YvesCruchten.lu

Projet de loi portant approbation du Protocole no15 portant amendement à la Convention de sauvegarde des droits de l’homme

Yves Cruchten (LSAP), rapporteur.- Merci nach eemol, Här President, an erlaabt mer, dass ech och e bëssen aushuelen, fir awer e bëssen och de Kontext ze setzen. Mir huelen haut u sech en Zousazprotokoll un, deen d’Mënscherechtskonventioun ofännert, mä u sech schwätze mer net méi genuch iwwert d’Mënscherechter. Mir schwätzen net méi genuch doriwwer, weder hei an der Chamber nach an der Gesellschaft nach an der Press.

Et ass dëst och net eleng e Lëtzebuerger Phenomeen, mä ech géif soen, dee stellt sech a ganz West- bis Mëtteleuropa. A firwat ass dat esou? Firwat sinn d’Mënscherechter vläicht bei eis keen esou e wichtegt Thema méi? Vläicht, well bei eis d’Situatioun vun de Mënscherechter, soe mer emol, relativ gutt ass, dat heescht, dass, obwuel et sécher ëmmer nach Verbesserunge musse ginn, déi meescht Bierger bei eis mat der Situatioun vun de Mënscherechter zefridde sinn.

Allerdéngs ass dat net iwwerall de Fall. An enger ganzer Rëtsch Länner ginn d’Grondfräiheete vun den Awunner net gutt geschützt, an dat souwuel an den eenzelne Memberstate vum Europarot, wéi natierlech och a Länner, déi d’Mënscherechtskonventioun net oder nach net ugeholl hunn.

Dobäi ass d’Mënscherechtskonventioun eng vun de gréissten zivilisatoreschen Errungenschaften aus dem leschte Jorhonnert. Knapps fënnef Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich gouf se vum Europarot ugeholl a si gëllt ewell a 47 Länner. Lëtzebuerg war do, wéi esou dacks, ganz vir mat bäi.

Et ass dofir eisen Optrag, dass mer eis ëm d’Mënscherechter këmmeren, dass mer doriwwer schwätzen, dass mer eis dorëms beméien, net just, fir se selwer anzehalen, mä och, fir se auszeweiden an derfir ze suergen, dass se iwwerall d’Bierger schützen.

Fir dat eben ze garantéieren, gouf 1959 den Europäesche Geriichtshaff fir d’Mënscherechter geschaaft. Dësen huet als Aufgab, fir d’Anhale vun de Prinzipie vun der Mënscherechtskonventioun ze suergen. All Awunner aus Europa, mat Ausnam vu Wäissrussland an dem Vatikanstat, kann haut säi Recht zu Stroossbuerg akloen. D’Cour beschützt mëttlerweil 825 Milliounen Awunner, net just an der Europäescher Unioun, wéi dacks gemengt gëtt, mä och doriwwer eraus a Russland, der Tierkei oder nach am Kaukasus.

Well a ville Länner d’Situatioun vun de Mënscherechter net esou gutt ass wéi bei eis, ass den Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff mat villen, jo, ganz villen Affäre geplot. Den Ament ass d’Cour mat engen 90.000 Affäre befaasst; dovunner eleng 19.000 aus der Ukrain an 18.000 aus der Tierkei, awer och gutt 10.000 aus Rumänien oder Ungarn. Zejoert goufen och 23 nei Fäll géint de Lëtzebuerger Stat opgemaach.

Un dëser enormer Unzuel eleng erkennt ee schonns, dass d’Aarbecht vum Geriichtshaff muss vereinfacht ginn. Et muss méi séier an och méi effizient geschafft ginn.

Dorëms geet et eigentlech bei dësem 15. Zousazprotokoll zur Mënscherechtskonventioun, dee mer haut unhuele wëllen. Hei gëtt de Prinzip vun der Subsidiaritéit reaffirméiert, d’Delaie gi gekierzt, d’Kritäre vun der Recevabilitéit gi gestäerkt, d’Alterslimitt vun de Riichter gëtt nei definéiert an esou weider. Fir den Detail vun all deene Saache verweisen ech op mäi schrëftleche Rapport. Wa mir dat Gesetz haut gestëmmt hunn, dann hu bis ewell 37 vu 47 State ratifizéiert.

Ech wéilt awer net ophalen, ouni nach eemol op d’Wichtegkeet vun der Mënscherechtskonventioun an den Institutioune vum Europarot hinzeweisen. Zum Europarot gehéieren nieft dem Comité des Ministres, nieft der Cour och d’Assemblée parlementaire an de Congrès des pouvoirs locaux.

Heiansdo gëtt ee gefrot, firwat dass d’Chamber an hir Deputéiert sech am Europarot engagéieren: „D’Musek, déi spillt dach hei zu Lëtzebuerg an net zu Stroossbuerg.“ Abee, dorop muss een äntwerten, dass et wichteg ass, dass mir Lëtzebuerger eis abréngen an den Diskussiounen iwwert d’Mënscherechter, iwwert d’Demokratie an iwwert d’Rechtsstaatlechkeet, an dat net eleng bei eis doheem.

Have your say