YvesCruchten.lu

Vereedegung an der Chamber

yvesafranzJo, ech ginn zou datt et schon e bessi speziell war d’Vereedegung den 13.11.2013 an der Chamber. Fir mech an de Franz Fayot als nei DeputĂ©ierten besonnesch. Et huet ee mol misse seng Plaz sichen a fannen, di aner Kollegen hunn engem mol dat Gebei gewisen wat mer virdru just aus dem Fernseh kannt hunn (Merci Georges! 😉 ) An jo, d’Decoratioun am Sitzungssall ass vu no gesinn wierklech nach mĂ©i kitscheg ewĂ©i um Fernseh, speziell dee falsche Marber (op de Gips gemolt) deed een wonneren…

Ech muss och soen datt parteiiwwergrĂ€ifend jidereen zevirkommend a frĂ«ndlech mat eis neie war. Dat huet gehollef well ee net sou richteg wousst, wou ginn ech lo hin, wat geschitt elo, wat muss ech maachen…?

Alles an allem awer freeën ech mech datt et elo geschwënn lass geet. Ech hunn iwwer 10 Joer op dësen Dag higeschafft, och deen een oder anere Sacrifice misse maaachen. Dofier war et fir mech ëm sou méi besonnesch. Owes ware mer mat der Famill gudd iessen an hunn dat dann och e bessi gefeiert!

Merci nach emol all deenen déi mech an de lÀschte Joren ënnerstëtzt hunn, Courage gemeet hunn, a natierlech all deenen déi den 20. Oktober an der Wahlkabinn u mech geduecht hunn! Ech wÀert probéieren Àrem Vertrauen gerecht ze ginn!

Have your say