YvesCruchten.lu

About me

Yves Cruchten

Gebuer: 1. Mee 1975 zu Péiteng
Papp vun 2 Kanner

Adress: 14, rue Pierre Clement
L-4916 Bascharage

Email: yves.cruchten@vonet.lu

Meng Astellung

Als jonke Beamten op der Gemeng hunn ech selwer gesinn dass et an eiser Gesllschaft nach vill Ongerechtegkeete gëtt. Ech wollt nie Politik maachen an dach hunn ech gemierkt dass et net duer geet ze kritiséieren, sech opzereegen oder ze lamentéieren. No de Wahlen 1999 hunn ech décidéiert mech politesch z’engagéieren. Et war fir mech kloer wou: lénks! Déi eenzeg Partei déi a mengen An an eiser Gesellschaft ka fir méi Gerechtegkeet suergen war, ass a bleiwt d’LSAP. Haut ass d’Politik zu mengem Beruff ginn an ech probéieren un dëser besserer, solidarescher a gerechter Gesellschaft matzewierken. Mäin Asatz gëllt besonnesch der Aarmutsbekämpfung, de Mënscherechter an der internationaler Solidaritéit an Zesummenaarbecht.

Politesch Mandater:

Fréier Mandater:

  • Generalsekretär vun de JSL (2000-2005)
  • Organisatiounssekretär vun der LSAP (2005-2007)
  • Vize-Präsident vun der LSAP (2004-2010)
  • Secrétaire général f.f. vun der LSAP (12.11.2009 -14.3.2010)
  • Member am CdR (Comité des Régions), (2009-2014)
  • Member am CIGL– Käerjeng, (2007-2013) (Präsident Juli 2010-2013)

Beruff: Gemengebeamten (Gemeng Stengefort)

Perséinleches:

Hobby’en: (ausser Politik) Reesen, Kino & Sport
Lieblingssport : Fussball, Formel 1, Tennis
Mäi Lieblingsbuch: Hey dude, where’s my country ? vum Michael Moore
Méng Lieblingsmusék: Alles vu Pop bis Hard Rock
Lieblingsbands / -muséker: ACDC, Metallica, Iron Maiden, Foo Fighters awer och : Bryan Adams, Renaud, Indochine, Bruce Springsteen, Bob Dylan…
Lieblingsfilmer: Blade Runner & The usual suspects
Lieblingsacteur: Benedict Cumberbatch (am Moment…)

méi perséinleches op méngen FACEBOOK-Säiten

Have your say