Reform Gemengebeamtestatut

(Ried an der Chamber – Rapporteur vum Projet de loi)

PL 6932

filesDen Objet vun dësem Projet de loi ass d’Ëmsetzung am Gemengesecteur vun de Reform an der Fonction publique déi mer den 24/03/2015  hei gestëmmt hunn an déi den 01/10/2015.

Am Kader vun dëser Reform sinn eng Rei Mesure geholl ginn, déi lo och op de Gemengesecteur iwwerdroe ginn.

Mir haten hei am Haus laang a breet iwwer d’Reform am Joer 2015 diskutéiert, dofir brauch ech net méi op all eenzel Punkten aus dëse Neierungen anzegoen.

Hei just als Rappel di Haaptelementer vun der Reform:

  • De service provisoire get vun 2 op 3 Joer eropgesat
  • Nei agefouert get e „Plan d’insertion professionnelle“, wou e Beamten am Service provisoire eng Basis-Formatioun kritt, déi op déi Aarbecht zougeschnidden ass, déi ee reell op sengem neie Posten maache muss.
  • D’Gestion “par objectifs” gëtt agefouert daat beinhalt dass all Gemeng an Zukunft een Organigramme muss hun, descri ption de Postes an plan de travail individuel
  • Grad ewéi di individuell Bewäertung vun der Leeschtung an de Kompetenzen vun de Gemengebeamten.
  • An Zukunft get d’Meiglechkeet ausgewait , Leit mat héije Qualifikatiounen a besonnescher berufflecher Erfahrung, ze recrutéieren
  • D’Aféierung vun engem Congé linguistique, wou déi Leit, déi eng Dispens kruten, déi feelend Sproochekenntnisser kennen nohuelen. Och aner Gemengebeamten kennen dëse Congé linguistique notzen, fir hier Sproochekenntnisser ze verbesseren.
  • Nei Bestëmmungen, déi et erlaben, e Gemengebeamten zum Beispill un e Syndicat oder un eng aner Gemeng ze détachéieren (ech kommen méi spéit nach emol dorop zréck)
  • D’Méiglechkeet, fir en Employé vun der Gemeng no 15 Joer ënner bestëmmte Bedingungen ze fonctionnariséieren
  • Präzisiounen, wat d’Streikrecht am Gemengesecteur ugeet
  • Kleng Upassungen um Niveau vun der Terminologie, déi sech aus dem Statut unique erginn.

De Staatsrot huet sech net méi generell zur Reform geäussert.

A sengem 1. Avis vum 21. Juli 2016 huet hien Artikel fir Artikel iwwerpréift, ob d’Reform, déi bei de Staatsbeamte gemaach gouf, korrekt op de Gemengesecteur iwwerdroe ginn ass, fir sécher ze stellen, dass et eng égalité de traitement tëschent deenen zwee Secteure gëtt.

Ënnerscheeder si jo just dann akzeptabel, wann et objektiv Argumenterr gëtt, déi et onméiglech maachen, déi zwee Secteuren d’selwecht ze behandelen.

A sengem 1. Avis hat hien eng ganz Rei Virschléi a kritesch Remarquen gemaach, deenen d’Kommissioun Rechnung gedroen huet.

Zu eenzelne Punkten hat hien och méi detailléiert Informatiounen nogefrot, déi d’Kommissioun dunn mat hiren Amendementer vum 27. Oktober 2016 nogeliwwert huet.

Ee Knackpunkt ass awer bliwwen, an dee betrefft den Détachement vu Gemengebeamten.

Den initialen Text vum Projet de loi huet eng Dispositioun virgesinn, dass de Schäfferot e Gemengebeamten kann fir maximal zwee Joer an eng aner Gemengeverwaltung, an e Gemengesyndikat , établissement public Communal, oder eng international Organisatioun detachéieren.

Wann et sech dobäi net ëm e Gemengesyndikat handelt, wou d’Gemeng selwer Member ass, da muss de Beamten säin Accord zu dem Détachement ginn.

De Staatsrot huet doranner eng Ongläichbehandlung gesinn, well d’Staatsbeamten ouni hiren Accord ze ginn kennen detachéiert ginn.

Hien huet op deem Punkt eng Opposition formelle gemaach.

D’Chamberkommissioun huet dozou Stellung geholl an erkläert, dass am Géigesaz zu engem Staatsbeamten, deen an eng aner staatlech Administratioun detachéiert gëtt, de Gemengebeamten net nëmmen d’Plaz, mä och de Patron wiesselt an dofir säin Accord gefrot gëtt.

De Staatsrot huet dat Argument net unerkannt, well a sengen Aen de Staatsbeamten, deen an eng international Organisatioun detachéiert get, am selwechte Fall wir.

Mir hunn dee Punkt nach emol an der Kommissioun diskutéiert a sinn awer bei der Iwwerzeegung bliwwen, dass een e Gemengebeamten net géint säi Wëllen an eng aner Gemeng oder an e Syndicat, an deem d’Gemeng net Member ass kann transferéieren.

De Staatsrot hat sech d’Méiglechkeet opgehal, fir op deem Punkt d’Dispens vum zweete Vote eventuell net ze ginn, mä mir hoffen awer, dass de Staatsrot um Enn d’Argumenter vun der Chamberkommissioun ka novollzéihen an déi Dispens trotzdem gëtt.

De Staatsrot hat nach en zweeten Avis complémentaire ofginn den 28. Februar 2017, wou en sech allerdéngs ausschliisslech op e Regierungsamendement bezitt, deen den Délai vun der Entrée en vigueur vun dësem Gesetzprojet betrefft.  D’Amendement huet d’Ziel, fir d’Emsetzung z’accéléiren.

Et bleiwt nach eng generell Remarque, déi souwuel de Staatsrot, wéi och d’Chambre des fonctionnaires et employés publics gemaach hat.

Si betrefft déi praktesch Ëmsetzung vun der Reform.

Et gëtt do eng gewësse Suerg, dass grad d’Gestion par objectifs an déi individuell Bewäertung vun der Leeschtung vun de Leit an alle Gemengen d’selwecht sollte gemaach ginn, wat besonnesch am Ufank sécher net ganz einfach wäert sinn.

Fir déi di net sou kënneg si mam Gemengesecteur, sief nach gesot dass all déi Elementer vun der Reform déi d’Traitementer, d’Indemnitéiten an d’Carriären uginn, am Gemengesecteur iwwer Reglementer a net iwwer d’Gesetz geregelt sinn.

Den Inneministère huet och all dës Bestëmmungen aus der Reform beim Staat iwwerholl an a Reglementer transposéiert.

Sou dass ee prett ass nom Vote vun dësem Gesetz, respektiv séngem Akraaftrieden, de Gemengesecteur  un di nei Bestëmmungen vun der Fonction publique erunzeféieren.

Dat Ganzt war eng laangwiereg a komplizéiert Aarbecht.

Et huet och 18 Méint gedauert no dem Akraaftrieden vun der Reform beim Staat.

Dat schéngt laang, ass awer am Verglach mat viirechte Reformen nach zimlech séier gaang, 1979 huet et 6 Joer an 8 Méint gedauert a 2003 huet et 3 Joer an 3 Méint gedauert bis d’Reformen beim Staat endlech och bei de Gemengen ëmgesat waren.

Dofir gehéiert et sech, den Inneminister a seng Beamten ze luewen fir di vill Aarbecht déi se sech gemeet hunn.

Besonnesch gutt gefällt et engem ze gesinn dass am Gemengesecteur, wou op all eenzelner vun de 105 Gemengen, Syndikater asw e Personalzerviss funktionéiert, sech concertéiert gouf a matgeschafft gouf.

Dat selwescht gëllt och fir d’Gewerkschaften  aus dem Gemengesecteur vun de Gemengebeamten déi Hand mat ugeluecht huet fir d‘Geléngen vun dëser Reform.

All deenen déi elo op deene veschiddene Gemengen an Syndikater d’Ëmsetzung vun dësem Gesetz an de Reglementer musse garantéieren, wënschen ech vill Courage, ech weess aus eegener Erfahrung wéi schwéier dat ass, zemoolst wann ee wéi an den allermeeschte Gemengen, d’Peien, d’Carriären an d’Personalaffären nach esou niewelaanscht muss behandelen an dat net als Haaptjob mecht well d’Gréisst vun der Gemeng dat net hiergëtt.

Wien op enger Gemeng d’Peie rechent kritt net all Mount Merci gesot wann alles stëmmt, et kritt een awer dacks de Kapp gewäsch wann eppes mol net richteg gelaf ass,

a bei esou enger komplizéierter Matière ass e klenge Fehler séier geschitt. Dofir vun hei aus mol e Merci un all déi déi sech elo musse mam Gesetz ploen!

Dat alles gesot, erënneren ech drun dass de Rapport eestëmmeg an der Kommissioun guttgeheescht gouf a ginn ech den Accord vu menger Fraktioun.

Be Sociable, Share!

Leave a Reply


This site uses WP based on theme Le@nmagazine