YvesCruchten.lu

E-embassy

Yves Cruchten (LSAP), rapporteur.- Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären, mir stëmmen haut iwwer e Gesetzesprojet of, dee vläicht nach net an der Opinion publique, op d’mannst bis elo, gréisseren Interessi fonnt huet. Dobäi geet et awer hei ëm eng bedeitend Neierung, en innovative Projet, deen et esou an där Form nach net gouf, weder hei zu Lëtzebuerg nach soss an der Welt.

Zanter Joren investéiert de Lëtzebuerger Stat vill Suen a seng digital Infrastruktur an d’Iddi dohannert ass, sech als IT-Standuert ze positionéieren. Dat huet natierlech en Impakt op eis Ekonomie an et schaaft nei Aarbechtsplazen, och nei Opportunitéite fir d’Akteuren an deem Secteur, ënner anerem déi aus dem Commerce électronique.

Mir sti mëttlerweil op där zweeter Plaz weltwäit, wat eis IT-Infrastrukturen an d’Konnektivitéit vun eise Stéit ugeet. Wann ee just reng de Business kuckt, esou ass deen haut zu iwwer 97% un eis IT-Infrastrukturen ugebonnen. Mat der Strategie „Digital Lëtzebuerg“ fiert d’Regierung weider mam Ausbau vum Standuert Lëtzebuerg mat dem Zil, e Centre d’excellence ze sinn, wat déi nei Technologien ugeet.

Mat deem Accord, deen tëschent der Republik Estland a Lëtzebuerg ofgeschloss gouf, schafe mer hei am Land eng sougenannt „Ambassade fir Donnéeën“. Fir Estland geet et drëms, seng Donnéeë sécher an ausserhalb vu sengem eegenen Territoire ze späicheren. Estland ass jo och bekannt fir seng innovativ Servicer a seng digital Wirtschaft, ech géif souguer bal soen, seng digital Gesellschaft. Ech erënnere mech drun, dass ech schonns am Joer 2001 zu Tallin mäin Tramticket per SMS bezuelt hunn, zu enger Zäit, wou et nach keng Smartphonë gouf a wou de 4G héchstens aus der Formel 1 bekannt war.

Den Accord, dee mer haut ënnerschreiwen, gesäit vir, dass dësen Datenzenter, dee Lëtzebuerg den Esten zur Verfügung stellt, net nëmme vum neisten techneschen a sécherheetsrelevante Standard ass, mä och, dass d’Donnéeë grad ewéi d’Infrastruktur e besonnesche Schutz genéissen, äänlech wéi een dat och vläicht bei Ambassadë kennt, déi geschützt sinn. Esou däerfen dës Equipementer net saiséiert ginn a grad wéi bei de Missions diplomatiques ass den Accès reglementéiert.

D’Sécherheetsstandarde sinn zum Beispill déi, déi och vun der NATO imposéiert ginn. Dësen Datenzenter hänkt net am World Wide Web an ass deemno net anescht zougänglech wéi duerch eng Direktverbindung aus Estland, wat natierlech e wichtege Sécherheetsaspekt duerstellt.

Dat, wat Lëtzebuerg an deem Domän unzebidden huet, näämlech déi sougenannt „Tier IV“-klassifizéiert Datenzentren, dat ass dat Bescht, wat et zurzäit gëtt, a garantéiert deen héchsten Niveau un Disponibilitéit. Gréisser direkt Recettë sinn zwar mat dësem Projet net ze erwaarden, mä et geet hei ëm eis Reputatioun als Land an och als IT-Standuert.

Nodeems schonn déi Europäesch Kommissioun hiren neien Datenzenter vu Bréissel op Lëtzebuerg verluecht huet an och d’NATO hei am Land mat eis e gemeinsamen Datenzenter lancéiert huet, ass dat heiten deen drëtte Projet, wou Institutiounen oder Länner eis hir Donnéeën uvertrauen.

Et gëtt dacks gesot, dass Daten de Rohstoff vun der Zukunft sinn. Et muss een dofir och verantwortungsvoll dermat ëmgoen. Dass d’NATO, d’EU-Kommissioun an och Estland eis hir Donnéeën uvertrauen, ass deemno e ganz grousse Vertrauensbeweis an och Beweis fir déi digital Kompetenz, déi hei souwuel am Privatsecteur an awer och beim Stat existéiert. Heimat kënne mer eist Land positionéieren als e wichtegen Akteur op deem Marché.

Dëse Projet de loi gouf an der Kommissiounssëtzung vum 6. November ugeholl. Et gouf an der Kommissioun, och opgrond vum Avis vum Statsrot, eng Diskussioun iwwert den Titel vum Projet de loi. Et gouf drop higewisen, dass den Titel op Englesch verfaasst ass an dass Englesch awer keng vun eisen offiziellen an administrative Sproochen ass.

Dozou muss een awer wëssen, dass den Accord, deen tëschent béide Länner ënnerschriwwe gouf, just op Englesch verfaasst gouf an dass et dofir och keng offiziell franséisch Iwwersetzung gëtt. Esou Fäll goufen et der awer scho méi an der Vergaangenheet.

D’Kommissioun huet awer vun der Geleeënheet profitéiert, fir liicht Adaptatiounen um Titel ze maachen, an esou ass séchergestallt, dass dat alles och seng Richtegkeet huet.

Selbstverständlech ginn ech den Accord vun der LSAP zu dësem Projet de loi a felicitéieren der Regierung gradesou wéi de Leit vum Centre informatique fir dësen innovative Projet.

 

Have your say