Konzessiounsvertrag mat CLT/RTL

(Ried an der Chamber)

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

RTL_GroupEist Land gëtt dacks vun auslänneschen Observateuren gelueft, a verschiddene Beräicher gëtt Lëtzebuerg souguer als Virbild genannt. Heiansdo gi mer och kritiséiert an esou éierlech muss ee sinn, net ëmmer zu Onrecht…

Ee Beräich, op deen Lëtzebuerg awer zu Recht kann houfreg sinn, ass seng Medielandschaft.

Lëtzebuerg huet eng villfältesch, traditiounsräich, geschichtsträchteg Medielandschaft. Virun allem am Verhältnëss zu senger demografëscher a geografëscher Gréisst. Eis Medielandschaft léisst sech quantitativ, virun allem awer och qualitativ weisen. Besonnesch eis Presselandschaft, also d’Lëtzebuerger Zeitungen, Zäitschrëften a Magazinner ginn ëmmer erëm vun auslänneschen Gäscht wéinst hirer inhaltlëcher a formaler Qualitéit gelueft.

D’Lëtzebuerger Medien an hirer Gesamtheet an déi entspriechend Politik déi sech dorunner uschléisst, mat e.a. och der finanzieller Ënnerstëtzung vu staatlëcher Säit, sinn de Sujet vun enger Debatt hei am Haus am Mee.
Haut geet et hei ëm de neien Konzessiounsvertrag mat der CLT-UFA.
Allerdéngs, an dofir och meng e bëssen méi allgemeng Einleitung, soll bzw. kann een den audio-visuellen Medieberäich net lassgeléist vum Medieberäich a senger Gesamtheet betruechten.

„Crossmedia“ ass zanter e puer Joer d’Schlachwuert, wat op gutt lëtzebuergësch näischt aneschtes heescht ewéi dass hautdesdags d’Medienhäiser sech net méi op een Medium beschränken, sief et just de Pabeier, sieft et just d’Tele oder de Radio, sief et just den Internet.

A ville Fäll vermësche sëch déi verschidden Technologien op d‘mannst den Internet ass ëmmer am Spill. Kuerz gesot: Ween hautzedags am Mediebusiness net d’Crossmedia-Schinn fiert, dee stiewrt relativ séier de sécheren kommerziellen an domadder och de journalistëschen Doud.

Mee, wéi gesot, am Mee kréie mir jo hei d’Geelenheet eis Iddeen iwwert d’Lëtzebuerger Medielandschaft a senger Gesamtheet duerzeleeën.

Elo da bei de Konzessiounsvertrag tëscht der CLT/UFA an dem Lëtzebuerger Staat.

Woubäi, ech kann elo schon soen, dass ech bei verschiddene Punkten net ronderëm kommen, fir eng Verbindung zu aneren Medien hierzestellen. Als LSAP droë mir dësen Konzessiounsvertrag – selbstverständlëch –mat.

Mir sinn der Meenung, dass eng diversifizéiert Medielandschaft, dass am Medienzäitalter, an awer och am Zäitalter vun de sougenannte „Fake-News“, net op de Medium Televisioun ka verzicht ginn.

Wann ech soen Televisioun da mengen ech an dësem Kontext e Programm, dee gezielt a virop d’Themen an d‘Intressien vun an aus eisem Land behandelt. Dat ganzt am Kader vun engem ëffentlëch-rechtlechen Service an domadder idealerweis verbonnen mat enger gewëssener Qualitéitsgarantie.

Parallel heizou, fir et aus engem anere Bléckwénkel ze kucken, gëtt de neien Konzessiounsvertrag der CLT/UFA, also RTL Telé Lëtzebuerg eng Planungssécherheet iwwert d’Joer d’2020 eraus, Joer an dem den aktuelle Konzessiounsvertrag bekanntlëch ausleeft.

Gläichzäiteg gëtt dëse Kontrakt der Politik, ech mengen domadder d’Politik am breeden, nationalen Sënn, d’Zäit an d‘Geleenheet eng méi breet Debatt iwwert  d’Medielandschaft hei zu Lëtzebuerg ze féieren.

D’Medielandschaft insgesamt ass an engem Wandel, Changementer komme séier ganz séier an hunn dakcs déifgräifend Konsequenzen. Mir brauchen dofir e Gesamtkonzept, wat sëcherléch, awer net nëmmen, de finanzielle Volet behandele muss. D’Lafdauer vum Konzessiounsvertrag vun 3 Joer gesi mir als LSAP deemno als adequat un.

Alles wat doriwwer eraus gaange wier, wier opgrond vunn der Schnellliewegkeet vun den heitgen Medien net ugepasst. Virun allem wier et awer keng responsabel Decisioun gewiercht Opgrond vum Fehlen vun engem neien, modernen mediepolitëschen Gesamtkonzept.

Dës Zäit bis 2023 muss onbedéngt, ech betounen onbedéngt, genotzt ginn, fir de „Service public“ a sénger aktueller Funktiounsweis an an der Relatioun zu deenen anneren nationalen Medien an deenen eenzelnen finanziellen Ënnerstëtzungsmodeller ze hannerfroën.

Et muss een sech also d’Fro stellen, wéi de „Service public“ weiderentwéckelt ka ginn.

Wéi kann de „Service public“ all séngen Aufgaben gerecht ginn?

Zu dësen Haaptaufgaben gehéiert an den Aen vun eis Sozialisten ganz kloer, déi d’Biirger ze informéieren.  Gläichzäiteg soll de „Service public“ d’Leit awer och kultivéieren. Dem Service kënnt deemno e gewëssenen Bildungsoptrag zou, deen awer nach muss méi genee definéiert a festgeluecht ginn.  Selbstverständlëch soll de Programm och ënnerhalen an e muss och alle Bierger vum Land zougänglëch sinn. An dësem Kontext musse mir d’Roll vun de Medien bei eis am Land, am Kader vun enger gesamtgesellschaftlëcher Visioun nei definéieren.

Ech denken do z.B. un de Lien vu Medien a Schoul also vu Medienerzéiung awer och un de Gebrauch vun de verschiddenen Sproochen hei am Land am Kontext vun der Informatioun vun de Bierger.

Verschidde Punkten esou wéi se elo am neie Konzessiounsvertag festgeschriwwe solle ginn, geheien bei eis als LSAP awer nach Froen op.

Zu dëse Punkten gehéiert virop d’Iwwerhuelen vum Defizit.

Dëse gëtt op knapps 10 Milliounen d’Joer vun 2021 bis 2022 geschat. Dës Rechnung kënnt zustan, wann ech dat richteg verstanen hunn, andeems een de Wäert vun de Frequenzen, déi de Lëtzebuerger Staat RTL zur Verfügung stellt plus d’Recetten vun de Reklammen, mat de Käschte vum allgemenge Betrieb verrechent gëtt.

Well elo awer dës Frequenzen manner wäert sinn oder manner wäert solle sinn, an d’Fonctionnementskäschten sécher net erof ginn, klëmmt den Defizit.

Esouwäit esou aliichtend.

D’RTL-Frequenzen goufe fréier ëmmer op e Wäert vun 10 bis 12 Milliounen pro Joer geschat, haut sollen déi nach just op 5 Milliounen geschat ginn. Hei stellt sech d’Fro, ween dës Aschätzung duerchgefouert huet – en onofhängegen Expert? Wéi sinn déi détailléiert Iwwerleeungen, déi et erlaaben op dëst Resultat ze kommen? Vläicht kann eis den Här Medieminister hei Detailler ginn.

Eng zweet Fro, déi sech hei direkt hannendrunn hänkt, ass déi, wéi realistësch déi Aschätzung vun de Recetten ass? Schliisslëch ass de Publicitéitsmarché och e Marché, den net fräi vun Fluctuatiounen ass. Wat also wann d’Recetten hannert deene geschaatenen zeréckbleiwen? Iwwerhällt dann d’CLT-UFA dës Differenz?

Besteet da net de Risiko, dass de Mammekonzern sech weigert den zousätzlëchen Defizit ze iwwerhuelen a menacéiert de Betrieb anzestellen, esou dass de Staat awer misst asprangen?

Vläicht kann den Här Minister eis opkläeren wéi realistësch d’Estimatiounen senger Meenung no sinn.

Elo ass et och esou, dass déi ugeschwate finanziell Ënnerstëtzung exklusiv dem Telesprogramm zegutt soll kommen. Synergien sollen, ewéi et am Konzessiounsvertrag heescht, awer tëscht Radio an Tele erlaabt sinn. Detailler zu dëse Synergien gëtt et awer keng.

Dofir meng Fro un de Premier- a Medieminister: Wéi gëtt séchergestallt, dass journalistësch Beitreeg fir d’Tele, déi an de Beräich vum „Service public“ falen an deemno vum Staat subventionéiert ginn net och dem Radio zegutt kommen? Och wann dat elo net direkt eng Katastroph wier, mee esou wier et jo awer konträr zu der Erklärung, dass Tele a Radio, onofhängeg un eneen functionnéieren.

A wéi gesäit et mam Internet-Site vun RTL aus?

Do ass momentan alles gemëscht. D’Informatioun mëcht nëmmen e klengen Deel aus, villes op rtl.lu ass Entertainment. Virun allem awer ginn d’Telésprogrammer deelweis am Streaming (z.B. de Fussball) deelweis am Video-Archiv op rtl.lu gewissen. Domadder ass kloer, dass een attraktive Punkt vum Internetsite, den Telesprogramm ass. Mam neie Konzessiounsvertrag, muss den Telesprogramm dann elo vun dem Site verschwannen?

Muss d’Telé en eegene Site maachen?

Ech erlaabe mer hei eng kleng perséinlech Remarque ze maachen: ech hu lo grad vum Streaming vu Fussballsmätscher geschwat, flott wär et och emol e Streaming vu kulturellen Evenementer ewéi Concerten oder Opféierungen ze gesinn.

Dat sollt RTL eng Kéier seriös considéréieren.

Zum Ofschloss wëll ech nach eng Kéier ënnersträichen, dass d’LSAP sech fir e performanten „Service public“ ausschwätzt, fir esou de Mediepluralismus ze garantéieren an enger gréisstméiglëcher Zuel vu Leit e beschtméiglëche Programm ze bidden.

Wa mer vu Mediepluralismus schwätzen mussen awer gläichzaïteg all déi aner Medien z.B. och d‘Zeitungen hei zu Lëtzebuerg mat an eng Diskussioun agebonnen ginn. An et muss een och d’Fro no engem integral ëffentlëch-rechtlëchen Fernseh-Sender stellen.

Dëser Fro huet de Premier- a Medieminister zwar eng kloer Ofso erdeelt, aus Käschtegrënn huet et geheescht.  Mir mengen awer, dass et dowäert wir, esou eng Decisioun am Hibléck op 2023 am Detail ze féieren an net vu vir eran, mam Verweis op net genee definéiert Käschten, ofzeblocken.

Et ass kloer, dass wa mir eng qualitativ héijwäerteg Press wëllen, ob Audio, Video, Online oder Gedréckt, dann huet dëst och säi Präiss! Dat muss et eis och wäert sinn well et déi beschten Äntwert ass op falsch informatiounen, Fake-News a Liggen.

Dass dëse Präiss net onbedéngt extrem héich muss sinn, weist d’Beispill Island.

Am Mee wäerte mer d’Geleenheet hunn dat nach emol ze verdéiwen!

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Be Sociable, Share!

Leave a Reply


This site uses WP based on theme Le@nmagazine