YvesCruchten.lu

Aarbecht an der Chamber

chamber_tvFir dat nei Joer hunn ech mer dann och als Virsatz geholl méi dacks op méngem Blog ze schreiwen. (Keng Angscht ech wäert scho net iwwerdreiwen). Den Ament sinn ech dermadde beschäftëgt, mech a verschidden Dossieren eranzeliesen, resp. -zeschaffen. Bei enger Partie Kommissiounen kënnt do eppes zesummen…

Hei emol di Kommissiounen wou ech eragewielt gouf:

  • Commission de la Fonction publique et de la Réforme administrative (Président)
  • Commission du Logement (Vice-Président)
  • Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et de l’Immigration 
  • Commission des Affaires intérieures
  • Commission du Développement durable
  • Commission de l’Enseignement supérieur, de la Recherche, des Médias, des Communications et de l’Espace (pour les volets Médias et Communications)

Doniewt sinn ech och nach Member  an der lëtzebuerger Delegatioun vun der Assemblée parlementaire am Conseil de l’Europe (CE) 

Un Aarbecht wäert et mer also net fehlen an de nächste Méint…

Wéi ëmmer: fir eng Fro, eng Kritik, eng Remarque oder e Virschlag, net zécken: ycruchten@chd.lu

Schéint neit Joer alleguerten!

Have your say