doranner bliederen, da mierken ech, dass Dir an Ärer Zäit als Deputéierten ee vun de fläissegste Motiouneschreiwerte waart. Mä…

(Hilarité et interruptions)

Henri Kox (déi gréng).- Et sinn der och e puer vu mir!

Yves Cruchten (LSAP).- Et sinn der och e puer vun Iech derbäi, Här Kox. Dat ass och gutt esou, well an den Ae vun eis Sozialisten, awer net nëmme vun eis, sinn d’Wunnengsproblematik an d’Präisexplosioun vun de Wunnengspräisser dee gréisste soziale Chantier, dee mir an eisem Land hunn. Virun allem déi Leit, déi riskéieren, an d’Aarmut ofzerutschen, leide besonnesch ënnert der Wunnengsnout. Awer net nëmme si. Och Stéit a Famillje mat engem – loosse mer emol soen – normalen Akommes riskéieren ënnert d’Rieder ze kommen, wann d’Loyere weider klammen.

Ech widderhuelen dofir nach eemol dat, wat ech och scho virun zwee Joer hei op der Tribün gesot hunn: Mir liewen an engem räiche Land, mä meeschtens sinn et net eis Paien, déi ze niddreg sinn, et sinn och net eis Sozialhëllefen, déi net duerginn. Wat de Bierger an eisem Land e Lach an de Portmonni frësst, dat sinn d’Käschte vum Wunnen.

Am Joer 1964 huet en Duerchschnëttsstot eng 18,7% vu sengem Akommes fir d’Wunnen ausginn. Am Joer 2009 waren et dem Statec no scho 34,4%. A mir mussen dovunner ausgoen, dass dësen Taux an de leschten néng Joer nach an d’Luucht gaangen ass. De Problem betrëfft also net nëmmen déi sozial Schwaach an eiser Gesellschaft, mä och déi sougenannte Mëttelschicht leit ënnert de Wunnengspräisser.

A wa mir hei iwwert de Logement schwätzen, da vergiesse mer och allze dacks déi, déi iwwerhaapt keen Daach iwwert dem Kapp hunn. Si sinn elo schonns vun eiser Gesellschaft ausgeschloss a mussen dacks, wann iwwerhaapt, ënner erbäermleche Konditiounen, heiansdo och zu iwwerdriwwenen Tariffer, zum Beispill an deene sougenannte Cafészëmmeren – ech soen elo emol – hausen.

E Règlement grand-ducal, wat dës Zort vu Wunnengen ugeet, ass viru Kuerzem op den Instanzewee gaangen. Hei ginn d’Responsabilitéite vum Proprietaire an och vun der Gemeng gekläert, mä d’Problematik selwer, déi bleift awer, ob fir Sans-abrien oder och Refugiéen oder ganz einfach Leit, déi wéineg hunn, fir ze liewen. Natierlech sprengt déi doten Diskussioun de Kader vun dëser Debatt, mä et sollt awer erwäänt ginn.

Fir déi éischt Nout ze bekämpfen, hu mer virun dräi Joer eng Loyerssubventioun geschaaft, déi mer antëschent souguer nach verbessert hunn, fir dass méi Leit kënne gehollef kréien.

De Minister kann eis vläicht herno nach soen, ob si schonn haut feststelle kënnen, ob mat deenen neie Konditiounen ewell de Cercle oder de Krees vun de Beneficiairë méi grouss ginn ass. Och aner Initiative vun der Regierung ginn an déi richteg Richtung, wéi de Baulückeprogramm, d’Reform vum Fonds du logement. Grouss Projete wéi déi zu Woltz oder nach zu Diddeleng mat iwwer 1.700 Wunnenge sinn an der Programmatioun, fir nëmmen déi ze nennen.

De Baulandvertrag soll kommen. D’Prozedure goufe vereinfacht a méi séier gemaach, och wann do nach Sputt no uewen ass. D’Gemengefinanzreform belount déi Gemengen, déi soziale Wunnraum schafen. De Pensiounsfong lancéiert e Pilotprojet am soziale Wunnengsbau. A mat dëse sëllechen Initiative reit sech dës Regierung eigentlech an d’Initiativen, déi och vu viregte Regierunge geholl gi sinn, an. An et kann een net soen, dass dës Regierung näischt ënnerholl hätt! E wierklecht Patentrezept ass awer nach net fonnt ginn. Mä et ass och nach net alles probéiert ginn! Mir musse bei den Ursaachen usetzen a méi geziilt virgoe bei eiser Politik.

Mir hunn zu Lëtzebuerg d’Chance, dass vill vun eisen Awunner Proprietaire vun hirer eegener Wunneng sinn. Dat ass och gutt esou, well et ass de Wonsch respektiv e Liewenszil vu ganz ville vun eis, iergendwann eng Kéier a sengen eegene véier Maueren ze liewen. An der Vergaangenheet goufe verschidden Instrumenter geschaaft, fir den Zougang zum Eegenheem ze erliichteren. Dës Instrumenter si gutt a gehéieren och ugepasst. Déi aktuell Wunnengsbauhëllefe sollten dofir alleguerten op de Leescht geholl ginn. Esou missten zum Beispill an eisen Aen onbedéngt déi fiskalesch Hëllefe wéi de bëllegen Akt oder den Taux super-réduit bei der TVA un d’Situatioun vun haut ugepasst ginn.

Mir proposéieren dofir, dës Hëllefen, déi nach zum Deel aus dem Joer 2002 stamen, an d’Luucht ze schrauwen, woubäi ee besonnesch sollt Famillje mat Kanner begënschtegen. Esou kéint een dee berüümte Géisskaneprinzip och aschränken, deen heiansdo bewierkt huet, dass d’Präisser duerno ugezunn hunn.

Eng konkret Propos wier zum Beispill de bëllegen Akt, deen e Crédit d’impôt vun 20.000 Euro ausmécht, ëm 10.000 Euro ze erhéije pro Kand, wat am Stot lieft. De Crédit d’impôt huet, wéi e geschaaft gouf, de Wäert vun engem Immobilienobjet gehat vun 285.700 Euro. Haut, 16 Joer méi spéit, läit den Duerchschnëttspräis vun engem Appartement mat zwou Schlofkummere bei 487.442 Euro an dee vun engem Haus mat dräi Schlofkummere bei 709.958 Euro. En äänleche Betrag pro Kand kéint een dofir och virgesi bei der Faveur fiscale vun der TVA, déi doduerch, dass déi generell TVA vu 15% op 17% eropgaangen ass, haut manner ausmécht wéi déi Jore virdrun.

Eleng d’Evolutioun vun de Wunnengspräisser rechtfertegt, dass op der Säit vun de fiskaleschen Hëllefen nogebessert gëtt. En anert Instrument, wat lues awer sécher amgaangen ass seng Wierkung ze verléieren, ass déi staatlech Garantie beim Uschafe vun engem éischten eegene Logement. Hei iwwerhëlt de Stat eng Garantie bis zu 141.618 Euro. Dat mag och virun e puer Joer nach duergaange sinn, mä haut kritt een an der Stad knapps nach eng Garage fir dee Präis.

Ech hat de Minister Hansen an enger Question parlementaire gefrot, wéi dacks dass bis ewell déi Statsgarantie gespillt huet. A seng Äntwert war kloer: „Nach ni.“ De Stat geet also wéineg, wann iwwerhaapt e Risiko an. An dofir sollte mer net zécken, souwuel d’Konditioune fir d’Statsgarantie ze erliichteren, nach fir de Montant, fir deen de Stat géif biergen, ze verduebelen oder souguer ze verdräifachen. Dat géif sécher méi Leit hëllefen, op hirer Bank en Immobilieprêt ze kréien a sech den Dram vun enger eegener Wunneng ze erfëllen.

Dem Minister géife mer och gäre mat op de Wee ginn, fir iwwer Mietkaufmodeller nozedenken. Esou Modeller gëtt et am Ausland an erlaben de Stéit mat geréngem Akommes, wärend enger gewëssener Zäit dat Kapital unzespueren, fir iergendwann hir Wunneng, déi se lounen, och ze kafen.

Den Här Meyers hat eis an der Kommissioun gesot, dass et esou e Pilotprojet zu Lëtzebuerg scho viru laanger Zäit emol ginn hätt. Mir mengen, et wier derwäert, fir esou ee Projet ze relancéieren.

Zur ganzer Wourecht gehéiert awer och, dass vill Leit lounen. A si goufen dacks vergiess, wa mer iwwert d’Wunnengsproblematik geschwat hunn. An niewent der Loyerssubventioun, déi mer geschaaft hunn, ginn et nach vill aner Pisten, déi mer kéinten exploitéieren. Ugefaange bei de Kommissioune vun den Agencen, déi den Ament eleng vum Locataire gedroe ginn. Dat fanne mir net fair. Et ass net ëmmer, mä an den allermeeschte Fäll de Proprietaire, deen eng Agence beoptragt, e Locataire ze sichen. An dofir sollt hien och un de Käschte participéieren, déi do fir d’Agence entstinn.

D’Iddi, wéi et se an anere Länner gëtt, dass d’Käschte sollten opgedeelt ginn tëscht dem Proprietaire a sengem Locataire, fanne mir sympathesch. An eisem Nopeschland Däitschland gouf viru Kuerzem decidéiert, dass deen, deen der Agence den Optrag gëtt, déi Käschten eleng ze iwwerhuelen huet. Eng äänlech Proposition de loi hunn d’Kolleege vun déi Lénk och hei an der Chamber deposéiert. Mir sollte kucken, wéi de Bilan an Däitschland ausgesäit, well do schéngt relativ vill Schmu gedriwwen ze ginn, fir dass am Endeffekt awer erëm de Locataire eleng op deene Käschte sëtze bleift. Dofir sollte mer d’Konklusioune vun eisen däitschen Noperen ofwaarden an dat genee kucken.

Eis Gesetzgebung iwwert d’Colocatioun an iwwert d’Souslocatioun muss onbedéngt verbessert ginn. Mir gesinn, dass et haut nei Forme vum Wunnen a Liewe gëtt, zum Beispill Wunngemeinschafte vu jonke Leit oder vu Studenten. Och gouf et Problemer, wann eng Famill sech zum Beispill bereet erkläert huet, e Refugié bei sech opzehuelen. Et ass dermat ze rechnen, dass et an Zukunft ëmmer méi esou Forme vun Zesummen- oder Mateneeliewe gëtt, an eis Gesetzgebung vun haut dréit deem kaum bis guer net Rechnung.

An dësem Deel vu menger Ried géif ech och gäre vun där Mietpreisbremse schwätzen, esou wéi se och an Däitschland agefouert gouf, wou se an de Groussstied mat deeneselwechte Problemer ze kämpfen hu wéi mir.

D’LSAP wëllt eng Mietpreisbremse aféieren. Allerdéngs feelt et eis zu Lëtzebuerg einfach un den néidegen Instrumenter, fir esou richteg doriwwer ze schwätzen. Mir hu kee Mietspigel, deen eis et géif erméiglechen erauszefannen, wéi den Duerchschnëttsloyer op där enger oder anerer Plaz am Land ass. Mir ginn net midd, zënter Joren esou eng detailléiert Erhiewung vun de Loyeren ze froen. Am Gesetz vum 21. September 2006 iwwert de Bail à usage d’habitation kruten d’Gemengen d’Méiglechkeet, esou ee Loyerskadaster ze erstellen. Allerdéngs war dat fakultativ a menges Wëssens no gëtt dat awer den Ament net gemaach, op d’mannst net systematesch.

Mir missten dofir den Artikel 28 vum Gesetz änneren an dëse Kadaster obligatoresch maachen. U sech hu mir awer – an dat huet de Kolleeg Max Hahn och scho gesot – hei zu Lëtzebuerg eng Zort Mietpreisbremse, an zwar déi, dass de Joresloyer net méi héich däerf si wéi 5% vum Wäert vun der Wunneng. Et ass sech awer ze froen, wéi d’Situatioun an der Realitéit ass an ob dës 5% haut bei deem Ertrag, deen een zurzäit mat sengen Immobilie mécht, nach Sënn mécht, oder ob een dee Prozentsaz net op d’mannst sollt upassen. Hei muss virun allem d’Fro opgeworf ginn, ob de Locataire den Terrain zum selwechten Taux matbezuele muss wéi d’Gebai selwer.

Eng wierklech gutt Initiativ aus de vergaangene Joren ass déi vun den Agences immobilières sociales. Dës Initiative si weider ze entwéckelen, och op kommunalem Plang. An der Kommissioun hunn eis déi Responsabel vun der AIS opmierksam gemaach op d’Problematik vun de maximalen 10 Euro de Meter carré, déi de Loyer hei dierft ausmaachen. Dat bréngt awer mat sech, dass zwar fir e Kolonienhaus am Süde vum Land mat 100 m² dee Loyer vun 1.000 Euro nach iergendwéi akzeptabel wär, awer fir en aalt Haus um Land mat 250 m² de Loyer schonn 2.500 Euro géif ausmaachen. Hei muss nogebessert ginn an déi strikt Regelung vun deenen 10 Euro de Meter carré muss iwwerduecht ginn.

Och koum vusäite vun der AIS d’Fuerderung, méi sozialen Accompagnement ze garantéieren. Dës Fuerderung ass bei eis Sozialisten net op daf Ouere gestouss a mir wëllen, dass souwuel d’AISe wéi och eis Office-sociallen an de Gemengen dat néidegt Personal kréien, dat si brauchen, fir dëse Suivi ze assuréieren.

Mir sinn eis alleguerten eens heibannen, dass mer net genuch sozial Mietwunnengen hunn an och d’Zuel vu sougenannten erschwéngleche Wunnenge geet net duer. Dofir gi vusäite vun de Gemengen, awer och vum Wunnengsfong an der nationaler Wunnengsbaugesellschaft, grouss Efforte gemaach, fir an Zukunft méi ze bauen, sief et fir ze lounen oder fir ze kafen.

De Stat léisst sech dat jo och eppes kaschten a leet bäi. Esou kritt eng Gemeng, déi e Logement social locatif baut, der dräi gratis vum Stat derbäi. An dach ginn all dës Efforten net duer, weder fir de Retard opzehuelen, dee mer an de leschte Jorzéngte geschaaft hunn, nach fir dem Besoin vun haut a vu muer entgéintzekommen. Dofir misste mer eng 6.500 Wunnengen all Joers nei op de Marché kréien, awer mir bleiwe leider wäit ewech vun deem Zil, och wann de Fong an d’SNHBM, wéi ugekënnegt, hir Efforte verduebele respektiv verdräifachen an den nächste Joren.

Ee Problem deele sech näämlech d’Gemengen an déi zwou Wunnengsbaugesellschaften. Si komme selwer net un d’Terrainen, déi se bräichten, fir méi a méi séier Wunnengen ze schafen. An der Vergaangenheet hu mer zu Lëtzebuerg de cocassë Phenomeen gehat, dass mer Joer fir Joer Wunnengen, déi zum soziale Wunnengsbau gehéieren, verluer hunn. Et muss definitiv ophéieren, an zum Deel geschitt dat jo och schonns, dass déi vun ëffentlecher Hand matfinanzéiert Wunnengen no zéng oder zwielef Joer weiderverkaaft ginn an a Privathand iwwerginn! Déi Wunnenge sinn dann definitiv verluer fir de soziale Wunnengsbau.

De Stat an d’Gemenge mussen hire Parc immobilier esou gutt wéi méiglech behalen a substanziell ausbauen, fir kënnen Afloss op de Marché an op d’Präisser ze huelen.

Mir soen och ëmmer gär, dass mir e klengt Land si mat wéineg Surface, a well mer net kéinte wuessen, de Präis vun den Terrainen automatesch klëmmt. Wa mir awer haut eis Stied an eis Gemenge kucken, da gesi mer awer nach vill Sputt fir Verdichtung. Hei läit nach Potenzial, fir Wunnraum ze schafen, ouni mussen eis Landschaft ze zersidelen.

Mir brauchen natierlech séier de Plan sectoriel «Logement», nodeems mer eist neit Landesplanungsgesetz hunn, grad wéi déi nei PAGen an de Gemengen, déi déi laang Prozeduren, fir ze bauen, déi mer haut kennen, wesentlech wäerten acceleréieren. Dat gesi mer schonn haut an deene Gemengen, déi hir nei PAGen ënnerdaach hunn. Mam Omnibusgesetz goufen do scho Verbesserungen erreecht. An dat ass och net vu Muttwëll!

An der Chamberskommissioun huet d’Beruffskummer eis virgerechent, dass déi duerchschnëttlech Prozedurdauer bei engem Neibau bei iwwer siwe Joer läit, an dat ouni de Bau selwer. Mir sinn eis alleguerten eens, dass dat ze vill ass an dass mer do musse Remedur schafen.

Eis Grondsteier, an doriwwer hu mer jo och schonn zerguttst hei an der Chamber geschwat, gehéiert reforméiert. Mir berechnen déi haut nach no de Kritäre vum Oberfinanzamt Köln mat enger Valeur théorique aus dem Joer 1941. Kierzlech huet dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht dës Eenheetswäerter a Fro gestallt. Déi Argumentatioun vum ieweschten däitsche Geriicht kéint ee bestëmmt och zu Lëtzebuerg iwwerhuelen. Et ass natierlech schwéier a komplex. Dat soll eis awer net dervun ofhalen, déi Reform unzegoen an technesch virzebereeden, dat heescht d’Bewäertung vun de Grondstécker a Gebaier op de Stand vun haut ze bréngen. D’Grondsteier muss e Lenkungseffekt hunn op eng optimal Bebauung vun de Grondstécker.

Ech hu virdrun, grad wéi meng Virriedner, eng sëllechen Iddien op den Dësch geluecht, wou mir als Politik kënnen aktiv ginn, fir géint déi iwwerdriwwe Wunnengspräisser an hir Konsequenze virzegoen. Allerdéngs reie sech déi Iddien alleguerten an zu den Initiativen an Iddien, déi schonns an der Vergaangenheet geholl goufen. Et sinn eenzel Riedercher, un déi mer dréie ginn, an och zu Recht, well op där enger oder anerer Plaz besteet effektiv Nohuelbedarf. Vill vun dësen Iddie fërderen d’Demande an net d’Offer. Awer all dës gutt an och gutt gemengten Initiative ginn net eleng duer, fir de generelle Problem vun de Wunnengspräisser hei am Land an de Grëff ze kréien.

Iwwer all dëse Froen, wéi déi staatlech Subside fir d’Eegenheem oder d’Hëllefe fir d’Locatairen, do schwieft zanter Joren eng Fro, déi a mengen Ae kapital ass a virun där mer eis an de leschte Jorzéngten ëmmer erëm gedréckt hunn. An dat ass d’Fro: Wéi komme mer un dat néidegt Bauland, fir déi Zuel vu Wunnengen ze schafen, déi mer brauchen?

Eis Wunnengspolitik muss prioritär bei der Verbreedung vun der Offer usetzen. Nëmmen esou kënnen d’Präisser stabiliséiert ginn. Wa mer iwwer Logement schwätzen, da schwätze mer vun de Wunnengspräisser. Allerdéngs misste mer do e bëssen nuancéieren, well eigentlech sinn zanter 1980 d’Präisser vun der Konstruktioun relativ no un der genereller Präisevolutioun bliwwen, wärend d’Präisser vun denTerrainen eleng regelrecht explodéiert sinn.

Et kann een also soen, dass d’Bauen haut net wesentlech méi deier ginn ass, mä dass et d’Terrainspräisser sinn, déi un der Verdeierung vum Wunne schold sinn. An et schéngt och esou ze sinn, dass vill Terrainen, déi eigentlech direkt kéinte bebaut ginn, einfach net op de Marché kommen. Mir hunn haut eng 2.700 Hektar Terrainen, déi kuerzfristeg kéinte bebaut ginn. Allerdéngs sinn dovunner 92% a privater Hand. An d’Fro muss erlaabt sinn, firwat déi Terrainen net bebaut ginn.

Et ass haut net onbedéngt am Interessi vun engem Proprietaire, fir säin Terrain ze verkafen, wann ee gesäit, dass de Rendement op broochleienden Terraine bei 5% a méi läit. Et ass also attraktiv, fir ze spekuléieren, dass dës Präisser éischter zouleeën, wéi ofhuelen. Op de Finanzmäert muss ee scho gutt sichen, fir Investissementer ze fannen, déi esou e Rendement garantéieren.

Kéinte mer déi 2.700 Hektar elo mobiliséieren, fir ze bauen, da géif dat enge 55.000 Wunnengen entspriechen. Wa mer awer dovunner ausginn, dass mer all Joer sollte 6.500 nei Wunnenge bauen, da wären dat bis d’Joer 2030, also an zwielef Joer, schonns 78.000 Wunnengen. Dat, wat also elo direkt disponibel ass, geet deemno emol net duer, fir mëttelfristeg eis Besoinen ofzedecken.

Fir d’Wunnengspräisser ze stabiliséieren, brauche mer eng regelrecht Wunnengsbauoffensiv, déi derfir suergt, dass méi Wunnengen insgesamt a virun allem och méi erschwénglech Wunnengen a méi sozial Mietwunnenge geschaaft ginn. Dofir brauche mir awer Terrainen, fir all dës Wunnengen ze bauen. A mir brauchen Terrainen op de richtege Plazen, esou wéi dat eng kohärent Landesplanung virschreift.

Mir mussen och géint d’Spekulatioun virgoen, well se schuet der Allgemengheet. Fir dës Wunnengsbauoffensiv ëmzesetzen, schloe mir en Zéngpunkteprogramm vir:

1. Mir brauchen en neit Buedemrecht. Dat neit Landesplanungsgesetz mat dem sektorielle Logementsplang gëtt eis d’Grondlag dofir.

2. Mir mussen eis d’Moyene ginn, fir massiv Bauland an zukünftegt Bauland opzekafen. Dofir proposéiere mir d’Schafe vun engem staatleche Fong, deen – mat genuch budgetäre Mëttelen equipéiert a gespeist, ënner anerem vun Antispekulatiounssteieren – zesumme mat de Gemengen zu engem richtegen Akteur gëtt um Immobiliemarché.

3. E Versuch fir esou eng Antispekulatiounssteier gouf et scho mam Pacte Logement. Allerdéngs gouf dëst op de Gemengenniveau erofgeholl mat der Konsequenz, dass nëmme wéineg Gemengen esou eng Steier agefouert hunn a se och plazeweis op wackelege juristesche Bee steet.

Wa mir also mierken, dass dëst Instrument op lokalem Plang net gräift, da kommt, mer hunn de Courage a mir huelen dëst op nationalen Niveau erop! An Zukunft muss fir muttwëlleg eidel stoe geloosse Wunnengen an direkt bebaubar Terrainen, bei deenen et kloer ass, dass se zu Spekulatiounszwecker broochleie gelooss ginn, eng Steier agefouert ginn, déi de Proprietaire derzou verleet, seng Wunneng ze verlounen oder säin Terrain ze bebaue respektiv ze verkafen.

4. Och muss iwwer eng Wäertschëpfungsabgab nogeduecht ginn. Engersäits soll et steierlech Virdeeler ginn, wann ee bereet ass, seng Terrainen dem Stat oder der Gemeng ze verkafen, mä et muss op där anerer Säit awer och kloer sinn, dass wann ee seng Terrainen zréckbehält an erhofft, ëmmer méi drop ze verdéngen, och d’Allgemengheet muss iergendwann eppes dovunner hunn.

Mir sollten hei net vergiessen, dass dacks doduerch, dass en Terrain ëmklasséiert gëtt, zum Beispill fir de Logement, dëse vun haut op muer säi Wäert ver-x-facht. Do schéngt et mir normal ze sinn, dass un dëser Plus-value och d’Allgemengheet muss bedeelegt ginn.

5. De Pacte Logement war eigentlech e gutt Instrument. Nach muss ee réckbléckend feststellen, dass en net ganz ambitiéis war. Déi allermeeschte Gemengen haten näämlech kaum Problemer, fir déi Ziler un neie Logementer aus dem Pacte Logement ze erfëllen. En zukünftege Pacte Logement 2.0 muss do méi ambitiéis Ziler setzen an an eisen Aen och konkret Virgabe maachen, zum Beispill, wat den Undeel vu sozialem an erschwénglechem Wunnraum ugeet.

De Pacte Logement vun haut mécht do keng Differenz, ob een déi 15% Zouwuess vu Wunnenge mat Villaen oder Loften erreecht, oder duerch zum Beispill soziale Mietwunnengsbau. Dat muss änneren. Hei brauche mer kloer a couragéiert Ziler.

6. An deemselwechte Kader sollte mer och iwwert déi 10% vu Logementer schwätzen, déi bei engem Lotissement vun iwwer engem Hektar oder 25 Logementer de Kritäre vum Logement à coût modéré entsprieche mussen.

Hei muss d’Gesetz méi kloer festleeën, wat de Logement abordable respektiv à coût modéré ass, well mer feststelle mussen, dass dacks déi Wunnengen, déi do entstinn, nawell net onbedéngt zu moderéierte Präisser verkaaft ginn. Jo, do ass et eng Iwwerleeung wäert, ob déi Surface net besser an der ëffentlecher Hand wär, fir ze bebauen.

Mir kéinten eis virstellen, do dernieft déi 10% souguer ze erhéijen. Hei sollen déi staatlech Wunnengsbaugesellschaften an d’Gemengen zesumme mat der Privatwirtschaft wierklech erschwéngleche Wunnraum schafen, an net just an der Theorie.

7. E Problem, besonnesch fir déi méi kleng Gemengen, ass, dass se dacks iwwerfuerdert sinn an net déi néideg Ressourcen an Expertisen hunn, fir grouss aktiv ze ginn op hirem lokale Wunnengsmaart. Dofir sinn all Initiativen, déi mer kënnen huelen, wëllkomm, fir de Gemengen dobäi ze hëllefen; net nëmme finanziell, mä och mat Berodung. Dofir soll mat engem neie Pacte Logement eng permanent Berodungsstruktur geschaaft ginn, déi d’Gemenge beréit an techneschen an och a juristesche Froen.

8. Bei deem Pacte Logement soll eng wierklech Partnerschaft entstoen tëschent dem Stat, de Gemengen an den ëffentleche Bauträger.

9. Mir brauchen awer och méi konsequent Outilen, déi et der ëffentlecher Hand erméiglechen, un déi néideg Terrainen ze kommen. Esou proposéiere mer, d’Virkafsrecht vum Stat an de Gemengen ze stäerken. Wuel gëtt et dëst Virkafsrecht schonn haut, mä et huet net dacks genuch gegraff an der Vergaangenheet, an dat ganz dacks aus engem Grond: Dat aktuellt Virkafsrecht obligéiert de Stat an d’Gemengen, deen Tariff ze bezuelen, deen de Proprietaire gär hätt fir säin Terrain oder säi Gebai.

Mir wëssen, dass weder Stat nach Gemeng wierklech gënschteg un Terraine kommen an dacks iwwerdriwwe Präisser musse bezuelen. Duerfir misst et méiglech sinn, dass, wa sech d’Gemeng oder de Stat net mam Proprietaire eens ginn, eng onofhängeg Expertise gemaach gëtt, déi déi reell Valeur vum Objet ka festhalen.

10. An ech weess, dass mer heibannen net alleguerten eens sinn iwwert d’Méiglechkeet, an extreme Fäll och eng Expropriatioun an d’Spill ze bréngen.

Une voix.- Très bien!

Yves Cruchten (LSAP).- Wann et ëm en Dreckstipp, eng Kläranlag oder eng nei Strooss geet, do si mer bal alleguerten d’accord, fir iwwer eng Expropriatioun, bei enger gerechter Entlounung natierlech, ze diskutéieren. D’Argument, wat virausgeschéckt gëtt, ass do natierlech d’Utilité publique, also d’Wichtegkeet par rapport zur Allgemengheet.

Mä och de Wunnengsbau ass hautdesdaags eng Utilité publique. Ech erënneren drun, dass mer e breede Konsens hunn, fir an eis nei Verfassung ze schreiwen: «L’État veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d’un logement approprié.» Domat schafe mer net nëmmen e Recht fir eis Bierger, mä och a virun allem eng Obligatioun fir de Stat.

Une voix.- Richteg!

Yves Cruchten (LSAP).- An duerfir si mir der Meenung, dass an extremen eenzelne Fäll och eng Expropriatioun net däerf vu vireran ausgeschloss ginn, wann e Proprietaire e wichtegen an dréngende Projet blockéiert. Et ass schonn eleng wichteg, dat Instrument ze hunn, och wann et seele géif ugewannt ginn.

Den Här Hahn huet virdru laang iwwert d’Expropriatioun geschwat an hien huet aus där Expropriatioun en Instrument gemaach, wat et net ass. Ech wéilt hien duerfir gär drun erënneren, dass d’Landesplanungsgesetz d’Méiglechkeet vun der Expropriatioun ausdrécklech virgesäit. Et soll och kloer sinn: Et geet net drëms – wann een am äusserste Fall misst drop zréckgräifen -, de klenge Proprietaire ze expropriéieren, mä et geet drëms, de Problem ze léisen, wann ee Private mat sengem absolutte Refus d’Entwécklung vun enger Uertschaft oder enger Gemeng komplett blockéiere wéilt. Hei muss dann den Intérêt public iwwert de perséinlechen Interessi vun deem Eenzelne stoen.

Une voix.- Très bien!

Yves Cruchten (LSAP).- Um Enn vu menger Ried wéilt ech dann nach emol rappeléieren, dass all déi Iddien an Initiativen, déi haut vu verschiddene Säite proposéiert ginn – an ech hunn der jo selwer eng Partie gemaach – wëllkomm sinn.

Jo, d’Subsiden an d’staatlech Hëllefe sollen op de Leescht geholl ginn. D’Prozedure solle vereinfacht ginn. D’Gemenge sollen ënnert d’Äerm gegraff kréien, wa se sech am Logement engagéieren a se sollen och dozou ermontert ginn.

Sozialinitiative gehéieren ënnerstëtzt an ausgebaut! Mä alles dat ass a bleift eng Plooschter op engem amputéierte Been, wa mer net de Courage hunn, net just eleng d’Demande ze stimuléieren, mä donieft och d’Offer an d’Luucht setzen, andeems mer neit Bauland ausweisen, d’Spekulatioun konsequent bekämpfen an de Stat an d’Gemenge massiv intervenéieren um Wunnengsmaart, andeems se zesumme mat der Privatwirtschaft bauen, bauen a bauen.

D’Ongläichheeten an eiser Gesellschaft sinn amgaangen grad an dëser Fro, an där vum Wunnen, ëmmer méi grouss ze ginn. Et ass deemno am Endeffekt eng Fro vum sozialen Zesummenhalt, déi sech hei stellt. An duerfir musse mer de Courage hunn, fir méi konsequent ze sinn an eisem Handelen. Am anere Fall wäerte mer weiderhin all zwee bis dräi Joer hei eng Debatt ofhalen, an d’„Lëtzebuerger Wort“ géif dann um Enn recht behale mat senger Iwwerschrëft vu virgëschter, wéi et vun „Sondesrieden“ geschwat huet.

Ech wéilt awer net ophalen, ouni op déi gutt a vill Diskussiounen hinzeweisen, déi mer an der Virbereedung vun dëser Debatt an der Chamberskommissioun haten. All deenen, déi mer do empfaangen hunn, gehéiert en uerdentleche Merci gesot, well et ware ganz interessant an och ganz nëtzlech Echangen, déi mer do haten.

Mir si jo haut och konfrontéiert mat enger Motioun. An ech wéilt gär drop hiweisen, dass et natierlech tëschent de Parteien, déi déi Motioun ënnerstëtzen, verschidden Approchë gëtt a verschidde Meenungen. Dat héiere mer jo un deenen eenzelne Spriecher haut de Mëtteg. Dat war esou, dat ass esou an dat bleift och esou! Mä dës Motioun ass de Konsens, dee mir zesumme fonnt hunn. An als Sozialiste fanne mir eis, op d’mannst mat eenzelne vun eisen Iddien, erëm an där Motioun. An duerfir verdéngt se och eis Ënnerstëtzung.

 

Ech soen Iech Merci.

 

Have your say