YvesCruchten.lu

Subvention loyer – Adaptatiounen

Yves Cruchten (LSAP).- Merci. Madamm Presidentin, et mécht jo elo net ganz vill Sënn, fir déi eenzel Dispositiounen, déi mer bei der Subvention loyer elo änneren, nach eemol all opzezielen. De Rapporteur, deem ech bei dëser Geleeënheet dann och wéilt felicitéiere fir säi Rapport, huet dat am Detail gemaach.

Mir Sozialiste sinn der Meenung, dass all dës Adaptatioune richteg an néideg sinn. Et ass awer zäitgläich och verréckt festzestellen, dass vun de bal 19.000 Stéit, déi mat dëser Hëllef viséiert waren, der just e bësse méi wéi 10% och eng Demande gestallt hunn. Stell Der vir, de Stat leet 28 Milliounen op den Dësch an et kënnt kee se sichen!

Ech hu jo selwer zu dësem Gesetz hei an der Chamber geschwat an ech hunn d’Regierung deemools felicitéiert derfir, dass se esou vill Leit mat dësen Hëllefen am A hat, näämlech bal 10% vun der Gesamtbevëlkerung vum Land. Elo, zwee Joer méi spéit, musse mer feststellen, dass dës Berechnunge sech an der Wierklechkeet als net wouer erausgestallt hunn. Op d’Ursaachen dovunner geet de Rapporteur a sengem Bericht an an e schwätzt vun der Angscht viru Stigmatiséierung, der grousser Mobilitéit um Locatiounsmaart, dem Manktum un Informatioun oder nach de komplizéierte Prozeduren. Un all dësen Ursaache wäert wuel eppes Woueres dru sinn.

Allerdéngs gesinn ech nach eng aner Ursaach, an dat ass déi vun de Konditiounen, déi ee muss erfëllen, fir dës Hëllefen ze kréien. Déi 33% vum Revenu, déi mer als Taux d’effort minimal virgesinn haten, ware wuel berechtegt. An dat si jo och bekanntlecherweis op internationalem Plang déi Wäerter, déi unerkannt sinn.

Nach muss een awer wëssen, dass d’Käschte vum Wunne vill méi si wéi de Loyer eleng. Zu deem, wat e Stot muss all Mount opbréngen, fir ze wunnen, gehéieren och Chargen, Assurancen, Astandsetzungen, Entretien, heiansdo Avancen a sëllech aner Fraisen, soudass ee séier iwwert deenen 33% vu sengem Nettorevenu ausgëtt fir ze wunnen, quitte dass de Loyer selwer an eleng knapps dorënner läit. Et ass also kloer, dass déi Konditiounen, déi mer virun zwee Joer festgesat hunn, vill ze restriktiv waren.

Den Taux d’effort gëtt elo op 25% erofgesat an endlech ginn och dann d’Transfert-socialle wéi d’Gromperegeld, oder nach méi wichteg, d’Kannergeld net méi matagerechent an de Seuil de faible revenu gëtt eropgesat op zum Beispill 2.500 Euro fir eng eenzel Persoun. Den Här Hahn hat eis e puer Beispiller ginn.

Déi Adaptatiounen, déi mer also hei virhuelen, si berechtegt a ginn der Realitéit vun de Stéit, déi lounen, vill méi gerecht.

Wann een nach eppes bedauere kann – an do sinn ech bei Iech, Madamm Andrich -, dann ass et, dass mer zu Lëtzebuerg nach ëmmer kee Mietspiegel hunn a mer weiderhi mat engem Loyer de référence national rechnen. Dobäi misst et awer jiddwerengem kloer sinn, dass de Loyer um Kierchbierg en aneren ass wéi deen zu Rëmeleng oder zu Clierf. Mir appeléieren dofir un d’Regierung, un esou engem Mietspiegel ze schaffen, mat alle Schwieregkeeten, déi mer kennen, e Mietspiegel, deen eis géif weisen, wéi héich d’Loyeren an deene verschiddene Regioune vum Land wierklech sinn.

Ee Wuert nach zu enger vermeintlecher Angscht viru Stigmatiséierung. An ech soen dat hei och ganz haart: Bei deene Präisser, déi ewell op dem Wunnengsmaart gefrot ginn, brauch kee Mënsch – kee Mënsch! – hei am Land sech ze schummen, fir dës Wunnengshëllef unzefroen!

Ech géif awer wëllen nach eemol op de Prinzip vun dëser Loyershëllef zréckkommen. De Skandal ass net, dass mer haut mussen d’Konditioune vun dëser Hëllef änneren. Deen eigentleche Skandal ass, dass mer esou eng Hëllef iwwerhaapt an eisem Land brauchen! Skandaléis sinn näämlech d’Präisser um Locatiounsmaart, grad wéi d’Wunnengs- an d’Terrainspräisser insgesamt an hir onwahrscheinlech Evolutioun an de leschte Joren, jo, Jorzéngten.

Une voix.- Très juste!

Yves Cruchten (LSAP).- Ech erënneren nach eemol drun, dass an de leschten zéng Joer d’Loyere fir Appartementer ëm 43% an d’Luucht gaange sinn, wärend d’Inflatioun bei knapps 24% louch.

Nach méi skandaléis ass awer de Fait, dass mer hei zu Lëtzebuerg mussen eng Loyerssubventioun aféieren, well grad emol 2% vun eisem gesamte Parc immobilier hei am Land Sozialwunnenge sinn! De Verglach mam noen Ausland ass do schockant: Däitschland 6%, Belsch 7%, Frankräich 19% an Holland phenomenal 35%.

A well mer et verpasst hunn, an de leschte Jorzéngte genuch soziale Wunnraum ze schafen, ass dës Subventioun méi wéi berechtegt. Ech hunn och dofir absolutt kee Versteesdemech fir déi, déi dës Wunnengshëllef am Fong kritiséieren, virun allem och, well et déi éischte Kéier ass, dass mer eng Hëllef aféieren, déi de Locatairen ënnert d’Äerm gräift. Bis ewell waren eis Hëllefen, ob steierlech oder via Subsiden, ëmmer fir d’Proprietairë gemënzt.

Plusieurs voix.- Très bien!

Yves Cruchten (LSAP).- Dobäi wësse mer, dass déi Vulnerabelst um Wunnengsmaart d’Locatairë sinn. Dat eleng scho rechtfertegt dës Hëllef. Ouni dës staatlech Hëllef iwwerloosse mer d’Locatairen engem total entfesselte Maart!

Mir preparéieren den Abléck an der Kommissioun e gréisseren Debat iwwert de Logement. Fir d’Logementsproblematik awer an de Grëff ze kréien, brauche mer konsequent Decisiounen, kee Gepiddels a scho guer kee Klientelismus. Als Politik musse mir alleguerten dofir Courage weisen, an dat iwwert d’Parteigrenzen eraus.

Haut maache mer eng gutt Saach am Sënn vun der sozialer Gerechtegkeet an och an der Bekämpfung vun der Aarmut, mä dat geet nach laang net duer. Als Sozialisten erwaarde mir eis dofir ganz vill vun där bekannter Konsultatiounsdebatt am Februar. Mir hoffen, dass et do net bei de Sonndesriede bleift, mä dass mer zesumme konsequent virgi géint d‘Spekulatioun a géint d‘Präisexplosioun um Wunnengsmaart.

Mir si bereet, fir d‘Problemer unzepaken, an hoffen, déi aner Fraktiounen alleguerten och! Merci.

Have your say