YvesCruchten.lu

Extension à trois voies autoroute A3

Yves Cruchten (LSAP).- Villmools Merci, Här President. Als éischten net Beetebuerger Riedner…

(Hilarité)

…géif ech mer dann erlaben, haut och e bësse méi eng generell Ried ze halen zu deem Projet de loi, well ech sécher sinn, dass déi lokal Detailer schonn zur Genüge a genuch beliicht goufen an och bestëmmt haut nach weider ginn.

Mä doriwwer eraus, an all eise Riede vun alle politesche Parteien, an all eise Rieden, déi d’Mobilitéit uginn, do hu mer alleguerten ee grousse Konsens: Eis Bevëlkerung, d’Zuel vun de Frontalieren an domat den Trafic hu sech an de leschte Jorzéngten däitlech méi séier entwéckelt, wéi mer dat virausgesinn haten.

Mir bauen zwar stänneg eis Infrastrukturen aus, an dach hu mer zu de Stousszäiten iwwerdriwwe laang Transportzäiten, sief dat moies op d’Aarbecht oder nach owes erëm heem. Mir komme beim Ëmsetze vun eise respektive Mobilitéitskonzepter einfach net no. Dat huet eng Rëtsch Ursaachen. Natierlech gëtt et budgetär Limitten. Dës Regierung investéiert esou vill an d’Mobilitéit wéi keng Regierung virdrun. An nawell muss ee wëssen, dass net alles an net alles matenee machbar ass! Et gëtt och Limitte bei deenen, déi déi Infrastrukture baue mussen.

Mir kënne jo zum Beispill all Joer x Millioune méi an de Budget setze fir den Ausbau vum Schinnennetz, mä et gëtt och fir eis Eisebunn eng Limitt bei deem, wat si all Joer ka realiséieren. Bei der Stroossebauverwaltung, huelen ech un, ass et net ganz vill anescht.

Doriwwer eraus gëtt et awer och eng Ursaach fir Retarden, wou mir eis hei bei der eegener Nues mussen huelen. Mir diskutéieren a streiden zu Lëtzebuerg dacks jorelaang, jo heiansdo jorzéngtelaang iwwer en eenzelne grousse Projet, amplaz dass mer Neel mat Käpp maachen.

Mir verléieren enorm Zäit, bis mer eis eens sinn iwwer en Tracé oder iwwert den Detail vun der Ausféierung an esou weider. Duerno stellt sech dann eraus, dass mer nach d’Terrainen net alleguerten hunn, déi mer brauchen. An esou vergeet Joer ëm Joer, ouni dass mer wierklech virukommen.

E gutt Beispill ass do den Tram, dee mer jo elo endlech no 25 Joer konnten aweien. Ech denken awer och un d’Nordstrooss, an dann natierlech och un den dräispuregen Ausbau vun der A3, vun deem nach laang net jiddwereen d’Noutwendegkeet agesinn huet.

Haut ass et dann endlech souwäit, dass mer dee Projet stëmme kënnen! Bis mer awer all vun dëser neier Strooss oder méi breeder Strooss kënne profitéieren, verginn nach eemol siwe Joer, wann alles esou leeft wéi geplangt.

Et gëtt eng Ausso, déi ëmmer erëmkënnt, an zwar déi, dass méi Stroosse méi Verkéier unzéien an domat keng Léisung fir e Verkéiersproblem wieren. Dat ass a mengen Aen en Totschlagargument.

Mir sinn nämlech scho laang net méi am Zeenario, wou mer Stroosse bauen hei zu Lëtzebuerg, fir de Verkéier vu muer opzefänken, mä mir si leider scho laang am Zeenario, wou mer Stroosse musse bauen, fir de Verkéier, deen haut schonn do ass, ze bewältegen. An dofir halen ech dat Argument och fir falsch.

Mir hunn elo scho méi Verkéier op der A3, wéi dës Strooss eigentlech verdroe kann. Mir sollen an de Verkéiersfroen dofir manner ideologesch a méi pragmatesch virgoen. Mir wëllen, dass d’Leit verstäerkt den ëffentlechen Transport benotzen. Déi lescht Zuelen, déi eis de Minister viru ganz Kuerzem an der Kommissioun duergeluecht huet, weisen, dass dat scho geschitt. Dee Modal Split huet sech an deene leschte Joren däitlech zugonschte vum ëffentlechen Transport entwéckelt. Mä och den Zuch a Bus stoussen ewell un hir Capacitéitslimitten. Och do baue mer jo massiv aus, wat ze begréissen ass.

Wann ee sech da virun Aen hält, dass et an a ronderëm d’Stad nach eng Rëtsch grouss Entwécklungsprojete gëtt, wéi zum Beispill dee vum Ban de Gasperich, da wäert eise Besoin u Mobilitéit nach an d’Luucht goen. Et ass richteg a wichteg, dass mer esou vill Efforte maachen, fir den ëffentlechen Transport auszebauen, an hei och eng kloer Prioritéit setzen. Allerdéngs och mat engem bessere Modal Split bleiwen nach ëmmer eng 70% vun den Trajeten, déi all Dag mam Auto gemaach ginn. Net jiddweree kann all Dag op den ëffentlechen Transport zréckgräifen. Dat géifen de Bus an den Zuch och guer net packen.

Dofir mussen nieft eisen Investissementer an d’Schinn, an de Bus an och an déi duuss Mobilitéit och nach eis Capacitéite vum Stroossereseau vergréissert ginn. Anescht ausgedréckt: Et mussen och nach Stroosse gebaut ginn hei am Land. Mir mussen net nëmmen eise Réckstand ophuelen, mä mir mussen endlech och no vir kucken an der zukünfteger Entwécklung besser Rechnung droen.

De Projet, dee mer haut stëmmen, wäert sécher eng Rëtsch Verbesserunge bréngen. Op där Streck mécht de Gidderverkéier e wesentlechen Deel vum Verkéier aus. Mat der drëtter Spur gëtt et sécher méi einfach, d’Camionen an d’Autoe laanschteneenzebréngen. Net vergiesse sollte mer och, dass et nieft de Camionen och nach vill Automobiliste gëtt, déi iwwerhaapt net an d’Stad, mä ronderëm fueren, also am Transit sinn. Speziell op der Diddelenger Autobunn kënnt dann nach dobäi, dass duerch déi nei Multimodalplattform vun der Eisebunn de Camionsverkéier zougeholl huet an nach wäert zouhuelen.

Insgesamt soll mat dësem Ausbau den Trafic op der A3 méi fléissend ginn an et fir d’Autofuerer manner interessant gemaach ginn, op Schläichweeër zréckzegräifen. Eng gewësse Suerg bleift allerdéngs, wann op franséischer Säit e Peage géif agefouert ginn. Do ass näämlech ze fäerten, dass d’Autofuerer dann awer op Niewestroossen auswäichen an net direkt iwwert d’Autobunn an eist Land kommen.

Dir hutt verstanen, dass ech als Spriecher vun der LSAP dësem Projet wäert zoustëmmen, well mir eben der Meenung sinn, dass e sech areit an eng ganz Rëtsch vu Projeten, déi eis Mobilitéit verbessere wäerten. Natierlech wäerten doduerch net all Stauen an den décke Verkéier verschwannen. Mä mir sinn iwwerzeegt, dass et e Stéckelche méi flësseg gëtt.

Mir sinn och dovunner iwwerzeegt, dass et domat net duergeet an dass mer musse konkret dru schaffen, och déi aner Strecken, wéi d’Areler oder nach d’Escher Autobunn, auszebauen. De Verkéier ass mat Momenter op eise Stroossen op ville Plazen am Land eng Zoumuddung. Kommt, mir hunn de Courage, fir och Stroossebauprojeten ëmzesetzen! A kommt, mir verléieren eis net a jorelaangen Diskussiounen a verléieren Zäit, bis et iergendwann, jo, bis et iergendwann eng Kéier net méi anescht geet!

 

Merci.

Have your say